Informatiounsowenter « Wäermepompelen a Bestandsgebaier »

Fir d’Hëtzen vun bestoende Gebaier spillen d’Wäermepompelen eng ëmmer méi wichteg Roll. Trotz hirem enormen Energiespuerpotenzial zirkuléieren eng ganz Rei Falschinformatiounen rondrëm dës Zukunftstechnologie.

Op dësen Informatiounsowenter ginn déi heefegst Viruerteeler opgegraff an erkläert, wat dohannert stécht.

Programm:

  • Roll vun der Wäermepompel am Kader vun der Energietransitioun zu Lëtzebuerg
    (Pascal Worré / Tom Winandy – Ministère fir Energie a Landesplanung)
  • Erklärungen zu der Wäermepompel als nohalteg Léisung a Bestandsgebaier
    (Maurice Casel / Andy Welter – Klima-Agence)
  • Presentatioun vun de staatlechen a kommunale Bäihëllefen
    (Maurice Casel /Andy Welter – Klima-Agence)

D’Virträg sinn op lëtzebuergesch an op däitsch. Eng Umeldung ass net néideg.

Dernière modification le 03.11.2023

Des articles de la même catégorie

Aller au contenu principal