“Journées Européennes du Patrimoine” um Beeforter Schlass

D’Beeforter Schlässer hu sech un de “Journées Européennes du Patrimoine” bedeelegt an dat ënnert dem Motto “Wenn Steine sprechen konnten”. Beim fräien Entrée de leschte Samschdeg konnten d’Visiteure sech net nëmmen un de guidéiert Féierunge bedeelege mee och traditionell Handwierk entdecken ewéi zum Beispill d’Schmatte vun der Confrerie Hephaïstos, Kierf aus Weid flechten a Spannen a Wiewen (Wollveraarbechtung). Fir de musikalesche Kader huet “Ad Libitum” gesuergt.

Dernière modification le 02.10.2023

Des articles de la même catégorie

Waarm an häerzlech Atmosphär am alen Duerfkär

Waarm an häerzlech Atmosphär am alen Duerfkär

D’Beeforter Duerffrënn hunn zesumme mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng an de Veräiner op hire mëttlerweil traditionelle Wantermaart invitéiert. De Wantermaart huet sengem Numm all Éier gemeet an et war richteg kal de leschte Samschdeg. Trotzdeem war et de ganzen Dag...

lire plus
Chrëschtmaart bei de Scouten

Chrëschtmaart bei de Scouten

D’Beeforter Scouten hunn de leschte Samschdeg op hiren traditionelle klenge Chrëschtmaart am Scoutsgaart an an hirem Scoutshome invitéiert. Bei dëser Geleeënheet konnt ee schonns déi éischt Kaddoen a Chrëschtdekoratioune fir dëst Joer kafen. Bekanntlech ass den...

lire plus
Aller au contenu principal