Vëloswee um Beeforter Plateau

Beefort mam Vëlo entdecken – op de Spuere vum Beeforter Ritter, queesch duerch den Duerfkär, laanscht der Buerg an dem Schlass an een Ausfluch an déi herrlech Natur. Dat ass d’Zesummefaassung vum neien néng Kilometer laange Vëloswee um Beeforter Plateau, deen zanter dësem Summer ausgeschëldert a gekennzeechent ass.

Virun dräi Joer huet sech een Aarbechtsgrupp aus zwielef Leit zesummegesat fir ee Gesamtkonzept fir de Vëlo an der Gemeng Beefort auszeschaffen. Dat war d’Grondiddi vun der Versammlung an der Maison du Parc un där sech och déi deemoleg Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (haut ProVelo.lu) bedeelegt huet. 

De Vëloswee um Beeforter Plateau ass den éischte Projet aus dem Gesamtkonzept vun der doucer Mobilitéit, deen ëmgesat gouf. Den Départ ass bei der Kierch an de Wee geet laanscht d’Schlässer iwwert d’Ruttmauer, Kinnewee bis bei de Kiosk Thuillier, wou een eng gemittlech Paus an der roueger Natur aleeë kann. Ofgesi vum Deel laanscht d’Schlässer erop dierft de Vëloswee fir déi meescht Leit keng gréisser Erausfuerderung sinn.

Schonns am Fréijoer gouf een anere Projet ofgeschloss, dee mam Vëlo ze dinn huet. Nieft dem Agank fir bei d’Schwämm steet eng Vëlosfléckstatioun. Ausgestatt mat enger Rëtsch vu Schlësselen an Instrumenter kann ee säi Vëlo ouni Problemer kleng Reparaturen duerchféieren. Zudeem erméiglechen Adaptere fir all Ventiller de richtegen Drock an de Pneuen ze hunn.

Déi nächst Etapp am Gesamtkonzept ass schonns amgaangen an zwar den Uschloss vum Beeforter Plateau un dat nationaalt Vëloswee-Netz. Iwwert déi fréier Eisebunnsstreck “Beeforter Josy” wäert een net wäit vum Fierschter beim Grondhaff erauskommen, wou op der anerer Säit laanscht d’Sauer de Vëloswee geet. Dëst erméiglecht déi fir d’Vëlosfuerer geféierlech Streck fir rop op Beefort ze evitéieren an iwwert dëse Wee geet et och net esou géi erop. Dës Streck kann ee schonns mam Mountainbike fueren.

Den nächsten Uschloss ass un de Vëloswee tësche Lëtzebuerg an Iechternach virgesinn. Heifir muss een nach ee Plang maachen an dëse Wee wäert iwwer d’Vugelsmillen, Bäerdref, Konsdref a Bech féieren.     

Dernière modification le 14.09.2021

Des articles de la même catégorie

Gemengewalen 2023

Gemengewalen 2023

Lëschten a KandidatenLëscht 5 Är Lett   Courtois Nancy (L)Employée de bureau Cruchten Christian (L)Fonctionnaire communal Hauschild François (L)Ouvrier-artisan d’Etat Hoffmann Camille (L)Ingénieur-technicien en Retraite Kuijpers Monique (L)Éducatrice graduée...

lire plus
Visitt vum Europäesche Parlament zu Bréissel

Visitt vum Europäesche Parlament zu Bréissel

Bréissel ass nieft Lëtzebuerg a Stroossbuerg déi drëtt Uertschaft, an där d’Europäescht Parlament schafft. De Sëtz vum Europäesche Parlament ass zwar zu Stroossbuerg, allerdéngs halen déi meescht Kommissiounen hir Sëtzungen zu Bréissel of. D’Generalsekretariat befënnt...

lire plus
Vacance de poste

Vacance de poste

L’administration communale de Beaufort se propose d’engager pour les besoins du secrétariat communal  Un fonctionnaire communal (m/f) Degré d’occupation : 100 % Groupe de traitement B1, sous-groupe administratif    Condition d’admission minimale : Réussite à l’examen...

lire plus
Aller au contenu principal