Nationale Gedenkdag a Kiermes zu Déiljen

Gëschter Sonndeg gouf am ganze Land un d’Resistenz vum Lëtzebuerger Vollek wärend der Occupatioun an der schwéierer Zäit vun 1940 bis 1945 erënnert. An der Gemeng Beefort gouf dëse Gedenkdag zu Déiljen zelebréiert a gëschter war och nach d’Déiljer Kiermes mat Griewerseenung. Den Datum vun der Déiljer Kiermes riicht sech un den Numm vum Patréiner vun der Kierch zu Déiljen an dat ass den Hellege Lucas. Säin Datum ass den 18. Oktober a wann deen net op ee Sonndeg fält, da fënnt d’Kiermes den éischte Sonndeg nom 18. Oktober statt, sou wéi gëschter den 19. Oktober.

Et huet ee missten eng Zort Spagat maache fir déi zwou Manifestatiounen ze verbannen an et koum nach eng drëtt Saach dobäi an zwar de Weltmissiounssonndeg, sou d’Pastoralassistentin Josiane Mirkes. Si huet et mat Bravour gemeeschtert an déi e puer Gemeinsamkeeten hu sech an der Mass wéi ee roude Fuedem gezunn, eng Mass, déi gesanglech vun de Choralle Sainte Cécile vu Beefort a “Sang mat” Waldbëlleg/Haler encadréiert gouf an och uschléissend bei der Gedenkfeier.

D’Gedenktafel un der Mauer vun der Déiljer Kierch erënnert un déi véier gefale Jonge vun Déiljen am Zweete Weltkrich an dëse Memorial gouf den 18. September 2004 ageweit. Net vergiess sinn den Théo Gansen, de René Ludovicy, de Jeng Ludovicy an de Jean-Paul Schaaf. Op dem Sandsteen ass eng Knosp erausgemeesselt. D’Knosp ass d’Zeeche vum Liewen. D’Knosp bréngt ee Blat oder eng Blumm ervir oder eng Bléi. Si ass den Ufank vun eppes Neien, vun eppes Schéinen, si erneiert sech all Joer an erwächt zum neie Liewen. Iwwert der Knosp ass ee Glas ubruecht. Et mécht de Bléck duerchsichteg, wäit op, et verstoppt näischt a léist an d’Vergaangenheet zeréckkucken. Et hält d’Erënnerung waach mat den Nimm vun deenen, déi an der Bléi vun hirem Liewen hu misste stierwen, ouni datt d’Knosp sech entfale konnt. Mat dëse Wieder zesummegefaasst huet deemools de President vum Organisatiounscomité vun de Feierlechkeeten, Lucien Schaaf, d’Wierk vun der Architektin Adèle Schaaf-Haas bei der Aweiung 2004 beschriwwen. 

Am Joer 1940 hat Déiljen 98 Awunner, déi a 24 Haiser gelieft hunn. Wärend den 10. an 11. September 1944 a villen Deeler vu Lëtzebuerg d’Befreiung gefeiert gouf, war Déiljen wuertwiertlech tëschen de Fronten. Op der enger Säit huet d’Sauer d’Grenz gemeet an zu Beefort si schonns d’Amerikaner ukomm a fir si war et ze fréi a geféierlech fir erof an den Dall ze goen. Den 18. September gouf geschoss an de Jean-Paul Schaaf gouf am Alter vu 14 Joer mat fënnef Kugelen erschoss. Uschléissend gouf an de Kellere geschlof an den 22. September koum de Befeel vun den Däitschen, déi nach ëmmer op den zwou Säite vun der Sauer waren, Déiljen ze verloossen. D’Déiljer Bréck gouf de 14. September 1944 um 14 Auer gesprengt. Am Virfeld goufen d’Awunner gewarnt a gebieden d’Fënsteren opzemaachen.

Am Fréijoer 1888 war d’Déiljer Bréck schonns fäerdeggestallt a befuerbar mee offiziell ofgeholl gouf se de 25. Mee 1889. Souwuel 1914 ewéi 1939 konnt wéinst den deemolege Situatioune kee Jubiläum gefeiert ginn. No der Zerstéierung 1944 gouf se 1952 opgeriicht. Am Reportage “His Guts, Our Blood, Their Bridge” schreift de Colonel Charles Clarence Curtis, datt vum 7. bis de 15. Februar 1945 bei de Kämpf ëm d’Bréck een Offizéier an 19 Zaldote gefall sinn a siwen Offizier a 45 Zaldote verwonnt goufen. Um däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler leie 47 Zaldoten, déi zu Déiljen gefall sinn. Et kann een dovunner ausgoen, datt op de béide Säiten d’Ziffere méi héich sinn.

 

Théo Gansen
04.02.1925

?.02.1945

Heen huet mussen an den Arbeitsdienst goen. Mat nach véier Komeroden hu se versicht fortzekommen. Sie sinn awer erwëscht ginn a koumen an de Prisong. Do sinn der rëm dräi fortkomm an hien an nach ee Kolleeg goufen am Prisong festgehalen, wou en dunn an Februar 1945 zu Gustadt erschoss ginn ass.

René Ludovicy
28.12.1920

vermësst

Hie gouf agezunn de 16. Januar 1943 a koum bei eng Fligerstaffel. Bei engem Asaz um Balkan ass hire Fliger ofgeschoss ginn an heen ass als vermësst gemellt ginn.

Jean Ludovicy
21.10.1923

27.06.1944

Hie war mam Charel Klein vun Ettelbréck enger Besatzung an engem Panzer zougedeelt ginn, wou hien de 27. Juni 1944 vun engem Heckeschützen erschoss ginn ass wéi en aus dem Panzer erausgeklomme war bei Babruysk am Belarus.

Jean-Paul Schaaf
28.02.1930

18.09.1944

Hien ass den 18. September 1944 ënnen am Duerf, beim Hidde vun de Kéi vun der däitscher Säit ëm 16.20 Auer mat fënnef Schëss erschoss ginn.

De Gedenkdag an d’Kiermes a Biller zesummegefaasst
Dernière modification le 28.10.2025

Des articles de la même catégorie

Sproochecoursen / Cours de langue

Sproochecoursen / Cours de langue

De “Mouvement pour l’égalité des chances” organiséiert eng Rei Sproochecoursen an den nächste Méint dorënner och zu Beefort. Follgend Course fannen am Kummelsbau statt: * Lëtzebuergesch A.1, keng Virkentnisser néideg, méindes a mëttwochs all Kéiers vun 19 bis 21 Auer,...

lire plus
Aweiung vun abordabele Wunnengen zu Déiljen

Aweiung vun abordabele Wunnengen zu Déiljen

Den 29. November 2022 gouf den éischte Spuedestéch vun engem Projet vun abordabele Wunnenge vum Fonds du Logement zu Déiljen gemaach an no gutt dräi Joer war gëschter Donneschdeg, de 4. Dezember, déi offiziell Aweiung. De komplette Site mam fréiere Bauerenhaff gouf an...

lire plus
Aller au contenu principal