An der Jugendherberge hu “Les amis des châteaux de Beaufort” hiren éischte Kongress organiséiert. Zum Thema „Klimawandel: Krise oder Herausforderung? Denkmäler und ihre Entwicklung in der Zukunft“ huet sech e gemëscht Fachpublikum bestoend aus ënner anerem Architekten, Ingenieuren a Vertrieder aus de Beräicher Denkmalfleeg, Tourismus an der „Administration de la nature et des forêts“ afonnt.
Ronn 40 Leit hunn d’Referater vun den dräi ageluedenen Experten op dësem Gebitt nogelauschtert an ofschléissend hu sech zu de verschidde Sujeten ausgetosch: Dr. Angela Kaiser-Lahme, Direktesch “Burgen, Schlösser, Altertümer” vun der Generaldirektion Kulturelles Erbe Rheinland-Pfalz; Gäertenhistoriker Marc Schoellen an Dr. Christine Harbusch vum “Büro für Fledertierforschung und -schutz ProChirop”.
Dësen éischte Kongress huet vill nei Erkenntnisser geliwwert an op Saachen higewisen, op déi een an Zukunft muss besonnesch uecht huelen.