Summerlech Päischtwanderungen

D’Wieder huet sech vu senger schéinster Säit bei den dësjärege Päischtwanderdeeg presentéiert an huet esou fir ideal Konditioune fir d’Wanderer gesuergt. Déi 37. Editioun vun den “Marches internationales de la Pentecôte” gëtt vun de Wanderfrënn Beefort organiséiert an dëse Päischtweekend stoungen dräi Strecken zur Auswiel: fënnef, zéng an 20 Kilometer.

Den Départ an d’Arrivée ware beim Kummelsbau a scho vu moies siwen Auer war hei Héichbetrib. Bis 14 Auer konnt ee sech fir dee zwee kleng Tier umellen a fir de groussen Tour vun 20 Kilometer huet ee sech misste bis Mëtteg 12 Auer op de Wee maachen.

Gläich bei der éischter Kontrollstatioun bei der “Mudderbuch” (am Bësch hannert der Cité Birkbour) haten d’Membere vun der Wanderfrënn vill ze dinn. Op dëser Kontrollstatioun hu sech déi dräi Tier zesummefonnt. De klengen Tour goung duerno weider an de Bësch fir rëm zréck am Kummelsbau ze sinn. Déi aner zwee Tier si bis op Bigelbaach gaangen an an der Géigend vum Schlass hu sech hir Weeër getrennt. Den Tour vun zéng Kilometer goung rëm zréck an de Kummelsbau wärend de gréissten Tour, dee vun 20 Kilometer, laanscht d’Haupesch- an Halerbach op de Grondhaff gefouert huet fir iwwert de Cloosbierg zu Déiljen rëm zréck op Beefort ze kommen.

Am Kummelsbau hu sech d’Wanderer rëm alleguer zesummefonnt a bei engem Pättchen an enger Stäerkung flott Momenter verbruecht.  

Dernière modification le 05.06.2023

Des articles de la même catégorie

Nationale Jugendcamp 2025 zu Beefort

Nationale Jugendcamp 2025 zu Beefort

De Beeforter “Centre d’incendie et de secours” (CIS) an d’”Amicale Pompjeeën Beefort Asbl” hunn de leschte Samschdeg hir Aktivitéite vum leschte Joer an hirem Asazzenter virgestallt. Gläich am Ufank huet den Zenterchef Etienne Vrolijk d’Wichtegkeet vun de Formatiounen...

lire plus
Zéng Joer zesumme sangen

Zéng Joer zesumme sangen

D’Choralle Sainte Cécile vu Beefort a “Sang mat” Waldbëlleg/Haler hu gëschter Owend hunn hir Aktivitéiten aus dem leschte Joer der Ëffentlechkeet presentéiert. Bedéngt duerch déi schlecht Wiederkonditiounen hu sech kuerzfristeg eng sëllech Memberen an Invitéeën...

lire plus
Aller au contenu principal