Neit Offallgesetz a Material fir d’Fester virgestallt

Zanter dem 1. Januar 2023 ass et op ëffentlech Manifestatioune gesetzlech verbuede Gedrénks an Iessen am “Einweggeschirr” (vaisselle à usage unique) aus Plastik ze zerwéieren. Dat gëllt och fir sämtlech Besteck an egal a wéi enger Form och ëmmer. An deem Sënn huet de Beeforter Schäfferot gëschter Owend d’Beeforter Veräiner, berodend Kommissiounen an d’Klimateam op eng Informatiounsversammlung an de Kummelsbau invitéiert.

A senger Begréissung huet de Buergermeeschter Camille Hoffmann erkläert wéi et dozou komm ass, datt d’Gemeng Material fir Fester beschafen huet. Virun e puer Joer huet sech d’“Amicale”, déi d’Schlassfest organiséiert huet, opgeléist an d’Gemeng huet d’Material vun der “Amicale” iwwerholl fir se kënnen den anere Veräiner fir hir Fester zur Verfügung ze stellen. Virun der Pandemie huet d’Gemeng ee Spullwon mam Material an ee Killwon ugeschaaft. Nodeems et ënner bestëmmte Bedingunge rëm méiglech war sech ze versammelen gouf dat neit Material op der Äispist virgestallt. Bei der Geleeënheet huet Véronique Linden, Ëmweltberoderin am Oekozenter Pafendall, de Projet “Green Events”, deen op Initiative vum Ministère fir d’Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung entstanen ass, erkläert. D’Gemeng Beefort kann een ouni Weideres als ee Virreider vum neie Gesetz bezeechen.

Den Thomas Schlicher, Klimaberoder vun der Gemeng, huet a senger Aleedung de Sënn an Zweck vum Klimapakt erkläert. Beim Klimapakt 1.0 huet d’Gemeng Beefort d’gëllen Auszeechnung beim “European Energy Award” am Kader vum Klimapakt 1.0 kritt. Beim éischten Audit fir Sëlwer goufen 2018 op den éischte Schlag 80,3 Prozentpunkten erreecht. Dat huet keng Gemeng virdru fäerdeg bruecht. Bei der nächster Etapp fir Gold huet eng international Jury d’Gemeng Beefort mat 85,9 Prozentpunkte bewäert. Dës Zuel ass den héchste Wäert am Kader vum Klimapakt 1.0 hei zu Lëtzebuerg.

Uschléissend huet hien Erklärungen zum neie Offallgesetz ginn. Am Grousse a Ganze brauchen d’Veräiner sech keng grouss Gedanke ze maachen. D’Gemeng huet an de leschte Joren eng exemplaresch Virreiderroll iwwerholl a bitt dat néideg Material de Veräiner gratis un. Den Thomas Schlicher ass nieft Beefort och an aner Gemengen aktiv a vill Gemenge stinn elo ewéi erféiert virun engem Bierg a wëssen net sou richteg wéi se handele sollen.

Andy Wagner vum Service technique vun der Gemeng huet dat komplett Material fir d’Fester virgestallt. Dozou zielen de Spullwon, Killwon, Telleren, Besteck, Taassen, Glieser a villes méi. Een Deel dovunner war och am Kummelsbau ausgestallt.

Ofschléissend ass den Thomas Schlicher nach op “Green Events” agaangen. Beim Anhale vu verschidde Reegele kënnen d’Veräiner eng Ënnerstëtzung an Héicht vu 1.500 Euro kréien, déi ënner puer Bedingunge nach erhéicht ka ginn. Mam Material vun der Gemeng erfëllt ee schonns eng 80 bis 90 Prozent vun de Konditiounen an et braucht een nach nëmmen ee klenge Effort ze maache fir de Label “Green Events” ze kréien. Mat enger Rëtsch praktesch Beispiller kruten d’Leit erkläert, dat et net onméiglech ass klimagerecht Manifestatiounen ze organiséieren.

Op der Säit www.beaufort.lu/event sti sämtlech Informatiounen zum Material, dem neien Offallgesetz a “Green Events”.

Dernière modification le 16.03.2023

Des articles de la même catégorie

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Nodeems an der Härewiss an och an der Rue des Promenades virun e puer Méint déi éischt “Berliner Kissen” installéiert goufe fir eng Verkéiersberouegung ze suergen, konnt een tatsächlech ee positive Bilan zéien. Aus dem Gronn gouf decidéiert fir op weider Plazen dës...

lire plus
Al Kleeder / Vêtements usagés

Al Kleeder / Vêtements usagés

Zanter kuerzem ass de Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier ausser Betrib. Et ass zu Verännerunge bei der Organisatioun vun der Sammlung komm an dowéinst ginn zur Zäit keng al Kleeder ugeholl. Nei Containere si bestallt a bis déi ukommen an installéiert sinn,...

lire plus
Ausstellung « Kräizer Simchen » an der Kierch

Ausstellung « Kräizer Simchen » an der Kierch

Nach bis muer Mëttwoch gëtt an der Beeforter Kierch déi handwierklech Konscht vum “Kräizer Simchen” gewisen. Am Ganze sinn 19 Kräizer ausgestallt an no Randschelt am Musée Thillenvogtei a Bënzelt am Musée A Schiewesch ass Beefort déi lescht Statioun vun dëser...

lire plus
Aller au contenu principal