Iwwer fënnef Milliounen Euro investéiert d’Gemeng Beefort an den neie Waasserréseau an der Gemeng. D’Häerzstéck vum zukënftege Waasserréseau ass den neie Waasserbaseng op der Heed, deen iwwer dräi Milliounen Euro kascht.

D’Uertschaft Beefort kritt aktuell säin Drénkwaasser ausschliisslech aus dem Mëllerdall a mam neie Réseau baut een een zweet an onofhängegt Standbeen bei der Waasserversuergung op. An Zukunft ginn d’Quellen zu Déiljen ugezaapt. Eng nei Waasserleitung gouf schonns bis op Déiljen geluecht. Zu Déiljen gëtt nach een neie Waasserbaseng fir d’Uertschaften Déiljen a Grondhaff gebaut an och nach eng Pompelstatioun. Vun hei aus gëtt an Zukunft d’Waasser an den neie Waasserbaseng “op der Heed” gepompelt.

Hei sinn am Ganzen dräi Cuve vu jeeweils 400 Kubikmeter ënnerbruecht. Zwou Cuve si fir Beefort bestëmmt an eng fir een interkommunale Projet, bei deem eng komplett nei Waasserleitung vum Cloosbierg zu Déiljen iwwer Beefort, Reisduerf a Bettenduerf op Dikrech geluecht gëtt. All Tank ass 5,40 Meter héich, huet een Duerchmiesser vun zéng Meter an ee Gewiicht vun 9.800 Kilogramm.

De 14. Dezember 2022 goufen d’Uschlossaarbechten um neie Waasserbaseng “op der Heed” gemeet an am Nomëtteg gouf den neien Tank a Betrib geholl. Gläichzäiteg gouf de Basseng vis-à-vis an der rue Belair vum Netz geholl.

E puer Biller vum Dag

Fotoe vum Uganks Abrëll 2022
Constructioun vun de Cuven
Oktober, November, Dezember 2020
Dernière modification le 01.09.2023
Aller au contenu principal