Gëschter goufen am Laf vum Nomëtteg um Site vum “Camping Park” offiziell dräi Gîten, de Block Sanitär 2 an eng Wunneng fir de Campingwart offiziell a Präsenz vum delegéierten Tourismusminister Eric Thill ageweit.

Déi nei modern a komfortabel Vakanzewunnenge sinn ideal fir déi Leit, déi Naturerliewnes an héchste Wunnconfort wëlle verbannen. All Gîte respektiv Vakanzewunneng ass komplett ekipéiert mat enger eegener Kichen mat Geschier, Besteck, Kaffismaschinn, Mikrowell, Bakuewen a Frigo, alles inklusiv. Des Weideren huet all Wunneng een eegent Buedzëmmer mat Dusch. Zwou Vakanzewunnengen, déi iwwregens “Halerbaach” a “Saueruecht” heeschen, hunn ee separat Schlofzëmmer fir zwee Leit. Am grousse Gîte “Steekaul” ass Plaz bis zu véier Persounen an hei ginn et zwou getrennte Schlofkummeren. Am Summer ass den Entrée fir an d’Schwämm an am Wanter den Zougank zur Äispist am Präis mat dran.
Komplett nei ass de “Block Sanitär 2”, deen déi héich Ufuerderungen am Beräich Confort an Hygiène erfëllt. Verschidde Beräicher sinn extra fir Familljen a Babyen ageriicht a suerge fir Bequeemlechkeet a Sécherheet. Des Weidere gouf u Persoune mat beschränkter Mobilitéit geduecht a si hunn och ee separate Beräich, déi hir Uspréch erfëllt. An dësem Deel vum Gebai gëtt et och ee Raum mat Wäschmaschinne fir d’Gäscht vum Camping. D’Investitioun an dëse Projet mam “Block Sanitär 2”, den dräi Gîten an enger Wunneng fir de Campingwart beleeft sech op ronn 2,1 Milliounen Euro.

Als Caissier vum “Syndicat d’initiative et du tourisme Beaufort” (SITB) ass de Camille Hoffmann op d’Geschicht vum Syndicat agaangen, déi an de Joren 1920/1921 ënnert dem Numm “Verschönerungsverein Befort” an d’Liewe geruff gouf. An de Joren 1927 an 1928 huet de Besëtzer vun der Beeforter Buerg, den Edmond Linckels, d’Buergruin vum Onkraut a Bauschutt befreit an d’Mauere goufe mat staatleche Mëttele befestegt. D’Buerg gouf gerett a si huet sech zu engem touristesche Magnéit entwéckelt. Am Joer 1932 huet den Edmond Linckels d’Presidentschaft vum Veräin iwwerholl an ënnert senger Presidence goufe Spadséierweeër an Aussiichtspunkten erschloss a Promendakaarte geschafen.

Nom Krich huet den deemolege Paschtouer Marcel Wantz den Tourismus ëm ugekuerbelt. Op seng Initiative gouf déi éischt Jugendherberge zu Beefort ageriicht an den éischte Camping an der “Rousendelt” erschloss. Mam Buergermeeschter Léon Bartimes un der Spëtzt vum SITB ass den 19. Juni 1966 déi éischt oppe Schwämm nërdlech vun der Haaptstad opgaangen a spéider den 8. November 1969 déi éischt Äispiste, där hiren Zeltdaach den 11. November 2011 offiziell ageweit gouf. Beefort ass zanter hir ee wichtegen Acteur am Tourismus am Mëllerdall an déi nei Gebailechkeete beweisen, datt ee mat der Zäit matgeet a weiderhin an Infrastrukturen investéiert.
De Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch huet dëse wichtege Schrëtt an der Entwécklung vun der Beeforter Offer am Tourismus zu Beefort ënnerstrach an ervirgehuewen. Mat de moderne Vakanzenhaiser gëtt de Gäscht een héichwäertegen a luxuriéisen Openthalt ugebueden. De Sanitärblock, deen haut och dobäi kënnt, ass net nëmmen eng praktesch Ergänzung, mee en Zeechen dofir, datt konsequent an d’Qualitéit an d’Zukunft investéiert gëtt. Beefort huet eng räich Geschicht an eng staark Identitéit. Beefort ass een Deel vum “Unesco Global Geopark” a mat der markanter Buergruin an dem Renaissance-Schlass, der Jugendherberge an elo och nach mat dëse moderne Infrastrukture mécht dat alles zesummen d’Gemeng zu enger attraktiver Destinatioun fir Awunner wéi och fir Gäscht aus dem In- an Ausland. D’Zil ass kloer: Et wëll ee Qualitéitstourismus, dee mat Respekt virun eiser Natur an eiser Kultur gelieft gëtt. Et wëll een de Gäscht onvergiesslech Momenter an der schéiner Mëllerdaller Regioun bidden an dat ëmmer mat der bekannter Beeforter Gaaschtfrëndlechkeet.

Virun zéng Deeg huet sech de Minister Eric Thill iwwert den Natur- a Geopark Mëllerdall informéiert an elo war de Minister rëm zu Beefort op der Aweiung vun den neien Infrastrukturen am “Camping Park”. Et wier ee gutt Zeechen esou den delegéierten Tourismusminister an och Kulturminister Eric Thill. Dat wier de Beweis vun enger aktiver an dynamescher Gemeng an d’Zuelen, deen hie moies op enger Pressekonferenz virgestallt huet, datt den Tourismus zu Lëtzebuerg ee reegelrechte Boom erlieft. Am Beräich vum Camping wier een däitlech iwwert dem Niveau virun der Pandemie, wou een iwwer 26 Prozent méi Iwwernuechtunge verzeechent huet ewéi 2019. Mat 198.450 Visiteuren tësche Januar an August 2025 läit de “Mullerthal Trail” um nationale Plang op der drëtter Plaz hannert dem Beetebuerger “Parc Merveilleux” an dem Veiner Schlass an awer och virun de Stater Kasematten.

Trotz dem schlechtem Wieder huet et dem Minister Eric Thill näischt ausgemaach fir un dëser klenger Feier deelzehuelen an uschléissend sech mat de verschidden Acteuren aus dem lokalen a regionalen Tourismusberäich auszetauschen. Virun dem offiziellen Deel mat de Riede gouf sech bei engem Rondgank ee Bild vun den neien Infrastrukture gemaacht.




