20/24.10.2025 : Activité militaire

20/24.10.2025 : Activité militaire

L’Armée Luxembourgeoise a planifié une activité du 20 au 24 octobre sur le territoire de la commune de Beaufort, respectivement à proximité de ce territoire. Elle poursuit sa préparation opérationnelle en vue des déploiements à l’étranger dans le cadre des engagements internationaux.  Cette démarche a été validée par l’Etat-Major de l’Armée.

25 personnes et huit véhicules sont impliqués dans cette activité. L’utilisation de munitions d’entraînement est prévue.

Opruff fir Mini-Projeten

Opruff fir Mini-Projeten

D’Leader Mëllerdall ënnerstëtzt am Kader vum regionalen Umbrella-Projet kleng Aktivitéiten an Offeren am Volet „Kultur&Tourismus“. Zil vun der Initiativ ass et fir Mini-Projete vu Veräiner, Gemengen an engagéiert Gruppen an der Regioun Mëllerdall ze fërderen. Agereecht kënne ginn Aktivitéiten an de Beräicher Kultur an Tourismus, déi an der Regioun Mëllerdall ëmgesat ginn. Méiglech si Mini-Projete mat kulturellem oder kulturtouristeschem Hannergrond, zum Beispill  iwwert d‘Kulturgeschicht, d‘Kulturlandschaft, d‘regional Identitéit, Kulturtourismus, mat Artisten aus der Regioun, a.s.w.

 

De Fokus fir d’Ënnerstëtzung läit dobäi besonnesch op finanziell kleng, mä innovative Mini-Projete vu lokalen oder regionalen Acteuren, Gemengen an Associatioune mat vill Engagement am Benevolat, mä ouni grouss Administratioun. D‘Mini-Projete kënne mat engem Subside vu maximal 4.000 Euro pro Mini-Projet bezouschusst ginn. An dësem drëtten Opruff stellt de Leader-Grupp eng Enveloppe vun 12.000 Euro bereet.

Projete mat engem kommerziell-ekonomeschen Hannergrond sinn net eligibel.

Delai fir Projetsiddien op mellerdall@leader.lu anzereechen ass den 31. Januar 2026. Eng Décisioun gëtt dann bis Enn Februar 2026 getraff.

Rahmenbedingungen für Mini-Projekte Regioun Mëllerdall (pdf): https://beaufort.lu/wp-content/uploads/2025/10/Rahmenbedingungen_Mini_Projekt_ME.pdf

Parking « Härewiss » fermé

Parking « Härewiss » fermé

Ab muer Mëttwoch, den 1. Oktober, ass et um Parking “Härewiss” verbuede fir ze parken. De komplette Parking gëtt nei amenagéiert an dës Aarbechte ginn a verschidden Etappen erleedegt a solle bis der Allerhellegevakanz ofgeschloss sinn.  

Wärend den Aarbechte ginn et keng Ännerunge bei de Fahrpläng vun de Busser a si fuere weiderhin den Arrêt “Härewiss” un.

****

À partir de mercredi 1er octobre, il est interdit de se garer sur le parking « Härewiss ». L’ensemble du parking sera réaménagé et ces travaux seront réalisés en plusieurs étapes et devront être achevés jusqu’au congé de la Toussaint.

Pendant la durée des travaux, il n’y aura aucun changement dans les horaires des bus, et ceux-ci continueront à desservir l’arrêt « Härewiss ».

Offallkalenner vun dëser Woch / Calendrier des déchets pour cette semaine

Offallkalenner vun dëser Woch / Calendrier des déchets pour cette semaine

Am Offallkalenner (Pabeierversioun) vun dëser Woch (29. September bis den 3. Oktober) gëtt beim Donneschdeg déi falsch blo Faarf ugewisen an hei elo de richtege Programm:

- 29. September, Méindeg: Hausmüll (gro Kiwwelen)
- 30. September, Dënschdeg: Biomüll (brong Kiwwelen)
- 30. September, Dënschdeg: Plastiksammlung (Valorlux-Tuten)
- 2. Oktober, Donneschdeg: ale Pabeier (blo Kiwwelen)
- 2. Oktober, Donneschdeg: Glas (gréng Kiwwelen)
- 3. Oktober, Freideg: Poubellesbotz gréng Kiwwelen (Glas)

An der Beeforter App steet et richteg.

 ****

Dans le calendrier des déchets (version papier) de cette semaine (29 septembre au 3 octobre) la mauvaise couleur bleue est affichée pour ce jeudi. Voici le bon programme pour cette semaine :

- 29 septembre, lundi : déchets ménagers (poubelles grises)
- 30 septembre, mardi : déchets organiques (poubelles brunes)
- 30 septembre, mardi : emballages PMC (sacs Valorlux)
- 2 octobre, jeudi : vieux papiers (poubelles bleues)
- 2 octobre, jeudi : verre creux (poubelles vertes)
- 3 octobre, vendredi : nettoyage des poubelles vertes (verre creux)

Dans l'application, c'est écrit correctement.

Rappel: 14.10 – Cloosbierg: gro Poubellesbotz / nettoyage des poubelles grises

Rappel: 14.10 – Cloosbierg: gro Poubellesbotz / nettoyage des poubelles grises

En Dënschdeg, de 14. Oktober, gëtt d’Poubellesbotz vun den Hausmüll-Kiwwelen (gro) um Cloosbierg nogeholl. Nodeems se e Méindeg, den 13. Oktober, eidel gemeet goufen, loosst se einfach dobausse stoen a si ginn da gratis gebotzt.

****

Le mardi le 14 octobre est la date de rattrapage du nettoyage des poubelles ménagers (grises) au Cloosbierg. Après le passage du camion poubelle le lundi 13 octobre, laissez-les à l’extérieur et elles seront nettoyées gratuitement.

20/24.10.2025 : Activité militaire

24/26.09.2025: Exercice militaire

L’Armée Luxembourgeoise a planifié un exercice du 24 au 26 septembre sur le territoire de la commune de Beaufort, respectivement à proximité de ce territoire. Elle poursuit sa préparation opérationnelle en vue des déploiements à l’étranger dans le cadre des engagements internationaux.  Cette démarche a été validée par l’Etat-Major de l’Armée.

Six personnes et trois véhicules sont impliqués dans cette activité. L’utilisation de munitions d’entraînement n’est pas prévue.

19:09: Traffic-Info & RGTR Passage « Tour de Luxembourg »

19:09: Traffic-Info & RGTR Passage « Tour de Luxembourg »

Update 19.09.2025, 08:45 & pdf complet (link)

!!! Info 18.09.2025, 12:00 !!!

Muer Freideg, den 19. September, fiert den “Tour de Luxembourg” duerch Beefort an dowéinst kënnt et zu Stéierungen an Upassunge bei de verschidde Buslinnen a Stroosseverkéier. Jee nom Verlaf vun der Course wäert de Passage vun der Course tëschen 13.30 an 13.50 Auer sinn. D’Cycliste komme vun Haler an d’Rue du Château wou kuerz virun der Grand-Rue eng Biergwäertung ass. Si béie lénks an d’Grand-Rue of an duerno geet et weider an d’Eppelduerferstrooss Richtung Eppelduerf.

Info fir d’Automobilisten

Eng Stonn virdrun, also ab ongeféier 12.30 Auer, ass de ganzen Trajet an der Richtung vun der Vëloscourse ee Sens unique. Betraff sinn d’Rue du Château, Grand-Rue an Eppelduerferstrooss. Eng gutt zéng Minutte virum éischte Cycliste ginn d’Stroosse komplett a fir all Verkéier gespaart. Ugekënnegt gëtt vun engem Auto mat roude Fändele wärend de Schluss vun der Course vun engem Minibus mat engem Biesem a grénge Fändel markéiert gëtt. Als Illustratioun zwou Fotoe vum leschte Joer.

Demain vendredi, le 19 septembre, le « Tour de Luxembourg » passera par Beaufort et entraînera par conséquent des perturbations et des adaptations sur différentes lignes de bus ainsi que dans la circulation routière. Selon le déroulement de la course, le passage aura lieu entre 13h30 et 13h50. Les cyclistes viendront de Haller et entreront dans la Rue du Château où des points pour le meilleur grimpeur seront attribués juste avant la Grand-Rue. Ils tourneront ensuite à gauche dans la Grand-Rue puis poursuivront dans la rue d’Eppeldorf en direction d’Eppeldorf.

Informations pour les automobilistes

Une heure auparavant, donc à partir d’environ 12h30, l’ensemble du parcours sera en sens unique dans la direction de la course cycliste. Sont concernés : la Rue du Château, la Grand-Rue et la rue d’Eppeldorf. Une dizaine de minutes avant le passage du premier coureur, les routes seront complètement fermées à toute circulation. Le passage sera annoncé par une voiture avec des drapeaux rouges, et la fin de la course sera marquée par un minibus muni d’un balai et de drapeaux verts. En illustration, deux photos de l’année dernière.

Stéierungen an Upassunge bei de Buslinnen

Vun 8.00 Auer bis 17.00 Auer gëllt fir d’Busser ee Sens unique um C.R. 357 tësche Beefort an Eppelduerf an um C.R. 128 tëschen Haler a Beefort. Betraff si follgend Linnen:

Linn 191
Busser aus Richtung Ettelbréck fueren iwwer Reisduerf an Déiljen op Beefort. Keen Arrêt:  “Ënnescht Heed”, “Um Bierg”, “Äispist” an “Op der Gare”.

Linn 222 (Kierchbierg – Beefort)
Busser fueren iwwer d’Rue du Château a Grand-Rue an duerno normal. Keen Arrêt: “Halerstrooss”, “Ënnescht Heed”, “Um Bierg” an “Äispist”.

Linn 222 (Beefort – Kierchbierg)
Nom Arrêt “Ënnescht Heed” fueren d’Busser Richtung Hessemillen, Iermsdref, Suewelbuer op Haler. Keen Arrêt: “Halerstrooss”.

Linn 231
Busser Richtung Miersch ginn nom Arrêt “Op der Gare” Richtung Hessemillen a Miedernach ëmgeleet. Keen Arrêt zu Haler, Suewelbuer a Miedernach-Reineschhaff.

Linn B05
Busser aus Richtung Iechternach fuere vu Beefort a Richtung Hessemillen, Iermsdref, Suewelbuer an Haler. Keen Arrêt: “Halerstrooss”.

Linnen C07, H03 an C17
Busser aus Richtung Jonglënster/Miersch fueren iwwer d’Rue du Château a Grand-Rue. Keen Arrêt: “Halerstrooss”, “Ënnescht Heed”, “Um Bierg” an “Äispist”.

Linn K05
D’Coursen K055290 a 6760 fueren iwwer Reisduerf an Déiljen op Beefort. Arrêt op “Op der Gare”, “Äispist”, “Um Bierg”, “Reisduerferstrooss” an “Iewescht Heed” (Terminus). Keen Arrêt: “Härewiss”.

D’Course 6100  fiert iwwer Reisduerf an Déiljen op Beefort an duerno weider op Eppelduerf (Terminus). Arrêt: “Härewiss”, Op der Gare”, “Äispist”, “Um Bierg” an “Ënnescht Heed”.

D’Course 6130 fiert vu Reisduerf direkt op Iechternach. Keen Arrêt op der Vugelsmillen a Beefort.

Linn K07
D’Busser aus Richtung Dikrech fueren iwwer Iermsdref, Suewelbuer, Haler op Beefort an duerno weider op Eppelduerf an Iermsdref. Arrêt: “Äispist”, “Um Bierg” an “Ënnescht Heed”. Keen Arrêt: “Härewiss” an “Op der Gare”.

Weider Detailer zu den eenzelne Buslinne stinn hei ënnendrënner an och op www.mobiliteit.lu, wou Ännerungen no der Verëffentlechung vun dësem Beitrag publizéiert sinn.

Wichteg: Beim Schoultransport am Nomëtteg kann et, jee nom Verlaf vun der Vëloscourse, och zu liichte Verspéidunge kommen. Den Trajet bleift onverännert.

Avis aux voyageurs de bus

De 8h00 jusqu’à 17h00 un sens unique pour les bus est valable au C.R. 357 entre Beaufort et Eppeldorf et C.R. 128 entre Haler et Beaufort. Sont concernées les lignes suivantes :

Ligne 191 :
Les bus en provenance d’Ettelbruck circulent de Reisdorf directement via Dillingen à Beaufort. Pas d’arrêts : « Ënnescht Heed », « Um Bierg », « Patinoire » et « Op der Gare ».

Ligne 222 (Kirchberg – Beaufort)
Les bus circulent via la rue du Château et la Grand-Rue. Pas d’arrêts : « Halerstrooss », « Ënnescht Heed », « Um Bierg » et « Patinoire ».

Ligne 222 (Beaufort – Kirchberg)
Après l’arrêt « Ënnescht Heed » circulent direction Hessemillen, Ermsdorf, Savelborn vers Haler. Pas d’arrêt : « Halerstrooss ».

Ligne 231
Les bus direction Mersch seront déviés après l’arrêt « Op der Gare » direction Hessemillen et Medernach. Pas d’arrêts à Haller, Savelborn et Medernach-Reineschhaff.

Ligne B05
Les bus en provenance d’Echternach circuleront de Beaufort direction Hessemillen, Ermsdorf, Savelborn et Haller. Pas d’arrêt : « Halerstrooss ».

Lignes C07, H03 et C17
Les bus en provenance de Junglinster/Mersch circuleront via la rue du Château et Grand-Rue. Pas d’arrêts : « Halerstrooss », « Ënnescht Heed », « Um Bierg » et « Patinoire ».

Ligne K05
Les courses 5290 et 6760 circuleront à Reisdorf via Dillingen vers Beaufort. Arrêts : « Op der Gare », « Patinoire », « Um Bierg », « Reisduerferstrooss » et « Iewescht Heed“ (terminus). Pas d’arrêt : « Härewiss ».

La course 6100 circulera via Reisdorf via Dillingen vers Beaufort et continuera vers Eppeldorf (terminus). Arrêts : « Härewiss », « Op der Gare », « Patinoire », « Um Bierg » et « Ënnescht Heed ».

La course 6130 circulera de Reisdorf directement vers Echternach. Pas d'arrêts Vugelsmillen et Beaufort.

Ligne K07
Les bus en provenance de Diekirch circuleront d’Ermsdorf, Savelborn, Haler à Beaufort et continueront vers Eppeldorf et Ermsdorf. Arrêts : « Patinoire », « Um Bierg » et « Ënnescht Heed ». Pas d’arrêts : « Härewiss » et « Op der Gare ».

Plus d’informations se trouvent ici en-dessous ainsi qu’au site internet www.mobiliteit.lu, où des changements après la publication de cet article sont pris en compte.

Important : le transport scolaire au début de l’après-midi pourra être également perturbé, selon l’évolution de la course cycliste. Les trajets resteront inchangés.

Hierschtprogramm September – Dezember 2025

Hierschtprogramm September – Dezember 2025

Déi nei Broschüre vum « Club Aktiv Plus – An der Loupescht » fir d’Méint September bis Dezember 2025 ass online a kann ënnert dem follgende Link erofgeluede ginn: Brochure Club Aktiv Plus An Der Loupescht Hierscht 2025

****

La nouvelle broschure du « Club Aktiv Plus – An der Loupescht » pour les mois du septembre au décembre 2025 est en ligne et peut être téléchargée sous le lien Brochure Club Aktiv Plus An Der Loupescht Hierscht 2025

16.09: Poubellesbotz / Nettoyage des poubelles

16.09: Poubellesbotz / Nettoyage des poubelles

Dës Woch ass rëm gratis Poubellesbotz vun der Gemeng Beefort an Zesummenaarbecht mat “Ady’s Hygiene”. Loosst d’Hausmüll-Kiwwelen (gro), nodeems se haut Méindeg (15. September) eidel gemeet goufen, einfach dobausse stoen a si gi muer Dënschdeg (16. September) zu Beefort, Déiljen an um Grondhaff gebotzt.

Den nächsten Termin ass e Freideg, den 3. Oktober. Da ginn d'Glas-Kiwwelen (gréng) gebotzt.

****

Cette semaine il y a le nettoyage gratuit des poubelles de la commune de Beaufort en collaboration avec « Ady’s Hygiene ». Laissez les poubelles des déchets ménagers (grises) à l’extérieur après le passage du camion poubelle d'aujourd'hui lundi (15 septembre) et elles seront nettoyées demain mardi (16 septembre) à Beaufort, Dillingen et au Grundhof.

La prochaine date est le vendredi 3 octobre et ce jour les poubelles pour déchets verre creux (vertes) seront nettoyées.

Schoultransport 2025/2026

Schoultransport 2025/2026

De Schoultransport fir d’Schouljoer 2025/2026 gouf nei organiséiert an ënnendrënner stinn nach eng Kéier déi nei Auerzäiten. De Plang kann een och iwwert de Link ënnendrënner eroflueden an et kann ee wielen tësche verschidde Varianten. Dëse Schoultransport ass exklusiv fir déijéineg Schoulkanner, déi op Gronn vun engem Bréif sech zur Zäit ugemellt goufen an och vun der Gemeng eng Confirmatioun kritt hunn.

D’Awunner aus der Rue Belair ginn nach eng Kéier drun erënnert, wärend den Zäite vum Passage vum grousse Schoulbus hiren Auto net um Trottoir oder an der Strooss ze parken.

****

Le transport scolaire pour l’année scolaire 2025/2026 a été réorganisé et ci-dessous se trouvent les nouveaux horaires. Les plans peuvent également être téléchargé via les liens ci-dessous et il est possible de choisir entre différentes variantes. Ce transport scolaire est réservé aux enfants, qui sur base d’une lettre ont été inscrits dans les délais prévus et également ont reçu une confirmation de la part de la commune.

Un petit rappel aux habitants de la rue Belair de ne pas stationner leur voiture sur le trottoir ou dans la rue pendant les horaires de passage du grand bus scolaire.

Links:

Plang Beefort / Horaire Beaufort

Plang Déiljen-Grondhaff / Horaire Dillingen-Grundhof

Plang Beefort-Déiljen-Grondhaff Panorama / Horaire Beaufort-Dillingen-Grundhof panoramique

Kannerfloumaart de 5. Oktober

Kannerfloumaart de 5. Oktober

Am Kader vun der Beeforter Kiermes gëtt an Zesummenaarbecht mat der Sport-, Jugend- a Fräizäitkommissioun ee Kannerfloumaart organiséiert. Umeldunge gi bis den 28. September op commission.sports@beaufort.lu ugeholl.

****

Dans le cadre de la kermesse un marché aux puces des enfants sera organisé en collaboration avec la commission des sports, de la jeunesse et des loisirs. Les inscriptions sont acceptées jusqu’au 28 septembre à l’adresse suivante : commission.sports@beaufort.lu

Erënnerung un d’Aktioun “Gielt Band”: Hei ass plécken erlaabt

Erënnerung un d’Aktioun “Gielt Band”: Hei ass plécken erlaabt

All Joer gëtt kiloweis zeidegt Uebst, dat an de Bongerten, de Gäert an op ëffentleche Plazen ënnert de Beem fault, verbëtzt. An dobäi wier et esou einfach: Et geet duer, déi Äppel, Bieren, Prommen asw. ze plécken an doraus Kompott oder Gebees ze kachen, de Jus auszepressen oder domat eng Taart ze baken.

D’Saach huet awer een Hoken: Plécken, ouni d’Erlabnes vum Proprietär ze hunn, ass verbueden. D’Léisung? D’Aktioun “Gielt Band” vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau. D’Gemengen, Privatleit, Associatiounen an Entreprise kënnen – mat engem giele Band – déi Uebstbeem zeechnen, déi hinne gehéieren an deenen hir Friichte vun der Ëffentlechkeet gepléckt däerfe ginn. De Landwirtschaftsministère bedeelegt sech mat deene Beem, déi ënnert senger Opsiicht stinn, och un der Aktioun.

Wann d’Uebst zeideg ass fir gepléckt ze ginn, da ginn déi betraffe Beem mat engem giele Band (aus Kotteng, also recycléierbar) markéiert, an duerno ka jiddwereen, ouni de Proprietär virdrun ze froen, dës Friichte gratis fir säi private Gebrauch plécken – woubäi e sech u verschidde Verhalensreegelen hale muss. Domat bekämpft een net nëmmen aktiv d’Verschwendung vu Liewensmëttel, mee et léiert een och, dës Liewensmëttel wäertzeschätzen. Ausserdeem ass d’Verschaffen an d’Konservéiere vum Uebst eng gutt Manéier, eis Traditiounen an eisen Knowhow um Liewen ze erhalen.

Wien un der Aktioun deelhuele wëll, mee d’Uebstbeem hannert dem Haus stinn oder de Bongert ofgeleeë läit, de ka sech ee Schëld “Hei dierft Dir plécken!” per E-Mail un antigaspi@ma.etat.lu bestellen. Domat kann een de Leit de Wee weisen, wou se d’Uebst kënne rafen.

Wa Gemengekommissiounen, Veräiner oder Privatleit Evenementer ronderëm dës Aktioun organiséiere wëllen (zum Beispill en Duerffest oder d’Hierstellung vu Viz), da kënne si dem Landwirtschaftsministère dat entweeder per E-Mail (antigaspi@ma.etat.lu) oder iwwer Telefon (247-73516) matdeelen.

29.08: Linn 222 –> Départ/Terminus Heffingen

29.08: Linn 222 –> Départ/Terminus Heffingen

🇱🇺 Wéinst Stroossenaarbechten zu Chrëschtnech sinn den Départ an den Terminus vun der Buslinn 222 zu Hiefenech. Keng Coursen an Arrêten zu Beefort, Haler, Waldbëlleg a Chrëschtnech!
🇫🇷 En raison des travaux routiers à Christnach le départ et le terminus de la ligne 222 sont à Heffingen. Pas de courses et arrêts à Beaufort, Haller, Waldbillig et Christnach!
28./29.08: Beaufort – Haller barrée / Buslinnen 222 & 231

28./29.08: Beaufort – Haller barrée / Buslinnen 222 & 231

Wéinst Stroossenaarbechte bei der Halermillen ass d’Strooss (C.R.128) tësche Beefort an Haler en Donneschdeg, den 28. August, an e Freideg, den 29. August, fir all Verkéier gespaart. Eng Deviatioun ass ausgeschëldert. Vun dësen Aarbechte sinn och d’Buslinnen 222 an 231 betraff.

Buslinn 222: D’Busser tëschen Haler a Beefort ginn ëmgeleet vun Haler iwwer Suewelbuer, Iermsdref, Eppelduerf bis op Beefort (an ëmgedréit). Keen Arrêt zu Beefort an der Halerstrooss.

Buslinn 231: Depart an Terminus sinn zu Haler beim Park. Beefort gëtt net zerwéiert.

****

En raison des travaux près de la Halermillen, le C.R. 128 entre Beaufort et Haller sera barrée à toute circulation le jeudi 28 août et le vendredi 29 août. Une déviation sera mise en place et les lignes 222 et 231 sont également concernées.

Ligne 222 : Les courses d’autobus concernées circulant entre Haller et Beaufort, seront déviées de Haller via Savelborn, Ermsdorf, Eppeldorf vers Beaufort - suite itinéraire normal (et vice-versa). Ne sera pas desservi l’arrêt de Beaufort-Hallerstrooss.

Ligne 231 : Les courses d’autobus auront leur origine/terminus auprès de l’arrêt Haller-beim Park. Ne sera pas desservie la localité de Beaufort.

Appel à intérêt à Echternach

Appel à intérêt à Echternach

Op der Internetsäit vun der Gemeng Iechternach ass aktuell en « Appel à intérêt pour une implantation au sein de la future zone d’activités économiques (ZAE) régionale dite “Schmatzoacht” sise à Echternach » publizéiert ginn:

https://echternach.lu/appel-a-interet-zae-schmatzoacht/

Am Kader vun dësem Opruff probéiert de SIAEE sech en Iwwerbléck doriwwer ze verschafen, wéi eng Firmen potenziell interesséiert wieren, sech an der neier regionaler ZAE nidderzeloossen.

Et gëtt drop higewisen, datt déi betraffe Parzellen (59/1896 – 81/1800 – 82/1802 – 83/1804 – 85/1806) aktuell nach net amenagéiert sinn an datt eng Installatioun vu Firmen do fréistens ab dem Joer 2030 méiglech wäert sinn.

Lettre appel à intérêt: https://beaufort.lu/?p=31375

 

Paus bis de 16. September

Paus bis de 16. September

Nom Passage vun haut de Moien zu Beefort mécht d’Agence Mobile vun der Spuerkeess eng Summerpaus. Den nächsten Termin zu Beefort ass fir en Dënschdeg, de 16. September, virgesinn.

****

Après le passage ce matin de l’agence mobile de la BCEE celle-ci fera une pause d’été. Le prochain rendez-vous à Beaufort est prévu pour le mardi 16 septembre.

16.09: Poubellesbotz / Nettoyage des poubelles

Poubellesbotz / Nettoyage des poubelles

Dës Woch ass rëm gratis Poubellesbotz vun der Gemeng Beefort an Zesummenaarbecht mat “Ady’s Hygiene”. Loosst d’Bio-Kiwwelen (brong), nodeems se muer Dënschdeg (12. August) eidel gemeet goufen, einfach dobausse stoen a si ginn e Mëttwoch (13. August) zu Beefort, Déiljen an um Grondhaff gebotzt.

Déi nächst Terminer sinn:
- Hausmüll-Kiwwelen (gro): 16. September (dënschdes)
- Glas-Kiwwelen (gréng): 3. Oktober (freides)

****

Cette semaine il y a le nettoyage gratuit des poubelles de la commune de Beaufort en collaboration avec « Ady’s Hygiene ». Laissez les poubelles des déchets organiques (brunes) à l’extérieur après le passage du camion poubelle de demain mardi (12 août) et elles seront nettoyées le mercredi (13 août) à Beaufort, Dillingen et au Grundhof.

 Les prochaines dates sont :
- déchets ménagers (grise) : 16 septembre (mardi)
- déchets verre creux (verte) :  3 octobre (vendredi)

Ekippe vun der Unicef zu Beefort

Ekippe vun der Unicef zu Beefort

Dëst Woch sinn d’Ekippe vun der Unicef Lëtzebuerg zu Beefort ënnerwee. Si erkläre, wat #GlobalParents sinn a firwat si esou wichteg fir hir Aarbecht sinn. Op kee Fall wäerten si Barsue froen bei der Umeldung, déi nëmmen iwwer e Formulaire op engem Tablet gemaach gëtt.

Appel à intérêt à Echternach

Appel à intérêt

Op der Internetsäit vun der Gemeng Iechternach ass een « Appel à Intérêt » fir d’Parzell 395/1914 an der Zone d’activités économiques « Manertchen » zu Iechternach publizéiert ginn. Am Kader vun dësem Opruff sicht de SIAEE – zesumme mam Ministère de l’Ekonomie – eng Entreprise mat Interessi un enger potentieller Installatioun op dëser Parzell.

Link: https://echternach.lu/appel-a-interet-zae/

Pdf: https://beaufort.lu/?p=31004

06.07: Reisdorf – Beaufort barré

06.07: Reisdorf – Beaufort barré

Wéinst der “Montée historique Reisdorf – Beaufort” ass dës Strooss e Sonndeg, de 6. Juli, tëschen 9 Auer an 18 Auer gespaart. D’Deviatioun geet iwwer Eppelduerf. D’Arrivée vun dëser Montée fir Autoen aus de Joren tëschen 1920 an 1986 ass an der Soup.

****

A cause de la « Montée historique Reisdorf – Beaufort » cette route est barrée le dimanche 6 juillet de 9 à 18 heures. La déviation se fait par Eppeldorf. L’arrivée de cette montée pour voitures historiques datant entre 1920 et 1986 est à la Soup.

20/24.10.2025 : Activité militaire

24/26.06.2025: Exercice militaire

L’Armée Luxembourgeoise a planifié un exercice du 24 au 26 juin sur le territoire de la commune de Beaufort, respectivement à proximité de ce territoire. Elle poursuit sa préparation opérationnelle en vue des déploiements à l’étranger dans le cadre des engagements internationaux.  Cette démarche a été validée par Madame la Ministre de la Défense.

21.06: Gro Poubellen / Poubelles grises

21.06: Gro Poubellen / Poubelles grises

Wéinst dem Feierdag den nächste Méindeg (Nationalfeierdag) ginn déi gro Poubellen (Haushalt) schonns e Samschdeg, den 21. Juni, eidel gemeet.

****

En raison du jour férié le lundi prochain (Fête Nationale) la collecte des poubelles grises (déchets ménagers) sera avancée au samedi 21 juin.

25.06: Nettoyage des poubelles à Dillingen et Grundhof

25.06: Nettoyage des poubelles à Dillingen et Grundhof

Déiljen a Grondhaff! Den Nohueldatum vun der gratis Poubellesbotz vun de Bio-Kiwwelen (brong), déi vun der Gemeng Beefort an Zesummenaarbecht mat “Ady’s Hygiene” ugebuede gëtt, steet fest: e Mëttwoch, de 25. Juni. Loosst d’Dreckskëschten nodeems se de 24. Juni eidel gemaach goufen einfach dobausse stoen a si gi gebotzt.

Déi nächst Terminer fir d’Uertschafte Beefort, Déiljen a  Grondhaff sinn:
Bio-Kiwwelen (brong): 13. August (mëttwochs)
Hausmüll-Kiwwelen (gro): 16. September (dënschdes)
Glas-Kiwwelen (gréng): 3. Oktober (freides)

**** 

Dillingen et Grundhof ! La date de rattrapage du nettoyage gratuit des poubelles des déchets organiques (brune) est fixe : le mercredi 25 juin. Laissez les poubelles à l’extérieur après le passage du camion poubelle du 24 juin et elles seront nettoyées.

Les prochaines dates de ce service offert par la commune de Beaufort en collaboration avec « Ady’s Hygiene » pour les localités Beaufort, Dillingen et Grundhof sont :
Déchets organiques (brune) : 13 août (mercredi)
Déchets ménagers (grise) : 16 septembre (mardi)
Déchets verre creux (verte) :  3 octobre (vendredi)

20/24.10.2025 : Activité militaire

12/13.06.2025: Exercice militaire

L’Armée Luxembourgeoise a planifié un exercice le 12 et 13 juin sur le territoire de la commune de Beaufort, respectivement à proximité de ce territoire. Elle poursuit sa préparation opérationnelle en vue des déploiements à l’étranger dans le cadre des engagements internationaux.  Cette démarche a été validée par Madame la Ministre de la Défense.

07.06: Gro Poubellen / Poubelles grises

07.06: Gro Poubellen / Poubelles grises

Wéinst dem Feierdag den nächste Méindeg (Päischtméindeg) ginn déi gro Poubellen (Haushalt) schonns e Samschdeg, de 7. Juni, eidel gemeet.

****

En raison du jour férié le lundi prochain (Lundi de Pentecôte) la collecte des poubelles grises (déchets ménagers) sera avancée au samedi 7 juin.

Ekippe vun der Unicef zu Beefort

Ekippe vun Unicef Lëtzebuerg zu Beefort

Dëst Woch sinn d'Ekippe vun der Unicef Lëtzebuerg zu Beefort ënnerwee. Si erkläre, wat #GlobalParents sinn a firwat si esou wichteg fir hir Aarbecht sinn. Op kee Fall wäerten si Barsue froen bei der Umeldung, déi nëmmen iwwer e Formulaire op engem Tablet gemaach gëtt.

31.05: Gréng Poubellen / Poubelles vertes

31.05: Gréng Poubellen / Poubelles vertes

Wéinst dem Feierdag muer Donneschdeg (Christi Himmelfaart) ginn déi gréng Poubellen (Huelglas) e Samschdeg, den 31. Mee, eidel gemeet.

****

En raison du jour férié demain jeudi (Ascension) la collecte des poubelles vertes (verre creux) aura lieu le samedi 31 mai.

Schwammcourse fir Kanner

Schwammcourse fir Kanner

E Samschdeg, den 31. Mee, ass de leschten Termin fir d’exklusiv Umeldunge vu Schwammcourse fir Kanner tësche véier an zéng Joer aus der Gemeng Beefort. D’Course ginn an der Schwämm an der Fiels vum September bis den Dezember gehalen a Virrang hunn all Awunner aus de Membersgemenge vum interkommunale Gemengesyndikat Filano, zu deenen och d’Gemeng Beefort gehéiert. Nom 31. Mee sinn d'Umeldungen op fir Kanner aus den anere Gemengen.

Passage vum “Schleck Gran Fondo” / Ännerungen op der Buslinn 191

Passage vum “Schleck Gran Fondo” / Ännerungen op der Buslinn 191

Dëse Samschdeg, de 24. Mee, ass wéi déi lescht Joren de Passage vum Vëlostour “Schleck Gran Fondo” duerch Beefort. Jee no der Geschwindegkeet ginn déi éischt Cyclisten géint 11.20 Auer erwaart an déi lescht Vëlosfuerer wäerte géint 13.20 Auer Beefort verloossen. Et gëlle follgend Aschränkungen:

- vun e Freideg, den 23. Mee, 8 Auer bis e Samschdeg, de 24. Mee, 18 Auer: zwou Parkplazen um Parking “op der Gare” (bei der Schoul/Place des Nations) si gespaart;

- e Samschdeg, de 24. Mee, vun 8 Auer bis 16 Auer: de komplette Parking “op der Gare” (bei der Schoul/Place des Nations) ass komplett gespaart;

-  wärend der Course ass ee Sens unique vun der Vugelsmillen erop bis bei de Rond-point “Härewiss” an och am Ausgank vu Beefort (Eppelduerferstrooss) Richtung Eppeldorf. Eng Deviatioun gëtt ageriicht.

Wéinst dem “Schleck Gran Fondo” an dem Sens unique tësche Beefort an Eppelduerf ginn et Ännerungen op der Buslinn 191 vun Ettelbréck op Iechternach. Vun 8 bis 17 Auer fiert de Bus iwwer Reisduerf an Déiljen op Beefort an dowéinst gi follgend Arrêten zu Beefort net bedéngt: Ënnescht Heed, um Bierg, Äispist an op der Gare.

Weider Informatioun zum “Schleck Gran Fondo” ginn et ënner https://schleck-x-perience.com

 ****

Passage du “Schleck Gran Fondo”

Ce samedi 24 mai, comme les années précédentes, le tour cycliste “Schleck Gran Fondo” passera par Beaufort. En fonction de leur vitesse, les premiers cyclistes sont attendus vers 11h20 et les derniers quitteront Beaufort vers 13h20. Les restrictions suivantes seront en vigueur :

- du vendredi 23 mai à 8h00 jusqu’au samedi 24 mai à 18h00 : deux emplacements de stationnement sur le parking “op der Gare” (près de l’école / Place des Nations) seront interdits ;

- le samedi 24 mai de 8h00 à 16h00 : le parking “op der Gare” (près de l’école / Place des Nations) sera entièrement fermé ;

- pendant la course, une circulation en sens unique sera mise en place depuis Vugelsmillen jusqu’au rond-point “Härewiss” ainsi qu’à la sortie de Beaufort (rue d’Eppeldorf) en direction d’Eppeldorf. Une déviation sera mise en place.

En raison de cette manifestation et le sens unique entre Beaufort et Eppeldorf les bus de la ligne 191 entre Ettelbruck et Echternach seront déviés entre 8 et 17 heures vers Reisdorf et Dillingen pour arriver à Beaufort. De cette raison ne seront pas desservis les arrêts suivants à Beaufort : Ënnescht Heed, um Bierg, Äispist et « op der Gare ».

Pour plus d’informations sur le “Schleck Gran Fondo” : https://schleck-x-perience.com

20/24.10.2025 : Activité militaire

23/28.05.2025: Exercice militaire

L’Armée Luxembourgeoise a planifié un exercice du 23 au 28 mai sur le territoire de la commune de Beaufort, respectivement à proximité de ce territoire. Elle poursuit sa préparation opérationnelle en vue des déploiements à l’étranger dans le cadre des engagements internationaux.  Cette démarche a été validée par Madame la Ministre de la Défense.

20/24.10.2025 : Activité militaire

12/14.05.2025: Exercice militaire

L’Armée Luxembourgeoise a planifié un exercice du 12 au 14 mai sur le territoire de la commune de Beaufort, respectivement à proximité de ce territoire. Elle poursuit sa préparation opérationnelle en vue des déploiements à l’étranger dans le cadre des engagements internationaux.  Cette démarche a été validée par Madame la Ministre de la Défense.

Rappel: Opruff fir Kandidaten / Appel à candidature

Rappel: Opruff fir Kandidaten / Appel à candidature

Fir d’Bedeelegung vun de Bierger an der Politik ze fërderen, huet de Beeforter Gemengerot berodend Kommissiounen geschafen. Verschidde Kommissioune sinn net komplett beluecht an dowéinst gëtt een Opruff fir Kandidate gemeet. Déi berodend Kommissioun vun der Kultur a vum Tourismus gëtt komplett nei opgestallt an hei sinn néng Kandidaten néideg. An all Kommissioun sinn néng Leit vertrueden.

Déi verschidde Kommissioune sinn: Kommissioun vum Sport, vun der Jugend a Fräizäit; Kommissioun vun der Kultur a vum Tourismus; Schoulkommissioun; Kommissioun vum Drëtten Alter; Ëmweltkommissioun; Bauten- a Sécherheetskommissioun; Kommissioun vun de Medien a Kommunikatioun; Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen.

D’Membere vun de berodende Kommissioune musse volljäreg sinn, an der Gemeng Beefort wunnen a si gi vum Gemengerot ernannt. Ausnam: Kommissioun vum Zesummeliewen. Déi Membere mussen um Territoire vun der Gemeng wunnen oder schaffen.

Wann Dir drun interesséiert sidd, un enger vun dëse berodende Kommissioune matzeschaffen, kënnt Dir Är Kandidatur unhand vum Formulaire op der nächster Säit bis den 20. Abrëll 2025 ausfëllen an un d’Gemengesekretariat schécken. Dir kënnt de Formulaire och op www.beaufort.lu eroflueden. Falls Dir nach Froen zu de verschiddene berodende Kommissiounen hutt, zéckt net d’Sekretariat ze kontaktéieren.

Formulaire de candidature commission consultatives

****

En vue de faire participer les citoyens d’une façon plus étroite aux décisions politiques, le conseil communal a décidé de constituer les commissions consultatives communales. Certaines commissions ne sont pas complètes et de cette raison un appel à candidature est lancé. La commission consultative de la culture et du tourisme sera complètement recomposée et neuf candidats sont nécessaires. Chaque commission est composée de neuf personnes.

Les différentes commissions sont : commission des sports, de la jeunesse et du loisir ; commission de la culture et du tourisme ; commission scolaire ; commission du troisième âge ; commission l’environnement ; commission des bâtisses et de la sécurité ; commission des médias et de la communication ; commission vivre-ensemble interculturel (anciennement intégration).

Les membres des commissions consultatives doivent être majeurs, habiter dans la commune de Beaufort et sont nommés par le conseil communal. Exception : commission vivre-ensemble interculturel. Ces membres doivent résider ou travailler sur le territoire de la commune.

Si vous êtes intéressés pour participer au sein de l’une des commissions, nous vous prions de bien vouloir déposer votre candidature moyennant le formulaire à côté au secrétariat communal de Beaufort jusqu’au 20 avril 2025 au plus tard. Le formulaire peut être téléchargé sur le site www.beaufort.lu.

Au cas où vous voudriez avoir plus d’informations sur les différentes commissions, n’hésitez pas à contacter le secrétariat communal.

Formulaire de candidature commission consultatives

20/24.10.2025 : Activité militaire

22/24.04.2025: Exercice militaire

L’Armée Luxembourgeoise a planifié un exercice du 22 au 24 avril sur le territoire de la commune de Beaufort, respectivement à proximité de ce territoire. Elle poursuit sa préparation opérationnelle en vue des déploiements à l’étranger dans le cadre des engagements internationaux.  Cette démarche a été validée par Madame la Ministre de la Défense.

20/24.10.2025 : Activité militaire

17/18.04.2025: Exercice militaire

L’Armée Luxembourgeoise a planifié un exercice le 17 et 18 avril sur le territoire de la commune de Beaufort, respectivement à proximité de ce territoire. Elle poursuit sa préparation opérationnelle en vue des déploiements à l’étranger dans le cadre des engagements internationaux.  Cette démarche a été validée par Madame la Ministre de la Défense.

Vakanzaarbechte fir Studenten

Vakanzaarbechte fir Studenten

De Schäfferot engagéiert wéi all Joer Studenten a Studentinnen, déi an der grousser Vakanz op der Gemeng schaffe wëllen. Et handelt sech hei ëm manuell Aarbechten, fir déi keng extra Qualifikatioune verlaangt ginn (Aarbechte mat der Schëpp, Botzen, Raumen, Usträichen, asw.) A Fro kënnt dëst Joer de Joergang 2008. Weider Informatiounen ginn et um Formulaire ënner https://beaufort.lu/?p=30020

20/24.10.2025 : Activité militaire

02/03.04.2025: Exercice militaire

L’Armée Luxembourgeoise a planifié un exercice le 2 et 3 avril sur le territoire de la commune de Beaufort, respectivement à proximité de ce territoire. Elle poursuit sa préparation opérationnelle en vue des déploiements à l’étranger dans le cadre des engagements internationaux.  Cette démarche a été validée par Madame la Ministre de la Défense.

Aller au contenu principal