Eng dynamesch Elterevereenegung

No enger kuerzer Begréissung duerch d’Presidentin Alicia Reiff-Thill huet d’Sekretärin vun der Elterevereenegung Beefort, Martine Gros-Macé, den Aktivitéitsbericht virgedroen. Sou huet déi nei Ekipp ee Gesiichtsmolen um Beeforter Wantermaart organiséiert a si ware beim Kleesche fir déi kleng Kanner an der Schoul. Den 2. Februar goung een zesumme liichten an de Kannerfuesbal zwee Deeg méi spéit war ee ganz grousse Succès. Buergbrennen, Ouschterpatt a Coupe scolaire stoungen ebenfalls um Agenda vun der Elterevereenegung. Beim Schoulfest, dat dëst Joer am Verglach mat de Jore virdrun ëm eng Woch virverluecht gouf, konnte sech net nëmmen d’Kanner, d’Schoulpersonal an d’Elteren ameséieren. Eng Rëtsch Duerfleit sinn och op de Kiosk komm.

De vum Keessjee virgedroene Rapport gouf mat engem Boni ofgeschloss. Op de Virschlag vun de Keeserevisore Christian Kröger a Svenja Philipps huet d’Versammlung Entlaaschtung erdeelt.

Folgend Aktivitéite fir d’Schouljoer 2023/2024 stinn um Programm: Croissanten a Schocki fir de Schoulufank de 15. September, den 28. Oktober een Halloween-Nomëtteg an den 2. Dezember Präsenz um Beeforter Wantermaart. Am Dezember ass d’Elterevereenegung dobäi, wann an der Schoul de Kleesche kënnt, an duerch hir gutt Relatioune mam hellege Mann hu si mat him ofgemeet, datt de Kleeschen de 5. Dezember bei déi brav Kanner Heem kënnt.

Weider Manifestatioune sinn d’nächst Joer den 2. Februar Liichtmëssdag, de 24. Februar de Kannerfuesbal, beim Ouschterpatt present sinn an am Juni steet d’Coupe scolaire an eng Antidroge-Rallye um Programm. Den Datum vum nächste Schoulfest steet an der Tëschenzäit och schonns fest: den 12. Juli.

Uschléissend huet de Comité vun der Elterevereenegung ee Schéck an Héicht vu 700 Euro un d’“Association luxembourgeoise d’aide aux enfants cardiaques a.s.b.l. – Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg” iwwerreecht. D’Vertriederinne Monique Pletschet a Carole Rommes hu mat praktesche Beispiller d’Aarbechten an d’Zieler vun hirer Associatioun erkläert an zemools déi ganz Hannergronnaarbecht, déi eréischt op den zweete Bléck erkennbar ass.

Zum Schluss huet d’Presidentin vum Schoulcomité Betty Helminger opmonternd Wieder un de Virstand vun der Elterevereenegung geriicht an éier d’Generalversammlung ofgeschloss gouf huet d’Alicia Reiff-Thill jidderengem Merci gesot, deen de Veräin an iergendwellech Form ënnerstëtzt huet. Hei huet d’Presidentin zwee Leit besonnesch ervirgehuewen an zwar den Andy Wagner a Stéphane Gaspar, déi eng Corbeille iwwerreecht kruten.

Dernière modification le 19.10.2023

Des articles de la même catégorie

Grousse Succès fir de Beeforter Wantermaart

Grousse Succès fir de Beeforter Wantermaart

Déi wochelaang Iwwerleeungen, Planungen a Virbereedungen hu sech schlussendlech gelount an d’Beeforter Duerffrënn kënnen houfreg sinn, datt se zesumme mat den aneren Duerfveräiner an der Ënnerstëtzung vun der Gemeng rëm fäerdegbruecht hunn een erfollegräiche...

lire plus
De Kleeschen ass komm

De Kleeschen ass komm

Am Kader vun enger Adventsfeier de leschte Freideg am Judossall ass de Kleeschen déi jonk Sportler besiche komm an huet hinnen ee klenge Kaddo iwwerreecht. Virun der Visitt stoung nach een Training fir déi ganz Famill um Programm. Nodeems d’Kaddoen iwwerreecht goufen...

lire plus
Klenge Chrëschtmaart

Klenge Chrëschtmaart

Virum Gebai vun der Seniorernesidenz “Petite Suisse” gouf de leschte Freideg vu 15 bis 19 Auer ee klenge Chrëschtmaart organiséiert. An enger gemittlecher a chrëschtlecher Atmosphär goufe selwer gemaachener Dekoratioun a Kichelcher vum Foyer ugebuede grad esou ewéi...

lire plus
Aller au contenu principal