Beaufort
10.1°C (9.5 / 11)
93%
971 hPa
1.9 m/s
Raf. 2.2 m/s
225 W/m²
0 mm

Eng modern an ëmweltfrëndlech Gestioun vun eisen Ofwässer garantéieren

Mat der Aweiung vun der vergréisserter a moderniséierter Kläranlag vu Beefort an och der Uertschaft Haler aus der Gemeng Waldbëlleg schléisst d’Gemeng Beefort ee joerzéngtelaange Projet of. D’Awunnerzuel zu Beefort ass an de leschte Jore staark gewuess an deemno mussen och d’Infrastrukturen an der Gemeng Beefort no an no ugepasst ginn an dozou zielt och d’Kläranlag. Engersäits quantitativ mee anersäits och qualitativ fir eng modern an dem aktuellste Stand vun der Technik entspriechend an ëmweltfrëndlech Gestioun vun den Ofwässer ze garantéieren.

Déi al Beeforter Kläranlag aus dem Joer 1980-1981 war ageriicht fir 5.000 EGW (Einwohnergleichwert) an huet hier Belaaschtungsgrenz erreecht. Si konnt d’Ofwaassereinleitwäerter fir an d’Haupeschbaach net méi anhale wat zu zäitweis siichtbar Verschmotzunge wéinst feelender Reewaasserbehandlung gefouert huet.

An enger éischter Phase gouf iwwert der Uertschaft Haler ee Kollekter gebaut, deen un déi vergréissert Beeforter Kläranlag ugeschloss gouf. Parallel heizou goufen och Pläng fir déi moderniséiert an op 6.600 EGW vergréissert Beeforter Kläranlag opgestallt. Den Avant-Projet iwwert 8.370.000 Euro ass den 11. November 2016 am Beeforter Gemengerot gestëmmt ginn. Den definitiven Devis iwwert 9.700.000 Euro ass vum Sidest (Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires de l’Est) guttgeheescht ginn. Nodeems all néideg Autorisatioune virlouche konnt de Chantier am Mäerz 2018 mam Neibau vun enger neier Zoufaartsstrooss vun der Grondhafferstrooss (CR364) aus an Ugrëff geholl ginn. D’Gemeng ass frou, datt dëse Projet vum Ofwaassersyndikat “Sidest” elo erfollegräich ofgeschloss ginn ass an domadder ee weidere Schratt gemaach gouf, fir och an Zukunft d’Propretéit vun de Baachen a Gewässer ze erhalen a gläichzäiteg ze verbesseren.

Am Kader vun der Aweiung vun der Kläranlag huet d’Joëlle Welfring (Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung) am Virwuert an der Broschüre d’Kläranlag zu Beefort als ee wichtege Bausteen vum Gewässerschutz am Oste vum Land bezeechent. D’Erweiderung vun der Kläranlag an de Bau vun engem Reeniwwerlafbecken sinn entscheedend Elementer enger integréiender an nohalteger Gewässerbewirtschaftung, déi an der EU-Wasserrahmrichtlinie (Richtlinn 2000/60/EG) vergeschriwwe ginn. Si botzen d’Ofwaasser vu Beefort an Haler a verbesseren doduercher d’Liewensbedingunge vu Fauna a Flora am aquateschen Ökosystem vun der Haupeschbach, Halerbach an d’Anzuchsgebitt vun der Schwaarzer Iernz. Zanter dem Joer 2000 konnt de Stickstoffeintrach aus de Kläranlagen zu Lëtzebuerg an d’Gewässer vun iwwer 1.700 Tonne pro Joer op manner ewéi 900 Tonne pro Joer reduzéiert ginn. Besonnesch am Summer war déi fréier Kläranlag duerch déi vill Gäscht an Touristen an der Regioun iwwerlaascht. Hire Ministère iwwerhëlt d’Baukäschten an Héicht vu 6,7 Milliounen Euro, wat 75 Prozent entsprécht. Dobäi muss een awer allerdéngs erwänen, datt ursprénglech 90 Prozent virgesi waren an, datt d’Gemeng Beefort den aneren Deel vun de Käschte finanzéiert.

No der Begréissung an engem kuerze Réckbléck vum Buergermeeschter Camille Hoffmann huet den Alain Schaack vum Sidest den techneschen Deel vun der Kläranlag erkläert wärend de Bruno Alves, Attaché am Ëmweltministère, e puer Wuert un d’Gäscht geriicht. Uschléissend gouf d’Kläranlag offiziell a Betrib geholl a bei engem Rondgank gouf d’Kläranlag nach eng Kéier praktesch erkläert.

Title of the document
Dernière modification le 17.05.2023

Des articles de la même catégorie

Gold fir Beefort bestätegt a verbessert

Gold fir Beefort bestätegt a verbessert

Dräi Joer nodeems d’Gemeng Beefort beim “European Energy Award Gold” mat 90,7 Prozentpunkten als beschte Gemeng an Europa ausgezeechent gouf, konnt d’Gemeng dëst Resultat nach verbesseren. Haut koum d’Nouvelle, datt beim Audit de 14. Juli am Ganzen 90,8 Prozentpunkten...

lire plus
Ee Kiermes-Trail zum traditionelle Programm

Ee Kiermes-Trail zum traditionelle Programm

Gëschter gouf d’Beeforter Kiermes gefeiert. Den Datum vun der Kiermes riicht sech nom Méchelsdag (Saint Michel a Patréiner vun der Beeforter Kierch), deen op den 29. September fält. Ass den 29. September ee Sonndeg, da gëtt den 29. September gefeiert an am anere Fall...

lire plus
Beefort op der Joyeuse Entrée zu Éinen

Beefort op der Joyeuse Entrée zu Éinen

De leschte Freideg war no Esch an Ëlwen déi drëtt vun insgesamt fënnef Joyeuses Entrées vun der groussherzoglecher Koppel. Zu Éinen stoung d’Regioun Oste mat sengen 22 Gemengen am Mëttelpunkt. Gemeng Beefort gouf offiziell vertrueden duerch de Buergermeeschter...

lire plus
Aller au contenu principal