D’Beeforter Duerffrënn hunn um Virowend vun de Gemengewalen op ee Wa(h)lpatt am Schmattsgaart invitéiert. Bei summerlechen Temperaturen haten d’Kandidate vun den zwou Lëschten vun der leschter Geleeënheet profitéiert sech de Wieler nach eng Kéier virzestellen. Awer och d’Wieler selwer konnten den engem an anerem Kandidat nach séier eng Fro stellen oder sech mat him austauschen.
« Ee Präis, dee mer haut net vergiessen däerfen »
D’Membere a Frënn vum “Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale” hunn de leschte Samschdeg un de 16. Dezember 1944 erënnert. Viru genau 80 Joer huet deen Dag d’Rundstedtoffensiv ugefaangen. D’Feierlechkeeten zum 80. Joresdag vun der Ardennenoffensiv hunn de viregte...




