Geosite-Hopping am Natur- & Geopark Mëllerdall

Entdeckt am Kader vun der Geosite-Hopping-Aktioun geologesch besonnesch interessant Plazen an der Regioun. Den Natur- & Geopark Mëllerdall huet an all senge Membersgemengen ee Bushaische verschéinere gelooss mat jeeweils enger Zeechnung vun engem Geosite aus der betraffener Gemeng. Dës si vum Kënschtler Alan Johnston gemoolt ginn a sollen elo dozou ureegen sech d’Plazen och a Realitéit ukucken ze goen. Och an eiser Gemeng ass een Haische verschéinert gi mam Motiv vum Steebroch. Dëst op der Haltestell Op der Gare, Beefort.

? Fannt op dëser Kaart alleguer d’Bushaisercher an d’Geositen, déi Deel vun dëser Aktioun sinn. http://g-o.lu/3/u8qv

? Gewannt mat bësse Chance eng Entdeckungs-Tour duerch den Natur- & Geopark Mëllerdall fir bis zu 8 Persoune mat explore.lu. Alles wat een dofir maache muss:

✅ Maacht eng Foto vun iech virun engem vun de Bushaisercher, déi Deel vun der Aktioun sinn

✅ Maacht eng Foto vun iech beim passende Geosite

✅ Post är Fotoe bis de 15. September ëffentlech an de soziale Medie mam #mellerdallgoesunesco oder schéck se per Mail un contest@naturpark.lu

Vill Gléck

Dernière modification le 04.08.2021

Des articles de la même catégorie

Energiespar-Set / Kit d’économie

Energiespar-Set / Kit d’économie

Energiesparen leicht gemacht Energie zu sparen bedeutet, an einer gemeinsamen nationalen Mission mitzuwirken. Angesichts der angespannten geopolitischen Lage ist Handeln von uns allen gefragt. Dank Enovos und seinem Energieeffizienzprogramm enoprimes stellen wir allen...

lire plus
Marktplatz der Ideen « Duerfkäer Beefort »

Marktplatz der Ideen « Duerfkäer Beefort »

D‘Gemeng Beefort invitéiert op eng participativ Informatiouns­versammlung e Mëttwoch, de 25. Januar, ëm 18.30 Auer am Kummelsbau. De Schäfferot stellt de Projet “Aménagement d’une zone de rencontre dans le centre de la localité de Beaufort“ an de Projet “Réaménagement...

lire plus
Kee Freedefeier / Pas de feux d’artifice

Kee Freedefeier / Pas de feux d’artifice

De Schäfferot huet a senger Sëtzung vum 14. Dezember 2022 décidéiert dëst Joer keng Genehmegung ze gi fir Freedefeier oder Knupperten am ëffentleche Raum an op Privatterrain ofzeschéissen. Basis ass d’neit Policereglement, dat de 27. Mee 2020 vum Gemengerot eestëmmeg...

lire plus