Turnéier de 15. a 16. Juni um Terrain bei der Äispist

Den Agility-Turnéier am Summer ass d’Aushängeschëld vum Agility-Club “4 Running Paws”. Dat geet aus dem Aktivitéitsbericht ervir, deen am Kader vun hirer Generalversammlung de leschte Freideg am Kummelsbau virgedroe gouf. Wärend zwee Deeg, de 24. a 25. Juni d’lescht Joer, konnten um Terrain bei der Äispist am Ganzen 251 Starter aus véier Länner mat 502 Starts an Agility a Jumping an de Klassen A1, A2 an A3 gezielt ginn. Dëst Joer ass den Turnéier de 15. a 16. Juni.

D’lescht Joer hu sech sechs Memberen an néng Hënn un de verschidden Turnéieren zu Lëtzebuerg, an Däitschland an an der Schwäiz deelgeholl. Des Weidere goufen et 50 Trainingsdeeg an der Agility-Hal zu Saarburg (D) an de Veräin huet un aacht veräinseegenen Turnéieren an der Agility-Hal gehollef. Zudeem gouf och a Material investéiert.

Wéi schonns erwäänt steet fir dëst Joer de 15. a 16. Juni den Agility-Turnéier mat de Riichteren Marleen Haeneefstingels aus der Belsch a Gilles Welfringer aus Lëtzebuerg um Programm. Geplangt sinn ausserdeem d’Participatioun un 19 Turnéieren zu Lëtzebuerg mat ënner anerem der Coupe an de Landesmeeschterschaften, an Däitschland an an der Schwäiz.

Bedéngt duerch d’Investitiounen a Geräter, engem elektronesche Chrono an engem Agility-Programm huet d’Keess mat engem Defizit ofgeschloss.

Déi gréisste Suerg mécht allerdéngs ee gëeegenten Terrain zu Beefort ze hunn. Zur Zäit gëtt an enger Hal zu Saarburg trainéiert, déi och nach de ganze Summer vun Abrëll bis September zou huet. Doduercher géif de Veräin keng nei Membere bäikréie well de Wee bis dohinner einfach ze wäit ass. Ufroen aus der Géigend wieren do. Wéi et ausgesäit géifen ënnert dëse Bedingungen de Club eng véier bis fënnef Membere verloossen an de Veräin géif ausschliisslech aus Comitésmembere bestoen. Et besteet de Risiko, datt de Veräin zu sengem zéngte Jubiläum d’nächst Joer misst ophalen an et hofft een op een oppent Ouer vun de Gemengeverantwortlechen.

De Comité setzt sech zesummen aus der Presidentin Monique Paulus, Vizepresidentin Sandra Quint, Sekretärin Marie-Josée Mertz-Blum, dem Caissier Guy Hilbert an dem Member Thorsten Quint. Keesserevisorinne sinn d’Sonja Wanderscheid a Corinne Schmit. Monique Paulus ass zudeem eng international Agility-Riichterin.

Réckbléck op den Agility-Turnéier vun 2023: https://beaufort.lu/sportleche-weekend-fir-dhenn-a-meeschteren

Dernière modification le 11.03.2024

Des articles de la même catégorie

Reittournéier am internationale Reitzentrum

Reittournéier am internationale Reitzentrum

De Beeforter “Club Hippique” huet déi lescht zwee Weekender Reittournéier am internationale Reitzentrum organiséiert. De Weekend vum 13. a 14. Abrëll stoung d’Dressur am Mëttelpunkt an hei goufen et zéng Prüfungen. Den Héichpunkt war d’Wäertung vun der “Coupe de...

lire plus
Grouss Botz

Grouss Botz

De “Syndicat d’initiative et du tourisme” an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Beefort huet och dëst Joer nees eng Grouss Botz organiséiert, zu där all Veräiner an Awunner häerzlech invitéiert ware fir matzemaachen. Déi traditionell Rendezvouse waren zu Beefort bei der...

lire plus
Aller au contenu principal