Fréiere Schapp vum “Josy” ofgebrannt

Gëschter am Laf vum Nomëtteg huet et am fréiere Schapp vum “Josy” gebrannt. De “Josy” war den Zichelchen, deen tëschen de Joren 1904 a 1948 vum Grondhaff erop op Beefort gefuer ass. Am Joer 1966 huet de “Comité protecteur de la Troupe St Willibrord” vun Iechternach de Schapp vun der CFL mam Terrain fir 78.000 Lëtzebuerger Frang ofkaaft.

De Scoutsgrupp “Troupe St Willibrord” gouf 1921 zu Iechternach gegrënnt, deen am Géigesaz zum anere bestoende Scoutsgrupp och Nët-Studenten opgeholl huet. Wärend de Krichsjore gouf de Grupp opgeléist an deen am Joer 1931 ageweite Chalet tëschen Iechternach a Weilerbaach ofgerappt. Mam Schwéierpunkt “Beschaffen ordentlicher Uniformen” gouf am Joer 1948 een éischte “Comité protecteur” gegrënnt a mam Zil Sue fir een neie Chalet ze besuergen hu sech 1952 déi fréier Scouten zu enger Amicale ënnert dem Numm “déi al Trapperten” zesummegedoen. Ënnert hirem President Jérôme de Jong huet am Joer 1966 gouf de Schapp ofkaaft. Den 20. September 2002 koum et zur Neierëffnung vum komplett renovéierte “Scout-Chalet Jérôme de Jong”.

An der Gemengerotssëtzung vum 12. Dezember 2014 huet de Gemengerot décidéiert dëse Chalet fir 150.000 Euro ze kafen an ze renovéieren. An der rezenter Vergaangenheet waren hei e puer Bewunner vum ofgebrannten Hotel um Grondhaff ënnerbruecht an zanter gutt zwee Méint stoung d’Gebai eidel.

Op der Plaz waren d’Police vun Iechternach, “Centre d’incendie et de secours” vu Beefort, Waldbëlleg, Fiels, Baërdref, Konsdref, Reisduerf an Iechternach, grad esou wéi d’Ambulanz aus der Fiels.

Dernière modification le 19.07.2024

Des articles de la même catégorie

Aktioun “Gielt Band”: Hei ass plécken erlaabt

Aktioun “Gielt Band”: Hei ass plécken erlaabt

All Joer gëtt kiloweis zeidegt Uebst, dat an de Bongerten, de Gäert an op ëffentleche Plazen ënnert de Beem fault, verbëtzt. An dobäi wier et esou einfach: Et geet duer, déi Äppel, Bieren, Prommen asw. ze plécken an doraus Kompott oder Gebees ze kachen, de Jus...

lire plus
Outdoor-Dëschtennis zu Beefort

Outdoor-Dëschtennis zu Beefort

De Site nieft der Äispist ass an de leschten Deeg ëm eng Attraktioun méi räich ginn. Pénktlech fir den Ufank vun der Summervakanz goufen hei zwee Outdoor-Dëschtennisdëscher installéiert. An dësem Beräich stinn de Bierger vun der Gemeng Beefort an hire Gäscht follgend...

lire plus
Aller au contenu principal