Vill fläisseg Hänn am Asaz

Méintelaang Virbereedunge goufe bannen e puer Stonne bal mam Waasser ewech geschwommen an den traditionelle Rendez-vous wier méi oder manner an d’Waasser gefall. Rieds geet ëm déi international IVV-Päischtwanderungen, déi dëst Joer fir déi 38. Kéier vun de Wanderfrënn Befort organiséiert goufen.

E Freideg ass jo bekanntlech immens vill Waasser erofkomm, datt verschidde Géigenden hei am Land ënner Waasser stoungen. Glécklecherweis awer net sou schlëmm ewéi am noe Grenzgebitt. Dës Ëmstänn hu vill Wanderer dovun ofgehale samschdes un den Départ zu Beefort ze goen. Trotzdeem hunn am Ganzen 188 Wanderer de Wee bis op Beefort fonnt an dovu koume sechs Wanderer aus Däitschland, dräi aus der Belsch an et waren aacht Kanner dobäi. 188 Wanderer si bësse méi ewéi d’Hallschent vun 2023, wa samschdes 357 Leit un den Départ gaange sinn. Déi 188 Leit haten allerdéngs bei der Arrivée eng Aventure hannert sech. Plazeweis si si duerch d’Waasser gaangen, dat hinne bis zu der Hëft stoung.  

Op Päischte koum et zu engem Schreckmoment. Ee klengen Äerdrutsch huet de Wanderwee komplett blockéiert an et war net méiglech hei ze passéieren. Telefonsleitunge si gliddeg gi fir d’Fräimaache vum Wee ze organiséieren a koordinéieren. Dat huet schliisslech geklappt an de Wee fir e Méindeg war wuertwiertlech fräi.

Am Ganzen hunn 938 Wanderer den Départ am Kummelsbau geholl an dovu koumen der 25 aus Däitschland, 24 aus der Belsch a 57 aus Frankräich. Dorënner ware 64 Kanner an net ze vergiessen eng sëllech véierbeeneg Frënn. Méindes war d’Wieder däitlech besser, allerdéngs huet d’Loftfiichtegkeet bei méi wéi engem Wanderer fir Schweessausbréch gesuergt. Eng gutt Stäerkung bei der Arrivée huet dofir gesuergt, datt déi grouss Ustrengunge vergiess goufen. Verschidde Leit, déi déi zwee Deeg getrëppelt sinn, war et interessant nozelauschtere wa se den anere Leit hir Aventure vun e Samschdeg erzielt hunn.

Den Départ an d’Arrivée ware wéi gewinnt am Kummelsbau an d’Wanderer haten dëst Joer dräi Strecken zur Auswiel: fënnef, eelef an 20 Kilometer. Nei war dës Kéier, datt op den Distanzen eelef an 20 Kilometer verschidde Strecke gouf. Doduercher war et méi attraktiv fir souwuel samschdes a méindes op Beefort ze kommen. Op véier Plaze gouf eng Kontrollstatioun opgebaut, wou een nieft dem Stempel och nach eng Stäerkung konnt huelen.

Dernière modification le 23.05.2024

Des articles de la même catégorie

“Tipi Fest” am “Tipi Duerf”

“Tipi Fest” am “Tipi Duerf”

Touristen a Beeforter feieren zesummen an zwar beim “Tipi Fest” am “Tipi Duerf” vum “Camping Park”. Am Géigesaz zum leschten Joer wou et riicht era gereent huet konnt ee gëschter bei guddem Wieder e puer flott gemittlech Stonnen an enger besonnescher Atmosphär wéi am...

lire plus
Nei Strukture fir een expandéierende Veräin

Nei Strukture fir een expandéierende Veräin

Amplaz vum erkrankte President Carlo Welter huet de Benny Welter d’Generalversammlung vum Beeforter Äishockeyclub “Beaufort Knights” opgemeet. Bannen e puer Joer ass de Veräin immens gewuess an alleguer musse sech un dës nei Situatioun an alle Beräicher ugewinnen. An...

lire plus
Aller au contenu principal