Outdoor-Dëschtennis zu Beefort

De Site nieft der Äispist ass an de leschten Deeg ëm eng Attraktioun méi räich ginn. Pénktlech fir den Ufank vun der Summervakanz goufen hei zwee Outdoor-Dëschtennisdëscher installéiert. An dësem Beräich stinn de Bierger vun der Gemeng Beefort an hire Gäscht follgend Infrastrukturen zur Verfügung: een Terrain Multisports, Outdoor-Fitness fir Senioren, Outdoor-Fitness fir jiddereen a lo nach Outdoor-Dëschtennis. Den nächste Projet op dësem Site steet schonns an de Startlächer: zwou Piste fir Pétanque. D’Aarbechte fänken nom Congé collectif un.

D’Investitioune belafe sech op ronn 12.300 Euro fir den Outdoor-Dëschtennis a knapps 10.000 Euro fir déi zwou Pétanque-Pisten. Pétanque-Frënn musse sech also nach ee bësse gedëllege fir hei ze spillen a bis dohinner kënne se virun der Jugendherberge hirem Hobby nogoen. Dëst ass héchstwahrscheinlech eng Plaz, vun där bestëmmt net vill Leit wëssen.

Dernière modification le 24.07.2024

Des articles de la même catégorie

Aktioun “Gielt Band”: Hei ass plécken erlaabt

Aktioun “Gielt Band”: Hei ass plécken erlaabt

All Joer gëtt kiloweis zeidegt Uebst, dat an de Bongerten, de Gäert an op ëffentleche Plazen ënnert de Beem fault, verbëtzt. An dobäi wier et esou einfach: Et geet duer, déi Äppel, Bieren, Prommen asw. ze plécken an doraus Kompott oder Gebees ze kachen, de Jus...

lire plus
Fréiere Schapp vum “Josy” ofgebrannt

Fréiere Schapp vum “Josy” ofgebrannt

Gëschter am Laf vum Nomëtteg huet et am fréiere Schapp vum “Josy” gebrannt. De “Josy” war den Zichelchen, deen tëschen de Joren 1904 a 1948 vum Grondhaff erop op Beefort gefuer ass. Am Joer 1966 huet de “Comité protecteur de la Troupe St Willibrord” vun Iechternach de...

lire plus
Aller au contenu principal