Rappel: Rassemblement des Beaufort 2025

Rappel: Rassemblement des Beaufort 2025

An dësem Joer fënnt rëm ee “Rassemblement des Beaufort” statt. Wéinst der Pandemie gouf dat traditionellt Treffen iwwert de Päischtweekend an de Joren 2020, 2021 an 2022 ofgesot. Déi verschidde Verantwortlech vun de “Beaufort” hu sech agesat an alles ënnerholl, datt de flotten Austausch net ausstierwe soll an 2023 koum et zum éischten Treffen no der Pandemie. Wéinst den deemolegen Ëmstänn an Onsécherheeten huet ee schonns missten ee gutt Joer am Viraus, also 2022 net nëmmen Interessi weise mee sech och umelden. Des Weidere war d’Zuel vun de Participante begrenzt an et gouf festgehal de “Rassemblement des Beaufort” virleefeg all zwee Joer ze organiséiere bis sech d’Situatioun géif normaliséieren. Dat erkläert och, firwat et 2024 kee “Rassemblement” gouf.

Den éischte “Rassemblement des Beaufort” gouf 1995 zu Beaufort en Vallée organiséiert. 30 Joer méi spéit fënnt am nämmlechte Beaufort déi 30. Editioun statt. De Rendez-Vous ass rëm iwwer Päischten an zwar vum 7. bis den 9. Juni. Beaufort en Vallée läit ongeféier 700 Kilometer vum lëtzebuerger Beefort ewech. D’Streck féiert iwwer Reims, Paräis, Le Mans an tëschen Angers a Saumur am Baugeois am Häerz vum regionale Naturpark Loire-Anjour-Touraine läit Beaufort en Vallée.

Gemeng Beefort, déi de “Rassemblement des Beaufort” 1998, 2007 an 2018 organiséiert huet, huet fir den 30. Jubiläum zougesot. Si iwwerhëlt d’Transportkäschte bei enger organiséierter Rees an och d’Frais de participation. Geplangt ass mat engem Minibus ze fueren. Umeldunge gi bis de 16. Mäerz beim Jos. Nerancic (communication@beaufort.lu) ugeholl. Uschléissend komme mer alleguer zesumme fir d’Rees ze plangen an ofzeschwätzen. Ënnendrënner ass de virleefege Programm vun dësem Joer:

 07 / 06 / 2025

Accueil des délégations le samedi après-midi place des halls

Partage du verre de l’amitié

Répartition des voyageurs dans les différentes familles d’accueils où vous passerez votre soirée avec vos hôtes

 

08 / 06 / 2025

Le dimanche matin, visite dans la grande ville d’Angers

Après la visite vous serez accueillis pour le déjeuner du midi

L’après-midi une visite libre encadrée dans un lieu que vous découvrirez le moment venu

En fin d’après-midi retour dans les familles d’accueils

Le soir repas gala et dansant avec les familles d’accueils

 

09 / 06 / 2025

Lundi matin, marché des produits régionaux dans les halls de Beaufort

Réunion avec les responsables des différents Beaufort

On se retrouve le midi pour un apéro et après un plateau repas sera servi avant le départ de chacun pour un retour vers chaque Beaufort

17.03: Info-Versammlung « Knight-Ride »

17.03: Info-Versammlung « Knight-Ride »

Léif Veräiner,
Léif Clubmemberen,
Léif Matbierger,

D’Mountainbike-Randonnée „Knight-Ride“ vum 25. Mee 2025 zu Beefort réckelt ëmmer méi no a wéi versprach wäert an dem Kontext eng Informatiounsversammlung stattfannen. Mir wiere frou wa mir do vill vun iech kéinte begéinen a mir iech eise Projet virstelle kéinten.

“Knight-Ride” – Infoversammlung
17. Mäerz 2025 um 19.30 Auer am Kummelsbau

Des Versammlung ass net nëmme fir Veräiner, mee fir all Interesséierten, den eis wéilt eng Hand mat upake kommen an eis esou hëlleft, datt dësen Event zu engem Erfolleg gëtt. Fir datt mir eng ongeféier Unzuel u Leit wëssen, kéint Dir eis weg e Feedback op follgend Mail-Adress ginn: lynn.mossong@beaufort.lu zu wéi vill dir komme géift. Dëst ass kee Muss, mee reng informativ fir eis.

Mat beschte Gréiss,
Är Sports-, Fräizäit- a Jugendkommissioun

****

Chères associations,
Chers membres,
Chers citoyens,

La randonnée VTT « Knight-Ride » du 25 mai 2025 à Beaufort se rapproche de plus en plus, et comme promis, une réunion d'information aura lieu dans ce cadre. Nous serions heureux de pouvoir y rencontrer un grand nombre d'entre vous et de vous présenter notre projet.

« Knight-Ride » - réunion d'information
le 17 mars 2025 à 19h30 au Kummelsbau

Cette réunion ne s'adresse pas seulement aux associations, mais à toutes les parties intéressées qui souhaitent nous donner un coup de main et nous aider pour que cet événement devienne un succès. Afin que nous connaissions un nombre approximatif de personnes, pourriez-vous s'il vous plaît nous faire part de votre retour à l'adresse électronique suivante : lynn.mossong@beaufort.lu et nous renseigner combien de personnes y participeront. Ce n’est pas obligatoire, mais purement informatif pour nous.

Cordialement,
Votre commission des sports, des loisirs et de la jeunesse

03.-09.03.2025: Interkulturelle Festival « Bis am Bus »

03.-09.03.2025: Interkulturelle Festival « Bis am Bus »

Et si on apprenait à se connaître ?

Que ce soit lors d'une balade, autour d’un café ou à travers les récits racontés, chaque rencontre est une occasion d'en apprendre un peu plus sur l’autre.

« Mir wëllen iech ons Heemecht weisen » et la commission du vivre ensemble interculturel de la commune de Beaufort vous invitent à prendre part à une série d’ateliers et d’échanges conviviaux. L’événement se déroulera dans un bus transformé en lieu de partage, conçu pour tisser des liens entre les habitants et célébrer les multiples facettes de notre diversité. Les manifestations sont publiées dans la « Beeforter App » jour par jour où se trouvent plus d'informations.

Concerts, performances, ateliers créatifs et une exposition collaborative : un programme pensé pour favoriser les rencontres et les échanges entre les habitants, tout en partageant des instants chaleureux et conviviaux.

****

What if we got to know each other?

Whether it’s during a walk, over a cup of coffee, or through shared stories, every encounter is an opportunity to learn more about one another.

“Mir wëllen iech ons Heemecht weisen“ and the intercultural living together commission of Beaufort invite you to take part in a series of workshops and friendly discussions. The event will take place in a bus transformed into a meeting space, designed to facilitate connections between residents and celebrate the many facets of our diversity.

Concerts, performances, creative workshops, and collaborative exhibition: a program designed to encourage meetings and exchanges between residents while sharing warm moments of connection. Events are published day by day in the "Beeforter App", where you can find more information.

Agence mobile BCEE

Agence mobile BCEE

D'Agence mobile vun der Spuerkeess ass rëm am Asaz a mecht ab haut rëm de gewinnten Tour mat engem Passage zu Beefort dënsdes vu 9.30 bis 11 Auer.

****

L'agence mobile de la BCEE a repris sa tournée habituelle et sera présente à Beaufort les mardis de 9:30 à 11:00 heures.

Schwammcourse fir Kanner

Schwammcourse fir Kanner

E Samschdeg, den 22. Februar, ass de leschten Termin fir d’Umeldunge vu Schwammcourse fir Kanner tësche véier an zéng Joer. D’Course ginn an der Schwämm an der Fiels vum Abrëll bis de Juli gehalen an umelle kënne sech all Awunner aus de Membersgemenge vum interkommunale Gemengesyndikat Filano, zu deenen och d’Gemeng Beefort gehéiert.

Weider Informatiounen an Aschreiwungen op www.schwammschoul.lu

Dillingen – Grundhof: PC3 barrée & limitation de vitesse N10

Dillingen – Grundhof: PC3 barrée & limitation de vitesse N10

Wéinst Sécherheetsaarbechten ass d’Vëlospiste PC3 tëschen Déiljen an dem Grondhaff den 10. an den 11. Februar gespaart. D’Deviatioun geet iwwer d’Nationalstrooss N10, op där et eng Vitesslimitatioun gëtt.

****

En raison de travaux de sécurisation la piste cyclable PC3 est barrée entre Dillingen et Grundhof le 10 et 11 février. La déviation se fait par la route nationale N10 sur laquelle il existe une limitation de vitesse.   

Kannerae liichten offline méi hell

Kannerae liichten offline méi hell

Kanner tëscht 0 a 5 Joer brauche reell Erliefnisser an Interaktiounen. Et si keng Fake News datt Bildschiermer aus eiser Welt net méi fortzedenke sinn an obwuel se engem vill Spaass an Notze kenne bréngen, well de Cnapa mat der Ënnerstëtzung vun der Oeuvre Nationale De Secours Grande-Duchesse Charlotte, der Initiative Liewensufank A.s.b.l. an der Eltereschoul Janusz Korczak dorop opmierksam maachen datt ze vill Zäit virum Bildschierm och Auswierkungen op d‘Entwécklung vun de Kanner kann hunn. Heibäi leeë mir de Fokus op déi éischt 5 Joer vum Kand, well dës mat déi Wichtegst fir seng gesond Entwécklung sinn.

Weider Info ënner: http://cnapa.lu/fr/2024/11/kanneraen-liichten-offline-mei-hell/

Nachhaltige Energieversorgung durch regionale Energiegemeinschaften

Nachhaltige Energieversorgung durch regionale Energiegemeinschaften

D’Klima-Agence an den Natur- a Geopark Mëllerdall invitéieren d’Betriber aus dem Mëllerdall op d‘Infomatiounsversammlung “Nachhaltige Energieversorgung durch regionale Energiegemeinschaften” e Méindeg, den 10. Februar, vu 16 bis 17.30 Auer am Trifolion zu Iechternach.

Eng “Energiegemeinschaft” bezeechent beispillsweis eng Grupp vu Betriber, déi d’Energieproduktioun an -Notzung gemeinsam organiséieren, fir méi nohalteg, effizient a käschtegënschteg ze ginn. D’Veranstaltung riicht sech un all Aktivitéitssecteur (Handel, Handwierk, Servicer, Landwirtschaft) a fënnt op Lëtzebuergesch statt.

Ënnendrënner sti méi Detailer zum Programm an d'Umeldunge lafe bis den 3. Februar via dësem Link: https://www.klimapaktfirbetriber.lu/de/infoveranstaltung-nachhaltige-energieversorgung/

 

Formulaires

Formulaires

Hei ënnendrënner ass Link zu de verschidde Formulairen, déi an de leschten Deeg verdeelt goufen:

Ci-dessous se trouvent les liens vers les différents formulaires qui ont été distribués ces derniers jours :

 

Antrag auf Zahlung einer Teuerungs- und/oder Energiezulage 2024
Demande en obtention d’une allocation de vie chère et/ou primie d’énérgie 2024
(--> 31.01.2025)

https://beaufort.lu/wp-content/uploads/2024/12/20250131_Teuerungszulage.pdf

 

Anmeldeformular für Hunde
Formulaire d'inscription pour les chiens
(--> 31.01.2025)

https://beaufort.lu/wp-content/uploads/2024/12/20250131_Hunde_chiens.pdf

 

Subsides scolaires 2023/2024 (--> 03.01.2025)

https://beaufort.lu/wp-content/uploads/2024/12/20250103_Subsides-scolaires.pdf

Kee Freedefeier / Pas de feux d‘artifice / Sem fogo de artifício

Kee Freedefeier / Pas de feux d‘artifice / Sem fogo de artifício

Am Virfeld vun de Feierlechkeeten zum Joresenn gëtt heimadder erënnert, datt laut dem gëltege Policereglement vum 27. Mee 2020 verbueden ass, Freedefeier oder Knupperten am ëffentleche Raum an op Privatterrain ofzeschéissen. Et ginn wéi och an der Vergaangenheet keng Ausname op Silvester an Neijooschdag gemeet. Villmools Merci fir Äert Versteesdemech!

 ****

Au préalable des festivités de fin d‘année, il est rappelé par la présente que, selon le règlement de police en vigueur du 27 mai 2020, il est interdit de tirer des feux d‘artifice ou des pétards sur la voie publique ainsi qu’un terrain privé. De même et comme dans le passé, aucune dérogation ne sera accordée le jour de la Saint-Sylvestre ou du Nouvel An. Merci beaucoup de votre compréhension !

 ****

Em vésperas das celebrações de fim de ano, recordamos que, de acordo com o regulamento da polícia em vigor a 27 de maio de 2020, é proibido acender fogo de artifício ou bombinhas em espaços públicos ou em propriedade privada. Tal como no passado, não serão concedidas excepções na véspera e no Dia de Ano Novo. Obrigado pela vossa compreensão !

 

De Schäfferot
 
Jean-Luc Nosbusch          Bruno Grilo          Lynn Mossong
20. – 23.01.2025: Exercice militaire

20. – 23.01.2025: Exercice militaire

L’Armée Luxembourgeoise a planifié un exercice du 20 au 23 janvier sur le territoire de la commune de Beaufort, respectivement à proximité de ce territoire. Elle poursuit sa préparation opérationnelle en vue des déploiements à l’étranger dans le cadre des engagements internationaux.  Cette démarche a été validée par Madame la Ministre de la Défense.

Dillingen – Grundhof: PC3 barrée & limitation de vitesse N10

!!! Info Police !!!

Wichteg Informatioune vun der Police am Kader vun Abréch

An deene leeschten Deeg ass et virun allem wärend den Owesstonnen zu enger Rei Abréch komm. D’Police geet dovun aus, dass et sech ëm méi Täter handelt, déi och weiderhi wäerten Abréch begoen.

Sollten Iech an deem Zesummenhang verdächteg Persounen oder Autoen opfalen, da mellt dës w.e.g. direkt ënner der Noutruffnummer 113 vun der Police.

Weider Rotschléi:

  • Späert all Dieren a Fënsteren, och bei de Garagen a Kelleren, wann der netdoheem sidd.
  • Aktivéiert är Alarmanlag, och wann der nëmme kuerz fort sidd.
  • Maacht owes d’Luuchten am Haus un.

Weider Informatioune fir sech géint Abréch ze schütze fannt Dir ënner police.lu/prevention.

****

Informations importantes de la Police en rapport avec les cambriolages

Ces derniers jours, les cambriolages se sont multipliés, principalement en soirée. La Police suppose qu'il y a plusieurs auteurs qui continueront à être actifs.

Si vous remarquez des personnes ou des véhicules suspects dans ce contexte, nous vous prions d'en informer immédiatement la Police en appelant le numéro d'urgence 113.

D'autres conseils :

  • Fermez toujours toutes les portes et fenêtres, y compris celles des garages et des caves, lorsque vous n'êtes pas à la maison.
  • Activez votre système d'alarme, même en cas de courte absence.
  • Allumez les lumières de votre maison le soir.

Vous trouverez d'autres conseils pour vous protéger contre les cambriolages sur police.lu/prevention.

****

Wichtige Informationen der Polizei in Zusammenhang mit Einbrüchen

In den letzten Tagen kam es hauptsächlich in den Abendstunden zu vermehrten Einbrüchen. Die Polizei geht von mehreren Tätern aus, die auch weiterhin aktiv sein werden.

Sollten Ihnen in diesem Zusammenhang verdächtige Personen oder Fahrzeuge auffallen, bitten wir Sie, umgehend die Polizei unter der Notrufnummer 113 in Kenntnis zu setzen.

Weitere Ratschläge:

  • Verschließen Sie immer alle Türen und Fenster, auch bei Garagen und Kellerräumen, wenn Sie nicht zu Hause sind.
  • Aktivieren Sie Ihre Alarmanlage, auch bei kurzer Abwesenheit.
  • Schalten Sie am Abend das Licht in Ihrem Zuhause ein.

Weitere Ratschläge um sich vor Einbrüchen zu schützen finden Sie unter police.lu/prevention.

****

Important information from the police regarding burglaries

In the last few days, an increased number of burglaries have occurred, mainly in the evenings. The Police assume that there are several criminals who will continue to be active.

If you notice suspicious persons or vehicles in this context, please contact the Police immediately by calling the emergency number 113.

Further advice:

  • Always lock all doors and windows, including those to your garage and basement, when you are not at home.
  • Activate your alarm system, even if you are only away for a short time.
  • Switch on the light in your home in the evening.

Further advice on how to protect yourself against burglaries can be found at police.lu/prevention.

26.11: N10 barrée entre Weilerbach et Bollendorf-Pont

26.11: N10 barrée entre Weilerbach et Bollendorf-Pont

Wéinst Stroossenaarbechten ass d’Nationalstrooss N10 tëschen der Weilerbaach a Bollendorf-Bréck muer Dënschdeg, de 26. November, tëschen 8 a 17 Auer fir all Verkéier gespaart. Betraff sinn och follgend Buslinnen: 190, B05, B23, C04 a K04.

D’Buslinnen 190, B23 a K04 ginn iwwer Bäerdref ëmgeleet a keen Arrêt an der Weilerbaach a Bollendorf-Bréck.

D’Buslinn B05 gëtt nom Arrêt Echternach-Fielsmillen iwwer Bäerdref, Vugelsmillen op Beefort ëmgeleet. Keen Arrêt um Grondhaff, zu Bollendorf-Bréck an an der Weilerbaach. Schüler vum Grondhaff si gebieden de Bus B23 fir op Iechternach ze huelen.

D’Buslinn C04 huet ausnamsweis den Terminus zu Echternach-Fielsmillen. Keen Arrêt an der Weilerbaach a Bollendorf-Bréck.

****

En raison de travaux, la N.10 entre Weilerbach et Bollendorf-Pont sera barrée à toute circulation le mardi 26 novembre 2024 entre 8h00 et 17h00. Les mesures suivantes seront prises pendant la durée des travaux:

Lignes 190, B23 et K04 : Les courses d’autobus en provenance de Bettendorf seront déviées après la desserte de l’arrêt Grundhof-Grondhaff à droite via le C.R.121 en direction de Müllerthal – à gauche C.R.364 via Berdorf – N.10 vers Echternach suite itinéraire normal et vice-versa. Ne seront pas desservies les localités de Bollendorf-Pont et Weilerbaach.

Ligne B05 : Les courses d’autobus concernées seront déviées après la desserte de l’arrêt Echternach Fielsmillen à gauche via le C.R.364 via Berdorf / Vugelsmillen – à droite C.R.121 – à gauche C.R.364 vers Beaufort suite itinéraire normal. Ne seront pas desservis les localités de Grundhof, Bollendorf-Pont et Weilerbaach. Remarque : les élèves résidants à Grundhof sont priés d'utiliser la ligne B23 pendant les travaux pour se rendre à Echternach.

Ligne C04 : Les courses d’autobus concernées auront leur terminus exceptionnellement auprès de l’arrêt Echternach-Fielsmillen. Ne seront pas desservies les localités de Bollendorf-Pont et Weilerbaach.


Agenda –> 31.12.2024

Agenda –> 31.12.2024

Eng wäiss Couche läit iwwer Beefort an et ass gutt Geleeënheet fir sech ee klengen Iwwerbléck vun Aktivitéiten hei zu Beefort ze verschafen:

D’Beeforter Scouten invitéieren op hire klenge Chrëschtmaart muer Samschdeg, den 23. November, am Scoutsgaart vun 11 bis 17 Auer. Eng Woch méi spéit, den 30. November, organiséieren d’Beeforter Duerffrënn mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng a lokale Veräiner vun 12 bis 22 Auer de Beeforter Wantermaart mat flotte Konscht- an Hobbystänn am alen Duerfkär. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt an de “Rob” spillt Musek live op der Plaz. Wärend dem Wantermaart fält de Startschoss vum interkulturelle Festival “Bis am Bus”.

D’Elterevereenegung Beefort huet fir d’Kanner aus der Gemeng Beefort eng Visite vum Kleeschen organiséiert. Hie kënnt en Donneschdeg, de 5. Dezember, tësche 16 an 21 Auer bei déi brav Kanner heem. Et sinn nach e puer Terminer fräi an et kann ee sech bei der Elterevereenegung mellen. De ganze Mount Dezember steet am Zeeche vun den Adventsfënsteren. Nei ass d’Formule vun enger aktiver a passiver Fënster an och hei sinn e puer Terminer fräi: 1 / 5 / 8 / 22 / 23 / 24 .

De Klimaforum 2024 vun de Gemenge Beefort, Hiefenech a Waldbëlleg fënnt e Méindeg, den 2. Dezember, ëm 19 Auer am Kummelsbau statt. Am Mëttelpunkt vum Informatiounsowend mat Biergerbedeelegung steet “Photovoltaik fir Privatleit a Betriber”.

Weider Aktivitéiten an den nächste Woche sinn den 30. November Danz-Workshop , de 7. Dezember eng “Marche de fin d’année” organiséiert vun “Adventure Race Luxembourg”, “Night Vigil” den 21. Dezember an d’Chrëschtmetten de 24. Dezember ëm 20 Auer. Ofschléissend wëlle mer op d’Mätscher vun de verschidden Ekippe vun de “Beaufort Knights” erënneren, dorënner och déi vun den Nowuessekippen. Net manner ewéi 15 Mätscher a véier Tournoie ginn op der Äispist, déi och fir de Public op ass, ausgedroen.

De komplette Programm mat weidere Informatiounen a geneeën Auerzäite stinn am Agenda vun der Beeforter App an op beaufort.lu  

****

Une couche de neige blanche recouvre Beaufort et c’est l'occasion de se faire une petite idée des activités dans les semaines à venir.

Les Scouts invitent à leur marché de Noël demain, samedi 30 novembre, au jardin des Scouts de 11 à 17 heures. Une semaine plus tard, le 30 novembre, les « Beeforter Duerffrënn » organisent, avec le soutien de la commune et des associations locales, le marché d'hiver de Beaufort de 12 à 22 heures avec de beaux stands d’art et de loisirs dans l’ancien centre du village. De la nourriture et des boissons seront proposées et « Rob » jouera de la musique en direct sur place. Pendant le marché d’hiver, le coup d’envoi du festival interculturel « Bis am Bus » sera donné.

L’association des parents d'élèves a organisé une visite du Saint Nicolas pour les enfants de la commune de Beaufort. Il se rendra au domicile des enfants sages le jeudi 5 décembre entre 16 et 21 heures. Il reste encore quelques places disponibles et on peut s’inscrire auprès de l’association des parents d’élèves. Tout le mois de décembre est placé sous le signe des fenêtres de l'Avent. La formule des fenêtres actives et passives est nouvelle et là aussi, il reste quelques dates disponibles à savoir le 1er / 5 / 8 / 22 / 23 / 24.

Le forum sur le climat 2024 des communes de Beaufort, Heffingen et Waldbillig aura lieu le lundi 2 décembre à 19 heures au « Kummelsbau ». Le thème central de cette soirée d’information avec participation citoyenne sera « Le photovoltaïque pour les particuliers et les entreprises ».

D'autres activités sont prévues dans les semaines à venir : le 30 novembre un atelier de danse, le 7 décembre une « marche de fin d’année » organisée par « Adventure Race Luxembourg », le 21 décembre « Night Vigil » ainsi que la messe de Noël le 24 décembre à 20 heures.

Pour terminer, nous souhaitons rappeler les matchs des différentes équipes des « Beaufort Knights », dont ceux des équipes de jeunes. Pas moins de 15 matchs et quatre tournois seront disputés sur la piste de glace, qui est d’ailleurs ouverte au public.

Le programme complet avec plus d’informations et les dates exactes se trouvent comme toujours dans l’agenda de l’application « Beeforter App » ainsi que sur le site internet beaufort.lu.

Aktioun « ReUse »

Aktioun « ReUse »

Grad wéi d’lescht Joer ëm dës Zäit, sammelt de Sidec am Kader vu sengen Aktioune “ReUse”, Spillsaachen an Dekoratiounen a senge Ressourcenzenteren. No enger visueller Kontroll duerch d’Mataarbechter vum Ressourcenzenter ginn déi Objeten, déi nach funktionell sinn, zwecks engem zweete Liewen interesséierten Notzer vum Ressourcenzenter op eege Verantwortung an ouni Garantie rëm zur Verfügung gestallt.

****

Comme l'année dernière à la même époque, le Sidec collecte des jouets et des décorations dans ses centres de ressources dans le cadre de ses actions « ReUse ». Après un examen visuel par les collaborateurs du centre de ressources, les objets encore en état de marche sont remis à disposition des utilisateurs intéressés du centre de ressources, sous leur propre responsabilité et sans garantie, pour une seconde vie.

Agenda Nordstadjugend

Agenda Nordstadjugend

Hei ënnendrënner ass de Programm vun den Aktivitéite vun der Nordstadjugend fir d’Méint November bis Januar 2025. D’Offere riichte sech haaptsächlech u Jonker vun 12 bis 26 Joer. Interessant ass, datt och Aktivitéiten zu Beefort ugebuede ginn.   

09.11: Sidec fermé

09.11: Sidec fermé

Dëse Samschdeg, den 9. November, bleift de Ressourcenzenter um Fridhaff zou. De Makadamm vum Parking gëtt frësch gemeet. D’Ressourcenzentre Miersch, Lenzweiler a Réiden/Atert bleiwe wéi gewinnt op.

 ****

En raison de travaux le centre de ressources du Fridhaff restera fermé pour tous les clients ce samedi, le 9 novembre. Il est conseillé aux usagers de se rendre aux centres de ressources de Mersch, Lentzweiler ou Redange/Attert.

06.11: Grundhof – Bollendorf-Pont

06.11: Grundhof – Bollendorf-Pont

Wéinst Holzfällaarbechte vun de Ponts et Chaussées ass d’Strooss N10 tësche Bollenduerfbréck an dem Grondhaff muer Mëttwoch, de 6. November, vun 9.00 bis 13.00 Auer fir all Verkéier gespaart. Eng Ëmleedung gëtt iwwer Bäerdref ageriicht a wärend dëser Zäit maachen d’Busser keen Arrêt op der Bollenduerferbréck a Weilerbaach.

 ****

En raison de travaux d’abattage de la part des Ponts et Chaussées la route N10 entre Bollendorf-Pont et Grundhof sera barrée à toute circulation demain mercredi le 6 novembre de 9:00 à 13:00 heures. La déviation se fait par Berdorf et pendant ce temps les autobus ne desserviront pas les localités Bollendorf-Pont et Weilerbach.

Griewerseenung

Griewerseenung

Op Allerhellegen e Samschdeg, den 2. November, ass um 10 Auer eng Mass an der Kierch zu Beefort. Uschléissend um 11.15 Auer ginn um Kierfecht d'Griewer geseent.

21./22.10.2024: Test LU-Alert

21./22.10.2024: Test LU-Alert

LU-Alert heescht den neien Informatiouns- a Warnsystem an dës Woch ginn Tester duerchgefouert. Haut gëtt am Kanton Miersch getest a muer am ganze Land mat enger SMS.

Weider Informatiounen zum neie System ginn et ënner www.lu-alert.lu

**** 

LU-Alert s’appelle le nouveau système d’alert nationale et cette semaine il y aura des tests. Aujourd’hui des sms seront envoyés dans le canton de Mersch et demain dans tout le pays.

Plus d’informations sur www.lu-alert.lu

**** 

LU-Alert is the new national alert system and this week there will be tests. Today text messages will be sent out in the canton of Mersch and tomorrow throughout the country.

For more information, visit www.lu-alert.lu

****

LU-Alert é o novo sistema nacional de alerta e esta semana serão efectuados testes. Hoje serão enviadas mensagens de texto para o cantão de Mersch e amanhã para todo o país.

Para mais informações, visite www.lu-alert.lu

18./19.10: rue du Château barrée de 18.00 à 24.00 heures

18./19.10: rue du Château barrée de 18.00 à 24.00 heures

Dëse Freideg a Samschdeg ass d’Rue du Château tëschen den Hausnummeren 22 an 28 all Kéiers tëschen 18 a 24 Auer fir all Verkéier gespaart. De Grond ass den Open-Air-Spektakel “The Wall” zum Ofschloss vun de Restauréierungsaarbechte vun der Mauer, déi 2021 agefall war.

Op de Mauere vun der Buerg gi kënschtleresch Animatioune gespillt wärend verschidde Kënschtler live optrieden: SIXO, Lëtzebuerger Rapper; André Mergenthaler, Cello; All Reitz Reserved aka Chris Reitz, elektresch Violine; Sun Glitters aka Victor Ferreira, Music Producer; Melting Pol, aka Paul Schumacher, Video Mapping; THE WALL - Video produced by Echoes, a Tribute to Pink Floyd.

Tickete ginn et bei “Luxembourg Ticket” ( https://www.luxembourg-ticket.lu/en/detail/the-wall-open-air-event-at-beaufort-castle/8/eid,65970/the-wall-open-air-event-at-beaufort-castle.html ) an hei ee klenge Réckbléck, wéi et 2018 bei enger änlecher Show war: https://www.youtube.com/watch?v=ZIcwxDezkvI

****

Ce vendredi et samedi la rue du Château sera barrée pour toute circulation entre les numéros 22 et 28, chaque fois entre 18 et 24 heures. La cause est le spectacle à ciel ouvert « The Wall » lors de l’achèvement des travaux au mur qui s’est effondré en 2021.

Sur le mur du château seront projetées des animations artistiques pendant les concerts de SIXO, rappeur luxembourgeois ; André Mergenthaler, violoncelle; All Reitz Reserved aka Chris Reitz, violon électrique; Sun Glitters aka Victor Ferreira, Music Producer; Melting Pol, aka Paul Schumacher, Video Mapping; THE WALL - Video produced by Echoes, a Tribute to Pink Floyd.

Des tickets sont disponibles chez « Luxembourg Ticket » https://www.luxembourg-ticket.lu/en/detail/the-wall-open-air-event-at-beaufort-castle/8/eid,65970/the-wall-open-air-event-at-beaufort-castle.html et voici un spectacle similaire de 2018 : https://www.youtube.com/watch?v=ZIcwxDezkvI

Info « Beeforter App »

Info « Beeforter App »

Eng kleng Info zu der Beeforter App: Den aktuelle Peegel vun der Sauer zu Bollenduerf gëtt och an der App ugewisen, genausou wéi déi aktuell Wiederwarnungen ab der Phase “Orange”. Dës Informatioune gi vu “inondations.lu” a vu “meteolux.lu” aktualiséiert. Push-Meldunge kënnen am Menu “Benachrichtigungen” an- oder ausgeschalt ginn.

****

Une petite astuce de l’application « Beeforter App ». Le niveau d’eau de la Sûre à Bollendorf est affiché dans l’application ainsi que les avertissements météorologiques actuels à partir de la phase « orange ». Ces informations proviennent des services des sites « inondations.lu » et « meteolux.lu ». Les notifications peuvent être activées ou désactivées dans les paramètres.   

08.10: Bio-Poubelle rue Belair

08.10: Bio-Poubelle rue Belair

Bio-Poubelle: Wéinst de Stroossenaarbechten an der Rue Belair kënne muer Dënschdeg, den 8. Oktober, keng Poubellen eidel gemeet ginn. D’Leit si gebieden hir brong Bio-Tonne muer virun 8 Auer moies virun d’Dier ze stellen. D’Poubelle gi vun de Gemengenaarbechter agesammelt an am Laf vum Nomëtteg rëm zeréck bruecht.

****

Poubelle brune (bio) : à cause des travaux d’asphaltage de la rue Belair, les poubelles « bio » ne peuvent pas être vidées demain mardi, le 8 octobre. Les habitants sont priés de mettre leur poubelle brune avant 8 heures sur le trottoir et les ouvriers de la commune vont les collecter et les retourner au cours de l’après-midi.

26.11: N10 barrée entre Weilerbach et Bollendorf-Pont

07. & 08.10: rue Belair barrée

D’Rue Belair kritt een neie Stroossebelag vun e Méindeg, de 7. Oktober, moies 7 Auer bis en Dënschdeg, den 8. Oktober, 22 Auer. Dowéinst ass wärend dëser Zäit d’Strooss fir all Verkéier an och Parke gespaart.

Des Weideren ass e Méindeg d’Kräizung vun der Rue Belair mat der route de Reisdorf vu moies bis an den Nomëtteg gespaart an en Dënschdeg d’Kräizung Rue Belair mat der Route d'Eppeldorf. Déi entspriechend Ëmleedunge sinn ausgeschëldert.

Vun dëse Stroossenaarbechte sinn d’Buslinnen 191, 222 an C17 betraf an dat en Dënschdeg, den 8. Oktober, tëschen 8 a 15 Auer. Am Detail:

Linn 191: Ëmleedung iwwer Déiljen a Reisdorf nom Arrêt “Härewiss” an ëmgedréint. Keen Arrêt op de Bushaltestellen “Op der Gare”, “Äispist”, “um Bierg”, “Ënnescht Heed” an d’Uertschaft Eppelduerf. Den Horaire ass ugepasst an eng gëtt eng Spezial-Navette tësche Reisduerf “Bei der Gare” an Eppelduerf.

Linn 222: Busser aus Richtung Beefort ginn nom Arrêt “Op der Gare” direkt Richtung Haler ëmgeleet an ëmgedréint. Keen Arrêt op de Bushaltestellen “Äispist”, “um Bierg”, “Ënnescht Heed” an Halerstrooss.

C17: Busser aus Richtung Jonglënster ginn ëmgeleet iwwer d’Rue du Château a Grand-Rue. Duerno normale Wee. Keen Arrêt op “Halerstrooss”, “Ënnescht Heed”, “um Bierg” an “Äispist”. Betraff ass d’Course C17 5801.

Ënnendrënner stinn déi ugepassten Horairen an d’Spezial-Navette.

****

Suite aux travaux d’asphaltage la rue Belair sera fermée pour toute circulation et tout stationnement du lundi 7 octobre 7 heures jusqu’au mardi 8 octobre 22 heures.

De plus le lundi le croisement rue Belair/route de Reisdorf sera également barrée ainsi que le mardi le croisement rue Belair/route d’Eppeldorf du matin jusqu’à l’après-midi. Une déviation sera mise en place.

De ces travaux sont également concernés les lignes 191, 222 et C17 le mardi 8 octobre de 8 à 15 heures. Des amples informations se trouvent en-dessous :

 

Annexes (pdf):

Avis pertubation RGTR

Horaire Ligne 191

Navette Ligne 191

09.10: Visite Chantier soziale Wunnengsbau

09.10: Visite Chantier soziale Wunnengsbau

Am Kader vun den Energiewoche vum 3. bis den 10. Oktober steet och eng Visite vun der Chantier "soziale Wunnengsbau" am fréieren Duerfkär um Programm. D'Visite ass e Mëttwoch, den 9. Oktober, ëm 18 Auer an et muss ee sech umellen. Weider Informatioune ginn et per Mail oekozenter@oeko.lu, Tel. 439030-40 an hei ënnendrënner:

Energiewochen 2024

Broschür

 

Unicef à Beaufort

Unicef à Beaufort

Cette semaine les équipes de l’Unicef sont en route à Beaufort. Les équipes expliquent ce que sont les « GlobalParents » et pourquoi ils sont si importants pour leur travail. En aucun cas, ils ne demanderont de l’argent liquide lors de l’inscription, qui ne se fait que par formulaire sur une tablette.

26.11: N10 barrée entre Weilerbach et Bollendorf-Pont

23. & 24.09: Grand-Rue barrée

Wéinst Stroossenaarbechten vun de “Ponts et Chaussées” e Méindeg, den 23. September, an en Dënschdeg, de 24. September, ass d’Grand-Rue tëschen der Kräizung mat der Rue du Château an der Kräizung Route d’Eppeldorf/Route de Reisdorf gespaart. Op dësem Deelstéck kënnt een neie Belag.

23.09: d’Strooss ass ab 7 Auer fir all Verkéier gespaart, ausser fir Busser a Residenten.

24.09: d’Strooss ass ab 8 Auer fir all Verkéier gespaart, och fir Busser a Residenten. Dat waart viraussiichtlech bis ongeféier 22 Auer si wann den neien Tapis ofgekillt ass. Eng Deviatioun ass ausgeschëldert.

Vun dësen Aarbechte si follgend Buslinne betraff: 191, 222, B05, C07, C17, H03, K05 a K07.

191: Ëmleedung iwwer Déiljen a Reisdorf nom Arrêt “Härewiss” an ëmgedréint. Keen Arrêt op de Bushaltestellen “Op der Gare”, “Äispist”, “um Bierg”, “Ënnescht Heed” an d’Uertschaft Eppelduerf. Den Horaire ass ugepasst an eng gëtt eng Spezial-Navette ab der Gare zu Reisduerf.

K07: Busser aus Richtung Eppelduerf ginn ëmgeleet iwwer rue Belair, route de Reisdorf, route d’Eppeldorf, rue de Haller, CR 128, rue du Château a Grand-Rue. Keen Arrêt op “um Bierg” an “Äispist”. Ausnamsweis gëtt et een Arrêt op der “Reisduerferstrooss”. Betraff ass d’Course K07 6340

222, B05 an H03: Busser aus Richtung Beefort ginn nom Arrêt “Op der Gare” direkt Richtung Haler ëmgeleet. Keen Arrêt op de Bushaltestellen “Äispist”, “um Bierg”, “Ënnescht Heed” an Halerstrooss. Dat gëllt fir d’Ligne 222 an och ëmgedréint. Den Horaire gouf och ugepasst. Betraff sinn och d’Coursen B05 6269 an H03 6941.

C07 an C17: Busser aus Richtung Jonglënster ginn ëmgeleet iwwer d’Rue du Château a Grand-Rue. Duerno normale Wee. Keen Arrêt op “Halerstrooss”, Ënnescht Heed”, “um Bierg” an “Äispist”. Betraff sinn d’Coursen C07 6131, C17 5801 an C17 6131.

K05: D’Course K05 5290 an 6130 ginn nom Arrêt “Reisduerferstrooss” ëmgeleet iwwer route d’Eppeldorf, rue de Haler, CR 128, rue du Château, Grand-Rue, duerno normale Wee. Keen Arrêt op “um Bierg” an “Äispist”. Ausnamsweis gëtt et een Arrêt “Ënnescht Heed”. D’Course K05 6100 gëtt ëmgeleet iwwer rue Belair, route de Reisdorf, route d’Eppeldorf, rue de Haller, CR 128, rue du Château, Grand-Rue, duerno normale Wee. Keen Arrêt op “um Bierg” an “Äispist”.

Gläich ënnendrënner stinn déi ugepassten Horairen an d’Spezial-Navette.

****

En raison des travaux routiers effectués par les « Ponts et Chaussées » le lundi 23 septembre et le mardi 24 septembre, la Grand-Rue sera barrée entre les croisements avec la rue du Château et route d’Eppeldorf/route de Reisdorf. Il y aura un nouveau revêtement de la chaussée.

23.09 : la rue sera barrée à toute circulation à partir de 7 heures, excepté autobus de ligne et riverains.

24.09 : la rue sera barrée à toute circulation à partir de 8 heures, autobus de ligne et riverains inclus, et ceci jusqu’au refroidissement de la nouvelle couche de roulement, approximativement vers 22 heures. Une déviation sera mise en place.

Sont concernées également les lignes 191, 222, B05, C07, C17, H03, K05 et K07. Des amples informations se trouvent en-dessous :

Annexes (pdf):

Avis pertubation RGTR

Horaire Ligne 191

Navette Ligne 191

Horaire Ligne 222

20.09 – 31.10: Campagne « GoGo Velo »

20.09 – 31.10: Campagne « GoGo Velo »

E Freideg, den 20. September, ass de Start vun der nationaler Vëloscampagne “GoGo VELO”. Si ersetzt déi zwou Campagnen “Mam Vëlo op d’Schaff (MVOS)” an den “Tour du Duerf”. De Prinzip bleift deen nämmlechten: Fuer mam Vëlo a gewann flott Präisser! D'Zil ass et an 42 Deeg ronderëm d'Welt ze fueren.

Dat Ganzt leeft iwwer d’App “Radbonus II” (ganz wichteg ass et, datt et Radbonus II (2) ass).

Apple: https://apps.apple.com/lu/app/radbonus-ii/id6499377492?l=de-DE

Android: https://play.google.com/store/apps/details?id=com.radbonus.radbonus2&pli=1

Vëlosfahrten am Alldag an och an der Fräizäit a Sport tracken a Kilometere sammele fir flott Präisser ze gewannen. Et lount sech ab dem éischten Dag dobäi ze sinn an d'Campagne leeft bis den 31. Oktober.

Weider Informatioune stinn op https://gogovelo.lu oder

Facebook https://www.facebook.com/profile.php?id=61562797690178

Instagram: https://www.instagram.com/gogovelo.lu/

 

Agence mobile BCEE

Agence mobile BCEE

Ab muer Dënschdeg, de 17. September, kënnt d’Agence mobile vun der Spuerkeess rëm all Dënschdeg op Beefort.

L’agence mobile de la BCEE reprend ses visites à Beaufort à partir de demain mardi, le 17 septembre.

21.09: Clean Up Day Mëllerdall

21.09: Clean Up Day Mëllerdall

Am Samstag, den 21. September, findet der Clean Up Day Mëllerdall statt. Der Tourismusverband der Region Müllerthal - Kleine Luxemburger Schweiz hat sich der globalen Bewegung World Clean Up Day bereits zum fünften Mal angeschlossen und lädt zum Hike & Clean auf den Wanderwegen in der Region ein.  

Der World Clean Up Day ist am 20. September, in der Region Müllerthal wird am Samstag, den 21. September, gesammelt. Weltweit nehmen 19,1 Millionen Menschen aus 211 Ländern an der Aktion teil. 219.000 Tonnen Müll konnten so bereits gesammelt werden

Mitmachen und Preise gewinnen

Wer beim Clean Up Day Mëllerdall mitmachen möchte, stellt selbst seine Wandergruppe zusammen und meldet sich beim Tourismusverband an über E-Mail info@mullerthal.lu oder per Telefon (+352) 72 04 57-1. Zusammen wird nach dem passenden Wanderweg für die Gruppe in punkto Länge und Beschaffenheit des Weges gesucht.

Zangen und Sammeltüten werden bereitgestellt. Wer möchte, kann sich Handschuhe mitbringen. Am Ende der Wanderung kann der gesammelte Dreck an einer Sammelstelle abgegeben werden. Die Müllsammelstellen, die überall in der Region verteilt sind, findet man auf der Webseite vom Regionalen Tourismusverband, www.mullerthal.lu.

Der Clean Up Day Mëllerdall ist auch in diesem Jahr wieder mit einem Gewinnspiel verbunden: Wer auf Instagram oder Facebook ein Bild von sich oder seiner Gruppe mit dem gefüllten Müllsack hochlädt und dann das Bild mit @visitmullerthal taggt, kann tolle Preise gewinnen.

Weitere Informationen: https://www.mullerthal.lu/de/die-region-muellerthal-erleben/natur/clean-up-day-2024

 

20. – 23.01.2025: Exercice militaire

23. – 25.09.2024: Exercice Armée Belge

L’Armée Belge a planifié un exercice avec 20 participants du 23 au 25 septembre sur le territoire de la commune de Beaufort, respectivement à proximité du territoire. Cette démarche a été validée par Madame la Ministre de la Défense.

Changements d’horaires à partir du 7 juillet

Changements d’horaires à partir du 7 juillet

Et gi liicht Ännerungen – puer Minutten Ënnerscheed – bei de Linnen 190 an 191: https://www.mobiliteit.lu/de/fahrplananderungen-auf-bestimmten-linien-des-rgtr-und-avl-netzes-ab-dem-7-juli-2024/

Il y a des légers changements – quelques minutes de différence – aux lignes 190 et 191: https://www.mobiliteit.lu/fr/changement-dhoraires-sur-certaines-lignes-de-bus-des-reseaux-rgtr-et-avl-a-partir-du-7-juillet-2024/

There are slight changes – a few minutes difference – to lines 190 and 191: https://www.mobiliteit.lu/en/schedule-changes-on-certain-rgtr-and-avl-bus-lines-from-7-july-2024/

Há ligeiras alterações –  alguns minutos de diferença – nas linhas 190 e 191: https://www.mobiliteit.lu/fr/changement-dhoraires-sur-certaines-lignes-de-bus-des-reseaux-rgtr-et-avl-a-partir-du-7-juillet-2024/

 

Agence mobile BCEE hors service

Agence mobile BCEE hors service

D’Spuerkeess deelt mat, datt hir Agence mobile bis op Weideres net zum Asaz komme kann.

 ****

Dû à des contraintes indépendantes de la volonté de la BCEE, leur agence mobile ne pourra pas assurer sa tournée pour le moment.

06.11: Grundhof – Bollendorf-Pont

Rue du Bois barrée

Wéinst dem Chantier “Al Distillerie” an der Rue du Bois ass dës Strooss ab haut tëschen den Haiser 8a an 10 komplett fir de Verkéier gespaart. Den Zougank zur der Montée du Château ass iwwert déi aner Säit (rue des Promenades - rue du Bois) méiglech.

14.06: Coupe scolaire

14.06: Coupe scolaire

Dëse Freideg, de 14. Juni, sinn d'Kanner aus dem Cycle 4 am Kader vun der Coupe scolaire 2024 tëschen 8 an 12 Auer mam Velo op de Stroosse vu Beefort ënnerwee.

D'Autosfuerer si gebieden net nëmmen den Dag besonnesch op déi jonk Velosfuerer opzepassen.

04.08: rtl.lu

16.03: wort.lu

Eishockeymänner erklimmen das Podium in Kirgisistan

Bei der WM der dritten Division übertrifft die Nationalmannschaft trotz schwieriger Voraussetzungen alle Erwartungen und gewinnt die Bronzemedaille.

https://www.wort.lu/sport/eishockeymaenner-erklimmen-das-podium-in-kirgisistan/9410729.html

Mam Sven Cruchten, Dino an Demir Mededovic, Raoul Kramer, Claude an Nicolas Mossong an dem Sasha Backes sti gläich siwe Spiller vun de Beaufort Knights am Kader vun dëser Weltmeeschterschaft

Aller au contenu principal