Dëst Zitat vum Eugen Drewermann huet de Paschtouer Carlo Morbach am Kader vum nationale Gedenkdag, der “Journée nationale de la Commémoration”, méi wéi eng Kéier erwäänt. Den nationale Gedenkdag erënnert all Joer un d’Resistenz vum Lëtzebuerger Vollek wärend der Occupatioun an der schwéierer Zäit vun 1940 bis 1945.
Den Ursprong vum nationale Gedenkdag geet op den 10. Oktober 1941 zréck wéi sech d’Lëtzebuerger un enger sougenannter “Personenstandsaufnahme” bedeelege missten, déi als een Deel vun enger brutaler a fanatescher duerchgefouerter “Germaniséierungspolitik” vum Gauleiter Gustav Simon ze gesinn ass. Nieft den normale persounebezunnen Donnéeën huet den Nazi-Okkupant bei de Froen “Nationalitéit”, “Mammesprooch” a “Volkszugehörigkeit” dräimol “Deutsch” vun de Lëtzebuerger erwaart. Allerdéngs hunn iwwer 90 Prozent mat dräimol “Lëtzebuergesch” geäntwert an dowéinst gouf dës Zort vu Vollekszielung annuléiert. D’Lëtzebuerger hu sech mat dëser Aktioun zu hirer Eegestännegkeet a géint d’Besatzung bekannt. Fënnef Joer méi spéit, am Joer 1946, huet d’Regierung de Sonndeg virum oder nom 10. Oktober als Datum vum nationale Gedenkdag festgeluecht.
An der Gedenkmass ass de Paschtouer Carlo Morbach net ausschliisslech op dat donkelt Kapitel vun der Geschicht virun 80 Joer agaange mee och op déi haiteg Zäit. Mat ënner anerem de Kricher an der Ukrain an am Noen Osten kréie mer all Dag gewise wat Krich bedeit. No der Mass hunn déi zwee Schäffen am Amt, Jean-Luc Nosbusch an Emile Wies, eng Gerbe beim “Monument aux Morts” néiergeluecht. Encadréiert gouf d’Gedenkfeier vun de Chorale Sainte Cécile Beefort a Sang mat Waldbëlleg/Haler, déi ënner anerem d’“Heemecht” virgedroen hunn.