Visitt vum Europäesche Parlament zu Bréissel

Bréissel ass nieft Lëtzebuerg a Stroossbuerg déi drëtt Uertschaft, an där d’Europäescht Parlament schafft. De Sëtz vum Europäesche Parlament ass zwar zu Stroossbuerg, allerdéngs halen déi meescht Kommissiounen hir Sëtzungen zu Bréissel of. D’Generalsekretariat befënnt sech zu Lëtzebuerg. Dës Struktur gouf 1992 um Sommet zu Edinburgh gereegelt an am Joer 1999 am Vertrag vun Amsterdam festgeschriwwen. Dës Reegelung huet historesch Hannergrënn, ass awer an der Praxis net ëmmer einfach ëmzesetzen.

Nodeems d’Beeforter Integratiounskommissioun d’lescht Joer am Dezember eng Visitt op Stroossbuerg bei den Europadeputéierte Charles Goerens ënnerholl huet, stoung gëschter Dënschdeg eng Visitt op Bréissel um Programm. Obwuel ee sech schonns moies um 6 Auer op de Wee op Bréissel gemeet huet fir de flotte Programm pénktlech unzefänken huet de Verkéier an der Géigend vun Namur de komplette Plang op d’Kopp geheit. Mat iwwer enger Stonn Verspéidung ass de Grupp zu Bréissel ukomm.

D’Konferenz mam Charles Goerens ass däitlech méi kuerz ausgefall ewéi virgesinn. Dat huet hien awer net dovun ofbruecht fir mat senger laangjäreger Erfarung a Fachkenntnes komplex Themen an e puer Wieder jidderengem verständlech ze erklären. Nieft dem Krich an der Ukrain gouf zum Beispill och de Sujet vun der kënschtlecher Intelligenz ugeschwat. No der Konferenz hunn d’Vertrieder vun der Integratiounskommissioun dem Charles Goerens eng flott Corbeille mat regionale Produiten iwwerreecht. Ofgeschloss gouf den éischten Deel mat der obligater Gruppefoto.

Nom Mëttegiessen goung et rëm zréck an d’Parlament, wou dem Europadeputéierte säin Assistent Yves Hoffmann d’Visiteure vu Beefort duerch d’Gebai gefouert huet. Op den Tribünen huet hien nach weider Informatiounen zu der Funktiounsweis vum Europäesche Parlament ginn. Herno beim Erausgoen hu vill Leit vun der Geleeënheet profitéiert fir eng Foto vu sech virun de Fändelen ze maachen. Virum Bus krut nach jiddereen eng kleng Erënnerung an den europäeschen Dag zu Bréissel gouf ofgeschloss mat enger Visitt vum Park “Mini-Europe” gläich nieft dem Atomium, dem Bréisseler Symbol an och vun der Belsch.        

Dernière modification le 24.05.2023

Des articles de la même catégorie

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Vum 11. Mee 2026 u kënnt een neie Pass an den Ëmlaf. De Lëtzebuerger Pass wäert dee Moment an dräi verschidde Kategorien ënnerdeelt sinn a mat de follgende Gëltegkeetsdauer: 2 Joer: Mannerjäreg ënner 4 Joer 5 Joer: Mannerjäreg tësche 4 an 18 Joer 10 Joer (nei):...

lire plus
Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Eng Delegatioun vum Inneministère mam Inneminister Léon Gloden un der Spëtzt koum gëschter an der Mëttesstonn op Beefort op eng Aarbechtsvisitt mam Schäfferot zesummen. Am Virfeld vun dësem Austausch krute si d’Presentatioun, déi zwee Deeg virdrun an der...

lire plus
Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gëschter Owend huet de Schäffen- a Gemengerot op eng Informatiounsversammlung “Visioun – Moderniséierung – Entwécklung” an de Kummelsbau invitéiert. Zil war et d’Bierger ze informéiere wat den aktuelle Schäffen- a Gemengerot praktesch an der éischter Hallschent vu...

lire plus
Aller au contenu principal