Unicef « Mir sinn #ënnerwee »

D’Unicef féiert hir “Porte à Porte”-Campagne an der Gemeng Beefort weider. Bei dëser Campagne gi si bei d’Leit schellen, fir se iwwert hir Aarbecht z’informéieren an hinnen d’Geleeënheet ze ginn, sech anzeschreiwe fir reegelméissegen Donateur ze ginn. Dëst iwwert en Tablett. Dës Campagne ass fir si als Organisatioun enorm wichteg a si sinn op reegelméisseg Spender ugewise fir hir Aarbecht fir d’Kanner iwwerhaapt kënnen ze maachen.

Mam Relâchement vun de generelle sanitäre Mesuren hu si sech och adaptéiert. D’Mataarbechter hunn net méi d’Office eng Mask un a rullen och net méi den Teppech vun zwee Meter aus, fir eng Distanz ze garantéieren. Si hunn allerdéngs nach ëmmer Masken dobäi, sou datt si sech kënnen upasse falls den Donateur sech da méi wuel fillt.

D’Ekippen hunn Desinfektiounsmëttel derbäi. Fir datt den Donateur seng Domiciliatioun ka validéieren, ginn et zwou Méiglechkeeten: Entweder kritt en e Verifizéierungsscode per SMS geschéckt, deen en dem Mataarbechter gëtt fir esou direkt an ouni Kontakt seng Domiciliatioun z‘aktivéieren. Wann den Donateur dëst net wëll oder ka maachen, bleift nach ëmmer d’Méiglechkeet, mat sengem Stëft op der Tablett z‘ënnerschreiwen. An deem Fall gëtt d‘Tablett virdrun desinfizéiert.

Weiderhi sinn och déi allgemeng Informatioune gülteg, wéi een d’Leit als Mataarbechter vun der Unicef kann identifizéieren: Si huelen zu kengem Zäitpunkt boer Suen; si kënne sech mat engem Badge ausweisen an hu Kleeder mam Numm a Logo un; d’Inscriptioun gëtt, wéi gesot, iwwert eng Tablett gemaach an net op Pabeier.

Date

12 septembre 2022
Expiré!

Plus d'Infos

Lire la suite
Lire la suite
QR Code
Aller au contenu principal