Vitessen am Oktober

(Texte français en bas). An onregelméissegen Ofstänn ginn op dëser Plaz e puer Donnéeë vun der Auswäertung vun de verschidde Vitessepanneauen an der Gemeng Beefort publizéiert. Ënnendrënner sinn elo e puer Zuele vum leschte Mount Oktober.

Am Agank vu Beefort (route de Grondhaff) goufen am Ganze 37.337 Miessungen an de béide Richtunge gezielt. D’Duerchschnëttsgeschwëndegkeet beleeft sech op 54 km/h. An 63,3 Prozent vun de Fäll ass déi maximal Geschwëndegkeet vu 50 km/h iwwerschratt ginn. Bei dësem Prozentsaz fält et op, datt 82,5 Prozent mat iwwer 50 km/h aus dem Duerf erausfueren. Des Weidere gouf 617 Mol den “Délit de grande vitesse” (méi séier ewéi 75 km/h) notéiert.

Däitlech méi Miessunge goufen an der Route de Reisdorf vermierkt an zwar 57.095. D’Durechschnëttsgeschwëndegkeet läit hei bei 47 km/h. Ewéi an der Grondhafferstrooss gëtt méi séier eraus- ewéi eragefuer. 43,7 Prozent hale sech net un déi virgeschriwwene Vitesse a 645 Mol war et een “Délit de grande vitesse”.

Déi meescht Miessungen zu Beefort goufe bei der Schoul gezielt: 131.541. Méiglecherweis wéinst dem Chantier a well Elteren hir Kanner an d’Schoul féieren ass hei d’Duerchschnëttsgeschwëndegkeet 40 km/h an 8,6 Prozent vun de Chaufferen hunn op dëser d’Plaz déi maximal erlaabte Geschwëndegkeet vu 50 km/h iwwertratt. 63 Mol gouf op dëser Plaz een “Délit de grande vitesse” notéiert.

Um Grondhaff hu sech 39,3 Prozent vun de 120.148 Chaufferen nët un déi maximal Geschwëndegkeet vu 70 km/h gehalen an d’Duerchschnëttgeschwëndegkeet beleeft sech hei op 68 km/h. 286 Mol gouf et een “Délit de grande vitesse” (an dësem Fall méi wéi 105 km/h).

De Vitessepanneau zu Déiljen huet Onregelméissegkeete gewisen an dowéinst ginn dës Donnéeën net publizéiert.

Ofschléissend ass ze bemierken, datt déi komplett Analysen an Zuele mat ënner anerem den Délit de grande vitesse mam Datum an Auerzäit all Mount un d’Police zu Iechternach weidergeleet ginn.

****

La mise en valeur des résultats de panneaux de vitesse sur le territoire de la commune de Beaufort sera publiée de temps en temps. Voici les analyses du mois d’octobre.

A l’entrée de Beaufort (route de Grundhof) le panneau de vitesse a noté 37.337 passages dans les deux sens. La vitesse moyenne s’élève à 54 km/h et dans 63,3 pourcent des cas la vitesse maximale autorisée de 50 km/h a été dépassée. Dans ce contexte on remarque que 85,5 pourcent des dépassements se font à la sortie de Beaufort. De plus 617 fois le « délit de grande vitesse » (plus que 75 km/h) est notée.

Nettement plus de passages ont étés enregistrées dans la route de Reisdorf : 57.095 avec une vitesse moyenne de 47 km/h. Comme dans la route de Grundhof on remarque que la vitesse de sortie est plus élevée que la vitesse d’entrée. 43,7 pourcent de conducteurs ne respectaient pas la vitesse de 50 km/h est dans 645 cas un « délit de grande vitesse » est affiché.

Le plus grand nombre des mesurages (131.541) a été comptabilisé près de l’école. Il se peut qu’à cause du chantier et que les parents conduisent leurs enfants à l’école qu’à cet endroit la vitesse moyenne s’élève à 40 km/h et que 8,6 pourcent de conducteurs ont dépassé la vitesse maximale autorisée. Quand même 63 fois un « délit de grande vitesse » a été noté.

Au Grundhof 39,3 pourcent des 120.148 enregistrements ne se sont pas tenus à la vitesse maximale autorisée de 70 km/h tandis que la vitesse moyenne s’élève à 68 km/h. Une vitesse supérieure à 105 km/h (à ce moment « délit de grande vitesse ») a été enregistrée.

Le panneau de vitesse à Dillingen a montré des irrégularités et de cette raison les résultats ne sont publiés.

A la fin il est bon à savoir que les analyses complètes avec toutes les chiffres comme entre-autres les délits de grande vitesse avec date et heure exacte sont transmises chaque mois au commissariat de Police à Echternach.

Dernière modification le 06.11.2020

Des articles de la même catégorie

Eng Fotosgalerie vum Chantier am fréieren Duerfkär

Eng Fotosgalerie vum Chantier am fréieren Duerfkär

Gëschter am Laf vum Dag gouf e grousse Kran am fréieren Duerfkär opgeriicht. Zur Zäit lafen op dëser Plaz e puer gréisser Projeten. Am Haus op Nummer 10, Montée du Château entsti sozial Wunnengen. Donieft an der fréierer Brennerei Dussier entsteet ee Centre de...

lire plus
Aller au contenu principal