An der Sëtzung vum 25. Juni 2021 huet de Gemengerot eestëmmeg decidéiert een neie “Centre d’accueil” fir den Natur- a Geopark ze bauen. Nodeems viru kuerzem den Terrain fir den Neibau preparéiert gouf (ënner anerem goufe Beem ofgeholzt) wäert de Startschoss vun den Aarbechten an den nächste Woche falen. Enn 2026 respektiv Ufank 2027 soll den neie “Centre d’accueil” funktionéieren.
D’Geschicht vum Natur- a Geopark Mëllerdall huet viru ronn 245 Millioune Joren an engem Mier ugefaangen. Eng sëllech Sandkären an aner Partikelen hu sech ofgelagert an zu Stee verfestegt. D’Mier ass verschwonnen a Flëss hunn déi beandrockend Fielslandschaft vum Natur- a Geopark Mëllerdall forméiert, déi mer haut alleguer kennen. D’Aufgab vum Natur- a Geopark Mëllerdall ass et dës Ierwen ze erhalen an d’Regioun nohalteg ze entwéckelen. Dobäi bleift de Mënsch am Mëttelpunkt.
Viru 25 Joer ass am “Programm directeur” vun der nationaler Landesplanung déi éischte Kéier den Naturpark Mëllerdall erwäänt ginn an am Fréijoer 2006 ass duerch d’Associatioun
“Regional Initiativ Mëllerdall”, op Virschlag vum Exekutivvirstand vum “Leader Mëllerdall”, en Aarbechtsgrupp mam Numm “Naturpark Mëllerdall“ gegrënnt ginn. Am Mäerz 2016 gouf den Naturpark Mëllerdall offiziell gegrënnt.
D’Diversitéit an d’Eenzegaartegkeet vun der Landschaft, déi net nëmmen eng natierlech Schéinheet mee och geologesch Besonneschkeete bitt a reflektéiert huet nach ee weideren Atout. Hei gesäit ee mat eegenen Aen d’Erdgeschicht an am Hierscht vum selwechte Joer et zum Natur- a Geopark komm.
Mam vollen Elan an Dynamik gouf 2017 d’Kandidatur fir an den “Unesco Global Geopark” agereecht. Dat huet net esou richteg geklappt a mat der gesammelter Erfarung bei der zweeter Kandidatur gouf een am Abrëll 2022 an d’weltwäit Netz vun den “Unesco Global Geoparks” opgeholl ginn. De Label gëtt all véier Joer iwwerpréift an den nächsten Audit ass fir 2025 virgesinn. Déi offiziell Resultater ginn 2026 matgedeelt a gläichzäiteg gëtt dann och déi weltwäit Lëscht vun den Unesco-Geoparks aktualiséiert.
Zanter der Grënnung huet den Natur- a Geopark Mëllerdall säi Sëtz hei zu Beefort. Am Theishaus ass d’Verwaltung, déi sech aus 19 Mataarbechter zesummesetzt, ënnerbruecht. Den Natur- a Geopark Mëllerdall erstreckt sech op enger Fläch vun 256 Quadratkilometer (zéng Prozent vum Lëtzebuerger Land) mat ronn 26.000 Awunner verdeelt op eelef Gemengen: Beefort, Bech, Baërdref, Fëschbech, Fiels, Hiefenech, Iechternach, Konsdref, Noumer, Rouspert-Mompech a Waldbëlleg. Donieft steet d’Gemeng Reisduerf als Bäitrëttskandidat op der Lëscht fir opgeholl ze ginn.
Et ass net vun der Hand ze weisen, datt déi haiteg Raimlechkeeten definitiv ze kleng sinn an dat besonnesch well den Aufgabeberäich mat der Zäit ëmmer méi grouss gëtt. Des Weideren entsprécht d’Gebai net den aktuelle Bestëmmungen a punkto Sécherheet a Brandschutz. An deem Sënn goufen zesumme mam Architektebüro “planetplus” Pläng fir een neie “Centre d’accueil” fir den Natur- a Geopark ausgeschafft, déi dëse Méindeg am Kummelsbau virgestallt a wou d’Bierger ëm hir Meenung gefrot goufen. Bei dëser Geleeënheet konnte si hir Propositiounen zu der Gestaltung vun den Alentouren erareechen. Wärend dem vun der Gemeng offréierte Patt konnte sech d’Bierger mat de verantwortleche Leit austauschen an hir Iddien op de Pabeier bréngen. Hir Virschléi ginn de verschidden Experte weidergeleet a mat hinne gekuckt op se och sou ëmsetzbar sinn oder vläicht net dach méi No- ewéi Virdeeler matsechbréngen.
No der Begréissung an engem Réckbléck iwwert den Natur- a Geopark Mëllerdall vum éischte Schäffe Bruno Grilo huet de Gilbert Origer vu “planetplus” de komplette Projet virgestallt, deen eng eelef Milliounen Euro wäert kaschten. Et gëtt mat Subside bis zu 40 Prozent gerechent. De Bau gëtt vun der Gemeng Beefort finanzéiert an d’Gemeng bleift och de Besëtzer vum “Centre d’accueil”, deen nieft der Gemeng ebenfalls vun de Beeforter Veräiner ka benotzt ginn. Um Loyer wäerte sech d’Membersgemengen aus dem Natur- a Geopark mat bedeelegen.
Gebaut gëtt an zwou Phasen. An der éischter Phase gëtt den neien Deel gebaut an an der zweeter Phase gëtt dat aktuellt Theis-Haus transforméiert. Den Neibau gëtt an dat besteeeënd Haus vum Natur- a Geopark (Theis-Haus, Maison Grégoire) integréiert. Den Neibau mat enger Glasfassade, dee vun der Grondhafferstrooss zougänglech ass, huet um Rez-de-chaussée een Agank an eng Rezeptioun mat Büro, een Ausstellungsraum, Garderobe, sanitär Anlagen, Kichen, Technik- an Ofstellraum. Den éischte Stack besteet aus engem multifunktionelle Raum, Gank, Büro mat Kitchenette, klenge Lager, sanitär Raim an eng temporaire Ausstellung. Den Total vun der Nettofläch vum Neibau beleeft sech op 665,31 Quadratmeter an dozou kommen nach 423,28 Quadratmeter vum aktuellen Haus vum Natur- a Geopark (ouni Späicher).
D’Virplaz ass ongeféier 500 Quadratmeter grouss an hei sinn ebenfalls eng Rei Aktivitéite méiglech oder kann als eng Zort “Lieu de rencontre” benotzt ginn. Déi kleng Strooss tëschen dem neien Zenter an der aler Jugendherberge wäert verschwannen a wäert net fir Autoen zougänglech sinn.
D’Aarbechte si sou geplangt, datt d’Route de Grundhof net wäert gespaart ginn an esou keen Afloss op den Duerchgangsverkéier hunn. Soubal d’éischt Phase fäerdeg ass, kommen d’Mataarbechter vum Natur- a Geopark an den neie “Centre d’accueil” an et gëtt mat der zweeter Phase ugefaangen.
(Grafiken: planetplus)
Net nëmme Beefort wäert vum neie Bijou profitéiere mee déi ganz Regioun, wou den Tourismus an d’Nohaltegkeet eng besonnesch Plaz a Wäertschätzung hunn. Ofschléissend däerf een net vergiessen, datt mam Unesco-Label déi ganz Regioun op der Weltkaart vertrueden ass an eng sëllech Visiteuren, Fotografen, Geologen asw. unzitt an och op Beefort kënnt, och wann dat de mannste Leit bewosst ass. Den Natur- a Geopark Mëllerdall ass eng vun de beandrockensde Sandsteelandschaften a ganz Europa an den Unesco-Label ass eng international Unerkennung, déi weltwäit bekannt ass. Den neie “Centre d’accueil” stäerkt Visibilitéit vum Natur- a Geopark Mëllerdall a fir Beefort ass et eng weider Attraktioun.
E puer Andréck vun der aktueller Situatioun um Chantier den 20. Februar 2024 mat enger Foto vum Naturparkhaus vum August 2021.