Ee Logo fir d’Gemeng Beefort

Mat enger grousser Majoritéit (zéng Jo-Stëmmen an enger Enthalung) huet de Gemengerot gëschter Owend den neie Logo vun der Gemeng Beefort validéiert. D’Iddi vun engem moderne Logo nieft dem Wopen, dee weiderhin erhale bleift, stoung schonns eng länger Zäit am Raum an eng vun den éischten Entscheedunge vum neie Schäfferot war d’Ausschaffe vun engem Logo.

Zesumme mat der Kommunikatiounsagence “brain & more” gouf un dësem Projet geschafft. Zesummen, dat heescht awer och, datt intern, déi ganz Ekipp aus der Verwaltung an dem Service technique, säin Deel bäigedroen huet. Verschidde Piste stoungen zur Auswiel an eng Propositioun huet souzesoe säi Wee gemeet. Un där gouf du reegelméisseg gefeilt, “mautsche” gelooss, a sou weider. Vun Zäit zur Zäit gouf eng kleng kreativ Paus ageluecht well ee vu lauter Beem de Bësch net méi gesinn huet. Op eng Kéier sinn da Klengegkeeten opgefall a kleng Nuancen hunn zu engem “Wow”-Effekt gesuergt.

D’Ausgangsiddi vum neie Logo war et d’Elementer aus dem Wopen an enger vereinfachter an der haiteger Zäit entspriechender Form ze integréieren: den Tuerm vun der Buerg an de “Lambel à cinq pendants d’argent”.

Beefort ass am ganze Land ënner anerem duerch seng Buerg an d’Renaissance-Schlass bekannt. An deem Sënn gouf eng Silhouette geholl fir d’Buerg ze illustréieren. Am Buch “Beaufort – Im Wandel der Zeiten” ginn et Grafiken a Biller vun der Buerg ewéi se fréier ausgesinn huet. D’Form vun der Buerg am Logo baséiert an erënnert un d’Ostusiicht vun der Buerg, déi ee vun der Strooss aus gesäit.

D’Charakteristik vum Schlasstuerm gouf ebenfalls an de Logo integréiert. Dozou gehéieren d’Schlasspaart, déi dräi “Fënsteren” an déi fënnef Tierm op der Spëtzt. Si goufen am Logo vereinfacht duergestallt. Am Wopen ass de Schlasstuerm rout duergestallt an dowéinst gouf eng rout Faarf geholl. Allerdéngs net sou knalleg mee ëmmerhi mat engem staarke Wiedererkennungswert.

De “Lambel à cinq pendants d’argent” am Wopen kann een och als Sauerbréck zu Déiljen interpretéieren. Net nëmmen d’Bréck zu Déiljen mee och déi vill kleng Brécken, déi ee beim Wandere laanscht d’Haupeschbaach an Halerbaach an der Gemeng Beefort an och an der Regioun Mëllerdall gesäit.

D’Faarf vun der Bréck ass giel/gold, änlech wéi am Wopen. An et ass eng Allusioun op de Sandsteen, dee jee no Zesummesetzung verschidden Téin huet. Wann ee Sand seet, dann denkt ee meeschtens un de giele Sand. Eng méi däischter Faarf vun der Bréck hätt keen negativen Effekt op d’Gesamtbild vum Logo gehat.

Ënnert de Brécke lafe Flëss a Baachen, ënner anerem och d’Sauer zu Déiljen an um Grondhaff. Déi blo Faarf symboliséiert d’Flëss an d’Baachen an der Gemeng. Besonnesch zu Déiljen ass et bei der Bréck a beim Camping méiglech aus der grénger Wiss an ouni grouss Hindernisser an d’Waasser ze goen. Ee fléissenden Iwwergank vun der Wiss an d’Waasser, deen een och beim Wandere laanscht d’Haupesch- an Halerbaach gesäit a plazeweis duerch d’Waasser trëppelt.

Wéi schonns erauszeliesen ass, stellen déi gréng Béi d’Natur an hiwweleg Landschaft an der Gemeng duer. D’Buerg läit zwar am Dall mee si steet awer ee bësse méi héich op engem Fiels, sou wéi am Gesamtbild vum Logo duergestallt.

Déi verschidden Elementer a Faarwen ergänze sech harmonesch an et ass keen Element wat dominéiert. Souwuel an der faarweger Versioun ewéi och am Negative bilden déi verschidden Elementer eng Eenheet.      

Dee vum Gemengerot validéierte Logo vun der Gemeng Beefort ass ee Projet, deen de Schäfferot an Optrag ginn huet an dee vum Gemengepersonal ënnert der Leedung a Koordinatioun vum Josip Nerancic zesumme mat “brain & more ausgeschafft gouf. D’Charte graphique vum Logo déngt och als Basis fir eng Neiausriichtung an der Kommunikatioun vun der Gemeng. Den Internetsite wäert an Zukunft eng nei Struktur kréien an och de Gemengebuet wäert vun den Ännerunge betraff sinn.

Dernière modification le 27.06.2024

Des articles de la même catégorie

Zwou Info-Versammlungen am “Fly”

Zwou Info-Versammlungen am “Fly”

Op enger méi ongewinnte Plaz huet de Schäfferot de leschte Mëttwoch op zwou Versammlungen agelueden: an de “Flying Dutchman”. Et ass eng Plaz, wou verschidde Leit nach virun e puer Deeg flott Stonne verbruecht hunn an anerer schonns eng Zäitchen net méi. An der...

lire plus
Fotogalerie “The Wall”

Fotogalerie “The Wall”

Ee klenge Réckbléck a Fotoen op de leschte Weekend vum Open-Air-Spektakel “The Wall”, projezéiert op der neier a restauréierter Mauer vun der Buerg. “The Wall” war Musek live, Video-Mapping an eng Lightshow mat de SIXO, Lëtzebuerger Rapper; André Mergenthaler, Cello;...

lire plus
Vacance de poste: Artisan (m/f)

Vacance de poste: Artisan (m/f)

La Commune de Beaufort se propose d’engager à durée indéterminée et à temps plein (40 h/sem.), un   Artisan ( m/f) dans la carrière E pour les besoins du service technique   L'aide-mémoire reprenant le profil et les conditions à remplir ainsi que les pièces...

lire plus
Aller au contenu principal