Ravitaillement zu Beefort

De groussen Tour vum “Schleck Gran Fondo” ass rëm duerch Beefort gefuer, wou wéi déi Jore virdrun ee Poste de ravitaillement op der Gare war. Nom Départ um 9.30 Auer zu Munneref sinn d’Cyclisten no 77,2 Kilometer zu Beefort ukomm. Beim groussen Tour vun 155 Kilometer hu sech 2.384 Cyclisten ageschriwwen a beim klengen Tour vu 89 Kilometer waren et der 980. Hei op der Gare hu se net nëmmen eng kleng Stäerkung ageholl mee verschidde Cyclisten hu vun der Geleeënheet profitéiert kleng technesch Reparature virhuelen ze loossen.

Bei dëser sechster Editioun gouf et leider een trageschen Tëschefall zu Kanech ze vermellen. Bei engem Accident huet een 73 Joer ale Cyclist seng schwéier Blessuren net iwwerlieft an ass gestuerwen. Doropshi gouf d’Randonnée neutraliséiert.

Bei hirem Passage zu Beefort war déi traureg Nouvelle nach net bekannt a sou war et wéi déi Jore virdrun eng flott a familiär Ambiance beim Ravitaillement.

Dernière modification le 05.06.2023

Des articles de la même catégorie

Treffe vun de Mercedes-Benz-Clibb zu Beefort

Treffe vun de Mercedes-Benz-Clibb zu Beefort

Nieft der Oldtimer-Rallye “Luxembourg Classic” am spéide Moien hunn am Laf vum Nomëtteg d’Mercedes-Benz-Clibb aus Frankräich a Lëtzebuerg eng Paus zu Beefort ageluecht. Hire Rendezvous war um 16 Auer an der Jugendherberge. No enger klenger Stäerkung si si am...

lire plus
Am décken Niwwel duerch Beefort

Am décken Niwwel duerch Beefort

Eng knapps 100 Oldtimere sinn de leschte Samschdegmoien duerch Beefort gefuer. Ewéi déi Jore virdru stoung bei der drëtter Editioun vun de “Luxembourg Classic” Beefort um Programm. Um éischten Dag war d’Éislek (261 Kilometer) an den zweeten Dag de Mëllerdall (181...

lire plus
Aller au contenu principal