Grousse Succès fir de Beeforter Wantermaart

Déi wochelaang Iwwerleeungen, Planungen a Virbereedungen hu sech schlussendlech gelount an d’Beeforter Duerffrënn kënnen houfreg sinn, datt se zesumme mat den aneren Duerfveräiner an der Ënnerstëtzung vun der Gemeng rëm fäerdegbruecht hunn een erfollegräiche Wantermaart ze organiséieren.

De grousse Schantjen am fréieren Duerfkär huet hinnen am Virfeld vill Kappzerbrieches gemeet. Doduercher bedéngt, datt d’Scheier ofgerappt gouf huet ee missten ëmplangen a mam Bannenhaff vun der Gemeng gouf et gutt Alternativ fonnt. Fir den een oder anere maach et vläicht ee gréissere Wee tëschen den Iess- a Gedrénksstänn gewiescht si mee duerch de gréissere Wee war net alles openee gedréckt. Des Weideren huet ee beim Goen eng Rëtsch Kënneger begéint, déi ee soss net gesinn hätt.

Dëst Editioun vum Wantermaart huet säin Numm och verdéngt wann een d’Temperature kuckt. No laanger Zäit war et deen Dag sou richteg dréche kal an et huet net gereent oder geschneit. Dat ass och den Aussteller dobannen ze gutt koum. Hei si vill Visiteure komm net nëmme fir déi verschidden Artikelen unzekucke mee och fir sech ee bëssi opzewiermen.

Ee Problem mam Parke gouf et net. Navetten hunn dofir gesuergt, datt d’Leit ouni Problemer konnten an den Duerfkär kommen. Déi richteg Atmosphär ass owes mat der Däischtert komm, wann déi sëlleg Luuchte fir eng speziell Ambiance gesuergt hunn.

Dernière modification le 05.12.2023

Des articles de la même catégorie

Nei Strukture fir een expandéierende Veräin

Nei Strukture fir een expandéierende Veräin

Amplaz vum erkrankte President Carlo Welter huet de Benny Welter d’Generalversammlung vum Beeforter Äishockeyclub “Beaufort Knights” opgemeet. Bannen e puer Joer ass de Veräin immens gewuess an alleguer musse sech un dës nei Situatioun an alle Beräicher ugewinnen. An...

lire plus
Zwee Presidenten zéie sech zréck

Zwee Presidenten zéie sech zréck

An der gemeinsamer Generalversammlung vun de Judoveräiner Beefort an Iechternach ass d’Nouvelle, datt sech zwee Presidenten aus dem Comité zréckzéien: den aktuelle President vun Iechternach Claude Siebenbour an de fréiere Beeforter President Camille Hoffmann. De...

lire plus
Aller au contenu principal