Mam Qualitéitslabel ausgezeechent

D’Gemengeverwaltung, de Service technique an de Schoulkomplex goufe rëm eng Kéier mam Qualitéitslabel “SuperDrecksKëscht” fir een nohaltegen Ëmgang mat Ressourcen ausgezeechent. Dëse Qualitéitslabel steet fir Offallvermeidung, eng separat, propper a sécher Offalltrennung an och fir eng beschtméiglech Ofwécklung vun den Offäll. D’Stréim vun de Produiten (Offall) sinn transparent an nozevollzéien.

Zu de Kritäre vum Qualitéitslabel zielt nieft der richteger Behandlung vun de Produiten (Offall) och d’Motivatioun vun alle Bedeelegten an den Asaz an de Gebrauch vun offallaarme Materialien. Entsprécht den Ufuerderunge vun der DIN EN ISO 14024 a weider Informatioune ginn et um Internetsite www.sdk.lu

Dernière modification le 20.07.2022

Des articles de la même catégorie

Zwou Aweiungen an eng Éierung

Zwou Aweiungen an eng Éierung

Op Kleeserchersdag goufen de Sanitärblock vum Camping Park an d’Vestiaire vum Äishockey ageweit. Bei dëser Geleeënheet ass de Lëtzebuerger Champion “Beaufort Knights” geéiert ginn an dat Ganzt huet a Presenz vun ënner anerem dem Georges Engel, Minister fir Sport, a...

lire plus
Adventsfënsteren 2022

Adventsfënsteren 2022

D‘Beeforter Kulturkommissioun organiséiert déi véierten Editioun vun den Adventsfënsteren an den dräi Dierfer vun der Gemeng Beefort.  Vum 1. bis de 24. Dezember gi 24 Fënstere mat Motiver vum Advent an/oder Chrëschtdag dekoréiert an all Dag gëtt eng Fënster...

lire plus
Éischte Spuedestéch zu Déiljen

Éischte Spuedestéch zu Déiljen

Gëschter am Nomëtteg hunn den Henri Kox, Minister fir de Logement, de Buergermeeschter Camille Hoffmann, de Schäffen Emile Wies, d’Presidentin vum Verwaltungsrot vum Fonds du Logement Diane Dupont an den Direkter vum Fonds du Logement Jacques Vandivinit den éischte...

lire plus