20.09 – 31.10: Campagne « GoGo Velo »

E Freideg, den 20. September, ass de Start vun der nationaler Vëloscampagne “GoGo VELO”. Si ersetzt déi zwou Campagnen “Mam Vëlo op d’Schaff (MVOS)” an den “Tour du Duerf”. De Prinzip bleift deen nämmlechten: Fuer mam Vëlo a gewann flott Präisser! D’Zil ass et an 42 Deeg ronderëm d’Welt ze fueren.

Dat Ganzt leeft iwwer d’App “Radbonus II” (ganz wichteg ass et, datt et Radbonus II (2) ass).

Apple: https://apps.apple.com/lu/app/radbonus-ii/id6499377492?l=de-DE

Android: https://play.google.com/store/apps/details?id=com.radbonus.radbonus2&pli=1

Vëlosfahrten am Alldag an och an der Fräizäit a Sport tracken a Kilometere sammele fir flott Präisser ze gewannen. Et lount sech ab dem éischten Dag dobäi ze sinn an d’Campagne leeft bis den 31. Oktober.

Weider Informatioune stinn op https://gogovelo.lu oder

Facebook https://www.facebook.com/profile.php?id=61562797690178

Instagram: https://www.instagram.com/gogovelo.lu/

 

Dernière modification le 18.09.2024

Des articles de la même catégorie

23. & 24.09: Grand-Rue barrée

23. & 24.09: Grand-Rue barrée

Wéinst Stroossenaarbechten vun de “Ponts et Chaussées” e Méindeg, den 23. September, an en Dënschdeg, de 24. September, ass d’Grand-Rue tëschen der Kräizung mat der Rue du Château an der Kräizung Route d’Eppeldorf/Route de Reisdorf gespaart. Op dësem Deelstéck kënnt...

lire plus
Agence mobile BCEE

Agence mobile BCEE

Ab muer Dënschdeg, de 17. September, kënnt d’Agence mobile vun der Spuerkeess rëm all Dënschdeg op Beefort. L’agence mobile de la BCEE reprend ses visites à Beaufort à partir de demain mardi, le 17 septembre.

lire plus
Aller au contenu principal