Am Kader vun hirem Jubiläum hunn d’Theaterfrënn Beefort op ee spueneschen Owend op der Place des Nations (Kiosk) invitéiert. An engem spuenesche Flair goufen am spéiden Nomëtteg den Apéro an Tapas ugebueden. Uschléissend gouf Paella zerwéiert a fir de musikaleschen Héichpunkt vum Owend huet de Franco Carmine mat “Guitarra Flemenca” gesuergt.
Neierunge beim Beeforter Blummemaart
Eng nei Plaz an eng nei Auerzäit fir de Beeforter Blummemaart. Sou kann een d’Editioun 2024 vun de Beeforter Duerffrënn an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an der Gäertnerei Fleurs Binsfeld vun Ierpeldeng un der Sauer zesummefaassen. Wéinst dem Schantje ronderëm...