“Keen Apel fir d’Eva”

No den Opféierungen den 18., 19. a 26. Oktober wor gëschter den Ofschloss vun der Laachsaison vun den Theaterfrënn Beefort. Wärend véier Owender hu si “Keen Apel fir d’Eva” gespillt, ee Stéck an dräi Akte vum Andreas Wening a vum Roby Zenner op lëtzebuergesch verfaasst. D’Acteure Patrick Goetzinger, Marie-Ange Neves, Klodin Gremling, Dario Ballanti a Jen Kießling hu méi wéi eng Kéier d’Laachmuskele vun den Zuschauer strapazéiert. No den Optrëtter konnt ee sech nach mat den Theaterspiller beim Patt poteren a verschidde Szenen nach eng Kéier Revue passéieren.

Den nächsten Termin steet an der Tëschenzaït och fest. D’Theaterfrënn Beefort invitéieren op “D’Comedy Show” mam Yves Desquiotz a Guy Lepage den 8. Mäerz 2025 an de Kummelsbau.

Dernière modification le 28.10.2024

Des articles de la même catégorie

Éischten Heemmätsch vun de Beeforter Ritter

Éischten Heemmätsch vun de Beeforter Ritter

Viru 500 Zuschauer haten d‘“Beaufort Knights“ de leschte Samschdeg hiren éischten Heemmätsch fir dës Saison. Den éischte Mätsch zu Charleroi konnten d’Beeforter mat 4:6 gewanne mee zu Herentals (2:1) a Léck (4:3) goufen d’Mätscher verluer. Den éischte “Puck Dropper”...

lire plus
Tournoi fir de 50. Anniversaire

Tournoi fir de 50. Anniversaire

Am Kader vun de Festivitéite vum 50. Anniversaire vum Beeforter Keeleclub hu si de leschte Weekend een Tournoi organiséiert. Leider gëtt et hei zu Beefort keng den Norme gerecht Keelebunn an dowéinst gouf den Tournoi zu Miedernach ofgehalen. D’Finall gouf de leschte...

lire plus
Aller au contenu principal