Éischt Plaz an Europa

Déi lescht Woch huet zu Lörrach den “Trinational European Energy Award Gold Event” stattfonnt. Nodeems d’Gemeng Beefort 2020 beim Gold-Audit am Kader vum Klimapakt 1.0 ee Resultat vu 85,9 Prozentpunkten erreecht huet an de Klimapakt 1.0 als bescht Gemeng zu Lëtzebuerg ofgeschloss huet, stoung den 12. Juli dëst Joer de Gold-Audit vum Klimapakt 2.0 um Programm. Gemeng Beefort konnt sech nach verbesseren an am Summer koum d’Nouvelle, datt een 90,7 Prozentpunkten erreeche konnt. Net nëmmen zu Lëtzebuerg mee och an Europa ass Beefort mat dem Resultat op déi éischt Plaz komm.

Donneschdegmoies um fënnef Auer ass déi Beeforter Delegatioun op Lörrach fortgefuer an déi huet sech aus de folgende Leit zesummegesat: Jean-Luc Nosbusch, Camille Hoffmann, Tessy Pena, Marc Rodesch, Nick Drozda, Thomas Schlicher, Hubert Sauber an Josip Nerancic. Lörrach läit am Südweste vu Baden-Württemberg an zielt eng 50.000 Awunner a si ass déi gréisste Stad am Landkreis, déi och hiren Numm dréit. Am Dräilännereck Däitschland, Frankräich a Schwäiz geleeë sinn et knapps eng Doze Kilometer bis op Basel an de Programm iwwert déi zwee Deeg huet sech an den dräi Länner ofgespillt.

Nach virum Check-in an den Hotel huet déi Beeforter Delegatioun am fréien Nomëtteg direkt no der allgemenger Begréissung u véier verschidde Workshops zum Thema “Tackling the heat transition” deelgeholl, déi an den dräi Länner organiséiert goufen: “Planung für die Wärmewende in Lörrach und Basel-Stadt”, “Geothermische Fernwärme Riehen (CH)”, Nutzung industrieller Abwärme Rheinfelden (D)” a “Biomasse-Heizkraftwerk Saint Louis (F)”. Déi ronn 160 Participanten aus sechs Länner (Däitschland, Frankräich, Schwäiz, Italien, Éisträich a Lëtzebuerg) goufen a verschidde Gruppen opgedeelt, datt déi jeeweileg Länner hir Erfahrunge konnte mat abréngen.

Wat ass eigentlech den “European Energy Award”? Eng kuerz Erklärung op däitsch: “Der European Energy Award ist ein internationales Qualitätsmanagement- und Zertifizierungsinstrument für kommunalen Klimaschutz, an dem aktuell 18 Nationen und mehr als 1.800 Kommunen mit über 77 Millionen Bürgerinnen und Bürger teilnehmen.

Eine Auszeichnung wird verliehen, wenn eine Kommune mehr als 50 Prozent aller möglichen Maßnahmen zur Steigerung der Energieeffizienz, zur Versorgung mit erneuerbaren Energien und zum Klimaschutz umsetzt. Setzt eine Gemeinde sogar mehr als 75 Prozent aller möglichen energie- und klimarelevanten Maßnahmen um, wird sie mit dem “European Energy Award Gold” ausgezeichnet.”

Weider Informatioune ginn et ënner www.european-energy-award.org

2023 hunn 61 Gemengen den “European Energy Award Gold”-Niveau erreecht: Däitschland (eelef), Frankräich (dräi), Italien (dräi), Schwäiz (24), Éisträich (zéng) a Lëtzebuerg (zéng). Déi gréissten ausgezeechente Gemeng ass Oochen mat ronn 260.000 Awunner a bei de Landkreisen ass et de Landkreis Steinfurt mat ronn 450.000 Awunner. Saint Denis aus Italien ass mat 369 Awunner déi klengste Gemeng, déi dëst Joer den “European Energy Award Gold” kritt huet. Wéi schonns ernimmt konnt d’Gemeng Beefort mat 90,7 Prozent dat beschte Resultat erreechen. Dës Zertifizéierung ass bis November 2027 gülteg. Europawäit sinn domadder 241 Gemenge mam “European Energy Award Gold” ausgezeechent. Gold kritt een, wann ee méi wéi 75 Prozent vun de Punkte vum Maßnahmekatalog beim Audit kritt.

Déi feierlech Zeremonie gouf am Burghof zu Lörrach ofgehalen. Nieft Beefort (90,7 Prozent) goufen nach folgend Gemengen aus Lëtzebuerg ausgezeechent: Mäerzeg (85,6 Prozent), Schëtter (82,5 Prozent), Beetebuerg (81,3 Prozent), Diddeleng (80,9 Prozent), Nidderanwen (80,2 Prozent), Kiischpelt (79,0 Prozent), Préizerdaul (78,1 Prozent), Wëntger (77,9 Prozent) an Hesper (77,6 Prozent).

Ofgeschloss gouf den “Trinational European Energy Award Gold Event” freides zu Basel. Nieft zwee weidere Workshops (“Minergie-A-ECO Gebäude Amt für Umwelt und Energie mit PV-Fassade” an “Nachhaltige Stadtentwicklung im Erlenmatt-Quartier”) stoung och eng Stadbesichtigung um Programm. Den offizielle Pressecommuniqué vun “European Energy Award”:

 

Internationale Verleihung des „European Energy Award Gold“ in Lörrach

34 Städte, Gemeinden und Landkreise aus Deutschland, Frankreich, Italien, Luxemburg, Österreich und der Schweiz werden heute im Burghof Lörrach die internationale Auszeichnung „European Energy Award Gold“ entgegennehmen. Das Label „European Energy Award Gold“ wird Kommunen verliehen, welche sich kontinuierlich und auf höchstem Level für Klimaschutz, Energieeffizienz und erneuerbare Energien engagieren. Die Auszeichnungsveranstaltung findet im Rahmen des trinationalen „European Energy Award Gold“-Anlasses im Dreiländereck Lörrach – Basel – St. Louis statt.

Die Erreichung der Klimaneutralität ist sowohl in der EU wie auch in der Schweiz das vorrangige Ziel der internationalen und nationalen Energie- und Klimapolitik. Städte und Gemeinden sind dabei zentrale Akteure, um dieses Klimaziel zu erreichen. Die mit dem „European Energy Award Gold“ ausgezeichneten Kommunen gehen seit Jahren als Vorbilder voran und zeigen mit einer konsequenten Energie- und Klimapolitik sowie konkreten Maßnahmen, wie der Weg zur Klimaneutralität aussehen kann.

34 neue Kommunen werden ausgezeichnet

Dieses Jahr erhalten 61 europäische Kommunen den „European Energy Award Gold“. Davon sind 34 Kommunen bei der Auszeichnungsveranstaltung mit Galadinner im Burghof von Lörrach anwesend. Insgesamt nehmen bereits 1800 mit einer Gesamtbevölkerung von über 70 Millionen Einwohnern am Programm des „European Energy Award“ teil.

Die feierliche Übergabe der Auszeichnungen erfolgt durch Gudrun Heute-Bluhm, Präsidentin des internationalen Vereins „European Energy Award“ und Ex-Oberbürgermeisterin der Stadt Lörrach. Neben der Übergabefeierlichkeiten erwartet die Teilnahmenden spannende Flash-Talks zum Thema Wärmetransformation von Marion Dammann, Landesrätin des Landkreises Lörrach, und Heinz-Werner Hölscher, Vorstand der „badenova“, in kommunaler Hand befindlicher regionaler Energieversorger am Oberrhein.

Gemeinsam mit dem deutsch-schweizerischen Energieunternehmen „naturenergie“, bisher Energiedienst, unterstützt „badenova“ die Veranstaltung maßgeblich.

Wärmetransformation als thematischer Schwerpunkt

Die Auszeichnungsveranstaltung ist in ein zweitägiges, thematisches Rahmenprogramm mit verschiedenen Besichtigungen und Workshops für die rund 160 Teilnehmenden des Events eingebettet. Schwerpunktthema ist die Wärmetransformation von fossilen Energien hin zu erneuerbarer Wärme. Diese muss zügig vorangetrieben werden, denn der Gebäudebereich ist für einen großen Teil der Treibhausgasemissionen verantwortlich. Die Technologien für die Transformation sind bereits heute vorhanden. Nun geht es darum, diese konsequent einzusetzen. Die Teilnehmenden erhalten an der Veranstaltung die Möglichkeit Vorzeigeprojekte in Lörrach, Rheinfelden, St. Louis und Basel zu besichtigen. Als Schlusspunkt der Veranstaltung redet der Basler Regierungsrat Kaspar Sutter am Freitagmittag im Basler Rathaus über die Netto-Null- Ziele der Stadt Basel.

Die Städte Lörrach und Basel tragen beide ebenfalls das Label „European Energy Award“ / Energiestadt Gold: Die Stadt Lörrach konnte dieses in 2010 zum ersten Mal entgegennehmen, die Stadt Basel ist seit 2006 mit Energiestadt Gold ausgezeichnet.

Gruppefoto vun den ausgezeechente Lëtzebuerger Gemengen zu Lörrach. Foto: EEA

Réckbleck op d’Präisiwwerreechung 2021 zu Ravensburg.

Dernière modification le 22.11.2023

Des articles de la même catégorie

Outdoor-Dëschtennis zu Beefort

Outdoor-Dëschtennis zu Beefort

De Site nieft der Äispist ass an de leschten Deeg ëm eng Attraktioun méi räich ginn. Pénktlech fir den Ufank vun der Summervakanz goufen hei zwee Outdoor-Dëschtennisdëscher installéiert. An dësem Beräich stinn de Bierger vun der Gemeng Beefort an hire Gäscht follgend...

lire plus
Fréiere Schapp vum “Josy” ofgebrannt

Fréiere Schapp vum “Josy” ofgebrannt

Gëschter am Laf vum Nomëtteg huet et am fréiere Schapp vum “Josy” gebrannt. De “Josy” war den Zichelchen, deen tëschen de Joren 1904 a 1948 vum Grondhaff erop op Beefort gefuer ass. Am Joer 1966 huet de “Comité protecteur de la Troupe St Willibrord” vun Iechternach de...

lire plus
Interaktive Geo-Pad ageweit

Interaktive Geo-Pad ageweit

Gëschter am Nomëtteg gouf den interaktive Geo-Pad “Haupeschbaach an Halerbaach” a Präsenz vum Minister fir Raumentwécklung Claude Meisch offiziell ageweit. Schonns am Oktober d’lescht Joer gouf de Grondstee vun dësem Geo-Pad geluecht:...

lire plus
Aller au contenu principal