Energie spueren

Léif Awunner aus der Gemeng Beefort,

Déi aktuell Energiekrise betrëfft eis alleguer an d’Gemeng Beefort ënnerstëtzt d’Virgab vun der Regierung fir 15 Prozent un Energie ze spueren. Am Kader vum Klimapakt si schonns eng Rëtsch Mesure virgesinn a goufen och zum Deel ëmgesat. De Schäfferot huet nach weider Moossname beschloss an dozou zielen ënner anerem:

– Déi geplangte Ëmstellung vun de Stroosseluuchten op LED ass eng absolut Prioritéit an d’Beliichtung vun de bestehend LED-Stroosseluuchte gëtt op ee Minimum programméiert.

– Verschidde Weeër a Gebaier ewéi zum Beispill d’Kierch, Monumenter a Skulpture ginn net méi beliicht. D’Luuchten um Gemengenhaus sinn op ee Minimum reduzéiert.

– Nëmmen een Deel vun der LED-Chrëschtbeliichtung gëtt un d’Luuchte­poteauen opgehaangen a wäert grad esou wéi d’Chrëschtbeemercher kuerz wärend de Moies- an Owesstonnen (maximal 6 Stonne pro Dag) u bleiwen.

– D’Temperatur an den ëffentleche Gebaier gouf schonns op 20 Grad erof­gesat, an der Sportshal op 18 Grad an an de Gäng vun der Schoul op 17 Grad.

– mat de Besëtzer/Verwalter vun anere Gebaier gëtt gekuckt d’Potential vun de méigleche Spuermesure maximal kënnen ëmzesetzen, wat schonns zum Deel geschitt ass.

– Äispiste: verkierzte Saison vum 12. November bis den 19. Februar 2023 an dëst Joer gëtt keen Ice-Karting ugebueden.

– Sensibiliséierung vum Gemengepersonal a sämtlechen Akteuren, déi mat der Gemeng zesummeschaffen, fir d’Spuermoossnamen ëmzesetzen.

– Frigo-Aktioun fir déi lokal Veräiner. D’Gemeng offréiert een neie Frigo vun der Energieklass A+++ géint de bestehende Frigo.

 

Beefort, de 26. Oktober 2022

De Schäfferot

Camille Hoffmann Jean-Luc Nosbusch Emile Wies

Dernière modification le 08.11.2022

Des articles de la même catégorie

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Vum 11. Mee 2026 u kënnt een neie Pass an den Ëmlaf. De Lëtzebuerger Pass wäert dee Moment an dräi verschidde Kategorien ënnerdeelt sinn a mat de follgende Gëltegkeetsdauer: 2 Joer: Mannerjäreg ënner 4 Joer 5 Joer: Mannerjäreg tësche 4 an 18 Joer 10 Joer (nei):...

lire plus
Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Eng Delegatioun vum Inneministère mam Inneminister Léon Gloden un der Spëtzt koum gëschter an der Mëttesstonn op Beefort op eng Aarbechtsvisitt mam Schäfferot zesummen. Am Virfeld vun dësem Austausch krute si d’Presentatioun, déi zwee Deeg virdrun an der...

lire plus
Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gëschter Owend huet de Schäffen- a Gemengerot op eng Informatiounsversammlung “Visioun – Moderniséierung – Entwécklung” an de Kummelsbau invitéiert. Zil war et d’Bierger ze informéiere wat den aktuelle Schäffen- a Gemengerot praktesch an der éischter Hallschent vu...

lire plus
Aller au contenu principal