Sportleche Weekend fir d’Hënn a Meeschteren

Wärend vill Leit vum verlängerte Weekend profitéiert hu fir virun der grousser Vakanz ee klengen Tour oder gréisseren Ausfluch ze maachen, stoung den Terrain nieft der Äispiste ganz am Zeeche vun den Hënn. Den Agility-Veräin “4 Running Paws” huet op säin Summerturnéier invitéiert.

Gegrënnt gouf de Veräin den 20. Februar 2015 zu Bäerdref an no der éischter Editioun vun hirem Summerturnéier zu Bäerdref am Joer 2016 hu si déi folgend Editiounen all Kéiers hei zu Beefort organiséiert. An der Tëschenzäit hu si och hire Sëtz op Beefort verluecht.

D’Hënn aus der Kategorie “Jumping 1” hu Samschdesmoies géint 8.30 Auer de Concoursweekend agelaut am Laf vum Moie stoungen d’Kategorien “Jumping 2”, “Agility 1” an “Agility 2” um Programm. No der Mëttespaus goung et mat “Agility 3” a “Jumping 3” weider. Sonndes war den Oflaf ëmgedréint: “Jumping 3”, “Agility 3”, “Agility 2”, “Agility 1”, “Jumping 2” a “Jumping 3”. D’Präisverdeelung huet jeeweils mëttes an owes stattfonnt.

Déi eenzel Resultater ginn nach nodréiglech matgedeelt.      

Dernière modification le 26.06.2023

Des articles de la même catégorie

Waarm an häerzlech Atmosphär am alen Duerfkär

Waarm an häerzlech Atmosphär am alen Duerfkär

D’Beeforter Duerffrënn hunn zesumme mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng an de Veräiner op hire mëttlerweil traditionelle Wantermaart invitéiert. De Wantermaart huet sengem Numm all Éier gemeet an et war richteg kal de leschte Samschdeg. Trotzdeem war et de ganzen Dag...

lire plus
Chrëschtmaart bei de Scouten

Chrëschtmaart bei de Scouten

D’Beeforter Scouten hunn de leschte Samschdeg op hiren traditionelle klenge Chrëschtmaart am Scoutsgaart an an hirem Scoutshome invitéiert. Bei dëser Geleeënheet konnt ee schonns déi éischt Kaddoen a Chrëschtdekoratioune fir dëst Joer kafen. Bekanntlech ass den...

lire plus
Aller au contenu principal