Beaufort
26.6°C (25 / 27.8)
32%
975 hPa
0.7 m/s
Raf. 0.9 m/s
13 W/m²
0 mm

Neie Waasserbaseng “op der Heed”

Gëschtermoien hat ee groussen Deel vum Duerf kee Waasser an am fréien Nomëtteg och kuerz an der Route de Reisdorf net. Et goufen nämlech d’Uschlossaarbechten um neie Waasserbaseng “op der Heed” gemeet an am Nomëtteg gouf den neien Tank a Betrib geholl. Gläichzäiteg gouf de Basseng vis-à-vis an der rue Belair vum Netz geholl.

An der neier Hal stinn dräi Cuve. All Tank ass 5,40 Meter héich, huet een Duerchmiesser vun zéng Meter an ee Gewiicht vun 9.800 Kilogramm. Zwou vun den dräi Cuve gi fir d’Waasserversuergung zu Beefort benotzt an eng fir ee interkommunale Projet bis op Dikrech.

D’Uertschaft Beefort kritt aktuell säin Drénkwaasser ausschliisslech aus dem Mëllerdall. De Waasserbaseng “op der Heed” ass d’Häerzstéck vum zweeten, onofhängege Standbeen bei der Waasserversuergung zu Beefort. Eng nei Waasserleitung gouf schonns bis op Déiljen geluecht. Zu Déiljen gëtt nach een neie Waasserbaseng fir d’Uertschaften Déiljen a Grondhaff gebaut an och nach eng Pompelstatioun. Vun hei aus gëtt an Zukunft d’Waasser an den neie Waasserbaseng “op der Heed” gepompelt. D’Ausschreiwunge fir dëse Projet zu Déiljen lafe wärend d’Awunner vu Beefort hiert Waasser aus dem neie Baseng kréien.

Dernière modification le 15.12.2022

Des articles de la même catégorie

Vëlospist Josy-Wee

Vëlospist Josy-Wee

Virum Congé collectif hunn d’Aarbechte fir de Josy-Wee ugefaangen a si sollen nach dëst Joer ofgeschloss ginn. De Josy-Wee ass eng nei Vëlospist vun enger Längt vu 5,75 Kilometer a si verbënnt Beefort mat der nationaler Vëlospist PC3 beim Grondhaff. An der...

lire plus
Al Kleeder / Vêtements usagés

Al Kleeder / Vêtements usagés

Zanter haut Freideg sti rëm Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier op Nummer 55, route de Dillingen. Am Ganze goufen dräi Container opgestallt an an der Reegel gi se freides eidel gemaach. An nächster Zukunft kommen nei Pechbiller drop an duerno ginn d’Awunner...

lire plus
Aller au contenu principal