Muppeschwammdag als Ofschloss vun der Saison

Fir déi véierte Kéier huet de Muppeschwammdag d’Saison vun der Beeforter Schwämm ofgeschloss a wéi déi Jore virdru war et och dës Kéier ee grousse Succès.

Zimlech fréi waren d’Tickete fir de Muppeschwammdag vergraff. Et konnt ee wielen tëschen dräi Sessiounen: moies vun 10 bis 12.30 Auer, mëttes vun 13 bis 15.30 Auer an owes vu 16 bis 18.30 Auer. Pro Sessioun waren 150 Muppen zougelooss esou, datt de ganzen Dag am Ganze 450 Hënn sech mat hire Meeschteren am Beeforter “Aqua Park” ameséiert hunn.

Nieft dem Muppeschwamme gouf fir ee flotten Encadrement mat weideren Aktivitéite gesuergt. Déi komplett Manifestatioun huet d’Konditioune vun der Nohaltegkeet erfëllt a krut de Label vum “Green Event”.

Eng Fotosgalerie aus der Mëttesstonn:  

Dernière modification le 04.09.2023

Des articles de la même catégorie

Treffe vun de Mercedes-Benz-Clibb zu Beefort

Treffe vun de Mercedes-Benz-Clibb zu Beefort

Nieft der Oldtimer-Rallye “Luxembourg Classic” am spéide Moien hunn am Laf vum Nomëtteg d’Mercedes-Benz-Clibb aus Frankräich a Lëtzebuerg eng Paus zu Beefort ageluecht. Hire Rendezvous war um 16 Auer an der Jugendherberge. No enger klenger Stäerkung si si am...

lire plus
Am décken Niwwel duerch Beefort

Am décken Niwwel duerch Beefort

Eng knapps 100 Oldtimere sinn de leschte Samschdegmoien duerch Beefort gefuer. Ewéi déi Jore virdru stoung bei der drëtter Editioun vun de “Luxembourg Classic” Beefort um Programm. Um éischten Dag war d’Éislek (261 Kilometer) an den zweeten Dag de Mëllerdall (181...

lire plus
Aller au contenu principal