Op enger méi ongewinnte Plaz huet de Schäfferot de leschte Mëttwoch op zwou Versammlungen agelueden: an de “Flying Dutchman”. Et ass eng Plaz, wou verschidde Leit nach virun e puer Deeg flott Stonne verbruecht hunn an anerer schonns eng Zäitchen net méi. An der éischter Versammlung goufen d’Beeforter Veräiner iwwer verschidden aktuell Themen an zukünfteg Pläng zum Veräinsliewen informéiert an der zweeter Versammlung, déi sech nieft de Veräiner och un déi berodend Kommissioun a Bierger geriicht huet, gouf de Projet “Bis am Bus” virgestallt.
A senger Begréissung huet de Schäffe Bruno Grilo fir d’éischt de Veräiner Merci gesot fir hir Bedeelegung un den Aktivitéiten a Manifestatiounen an der Gemeng ewéi zum Beispill den Europadag den 9. Mee oder kierzlech bei der Beeforter Kiermes. Den éischte Punkt war net grad eng Neiegkeet mee et krut een zousätzlech Informatiounen aus éischter Hand. Beim Open-Air-Spektakel “The Wall” de Weekend virdru ware se déi éischter Kéier am Asaz: déi nei Bechere vun der Gemeng mam neie Gemenge-Logo. Op de Bechere gëtt Pfand opgehuewen allerdéngs nëmmen op déi feelend Becheren no enger Manifestatioun.
Des Weidere war d’Nouvelle, datt un engem neie Subsidreglement geschafft gëtt an deem eng Rei Krittäre berücksichtegt ginn ewéi zum Beispill Ofhale vu “Green Events”, Bedeelegung a Präsenzen u verschidde Manifestatiounen an och d’Zesummenaarbecht fir de Gemengebuet. “De Beeforter” kritt eng nei Struktur mat verschidde Schwéierpunkter an Informatiounen, déi obligatoresch sinn a bis elo ze kuerz komm sinn. D’Veräinsliewen am Buet soll op kee Fall benodeelegt ginn an an deem Sënn goufen d’Veräiner opgeruff fir an Zukunft sech aktiv ze bedeelegen.
Zum Schluss vum éischten Deel goufen d’Veräiner un déi verschidde Schrëtt an Ofleef bei der Organisatioun vun enger Manifestatioun erënnert, déi net eriwwer ass wann d’Musek opgehalen huet mat spillen an de leschte Patt gedronk gouf. De Gemengesekretär Christophe Bastos an den Andy Wagner vum Service technique hunn deen Owend zousätzlech Informatiounen a Beispiller virgedroen.
Uschléissend hunn d’Vania Laranjeira Amaral a Claudia Schleret den interkulturelle Festival “Bis am Bus” virgestallt. Dëse Projet an Zesummenaarbecht vun der Gemeng mat der Kommissioun vum Zesummeliewen an “Ons Heemecht” gesäit eng Rei Aktivitéiten tëschen Enn November bis an de Mäerz 2025 vir, dee mat engem Festival ofgeschloss gëtt. Den éischte “Bis am Bus”-Festival gouf Enn Juni dëst Joer zu Néngsen ofgehalen. “Ons Heemecht” gëtt ënnerstëtzt vun der Europäescher Unioun, dem Kulturministère an dem Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil. Zu de Partneren zielen d’Rout Kräiz, d’Fondatioun Caritas Lëtzebuerg, Stad Lëtzebuerg an den Office national de l’accueil.