No der Reform vum nationale Rettungswiesn féiert d’Amicale Pompjeeë Beefort déi laangjäreg Traditioune vun de fréiere Pompjeeë weider. Nieft dem Buergbrennen zielt och d’Banne vum Meekranz um éischte Mee.
Sonndesmoies fréi goung et an de Bësch a bei enger gudder Laun goufen d’Meekränz gebonnen. Ee vun de Meekränz gouf an der Mëttesstonn virun der Gemeng opgehaangen an uschléissend goung et op de wuelverdéngte Mëtteskascht.