Nieft der Oldtimer-Rallye “Luxembourg Classic” am spéide Moien hunn am Laf vum Nomëtteg d’Mercedes-Benz-Clibb aus Frankräich a Lëtzebuerg eng Paus zu Beefort ageluecht. Hire Rendezvous war um 16 Auer an der Jugendherberge. No enger klenger Stäerkung si si am 20-Sekonnen-Takt Richtung Schlass gefuer fir professionell Fotoe maachen ze loossen.
“Tipi Fest” am “Tipi Duerf”
Touristen a Beeforter feieren zesummen an zwar beim “Tipi Fest” am “Tipi Duerf” vum “Camping Park”. Am Géigesaz zum leschten Joer wou et riicht era gereent huet konnt ee gëschter bei guddem Wieder e puer flott gemittlech Stonnen an enger besonnescher Atmosphär wéi am...