Eng familiär Atmosphär

De Judo Club Beefort an de Judo Club Iechternach hunn am Beeforter Dojo gemeinsam hir Generalversammlungen ofgehalen. Zanter Jore besteet eng ganz enk Zesummenaarbecht tëschen den zwee Veräiner an esou koum d’Iddi op och eng gemeinsam Generalversammlungen ze organiséieren.

A senger Begréissung huet de Beeforter President Sören Schüller déi flott Ambiance an de gudden Zesummenhalt am Veräin vun den 165 Memberen ënnerstrach. Dozou bäigedroen hunn ënner anerem de “Social Friday”, bei dem sech Athleten am Alter vu fënnef bis iwwer 80 Joer locker trainéiert hunn an duerno am neie “Coffee Corner” e puer flott Stonne verbruecht hunn. A sou enger familiärer Atmosphär huet jiddereen am Veräin seng Plaz, och déi nei Memberen. Nom Motto “viele Hände – schnelles Ende” huet schlussendlech kee vill Aarbecht fir eppes ze organiséieren. Claude Siebenbour, President vum Iechternacher Judo Club, huet sech de Wieder vum Sören Schüller ugeschloss a Merci gesot, datt hire Veräin esou gutt zu Beefort opgeholl ginn ass.

Uschléissend gouf un zwee verstuerwe Membere mat enger Gedenkminutt geduecht: de Mike Weber an de Konrad “Koun” Dostert. De Mike Weber war ganz laang am Judo aktiv a war spéider mat der Jugend ënnerwee. De “Koun” war ee vun den Haaptfondateure vum Veräin an och den éischte Sekretär an zwar vun 1975 bis 1986/1987.

Aus dem Aktivitéitsbericht vun der Saison 2022/2023 vum Sekretär Gilbert Zuné geet ënner anerem ervir, datt de Veräin u sämtlechen Tournoien a Stagen am Inland deelgeholl huet an och u villen Tournoien a Stagen am Ausland. Bedeelegt hu sech d’Memberen och u sëllegen Manifestatiounen an der Gemeng a vertruede war een un de Versammlunge vun der Federatioun. Matgehollef huet de Judo Club bei der Organisatioun vun der éischter Europameeschterschaft vun de klenge Länner vun Europa an als Guide ware se bei der Dikrecher Kavalkad dobäi. Des Weidere gouf et eng Rei Entrevue mat den Traineren, déi intern an extern Kommunikatioun gouf verbessert, u verschidde Formatiounen deelgeholl an een neien Trainingsoutfit beschaaft. Mam Jérôme Michels a Laurent Bangnowski huet de Club nei Luxqf3-Traineren.

Den Erhard Polzer huet de Poste vum Tresorier vum Marc Reckinger, dee bis Enn 2022 Tresorier war, iwwerholl a konnt gläich ee positive Keessebericht virstellen. Op Virschlag vun de Revisore Margreet Schmit a Mariette Weber huet d’Versammlung him Entlaaschtung ginn an uschléissend krut de ganze Comité d’Décharge.

No der Demissioun vum Thomas Fellerich goufen dräi nei Memberen an de Comité opgeholl: Stéphanie Brandao, Anton Chepik a Jean-Paul Post. Zum Schluss vun der Versammlung kruten d’Championen ee klenge Kaddo iwwerreecht: Aleodor Matei, Ayleen Post, Béatriz Sousa Fernandes, Dean Huitsing, Finja Post, Frederic Rötzel, Ghozlane Chafei, Giovanni Brandao, Joe Dietert, Kira Chepik, Laetizia Bessa Nascimento, Mats Urbing, Omar Lekovic an Yan Schüller.

Ofgeschloss gouf d’Generalversammlung vun den zwee Veräiner am “Coffee Corner”.

Dernière modification le 19.07.2023

Des articles de la même catégorie

Neierunge beim Beeforter Blummemaart

Neierunge beim Beeforter Blummemaart

Eng nei Plaz an eng nei Auerzäit fir de Beeforter Blummemaart. Sou kann een d’Editioun 2024 vun de Beeforter Duerffrënn an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an der Gäertnerei Fleurs Binsfeld vun Ierpeldeng un der Sauer zesummefaassen. Wéinst dem Schantje ronderëm...

lire plus
Reittournéier am internationale Reitzentrum

Reittournéier am internationale Reitzentrum

De Beeforter “Club Hippique” huet déi lescht zwee Weekender Reittournéier am internationale Reitzentrum organiséiert. De Weekend vum 13. a 14. Abrëll stoung d’Dressur am Mëttelpunkt an hei goufen et zéng Prüfungen. Den Héichpunkt war d’Wäertung vun der “Coupe de...

lire plus
Grouss Botz

Grouss Botz

De “Syndicat d’initiative et du tourisme” an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Beefort huet och dëst Joer nees eng Grouss Botz organiséiert, zu där all Veräiner an Awunner häerzlech invitéiert ware fir matzemaachen. Déi traditionell Rendezvouse waren zu Beefort bei der...

lire plus
Aller au contenu principal