23. & 24.09: Grand-Rue barrée

Wéinst Stroossenaarbechten vun de “Ponts et Chaussées” e Méindeg, den 23. September, an en Dënschdeg, de 24. September, ass d’Grand-Rue tëschen der Kräizung mat der Rue du Château an der Kräizung Route d’Eppeldorf/Route de Reisdorf gespaart. Op dësem Deelstéck kënnt een neie Belag.

23.09: d’Strooss ass ab 7 Auer fir all Verkéier gespaart, ausser fir Busser a Residenten.

24.09: d’Strooss ass ab 8 Auer fir all Verkéier gespaart, och fir Busser a Residenten. Dat waart viraussiichtlech bis ongeféier 22 Auer si wann den neien Tapis ofgekillt ass. Eng Deviatioun ass ausgeschëldert.

Vun dësen Aarbechte si follgend Buslinne betraff: 191, 222, B05, C07, C17, H03, K05 a K07.

191: Ëmleedung iwwer Déiljen a Reisdorf nom Arrêt “Härewiss” an ëmgedréint. Keen Arrêt op de Bushaltestellen “Op der Gare”, “Äispist”, “um Bierg”, “Ënnescht Heed” an d’Uertschaft Eppelduerf. Den Horaire ass ugepasst an eng gëtt eng Spezial-Navette ab der Gare zu Reisduerf.

K07: Busser aus Richtung Eppelduerf ginn ëmgeleet iwwer rue Belair, route de Reisdorf, route d’Eppeldorf, rue de Haller, CR 128, rue du Château a Grand-Rue. Keen Arrêt op “um Bierg” an “Äispist”. Ausnamsweis gëtt et een Arrêt op der “Reisduerferstrooss”. Betraff ass d’Course K07 6340

222, B05 an H03: Busser aus Richtung Beefort ginn nom Arrêt “Op der Gare” direkt Richtung Haler ëmgeleet. Keen Arrêt op de Bushaltestellen “Äispist”, “um Bierg”, “Ënnescht Heed” an Halerstrooss. Dat gëllt fir d’Ligne 222 an och ëmgedréint. Den Horaire gouf och ugepasst. Betraff sinn och d’Coursen B05 6269 an H03 6941.

C07 an C17: Busser aus Richtung Jonglënster ginn ëmgeleet iwwer d’Rue du Château a Grand-Rue. Duerno normale Wee. Keen Arrêt op “Halerstrooss”, Ënnescht Heed”, “um Bierg” an “Äispist”. Betraff sinn d’Coursen C07 6131, C17 5801 an C17 6131.

K05: D’Course K05 5290 an 6130 ginn nom Arrêt “Reisduerferstrooss” ëmgeleet iwwer route d’Eppeldorf, rue de Haler, CR 128, rue du Château, Grand-Rue, duerno normale Wee. Keen Arrêt op “um Bierg” an “Äispist”. Ausnamsweis gëtt et een Arrêt “Ënnescht Heed”. D’Course K05 6100 gëtt ëmgeleet iwwer rue Belair, route de Reisdorf, route d’Eppeldorf, rue de Haller, CR 128, rue du Château, Grand-Rue, duerno normale Wee. Keen Arrêt op “um Bierg” an “Äispist”.

Gläich ënnendrënner stinn déi ugepassten Horairen an d’Spezial-Navette.

****

En raison des travaux routiers effectués par les « Ponts et Chaussées » le lundi 23 septembre et le mardi 24 septembre, la Grand-Rue sera barrée entre les croisements avec la rue du Château et route d’Eppeldorf/route de Reisdorf. Il y aura un nouveau revêtement de la chaussée.

23.09 : la rue sera barrée à toute circulation à partir de 7 heures, excepté autobus de ligne et riverains.

24.09 : la rue sera barrée à toute circulation à partir de 8 heures, autobus de ligne et riverains inclus, et ceci jusqu’au refroidissement de la nouvelle couche de roulement, approximativement vers 22 heures. Une déviation sera mise en place.

Sont concernées également les lignes 191, 222, B05, C07, C17, H03, K05 et K07. Des amples informations se trouvent en-dessous :

Annexes (pdf):

Avis pertubation RGTR

Horaire Ligne 191

Navette Ligne 191

Horaire Ligne 222

Dernière modification le 19.09.2024

Des articles de la même catégorie

20.09 – 31.10: Campagne « GoGo Velo »

20.09 – 31.10: Campagne « GoGo Velo »

E Freideg, den 20. September, ass de Start vun der nationaler Vëloscampagne “GoGo VELO”. Si ersetzt déi zwou Campagnen “Mam Vëlo op d’Schaff (MVOS)” an den “Tour du Duerf”. De Prinzip bleift deen nämmlechten: Fuer mam Vëlo a gewann flott Präisser! D'Zil ass et an 42...

lire plus
Agence mobile BCEE

Agence mobile BCEE

Ab muer Dënschdeg, de 17. September, kënnt d’Agence mobile vun der Spuerkeess rëm all Dënschdeg op Beefort. L’agence mobile de la BCEE reprend ses visites à Beaufort à partir de demain mardi, le 17 septembre.

lire plus
Aller au contenu principal