Réckbléck op den Nationalfeierdag

D’Feierlechkeeten um Virowend vum Nationalfeierdag hu mam Te Deum an der Kierch zu Beefort ugefaangen, dee vun de Choralle  Sainte Cécile vu Beefort a “Sang mat” Waldbëlleg/Haler gesonge gouf. Et war iwweregens net hiren eenzegen Optrëtt deen Owend well se uschléissend an d’Nopeschgemeng gefuer si fir do de musikalesche Kader ze assuréieren.

Op Nationalfeierdag oder wärend de Feierlechkeete vum Nationalfeierdag erënnert een net nëmmen un de groussherzogleche Gebuertsdag mee och, datt deen Dag vum Lëtzebuerger Land hautzedaags kann a Fridden zelebréiert ginn. Fridden a Fräiheet si leider net méi selbstverständlech.

An deem Zesummenhank huet d’Pastoralassistentin Josiane Mirkes een net oninteressante Verglach gezunn an dobäi méi wéi een un d’Nodenke bruecht. Déi lescht Deeg nämlech stoung een aus der Nopeschgemeng Konsdref am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: de “Sammy”. De Wallaby (eng Ënnerkategorie vum Känguru) huet sech duerch bascht gemeet an d’ganzt Land huet sech agesat, datt et him rëm gutt geet. De Wallabys hiert natierlecht Ëmfeld läit an Australien an hei zu Lëtzebuerg huet de “Sammy” eng nei Heemecht fonnt. Sou wéi de “Sammy” hu vill Mënschen, déi viru Krich an den domadder verbonnenen onsécheren Zäiten hiert Land verlooss an hei zu Lëtzebuerg eng nei Heemecht fonnt.

Politesch onsécher Zäite waren ënner anerem och een Thema vum Jean-Luc Nosbusch, deen nom Te Deum a virun der Gemeng seng éischt Ried op Nationalfeierdag an der Funktioun als Beeforter Buergermeeschter gehalen huet. Aus de Resultater virun zwou Wochen ass ervirgaangen, datt vill Leit an Europa bei den Europawale Parteie gewielt hunn, déi sech net esou fir déi europäescher Wäerter asetzen. Lëtzebuerg huet sech dem Trend entgéintgesat. De 6. Juni virun 80 Joer, am Joer 1944, ass mat der Landung vun den Alliéierten an der Normandie de Startschoss gefall, Europa ze befreien an de jeeweilege Länner hir Fräiheet zréck ze ginn. Leider ginn et ëmmer manner Zäitzeien, déi hir Erfarunge vun deemools den jonke Generatioune vermëttele kënnen, datt sou ee Kapitel net méi opkënnt.

Zum Ofschloss goufen nach dräi Jugendpompjeeë geéiert: Jonathan Mersch, Kevin Gaspar Gomes an de Sean Matagne. Si alleguer hunn de Wëssenstest a Bronze bestanen a kruten offiziell hiren Diplom an hiert Ofzeechen iwwerreecht.

Uschléissend goung et zesummen an engem Cortège, de vun de Membere vum Beeforter Asazzenter ugefouert an ofgeséchert gouf, op d’“Place des Nations”, wou d’Gemeng den Éierepatt offréiert huet. Iessen a Gedrénks goufe vun de Beeforter Veräiner “Groupe sportif récréatif et culturel Fiolhoso et Beaufort”, “Club Hippique”, “Judoclub” an de “Beeforter Duerffrënn” organiséiert. Nieft Gegrilltes gouf et och eng Bouneschlupp mat regionale Bio-Produkter an als Dessert Eisekuchen. Kanner konnte sech op engem Sprangschlass ameséieren.

Obwuel déi lescht Deeg schlecht Wieder fir deen Owend ugekënnegt war an am Nomëtteg nach eng Schauer erofkomm ass, war et wärend de Feierlechkeeten de ganzen Zäit dréchen. Fir Stëmmung huet den “DJ Soundtrip” gesuergt” a fir déi Foussballinteresséiert gouf nach een Écran opgeriicht, wou d’Mätscher vun der Europameeschterschaft iwwerdroe goufen.

Dernière modification le 24.06.2024

Des articles de la même catégorie

Aktioun “Gielt Band”: Hei ass plécken erlaabt

Aktioun “Gielt Band”: Hei ass plécken erlaabt

All Joer gëtt kiloweis zeidegt Uebst, dat an de Bongerten, de Gäert an op ëffentleche Plazen ënnert de Beem fault, verbëtzt. An dobäi wier et esou einfach: Et geet duer, déi Äppel, Bieren, Prommen asw. ze plécken an doraus Kompott oder Gebees ze kachen, de Jus...

lire plus
Outdoor-Dëschtennis zu Beefort

Outdoor-Dëschtennis zu Beefort

De Site nieft der Äispist ass an de leschten Deeg ëm eng Attraktioun méi räich ginn. Pénktlech fir den Ufank vun der Summervakanz goufen hei zwee Outdoor-Dëschtennisdëscher installéiert. An dësem Beräich stinn de Bierger vun der Gemeng Beefort an hire Gäscht follgend...

lire plus
Aller au contenu principal