D’Mauer wäert deemnächst fäerdeg sinn

Am Laf vun der Generalversammlung vun de “Les Amis des Châteaux de Beaufort” gouf et interessant Neiegkeeten ze héieren. Sou zum Beispill sinn d’Aarbechten un der Mauer, déi virun dräi Joer gefall ass, praktesch ofgeschloss an d’Stee kënnt am September fort. Bei de Restauratiounsaarbechte goufen ënnert der Mauer dräi Quellen an ee Kanal fonnt.

Vu baussen dem Schlass si se net ze gesi mee zur Zäit gëtt och um Daach vum Renaissance-Schlass geschafft. D’Aarbechte komme gutt virun a si ginn an dräi Etappen opgedeelt. Un der Mauer vum Schlassgaart gëtt ebenfalls geschafft, grad esou ewéi ënner anerem un der Erneierung vun den techneschen Installatiounen an Heizung. Op ronn fënnef Millioune belafe sech d’Investitioune bis 2026. Weider Projeten an Erneierung stinn um Plang vun den nächste Joren. 

Bedéngt duerch d’Aarbechten am Haff sinn dëst an d’nächst Joer keng Aktivitéite méiglech. Aus Sécherheetsgrënn konnt een héchstens 377 Leit eraloossen an et wäert ee Sécherheetskonzept erstellen, datt an Zukunft rëm gréisser Manifestatioune wäerte méiglech sinn.

Ee Meilestee war d’aussergewéinlech Generalversammlung den 10. November 2023. Eestëmmeg goufen nei Statuten ugeholl, déi zanter dem 1. Mäerz dëst Joer a Kraaft sinn. Op der enger Säit sinn d’Beeforter Schlassfrënn um leschten an aktuellste Stand vum Gesetz vum 7. August 2023 iwwert d’Asblen a Fondatiounen an op der anerer Säit brénge se de Veräin op een neie Wee. Sou steet zum Beispill am Artikel 4: “L’association a pour objet l’organisation des activités et des manifestations culturelles en collaboration avec le Centre des Monuments du Grand-Duché de Luxembourg”. De “Centre des Monuments du Grand-Duché de Luxembourg” (CML) wäert déi deeglech Gestioun vum Beeforter Site iwwerhuelen an dem Beeforter Site gehéieren nach d’Fielser Buerg an de “Ricciacum” zu Duelem zum CML.

Trotz den Aarbechten un der Mauer goufen d’lescht Joer 42.623 Visiteure gezielt a wärend der Saison goufe vill kleng an e puer gréisser Manifestatiounen organiséiert. Dozou zielen ënner anerem zwee Jazz-Concerte mam Duo Claire Parsons an Eran Har Even an uschléissend de Reis Demuth Wiltgen Trio. Ebenfalls ee Succès waren d’Optrëtter vun “Ziza” an “Delphine”. Zudeem hu sech d’Beeforter Schlässer un de “Journées Européennes du Patrimoine” bedeelegt an et gouf ee Kongress zum Thema Klimawandel organiséiert. Den Héichpunkt war am Dezember de Besuch vum neie Kulturminister Eric Thill.

Dernière modification le 03.07.2024

Des articles de la même catégorie

Waarm an häerzlech Atmosphär am alen Duerfkär

Waarm an häerzlech Atmosphär am alen Duerfkär

D’Beeforter Duerffrënn hunn zesumme mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng an de Veräiner op hire mëttlerweil traditionelle Wantermaart invitéiert. De Wantermaart huet sengem Numm all Éier gemeet an et war richteg kal de leschte Samschdeg. Trotzdeem war et de ganzen Dag...

lire plus
Chrëschtmaart bei de Scouten

Chrëschtmaart bei de Scouten

D’Beeforter Scouten hunn de leschte Samschdeg op hiren traditionelle klenge Chrëschtmaart am Scoutsgaart an an hirem Scoutshome invitéiert. Bei dëser Geleeënheet konnt ee schonns déi éischt Kaddoen a Chrëschtdekoratioune fir dëst Joer kafen. Bekanntlech ass den...

lire plus
Aller au contenu principal