Mats Wenzel zweemol als Zweeten duerch Beefort

Gëschter an haut ass den “Tour de Luxembourg” duerch Beefort gefuer. Souwuel bei der zweeter an der drëtter Etapp stoung Beefort um Programm.

Op der zweeter an 183,9 Kilometer laanger Etapp vu Munneref op Mamer ass et bei Kilometer 77,9 (Vugelsmillen) erop op Beefort gaange fir hannert dem Schlass op Haler weiderzegoen. De Lëtzebuerger Mats Wenzel mat der Startnummer 196 aus dem Team “Leopard Togt Pro Cycling” war am Biergop hannert dem Schlass a virun der Schéiferei am Spëtzegrupp direkt hannert dem Luca von Boven a virum Lennert Teugels. Si alleguer haten eng 25 Sekonne Virsprong op de Peloton. Am Massesprint zu Mamer huet den Dän Jenthe Biermans dës Etapp gewonn.

Wéinst engem schwéieren Accident op der A1 stoungen zwou Ekippen am Stau fest an dowéinst gouf den Départ vun der drëtter Etapp zu Mäertert méi spéit lancéiert. D’drëtt Etapp war gläichzäiteg d’Kinneksetapp mat Arrivée am Haff vum Veiner Schlass. Sou wéi gëschter ass de Mats Wenzel an engem Spëtzegrupp duerch Beefort gefuer. Hien an d’Cycliste Gilles Wilde, Bastien Tronchon, Remy Metz an Olivier Knight haten am Rond-Point eng dräianenghallef Minutte Virsprong op de Peloton. Iwwert d’Eppelduerferstrooss huet den “Tour de Luxembourg” Beefort verlooss an d’Etapp huet de Ben Healy aus Irland gewonn, dee gläichzäiteg Leader am Generalklassement ginn ass.

Dernière modification le 22.09.2023

Des articles de la même catégorie

Grousse Succès fir de Beeforter Wantermaart

Grousse Succès fir de Beeforter Wantermaart

Déi wochelaang Iwwerleeungen, Planungen a Virbereedungen hu sech schlussendlech gelount an d’Beeforter Duerffrënn kënnen houfreg sinn, datt se zesumme mat den aneren Duerfveräiner an der Ënnerstëtzung vun der Gemeng rëm fäerdegbruecht hunn een erfollegräiche...

lire plus
De Kleeschen ass komm

De Kleeschen ass komm

Am Kader vun enger Adventsfeier de leschte Freideg am Judossall ass de Kleeschen déi jonk Sportler besiche komm an huet hinnen ee klenge Kaddo iwwerreecht. Virun der Visitt stoung nach een Training fir déi ganz Famill um Programm. Nodeems d’Kaddoen iwwerreecht goufen...

lire plus
Klenge Chrëschtmaart

Klenge Chrëschtmaart

Virum Gebai vun der Seniorernesidenz “Petite Suisse” gouf de leschte Freideg vu 15 bis 19 Auer ee klenge Chrëschtmaart organiséiert. An enger gemittlecher a chrëschtlecher Atmosphär goufe selwer gemaachener Dekoratioun a Kichelcher vum Foyer ugebuede grad esou ewéi...

lire plus
Aller au contenu principal