Ännerung vun den Ouvertureszäiten / Changement des heures d’accès aux bureaux

Ännerung vun den Ouvertureszäiten / Changement des heures d’accès aux bureaux

Wéinst Ëmorganisatioun (Home office) sinn d’Bureaue vun der Gemengeverwaltung vum 1. Januar bis den 28. Februar 2022 méindesmoies a mëttwochsmoies zou. Villmools Merci fir Äert Versteesdemech.

****

Pour des raisons d’organisation interne (télétravail) les bureaux de l’administration communale ne sont pas accessibles les lundis matins et mercredis matins du 1er janvier et 28 février 2022. Merci beaucoup pour votre compréhension.

Kee Freedefeier / Pas de feux d’artifice

Kee Freedefeier / Pas de feux d’artifice

Wéinst der aktueller Situatioun, den neie Restriktiounen an de Risiko vu Verletzungen, déi an den iwwerlaaschte Klinike musse behandelt ginn ze vermeiden, huet de Schäfferot a senger Sëtzung vum 22. Dezember 2021 décidéiert dëst Joer keng Genehmegung ze gi fir Freedefeier oder Knupperten am ëffentleche Raum an op Privatterrain ofzeschéissen. Des Weidere baséiert sech de Schäfferot op dem neie Policereglement, dat de 27. Mee 2020 vum Gemengerot eestëmmeg gestëmmt gouf. Den Artikel 32 am Kapitel 2 gesäit ee Verbuet vum Ofschéisse vu Freedefeier a Knupperte vir.

Villmools Merci fir Äert Versteesdemech!

****

Vu la situation actuelle, les nouvelles restrictions ainsi que d’éviter le risque de blessures qui nécessitent un traitement dans les cliniques surchargées, le collège échevinal a décidé dans sa réunion du 22 décembre 2021 de ne pas autoriser de tirer des feux d’artifice et des pétards sur la voie publique ainsi que sur un terrain privé. Le collège échevinal se base également sur le règlement général de police qui a été voté unanimement le 27 mai 2020 par le conseil communal. L’article 32 dans le chapitre 2 prévoit une interdiction d’usage des feux d’artifice et des pétards.

Merci beaucoup pour Votre compréhension !

De Schäfferot

Camille Hoffmann          Jean-Luc Nosbusch          Emile Wies

Adventsfënsteren 2021

Adventsfënsteren 2021

D‘Beeforter Kulturkommissioun huet déi drëtt Editioun vun den Adventsfënsteren an den dräi Dierfer vun der Gemeng Beefort organiséiert. Vum 1. bis de 24. Dezember hätte solle 24 Fënstere mat Motiver vum Advent an/oder Chrëschtdag dekoréiert ginn. Wéinst der aktueller onsécherer Situatioun konnt leider net all Dag mat enger neier Fënster besat ginn. Op jidder Fall hu sech d’Leit vill Méi gemeet fir hir Fënster ze dekoréieren a bei der Ouverture eppes Klenges unzebidden.

***

La Commission de la culture a organisé la troisième édition des Fenêtres de l‘Avent dans les trois villages de la commune de Beaufort. Du 1er au 24 décembre, une maison devrait illuminer une fenêtre décorée sur le thème de Noël. A cause de la situation incertaine il n’était pas possible de couvrir tous les 24 jours. En tout cas les habitants ont fait beaucoup d’efforts de décorer leur fenêtre et d’offrir une petite agape lors de l’ouverture de leur fenêtre.

1.12
CGDIS
61, Route de Dillingen
L-6315 Beaufort
2.12
Famille Duggan
8, um Hiwel
L-6315 Beaufort
3.12
fräi/libre
4.12
Wantermaart
Beeforter Duerffrënn
5, Montée du Château
L-6314 Beaufort
5.12
Famille Mahy Radu
6B, route de Beaufort
L-6350 Dillingen
6.12
Maison Relais Beaufort
57, route de Dillingen
L-6315 Beaufort
7.12
Margot Flammang
14, um Hiwel
L-6315 Beaufort
8.12
fräi/libre
9.12
Nadine a Joshua
20, route de Grundhof
L-6315 Beaufort
10.12
Teresa Colaço
34, Cloosbierg
L-6350 Dillingen
11.12
Freilinger Antoinette
21, rue du Château
L-6313 Beaufort
12.12
Famille Bichler-Joachim
4, Grand-rue
L-6310 Beaufort
13.12
Famille Gaspar-Weber
112, Grand-Rue
L-6310 Beaufort
14.12
Cristina Gaspar, Coiffeur
2, route de Dillingen
L-6315 Beaufort
15.12
Famille Georg
13, route de Grundhof
L-6315 Beaufort
16.12
libre/fräi
17.12
Famille Houdremont-Lux
4, am Wangert
L-6315 Beaufort
18.12
Famille Sousa-Fernandes
89, route d‘Eppeldorf
L-6312 Beaufort
19.12
Famille Reis-Monteiro
4, op der Heed
L-6316 Beaufort
20.12
Famille Weis-Kraus
54, route de Haller
L-6312 Beaufort
21.12
Famille Bintener-Schaffner
49, Härewiss
L-6315 Beaufort
22.12
fräi/libre
23.12
fräi/libre
24.12
fräi/libre
Concert vun de Muselfénkelcher

Concert vun de Muselfénkelcher

D’Beeforter Kulturkommissioun huet an Zesummenaarbecht mat der Gemeng op ee Concert mam Kanner- a Jugendchouer Muselfénkelcher vu Gréiwemaacher an der Beeforter Kierch invitéiert. Deen am Joer 1976 gegrënnte Chouer ass an der Tëschenzäit zu enger fester Gréisst an der Regioun gewues an ass och iwwert d’Grenzen eraus bekannt. Schonns um Grënnungsdag de 7. Oktober 1976 hu sech 36 Kanner ugemellt an hunn de Grondsteen vum Miseler Aushängeschëld geluecht.

Am Kannerchouer sange Meedercher a Jongen am Alter tësche sechs an eelef Joer an zanter 2017 sti si ënnert der Leedung vum Marianne Hengel. Am Jugendchouer kann ee vun zwielef Joer un a bis sou laang ee wëll matsangen. Aktuell sinn d’Sängerinnen a Sänger am Alter tëschen zwielef an 20 Joer vertrueden. Hir Dirigentin ass d’Nathalie Laurent.

Déi zwou Dirigentinnen hunn och beim Concert zu Beefort d’Leedung gehat a gesong gouf de folgende Programm: “Ouverture” (Michel Fugain), “Friedensbrücken der Welt”, “He’s got the Whole World”, “Christmas in the Old man’s hat”, “Hymne à la nuit”, “Singen wir im Schein der Kerzen”, “Gatatumba”, “Halleluia”, “Frëndschaftslidd”, “On écrit sur les murs”, “Denis Ascani” (Piano), “I have a dream”, “Journey of the angels”, “Chrëschtgedanken”, “As long as I have music” an “This little light of mine”.

Zum Ofschloss huet d’Presidentin vun Kulturkommissioun Monique Link am Numm vun der Kulturkommissioun an der Gemeng de “Muselfénkelcher” ee klenge Cadeau fir de flotte Concert iwwerreecht.  

Offallkalenner 2022 / Calendrier des déchets 2022

Offallkalenner 2022 / Calendrier des déchets 2022

Den neien Offallkalenner fir d’Joer 2022 ass online an och am Drock. Zréck aus der Dréckerei gëtt hien da sou séier wéi méiglech verdeelt. A ville Gemengen, dorënner och Beefort, huet de Fournisseur fir déi kommend Jore geännert, déi selwer wéinst dem Tonnage eng Reorganisatioun hu misse maachen. Verschidde Poubelle ginn ab dem 1. Januar 2022 op engem aneren Dag eidel gemeet an hei ass ee klengen Iwwerbléck:

– Méindes: gro Poubelle (nët méi freides)
– Méindes: ale Pabeier (bleift)
– Dënschdes: Biomüll (bleift)
– Dënschdes: Plastiksammlung Valorlux (bleift)
– Mëttwochs: Sperrmüll (nët méi méindes)
– Donneschdes: Glas (nët méi mëttwochs)
– Donneschdes: alt Eisen (bleift)

Download Offallkalenner 2022

Den neien Offallkalenner ass och an der Beeforter App vermierkt. D’App kann ee sou astellen, datt een de Virowend vun der Collecte zu gewënschter Zäit eng Erënnerung ka kréien.

****

Le nouveau calendrier des déchets pour l’année 2022 est en ligne et en impression. Il sera distribué dès son retour de l’imprimerie. Dans beaucoup de communes, dont également à Beaufort, le fournisseur a changé qui ensemble avec les autres fournisseurs ils ont dû faire un changement dans leur organisation à cause du tonnage. Certaines collectes vont se faire à un autre jour et voici un aperçu :

– lundis : déchet ménagers (poubelle grise, plus les vendredis)
– lundis : vieux papiers (reste)
– mardis : déchets organiques (reste)
– mardis : emballages PMC (reste)
– mercredis : déchets encombrants (plus les lundis)
– jeudis : verre creux (plus les mercredis)
– jeudis : vieux métaux (reste)

Télécharger le calendrier des déchets 2022

Les nouvelles dates sont également disponibles dans l’application mobile « Beeforter App ». On y peut s’installer une notification personnalisée la veille pour ses collectes.

Volkszählung 2021

Volkszählung 2021

Déi 37. Vollekszielung zu Lëtzebuerg, vum Statec an Zesummenaarbecht mat de Gemengen a mat Guichet.lu organiséiert, huet den 8. November 2021 ugefaangen. Am Fokus steet bei där heiten Editioun d´Online-Bedeelegung. Eng virtuell Informatiounsseance huet gëschter stattfonnt an de Video vun dëser Informatiounsseance fannt een op der Facebook-Säit vum Statec. Et geet drëms, d´Bierger iwwert déi praktesch Modalitéiten z´informéieren, besonnesch wéi een den Online-Froebou op guichet.lu ausfëllt.

Vum 8. November u kréien all d´Stéit zu Lëtzebuerg e Bréif vum Statec mat den Accès-Codë fir den Online-Froebou. Tëscht dem 8. an 21. November hunn d´Stéit d´Méiglechkeet fir ausschliisslech iwwer Internet ze äntweren.

Vum 22. November un ass et och méiglech de Froebou op Pabeier auszefëllen. De Questionnaire op Pabeier gëtt vun de Vollekszielungsagenten nëmmen un déi Stéit verdeelt, déi nach net iwwer Guichet.lu geäntwert hunn. D´Stéit hu bis den 28. November Zäit, fir online matzemaachen. De Froebou op Pabeier fir säin Deel, muss bis de 5. Dezember ausgefëllt sinn.

Erratum: Am Bréif vum Statec iwwert de Froebou op Pabeier steet de 14. Juni. Deen Datum ass falsch.

Fir beim Questionnaire fir d´Vollekszielung ze hëllefen, organiséiert de Statec weider online Informatiouns-Seancen en Donneschdeg, den 18. November, um 14 Auer an en Dënschdeg,  den 23. November, um 14 Auer. Méi Detailer kommen demnächst op https://rp2021.lu/lu/home/

 Le recensement a commencé!

Le 37ème recensement de la population du Luxembourg, organisé par le Statec en collaboration avec les communes et guichet.lu, a débuté ce 8 novembre 2021. L’accent est mis sur la participation en ligne. Une séance d’information virtuelle a eu lieu le même jour pour informer les citoyens sur toutes les modalités pratiques, notamment sur comment remplir le questionnaire en ligne sur Guichet.lu. Retrouvez la vidéo de cette séance d’information sur la page Facebook du Statec.

À partir de ce 8 novembre, tous les ménages au Luxembourg recevront un courrier envoyé par le Statec avec les codes d’accès nécessaires pour accéder au questionnaire en ligne. Entre le 8 et le 21 novembre, les ménages ont la possibilité de répondre uniquement par internet. À partir du 22 novembre, une participation via questionnaire papier est également possible. Ce questionnaire papier sera distribué par des agents recenseurs uniquement aux ménages n’ayant pas encore répondu sur guichet.lu. La participation en ligne reste possible jusqu’au 28 novembre. Le questionnaire papier, quant à lui, doit être complété jusqu’au 5 décembre.

Erratum : la date du 14 juin mentionnée dans le courrier du Statec pour l’envoi du questionnaire papier est une erreur.

Afin de vous aider à répondre au recensement de la population, le Statec organise d’autres séances d’informations en ligne le jeudi 18 novembre à 14 heures et le mardi 23 novembre à 14 heures. Plus de détails suivront sous peu sous https://rp2021.lu/home/

“European Energy Award Gold” fir Beefort

“European Energy Award Gold” fir Beefort

An dësen Deeg gëtt am Kader vun der Klimakonferenz zu Glasgow diskutéiert, wéi eng Klimaziler d’Weltgemeinschaft sech setze wëll. Zur nämmlechter Zäit goufen zu Ravensburg 48 Gemengen, Stied a Landkreeser aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, Italien, Liechtenstein, Éisträich a Schwäiz mam gëllenen “European Energy Award” ausgezeechent. Si gëllen als Virbiller a weise mat konkreter a konsequenter Energie- a Klimapolitik, wéi dee Wee zur Klimaneutralitéit ausgesi kann. Aus Lëtzebuerg waren dat Beefort, Mäerzeg, Schëffleng an Useldeng.

Den “European Energy Award” ass een internationaalt Qualitéitsmanagment- an Zertifizéierungsinstrument fir kommunale Klimaschutz, an dem aktuell 18 Länner mat iwwer 1.700 Gemengen an iwwer 60 Millioune Biergerinnen a Bierger deelhuelen. Eng Auszeechnung gëtt iwwerreecht, wann eng Gemeng iwwer 50 Prozent aller méigleche Moossnamen zur Steigerung vun der Energieeffizienz, zur Versuergung mat erneierbaren Energien an zum Klimaschutz ëmsetzt. Setzt eng Gemeng seguer iwwer 75 Prozent aller méiglechen energie- a klimarelevante Moossnamen ëm, sou gëtt si mam “European Energy Award Gold” ausgezeechent. Beefort koum beim internationalen Audit d’lescht Joer op 85,9 Prozent an ass déi éischt Gemeng aus dem Natur- a Geopark Mëllerdall, déi Gold erreecht huet.

An de Joren 2020 an 2021 hu 97 Gemengen den “European Energy Award Gold”-Niveau erreecht. Déi gréisste Stad ass Nantes aus Frankräich mat 640.000 Awunner an Langenegg an Éisterräich mat 1.150 Awunner déi klengste Gemeng. Am Ganze sinn 189 Gemengen europawäit mat “European Energy Award Gold” ausgezeechent. Mat de 85,9 Prozentpunkte läit Beefort an der europäescher Spëtzt an huet grouss Stied ewéi zum Beispill Lausanne, Montreux, Oochen, Bremen, Grenoble, Nantes, Bolzano, Firenze a Vaduz hannert sech gelooss.

D’Gemeng Beefort huet bis elo eng Rëtsch Projeten ëmgesat an eng wichteg Roll iwwerhëlt d’Hackschnitzelanlag mam Nahwärmenetz an d’Holz aus der Regioun hëtzt de komplette Site mam ënner anerem dem Schoulkomplex, Pompjeesbau a Jugendherberge. Photovoltaikanlage op den Diecher ënnerstëtzen déi ëmweltfrëndlech Energieproduktioun. Ee weidert Aushängeschëld ass de Generatiounsgaart, ee pedagogeschen a partizipative Permakultur-Gaart. Schoulkanner kréien dat néidegt Wëssen an der fräier Natur bäibruecht an Erwuessener kënnen un engem vun de sëllegen Atelieren deelhuelen.

Zum Konzept vun der doucer Mobilitéit zielen d’Uschafung vun engem Elektroauto an zwee E-Bikes de Vëloswee um Beeforter Plateau mat enger Vëlofléckstatioun beim Camping. Den Départ ass bei der Kierch, déi mat hirer neier Beliichtung ee wichtege Beitrag géint Liichtverschmotzung leescht. An deem Sënn ginn nei Stroosse mat LED-Luuchten equipéiert an déi bestoend Beliichtung ëmgerëscht. Lokal Veräiner goufe bei der Virstellung vum Spullwon fir d’Veräiner op den neiste Stand vum Klimapakt informéiert an och erkläert ewéi ee “Green Events” organiséiert. Dëst sinn nëmmen e puer Beispiller ewéi sech d’Gemeng Beefort fir d’Klimaneutralitéit asetzt a sëlleg Moossnamen ëmsetzt.

Am Kader vun der internationaler Goldauszeechnung am Ravensburger Konschtmuseum hunn d’Membere vum Beeforter Klimapakt-Team un enger Rëtsch Workshops deelgeholl. Un Hand vu praktesche Beispiller aus de verschiddene Länner gouf verdäitlecht ewéi ee Projeten ëmsetze kann. Selbstverständlech hunn déi verschidden Usazpunkten dozou gefouert fir nei Iddien ze kréien. Net ze vergiessen eng Visitt guidée vu Ravensburg, bei där nieft der Geschicht vun der Stad och hir Moossnamen a Beiträg zur Klimaneutralitéit virgestallt goufen.

Aus den Hänn vum Gudrun Heute-Bluhm, Presidentin vum “European Energy Award”, hunn d’Claire Picard an den Hubert Sauber vum Service technique d’gëllen Auszeechnung entgéintgeholl. Wärend der Auszeechnungszeremonie huet EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen digital Gléckwënsch de “Gold”-Gemenge geschéckt an d’Wichtegkeet vun den onverzichtbare Beméiungen an Ëmsetzungen vum Wee vun der Klimaneutralitéit ënnerstrach. No der Auszeechnung huet de Beeforter Buergermeeschter Camille Hoffmann am Numm vun der Lëtzebuerger Delegatioun eng Corbeille mat Beeforter Spezialitéiten un d’Gudrun Heute-Bluhm, dem Ravensburger Oberbürgermeister Daniel Rapp an dem Buergermeeschter Dirk Bastin iwwerreecht. Déi lëtzebuerger Delegatioun huet sech zesummegesat aus de Vetrieder vun de Gemenge Beefort, Schëffleng, Useldeng a Mataarbechter vu “myenergy”, déi den Tour op Ravensburg organiséiert hunn. Mäerzeg war digital vertrueden.

Pacte Logement 2.0

Pacte Logement 2.0

A l’occasion de la conférence régionale du Pacte Logement 2.0 le 28 septembre à Diekirch a eu lieu l’acte cérémoniale de la signature de la convention initiale du Pacte logement 2.0 entre le bourgmestre de la commune de Beaufort Camille Hoffmann et le ministre du Logement Henri Kox.

Lien Pacte Logement 2.0

Unesco-Evaluateure zu Beefort

Unesco-Evaluateure zu Beefort

Bekanntlech huet den Natur- a Geopark Mëllerdall seng Kandidatur gestallt fir als “Unesco Global Geopark” unerkannt ze ginn. Virgëschter Owend sinn d’Unesco-Evaluateure Martina Pásková aus dem tschecheschen “Unesco Global Geopark Bohemian Paradise” a Panagiotis Paschos aus dem “Unesco Global Geopark Vikos-Aoos” an eis Regioun ukomm.

Wärend dräi Deeg huelen d’Evaluateure d’Kandidatur vum Natur- a Geopark Mëllerdall ënnert d’Lupp an den Ufank gouf gëschter Moien am Sëtz vum Natur- a Geopark hei zu Beefort gemeet. No der Virstellung hu se déi nei Ausstellung an der fréierer Jugendherberge besicht. Uschléissend goung de Programm an der Regioun weider a besicht ginn eng Rëtsch Plazen am Natur- a Geopark Mëllerdall, déi fir eis selbstverständlech sinn an zum Alldag gehéieren an awer fir Visiteuren aussergewéinlech sinn.

Weider Informatiounen zu der Ausstellung, déi gratis a fir jiddereen zougänglech ass, ginn et ënnert dem folgende Link  

Auszeechnung a Gold fir Beefort

Auszeechnung a Gold fir Beefort

Ee laangt Waarden huet endlech een Enn. Bal op den Dag genau virun engem gudde Joer gouf am virtuelle Klimapaktdag bekannt, datt d’Beefort d’Gold-Auszeechnung vum “European Energy Award” kritt huet. Et goufen 85,9 Prozentpunkte beim internationale Audit am Juli 2020 erreecht.

Beim Klimapaktdag gëschter Nomëtteg an der Luxexpo um Kierchbierg goufen d’lëtzebuerger Gewënner vun 2020 an 2021 ausgezeechnet. A knapps engem Mount hëlt Beefort zu Ravensburg den europäesche Präis entgéint.

Ouverture vun der Kiermes

Ouverture vun der Kiermes

Ënnert dem Regimm vum CovidCheck huet de leschte Freideg déi berodend Kommissioun vun der Integratioun eng symbolesch Ouverture vun der Beeforter Kiermes organiséiert. Um Programm op der Place des Nations stoungen ënner anerem Musék mam Romain Thielen a Claude Juchem a wéi et sech fir eng Kiermes gehéiert och eng gutt Kiermesdrëpp mam Kiermeskuch.

Et wor ee symboleschen Akt an et hofft een, datt an Zukunft rëm méi Fester an Aktivitéite stattfannen déi et erlaben ee richtege Kiermesweekend ofzehalen. Zum Ofschloss nach ee grousse Merci un de Service technique vun der Gemeng, déi d’Plaz no de Bestëmmunge vum CovidCheck ageriicht hunn an esou déi kleng Feier erméiglecht hunn.

Aktioun « Gielt Band »

Aktioun « Gielt Band »

Haut ass den internationalen Dag géint d’Liewensmëttelverschwendung. D’Gemeng Beefort bedeelegt sech ebenfalls un dësem Dag a schléisst sech der Aktioun “Gielt Band” un. D’Aktioun “Gielt Band” huet de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung zesumme mam Syndikat vun de Lëtzebuerger Stied a Gemengen (Syvicol) an d’Liewe geruff.

Dat gielt Band un de Uebstbeem weist drop hin, datt jiddereen d’zeidegt Uebst fir säi private Gebrauch plécken däerf. Momentan sinn d’Beem an der Härewiss mam giele Band markéiert a soubal nach weider Plazen dobäi kommen, da gëtt op dëser Plaz hei ënnendrënner vermierkt. Méi Informatiounen zu der Aktioun an de Verhalensreegele ginn et um Site vun Antigaspi.

****

Aujourd’hui la journée internationale contre le gaspillage alimentaire. La commune de Beaufort participe également à cette journée et s’associe à l’action « Gielt Band ». L’action « Gielt Band » a lancé le ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural en collaboration avec le Syndicat des villes et communes luxembourgeoises (Syvicol).

Le ruban jaune aux fruitiers indique que chacun peut cueillir les fruits pour son usage personnel. Actuellement les fruitiers dans la « Härewiss » sont marqués avec un ruban jaune et dès que de nouveaux endroits seront ajoutés, la liste sera complétée. Plus d’informations sur cette action ainsi que la charte de comportement se trouvent sur le site de Antigaspi.

Éischt Kanner an der neier Spillschoul mat Maison Relais

Éischt Kanner an der neier Spillschoul mat Maison Relais

Fir knapps 300 Kanner huet haut op dem 15. September rëm den Eescht vum Liewen ugefaangen. Passend zu der Stëmmung vun enger Rëtsch Kanner huet sech och d’Wieder haut de Moie presentéiert: Frësch a fiicht oder zesummegefaasst et war de Géigendeel vun de leschten Deeg.

Verschidde Kanner konnten eng Première erliewe mee déi mannst hunn dat de Moie matkritt. Eréischt an e puer Joer wäert hinne bewosst sinn, datt se déi éischt Schüler an der neier Spillschoul waren. Zwee Deeg virdru konnt d’Maison Relais seng éischt nei Gäscht empfänken.

Soubal d’Wiss ronderëm dat neit Gebai seng richteg Gréisst a Stäerkt huet, da kënne sämtlech Kanner ebenfalls déi nei Spillplaz benotzen. Zum Schluss Fotoe vun der neier Maison Relais mat Spillschoul, déi gëschter am Nomëtteg an Owend gemeet goufen mat aktuell Fotoe vu bausse vun haut de Moien.

Vëloswee um Beeforter Plateau

Vëloswee um Beeforter Plateau

Beefort mam Vëlo entdecken – op de Spuere vum Beeforter Ritter, queesch duerch den Duerfkär, laanscht der Buerg an dem Schlass an een Ausfluch an déi herrlech Natur. Dat ass d’Zesummefaassung vum neien néng Kilometer laange Vëloswee um Beeforter Plateau, deen zanter dësem Summer ausgeschëldert a gekennzeechent ass.

Virun dräi Joer huet sech een Aarbechtsgrupp aus zwielef Leit zesummegesat fir ee Gesamtkonzept fir de Vëlo an der Gemeng Beefort auszeschaffen. Dat war d’Grondiddi vun der Versammlung an der Maison du Parc un där sech och déi deemoleg Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (haut ProVelo.lu) bedeelegt huet. 

De Vëloswee um Beeforter Plateau ass den éischte Projet aus dem Gesamtkonzept vun der doucer Mobilitéit, deen ëmgesat gouf. Den Départ ass bei der Kierch an de Wee geet laanscht d’Schlässer iwwert d’Ruttmauer, Kinnewee bis bei de Kiosk Thuillier, wou een eng gemittlech Paus an der roueger Natur aleeë kann. Ofgesi vum Deel laanscht d’Schlässer erop dierft de Vëloswee fir déi meescht Leit keng gréisser Erausfuerderung sinn.

Schonns am Fréijoer gouf een anere Projet ofgeschloss, dee mam Vëlo ze dinn huet. Nieft dem Agank fir bei d’Schwämm steet eng Vëlosfléckstatioun. Ausgestatt mat enger Rëtsch vu Schlësselen an Instrumenter kann ee säi Vëlo ouni Problemer kleng Reparaturen duerchféieren. Zudeem erméiglechen Adaptere fir all Ventiller de richtegen Drock an de Pneuen ze hunn.

Déi nächst Etapp am Gesamtkonzept ass schonns amgaangen an zwar den Uschloss vum Beeforter Plateau un dat nationaalt Vëloswee-Netz. Iwwert déi fréier Eisebunnsstreck “Beeforter Josy” wäert een net wäit vum Fierschter beim Grondhaff erauskommen, wou op der anerer Säit laanscht d’Sauer de Vëloswee geet. Dëst erméiglecht déi fir d’Vëlosfuerer geféierlech Streck fir rop op Beefort ze evitéieren an iwwert dëse Wee geet et och net esou géi erop. Dës Streck kann ee schonns mam Mountainbike fueren.

Den nächsten Uschloss ass un de Vëloswee tësche Lëtzebuerg an Iechternach virgesinn. Heifir muss een nach ee Plang maachen an dëse Wee wäert iwwer d’Vugelsmillen, Bäerdref, Konsdref a Bech féieren.     

Regionale Ausstellung des Natur- und Geopark Mëllerdall

Regionale Ausstellung des Natur- und Geopark Mëllerdall

Die Ausstellung des Natur- und Geopark Mëllerdall in der ehemaligen Jugendherberge (6, rue de l’auberge) in Befort erstrahlt in einem neuen Look. Dort kann vieles über die Entstehung des besonderen geologischen, natürlichen und kulturellen Erbes der Region gelernt werden. Die Ausstellung zeigt die Entstehung des geologischen Untergrundes als Meeresablagerungen sowie die Formung der Landschaft, nachdem die Ablagerungen festes Land geworden sind. Sie greift die menschliche Nutzung natürlicher Ressourcen von der Steinzeit bis in die Neuzeit auf und erklärt dabei die Entstehung der Kulturlandschaft mit ihrer Vielzahl ökologischer Nischen, die oft eine Verbindung zu den geologischen Grundlagen zeigen.

Die reich bebilderten Informationen werden durch interaktive Elemente ergänzt, die die Themen Höhenlinien, Entstehung von Schluchten und Höhlen sowie Trinkwassernutzung aufgreifen. Zentrales Element ist ein großes dreidimensionales Geländemodell mit zahlreichen Informationsebenen zu den Themen „Geologie“, „Wasser“, „Natur“, „Geschichte“, „Tourismus und Infrastruktur“ sowie das Kapitel „Für Kinder“.

Die Öffnungszeiten sind auf www.naturpark-mellerdall.lu einsehbar und bei weiteren Fragen kann man sich gerne via Mail an info@naturpark-mellerdall.lu melden.

Geosite-Hopping am Natur- & Geopark Mëllerdall

Geosite-Hopping am Natur- & Geopark Mëllerdall

Entdeckt am Kader vun der Geosite-Hopping-Aktioun geologesch besonnesch interessant Plazen an der Regioun. Den Natur- & Geopark Mëllerdall huet an all senge Membersgemengen ee Bushaische verschéinere gelooss mat jeeweils enger Zeechnung vun engem Geosite aus der betraffener Gemeng. Dës si vum Kënschtler Alan Johnston gemoolt ginn a sollen elo dozou ureegen sech d’Plazen och a Realitéit ukucken ze goen. Och an eiser Gemeng ass een Haische verschéinert gi mam Motiv vum Steebroch. Dëst op der Haltestell Op der Gare, Beefort.

? Fannt op dëser Kaart alleguer d’Bushaisercher an d’Geositen, déi Deel vun dëser Aktioun sinn. http://g-o.lu/3/u8qv

? Gewannt mat bësse Chance eng Entdeckungs-Tour duerch den Natur- & Geopark Mëllerdall fir bis zu 8 Persoune mat explore.lu. Alles wat een dofir maache muss:

✅ Maacht eng Foto vun iech virun engem vun de Bushaisercher, déi Deel vun der Aktioun sinn

✅ Maacht eng Foto vun iech beim passende Geosite

✅ Post är Fotoe bis de 15. September ëffentlech an de soziale Medie mam #mellerdallgoesunesco oder schéck se per Mail un contest@naturpark.lu

Vill Gléck

Eng ekologesch Offallgestioun

Eng ekologesch Offallgestioun

No der erfollegräicher Première d’lescht Joer gouf d’Gemeng Beefort rëm eng Kéier mam Qualitéitslabel “SuperDrecksKëscht” ausgezeechent. Nieft dem Gemengegebai kruten nach de Service technique vun der Gemeng, de Schoulkomplex an de Précoce de Certificat.

D’Critèrë vun dësem Label si Motivatioun vun all deenen, déi matmaachen; déi richteg Moossnamen huele fir den Offall ze vermeiden; Sammelplazen, déi gutt zougänglech sinn; e sécheren an ëmweltgerechten Dépôt; eng streng zortéiert Sammlung; eng héichwäerteg an transparent Offallsgestioun an –entsuergung; eng ëmweltbewossten Direktioun.

De Label ass certifiéiert no der internationaler Norm ISO 14024:2000. Dës Certifizéierung enthält ënner anerem d’Kontrollprozedur an d’Ufuerderungen un d’Kontrolleuren. D’Offallwirtschaft an den Entreprisen, déi mam Label priméiert sinn, entsprécht deemno integral den Ufuerderungen an der Norm ISO 14024.

D’Anhale vun deene Critèrë gëtt all Joer am Betrib a bei Institutiounen iwwerpréift. Déi Kandidaten, déi de Label scho véier Joer ouni Ënnerbriechung hunn, kréien nach en extraen Diplom. Vun dann un gëtt de Betrib nëmmen all zwee Joer méi iwwerpréift.

Weider Informatioune ginn et um Site vun der “SuperDrecksKëscht”.

****

Après une première avec succès l’année dernière la commune de Beaufort vient de recevoir de nouveau le label de qualité « SuperDrecksKëscht » : la maison communale, le service technique de la commune, le complexe scolaire ainsi que le précoce.

Ce label de qualité est une marque de qualité reconnue décernée par l’Administration de l’Environnement, la Chambre de Commerce et la Chambre des Métiers aux entreprises et aux institutions qui gèrent leurs déchets dans le respect de l’environnement. Seules les entreprises qui mettent en pratique le schéma détaillé de gestion des déchets mis au point à leur intention se voient attribuer le label de qualité et sont ainsi « Label priméiert ».

Les critères pour l’obtention du label de qualité sont: un engagement de tous les acteurs, une mise en oeuvre de mesures de prévention des déchets, une création d’une station de collecte bien visible et accessible à tous les salariés, un stockage fiable et respectueux de l’environnement, une collecte sélective des déchets, une politique de recyclage et d’élimination des déchets transparente et de qualité et une gestion respectueuse de l’environnement

Le label est certifié selon la norme internationale ISO 14024:2000. Cette certification comprend entre autres la procédure de contrôle et les exigences auxquelles doivent satisfaire les contrôleurs. La gestion des déchets dans les entreprises labellisées répond ainsi intégralement aux exigences figurant dans la norme ISO 14024.

Le respect des critères est contrôlé une fois par an dans les entreprises et les institutions. Les candidats qui détiennent le label de qualité depuis cinq ans sans interruption, sont récompensés par un diplôme. Les lauréats ne sont plus contrôlés que tous les deux ans.

Plus d’informations sur le site de la « SuperDrecksKëscht ».

Beeforter App

Beeforter App

Download:

Apple: https://apps.apple.com/us/app/beeforter-app/id1575918259

Google: https://play.google.com/store/apps/details?id=lu.logfire.beeforterapp

Busfährpläne in Echtzeit, eine ausführliche Eventagenda sowie ein Abfallkalender mit einer Push-Benachrichtigung am jeweiligen Vortag sind nur einige der vielen Highlights der „Beeforter App“ der Gemeinde Befort (Beaufort).

Die App richtet sich sowohl an die Einwohner als auch die Besucher von Befort, Dillingen und Grundhof. Die Dienste der Gemeindeverwaltung lassen sich in wenigen Klicks schnell erreichen genauso wie die Beeforter Schlösser, der Natur- und Geopark, der Generationsgarten sowie das Schwimmbad und die Eisbahn.

Die „Beeforter App“ fasst das praktische, vielfältige, gesellschaftliche und kulturelle Angebot in der Gemeinde auf dem Smartphone zusammen. Wanderungen und Fahrradtouren werden genauso aufgelistet wie die Spielplätze der Gemeinde, die alle mit dem Label „Sécher Spillplaz“ ausgezeichnet sind. Diese und weitere Infrastrukturen sind nicht nur im Verzeichnis ausgeführt, sondern sind ebenfalls in einer interaktiven Karte vermerkt, die nach den verschiedenen Kategorien gefiltert werden können.

Ein zusätzlicher Punkt ist die Navigation. Sämtliche Einträge haben ihre Koordinaten und der Benutzer kann so direkt über seine bevorzugte Navigationsapp zum Standort gelangen. Eine weitere Besonderheit erfüllen die Koordinaten bei der Wahl des Notrufs 112 oder 113. Der letzte verfügbare Standort wird beim Anruf angezeigt und kann den Hilfskräften mitgeteilt werden. 

Die Push-Benachrichtigung ermöglicht neben der Erinnerung der Leerung der Mülltonnen ebenfalls den Empfang aktueller Mitteilungen, die nach den drei Ortschaften der Gemeinde (Befort, Dillingen und Grundhof) gefiltert werden können.

Nach dem Start der „Beeforter App“ wird sie kontinuierlich weiterentwickelt und verbessert um in Zukunft den Bürgern und den Gästen der Gemeinde Befort einen optimalen und umfassenden Informationsdienst anbieten zu können.

Krunnewaasser rëm drénkbar / Eau de nouveau potable

Krunnewaasser rëm drénkbar / Eau de nouveau potable

UPDATE 21.07.2021, 12:00

?? Déi lescht Waasseranalyse vum Waasserwiertschaftsamt hunn erginn, datt d’Krunnewaasser an der ganzer Gemeng Beefort (Beefort, Déiljen a  Grondhaff) rëm d’Drénkwaasserqualitéit huet. Domadder si sämtlech Restriktiounen opgehuewen.

?? Les récentes analyses d’eau de l’administration de la gestion de l’eau montrent que la qualité d’eau du robinet dans toutes les localités de Beaufort (Beaufort, Dillingen et Grundhof) est de nouveau potable. Les restrictions recommandées sont ainsi levées.

Analyses Cloosbierg
Analyses Op der Heed

Concert um Kiosk

Concert um Kiosk

Op Invitatioun vun der Kulturkommissioun an an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Beefort hunn “Les Amis de l’Accordéon” vun Esch/Uelzecht gëschter Sonndeg ee Concert ginn. De Concert huet em 16 Auer ugefaangen a gespillt gouf um Kiosk. Den Entrée war fräi an de Concert gouf gehalen ënnert den aktuelle Covid-19-Reegelen.

Et hu sech zwar nëmmen eng handvoll Zuschauer afonnt mee ëmmerhin ass et eng kleng Erliichterung, datt rëm Aktivitéiten am Duerf kënnen organiséiert ginn. Et bleift ze hoffen, datt an Zukunft d’Situatioun sech weiderhi verbessert an esou weider Manifestatiounen iwwert d’Bühn kënne goen.

Zum Ofschloss vum Concert, deen eng gutt annerhallef Stonn gedauert huet, hunn d’Vertrieder vun der Kulturkommissioun mat der neier Presidentin Monique Link un der Spëtzt dem Dirigent Daniel Pagliarini eng vum Beeforter Schlass offréierte Fläsch Beeforter Cassis iwwerreecht.

Den nächste Rendezvous um Kiosk steet och schonns fest. Den nei gegrënnte Veräin “Beeforter Duerffrënn” organiséieren e Sonndeg, de 4. Juli, vun 10 bis 17 Auer  déi éischt Editioun vum Duerfmaart.

Beeforter App

Beeforter App

Demnächst wäert eng App vun der Gemeng Beefort fir iOS an Android disponibel sinn. Busfahrpläng an Echtzäit, Agenda an een iwwersiichtlechen Offallkalenner mat enger Push-Noriicht um jeeweilege Virowend sinn nëmmen e puer Highlights vun dësem praktesche Kommunikatiounsmëttel um Smartphone. Vu que datt am leschten annerhallwen Joer duerch d’Situatioun d’Aktivitéiten zum gréissten Deel agestallt goufen an doduercher och de sozialen Austausch wat d’Neiegkeeten am Veräinsliewen an an der Geschäftswelt praktesch net existéieren, ginn d’Veräiner an d’Geschäftsleit aus der Gemeng opgeruff hir Kontaktinformatiounen matzedeelen. Dozou ziele bei de Veräiner déi aktuell Zesummesetzung vum Comité, Adress fir de Courrier, Telefonsnummer, E-Mail, Internetsadress a Präsenz an de soziale Medien an hir Manifestatiounen. Anengems ginn déi Verantwortlech gebieden ewéi Informatiounen däerfe publizéiert ginn. Bei de Geschäfter kommen d’Ouvertureszäiten nach dobäi. Et wier flott wann an Zukunft déi jeeweileg Ännerungen och matgedeelt gi fir “up to date” ze sinn. Am Viraus villmools Merci fir d’Zesummenaarbecht.

****

Prochainement une application de la commune de Beaufort pour iOS et Android sera disponible. Des horaires de bus en temps réel, un agenda ainsi qu’un calendrier des déchets net et clair avec une notification la veille sont quelques points forts de cet outil pratique de communication. Depuis un an et demi la situation a engendré une annulation d’un tas d’événements et ainsi la vie rurale avec l’échange des informations locale s’est pratiquement arrêtée. Par contre il y avait eu des changements et les commerçants ainsi que les responsables des associations sont priés de communiquer des informations élémentaires comme par exemple la composition du comité, présences au réseaux sociaux, dates provisoires des manifestations, adresse de correspondance, courriel, numéro de téléphone, etc. En même temps les dirigeants sont priés d’informer quelles informations peuvent être publiées. A ajouter sont également les heures d’ouverture des commerces. Ce serait bien à l’avenir de communiquer les changements afin qu’on soit actuel. Merci beaucoup pour votre collaboration.

Ee klenge Kaddo

Ee klenge Kaddo

Zanter gëschter sinn d’Mireille, Erika a Rosa ënnerwee fir de Leit iwwer 55 Joer ee klenge Kaddo vun der Gemeng ze iwwerreechen. Elo am Fréijoer hätt d’Journée 55+ vum Hierscht 2020 sollen nogeholl ginn, déi all Joer vum Schäffen- a Gemengerot an Zesummenaarbecht mat der Kommissioun vum Drëtten Alter vun der Gemeng Beefort an de Beeforter Senioren organiséiert gëtt. Déi aktuell Sécherheetsregelen an Hygiènemesuren erlaben et nach ëmmer nët op ee flotten Nomëtteg mat Musek ze invitéieren.

Amplaz vu Kaffi an Taart kritt jiddereen iwwer 55 Joer an eiser Gemeng dräi FFP2-Masken an ee gudde lëtzebuerger “Corona-Killer” vun eiser Musel geschenkt. Et bleift d’Hoffnung, datt mer dësen Hierscht rëm kënnen zesumme feieren a bis dohinner gëtt jidderengem dat Allerbescht a virun allem Gesondheet a vill Kraaft gewënscht.

Buergbrennen 2021

Buergbrennen 2021

D’Amicale vun de Beeforter Pompjeeë wollt net op d’Traditioun vum Buergbrennen verzichten an huet decidéiert de Brauch am Aklang vun de gültege Reegelen ze organiséieren. Zuschauer waren net zougelooss an dach konnten d’Leit um Buergbrennen deelhuelen. An Zesummenaarbecht mat der Gemeng gouf d’Buergbrennen op der Facebook-Säit vun der Gemeng live iwwerdroen.

Op der Buerg gouf eng Tafel mat der Opschrëft “Covid-19” ugemeet fir nieft dem Wanter och de Covid-19 ze verdreiwen. Et bleift ze hoffen, datt d’nächst Joer d’Buergbrennen ënnert der gewinnter Form rëm stattfënnt.

De Video an d’Fotoe sinn hei ënnendrënner.

Fotosgalerie
Foodsharing zu Beefort

Foodsharing zu Beefort

“Mindesthaltbar bis …. “ op de Liewensmëttele bedeit net gläichzäiteg “Tödlich ab ….” an et kann ee se weiderhin iessen. An de Supermarchéë ginn dës Liewensmëttel aussortéiert genau sou ewéi aner Liewensmëttel well se entweder ze grouss, ze kleng, ze kromm sinn oder eng Téitsch oder eng komesch Faarf hunn. “Foodsharing Luxembourg” setzt sech an fir d’Liewensmëttel virun der Poubelle ze retten a verdeelt se gratis un all Mënsch egal a wéi enger finanzieller oder sozialer Situatioun dee sech befënnt.

Déi wuel bekanntste Plaz vun der Verdeelung vu Liewensmëttelen ass zu Jonglënster wou alles ugefaangen huet an nieft Duelem gëtt et mëttlerweil och zu Beefort ee sougenannte “Foodsharing Distribution Day”. Zanter e puer Woche ginn all Méindeg ab 18 Auer Liewensmëttel am fréiere Judossall (10, Grand-rue) verdeelt. D’Gemeng Beefort stellt dës Raimlechkeete gratis zur Verfügung.

Mat der Ënnerstëtzung vum Annick Feipel aus dem Generatiounsgaart hu véier Leit ee Grupp vu Fräiwëllegen op d’Bee gesat fir eng Verdeelung zu Beefort ze organiséieren: Denise Tonon, Ute Morheng, Krys Pleimelding a Keven Schimberg. Dëse Grupp erweidert sech kontinuéierlech a jiddereen ass wëllkomm sech de Fräiwëllegen unzeschléissen.

All Verdeelungspunkt schafft selbststänneg a kuckt fir a senger Géigend d’Liewensmëttelen vun de Geschäfter ze sammelen. Den “Delhaize” aus dem Duerf gehéiert ënnert anerem, déi dës Aktioun ënnerstëtzen, a stellt seng aussortéiert Saache gratis zur Verfügung, déi da vun de Fräiwëllegen ofgeholl ginn. Selbstverständlech kënnen och Privatleit hir Saachen ofginn.

De Rendezvous fir déi Fräiwëlleg ass an der Reegel den Dag selwer ëm 17 Auer. Si sortéieren déi verschidde Liewensmëttel an éier se no de verschidde Kategorien op den Dëscher ausgestallt gi gi se nach eng Kéier iwwerpréift op se nach ëmmer ze genéisse sinn. Saachen, déi musse kal sinn, kommen an ee Frigo. D’Offer vun de Liewensmëttelen ännert all Kéiers. Am Viraus weess ee jo ni, wat déi verschidde Geschäfter aussortéieren a gratis zur Verfügung stellen. An de leschte Woche goufen zum Beispill eng Kéier bal 500 an eng aner Kéier ronn 650 Kilogramm Liewensmëttel virun der Poubelle gerett a gratis zu Beefort verdeelt.

Pénktlech ëm 18 Auer ginn d’Dieren op an éier ee sech zerwéiert muss ee sech an eng Lëscht androen. Mat hirer Ënnerschrëft confirméieren d’Leit, datt si sech bewosst sinn ëm den Zoustand vun de Liewensmëttelen a maachen d’Organisateuren net responsabel fir iergendwellech Niewewierkungen bei der Consommatioun vun de gratis ugebuedene Liewensmëttel. Des Weideren hëlleft d’Lescht am Fall vun engem Covid-19-Fall beim Contact-Tracing.

Tësche 50 a 60 Leit vu Beefort an Ëmgéigend komme reegelméisseg op de Rendezvous, deen an der Reegel eng Stonn dauert. Fir ee gudden Oflaf ze garantéieren ass et gutt fir virun der Zäit do ze sinn. Et ass nëmme selbstverständlech, datt jiddereen nëmmen dat hëlt wat och wierklech gebraucht gëtt. Op der enger Säit aus Solidaritéit mat den anere Leit, déi ebenfalls op de Rendezvous kommen, an aus Respekt zu de Liewensmëttel, déi een herno net selwer ewechgeheie muss.

Weider Informatiounen zum “Foodsharing” ginn et um Site www.foodsharing.lu an hei eng kleng Fotosgalerie vun gëschter an der Woch virdrun.

  ****

L’indication « à consommer de préférence avant le … » sur les produits alimentaires ne signifie pas automatiquement « mortel à partir du … » et on les peut quand même consommer. Les membres de « Foodsharing Luxembourg » sauvent des denrées alimentaires de la poubelle et les distribuent gratuitement à toute personne n’importe sa situation financière ou sociale sans aucun critère. Ces aliments ont été rejetés par les supermarchés à cause de leur aspect un peu trop courbé, trop petit, trop grand, endommagé, ou simplement parce qu’ils ont passé la date de péremption. Mais cela ne veut pas dire qu’ils ne sont plus consommables. Bien au contraire. Tous ces aliments ont été donnés par des supermarchés et magasins de la région qui ont préféré les donner à l’association au lieu de les jeter. Bien à savoir que le « Delhaize » à Beaufort figure parmi les magasins qui offrent gratuitement ces aliments. A préciser encore que ce sont des bénévoles que font le tour pour récupérer ces denrées alimentaires. Le premier point de distribution, un « Foodsharing Distribution Day », a été créé à Junglinster et après Dalheim il existe depuis quelques semaines également un tel événement à Beaufort. Le rendez-vous est chaque lundi de 18 à 19 heures dans l’ancienne salle Judo à 10, Grand-rue. La commune met ces locaux gratuitement à disposition. Chaque point de distribution travaille d’une façon autonome dans sa région.

Avec l’aide de Annick Feipel du « Generatiounsgaart » un groupe des quatre bénévoles (Denise Tonon, Ute Morheng, Krys Pleimelding et Keven Schimberg) s’est formé et organise les distributions à Beaufort. Ce groupe s’élargie continûment et chacun est bienvenu à soutenir cette action. Les bénévoles se réunissent le jour même vers 17 heures, font un tri des aliments et les regroupent sur une table. On ne sait jamais à l’avance qu’est-ce que et combien les différents magasins mettent à disposition à l’organisation. Les dernières semaines par exemple une fois presque 500 et l’autre fois environ 650 kilogrammes d’aliments ont pu être sauvé et distribué à Beaufort.

Les portes ouvrent à 18 heures et avant qu’on se sert de ce qu’on a besoin on s’inscrit sur une liste. Avec la signature on confirme l’état des aliments et chacun assume l’entière responsabilité de la consommation de ces aliments. De plus cette liste permet de retracer les contacts en cas d’un test positif à la Covid-19.

Entre 50 et 60 personnes de Beaufort et alentours viennent régulièrement au rendez-vous à Beaufort qui dure une bonne heure. Afin de garantir un bon déroulement il est conseillé de venir avant l’heure. Cela va sans dire que chacun prenne dont il a vraiment besoin à l’instant et ceci pour quelques raisons. D’abord comme respect vis-à-vis des autres personnes qui sont dans la file ainsi qu’aux aliments de ne les pas jeter plus tard chez soi à la maison.

Plus d’informations sur le « Foodsharing » sont disponibles sur le site internet www.foodsharing.lu et voici quelques impressions d’hier soir et du lundi précédant.

Technesch Problemer mam Kontaktformular

Technesch Problemer mam Kontaktformular

De Kontaktformular huet technesch Problemer an d’Maile gi weder virugeleet nach enregistréiert. Mir bieden Iech Är Messagen op population@beaufort.lu ze schécken. Leider ass net gewosst zanter wéini dee Problem besteet a mir bieden ëm Är Versteesdemech wa mer bis elo nach net geäntwert hunn. Am Beschten ass et, Dir kontaktéiert ass nach eng Kéier w.e.gl. Merci.

 A cause des problèmes techniques avec le formulaire (les messages ne parviennent pas aux destinataires et ne sont pas sauvegardés) nous vous prions d’envoyer vos mails directement à population@beaufort.lu . Il n’est pas connu depuis quand ce problème existe. Nous vous remercions pour votre compréhension si nous n’avons pas encore répondu à vos messages et conseillons de nous recontacter. Merci.

2.893 Awunner

2.893 Awunner

Op den 1. Januar 2021 zielt d’Gemeng Beefort 2.893 Awunner, 22 méi ewéi genau virun engem Joer. Um Grondhaff wunne 65 (+5), zu Déiljen 236 (-7) an zu Beefort 2.592 (+24) Leit. Am Ganze si 65 Nationalitéite (+6) vertrueden. Den Detail an d’Evolutioun vun den Awunnerzuelen fënnt een hei um Site ënner “Beaufort en chiffres”.

Au 1er janvier 2021 la commune de Beaufort compte 2.893 habitants, 22 plus qu’à la même date l’année dernière, et en tout 65 (+6) nationalités. Au Grundhof habitent 65 (+5), à Dillingen 236 (-7) et à Beaufort 2.592 (+24) habitants. Le détail et l’évolution du nombre des habitants sont disponibles sur ce site sous « Beaufort en chiffres ».

Kee Freedefeier / Pas de feux d’artifice

Kee Freedefeier / Pas de feux d’artifice

Wéinst der aktueller Situatioun (ënner anerem no Chrëschtdag Ausgangsspär tëschen 21 a 6 Auer, Aschränkunge bei de Visiten an de Risiko vu Verletzungen, déi an den iwwerlaaschte Klinike musse behandelt ginn, ze vermeiden) huet de Schäfferot décidéiert dëst Joer keng Genehmegung ze gi fir Freedefeier oder Knupperten am ëffentleche Raum an op Privatterrain ofzeschéissen. Des Weidere baséiert sech de Schäfferot op dem neie Policereglement, dat de 27. Mee vum Gemengerot eestëmmeg gestëmmt gouf. Den Artikel 32 am Kapitel 2 gesäit ee Verbuet vum Ofschéisse vu Freedefeier a Knupperte vir. Villmools Merci fir äert Versteesdemech!

Vu la situation actuelle (après Noël couvre-feu entre 21 et 6 heures, limitations des visites et d’éviter le risque de blessures qui nécessitent un traitement dans les cliniques surchargées) le collège échevinal a décidé de ne pas autoriser de tirer des feux d’artifice et des pétards sur la voie publique ainsi que sur un terrain privé. Le collège échevinal se base également sur le règlement général de police qui a été voté unanimement le 27 mai par le conseil communal. L’article 32 dans le chapitre 2 prévoit une interdiction d’usage des feux d’artifice et des pétards. Merci pour votre compréhension !

Waasserbaseng « op der Heed »

Waasserbaseng « op der Heed »

Ronn véier Milliounen Euro ginn aktuell an de Waasserréseau an der Gemeng Beefort investéiert. D’Häerzstéck vum zukënftege Waasserréseau ass den neie Waasserbaseng op der Heed, deen iwwer dräi Milliounen Euro kascht. Hei ginn am Ganzen dräi Cuve vu jeeweils 400 Kubikmeter ënnerbruecht. Zwou Cuve si fir Beefort bestëmmt an eng fir een interkommunale Projet, bei deem eng komplett nei Waasserleitung vum Cloosbierg zu Déiljen iwwer Beefort, Reisduerf a Bettenduerf op Dikrech geluecht gëtt.

Dës Woch goufen d’Aarbechte vun den dräi Cuven ofgeschloss.

****

Environ quatre millions euros sont actuellement investis dans le réseau d’eau dans la commune de Beaufort. La pièce maitresse du futur réseau d’eau est le nouveau bassin d’eau « op der Heed » qui contient trois cuves de 400 mètres cube et qui coûte plus de trois millions d’euros. Deux cuves sont désignées pour Beaufort et une pour un projet intercommunal. Ce projet prévoit la construction d’une nouvelle conduite d’eau du Cloosbierg à Dillingen à travers Beaufort, Reisdorf et Bettendorf jusqu’à Diekirch.

Cette semaine les travaux des trois cuves sont terminés.

Opriichte vum Chrëschtbam

Opriichte vum Chrëschtbam

Virun der Kierch huet d’Ekipp vum Fierschter Marc Hoffmann de Chrëschtbam opgeriicht. Eng gutt hallef Stonn huet d’Aktioun haut de Moie gedauert a kuerz viru Mëtteg stoung de Chrëschtbam. Ënnendrënner ass eng kleng Fotosgalerie vun den Aarbechten an zum Ofschloss d’traditionell Gruppefoto.    

Vitessen am Oktober

Vitessen am Oktober

(Texte français en bas). An onregelméissegen Ofstänn ginn op dëser Plaz e puer Donnéeë vun der Auswäertung vun de verschidde Vitessepanneauen an der Gemeng Beefort publizéiert. Ënnendrënner sinn elo e puer Zuele vum leschte Mount Oktober.

Am Agank vu Beefort (route de Grondhaff) goufen am Ganze 37.337 Miessungen an de béide Richtunge gezielt. D’Duerchschnëttsgeschwëndegkeet beleeft sech op 54 km/h. An 63,3 Prozent vun de Fäll ass déi maximal Geschwëndegkeet vu 50 km/h iwwerschratt ginn. Bei dësem Prozentsaz fält et op, datt 82,5 Prozent mat iwwer 50 km/h aus dem Duerf erausfueren. Des Weidere gouf 617 Mol den “Délit de grande vitesse” (méi séier ewéi 75 km/h) notéiert.

Däitlech méi Miessunge goufen an der Route de Reisdorf vermierkt an zwar 57.095. D’Durechschnëttsgeschwëndegkeet läit hei bei 47 km/h. Ewéi an der Grondhafferstrooss gëtt méi séier eraus- ewéi eragefuer. 43,7 Prozent hale sech net un déi virgeschriwwene Vitesse a 645 Mol war et een “Délit de grande vitesse”.

Déi meescht Miessungen zu Beefort goufe bei der Schoul gezielt: 131.541. Méiglecherweis wéinst dem Chantier a well Elteren hir Kanner an d’Schoul féieren ass hei d’Duerchschnëttsgeschwëndegkeet 40 km/h an 8,6 Prozent vun de Chaufferen hunn op dëser d’Plaz déi maximal erlaabte Geschwëndegkeet vu 50 km/h iwwertratt. 63 Mol gouf op dëser Plaz een “Délit de grande vitesse” notéiert.

Um Grondhaff hu sech 39,3 Prozent vun de 120.148 Chaufferen nët un déi maximal Geschwëndegkeet vu 70 km/h gehalen an d’Duerchschnëttgeschwëndegkeet beleeft sech hei op 68 km/h. 286 Mol gouf et een “Délit de grande vitesse” (an dësem Fall méi wéi 105 km/h).

De Vitessepanneau zu Déiljen huet Onregelméissegkeete gewisen an dowéinst ginn dës Donnéeën net publizéiert.

Ofschléissend ass ze bemierken, datt déi komplett Analysen an Zuele mat ënner anerem den Délit de grande vitesse mam Datum an Auerzäit all Mount un d’Police zu Iechternach weidergeleet ginn.

****

La mise en valeur des résultats de panneaux de vitesse sur le territoire de la commune de Beaufort sera publiée de temps en temps. Voici les analyses du mois d’octobre.

A l’entrée de Beaufort (route de Grundhof) le panneau de vitesse a noté 37.337 passages dans les deux sens. La vitesse moyenne s’élève à 54 km/h et dans 63,3 pourcent des cas la vitesse maximale autorisée de 50 km/h a été dépassée. Dans ce contexte on remarque que 85,5 pourcent des dépassements se font à la sortie de Beaufort. De plus 617 fois le « délit de grande vitesse » (plus que 75 km/h) est notée.

Nettement plus de passages ont étés enregistrées dans la route de Reisdorf : 57.095 avec une vitesse moyenne de 47 km/h. Comme dans la route de Grundhof on remarque que la vitesse de sortie est plus élevée que la vitesse d’entrée. 43,7 pourcent de conducteurs ne respectaient pas la vitesse de 50 km/h est dans 645 cas un « délit de grande vitesse » est affiché.

Le plus grand nombre des mesurages (131.541) a été comptabilisé près de l’école. Il se peut qu’à cause du chantier et que les parents conduisent leurs enfants à l’école qu’à cet endroit la vitesse moyenne s’élève à 40 km/h et que 8,6 pourcent de conducteurs ont dépassé la vitesse maximale autorisée. Quand même 63 fois un « délit de grande vitesse » a été noté.

Au Grundhof 39,3 pourcent des 120.148 enregistrements ne se sont pas tenus à la vitesse maximale autorisée de 70 km/h tandis que la vitesse moyenne s’élève à 68 km/h. Une vitesse supérieure à 105 km/h (à ce moment « délit de grande vitesse ») a été enregistrée.

Le panneau de vitesse à Dillingen a montré des irrégularités et de cette raison les résultats ne sont publiés.

A la fin il est bon à savoir que les analyses complètes avec toutes les chiffres comme entre-autres les délits de grande vitesse avec date et heure exacte sont transmises chaque mois au commissariat de Police à Echternach.

Een neie Minibus fir de Schoultransport

Een neie Minibus fir de Schoultransport

Nodeems d’lescht Joer fir de Schoulufank d’Gemeng een neie Minibus konnt an Empfank huele gouf elo den nächste Minibus geliwwert. De Christian Zender (Key Account Manager Véhicules spéciaux Mercedes-Benz) huet dem Buergermeeschter Camille Hoffmann haut de Moien d’Schlëssele vum Mercedes-Benz Sprinter offiziell iwwerreecht.

Et ass den nämmlechte Modell, deen zanter iwwert engem Joer am Asaz ass an zwar ee Mercedes-Benz Sprinter 316 CDI Tourer L2 RWD. D’Motorleeschtung vun 120 kW (163 PS) gëtt mat engem automatescher Getriebe op d’Rieder iwwerdroen. Ee klengen Ënnerscheed zum viregte Bus huet allerdéngs den neie Minibus: een Navigatiounssystem fir op nët alldeeglech Plazen ze fueren ewéi zum Beispill de “Rassemblement des Beaufort” a Frankräich. Des Weideren huet de Minibus d’Effizienzklass A (Euro 6) a mat nëmmen 178 Gramm CO2  pro Kilometer ass dat relativ wéineg fir ee Gefier aus där Kategorie. D’Klimafrëndlechkeet vum Bus huet säin Deel bei der Kafëntscheedung bäigedroen.

Am Ganzen hunn am Minibus néng Leit Plaz: vir fir de Chauffer an de Bäifuerer, zwou Reie mat zwou Plazen an déi lescht Rei mat dräi Plazen. Duerch dës Sëtzuerdnung huet ee vill méi Plaz fir eran- an erauszeklammen. D’Dire ginn automatesch op an zou an hei brauch een nëmmen ee Knäppchen ze drécken. Ee weidere Plus ass eng automatesch Stuf. Den zousätzlechen Träpplek erméiglecht net nëmmen de Kanner ee méi einfacht eran- an erausklammen. Och den eelere Matbierger a Leit mat beschränkter Mobilitéit kënnt dësen Träpplek entgéint. Des Weidere gëtt et eng hallefautomatesch Klimaanlag mat enger Dachklima hannen am Gefier. Dat erméiglecht, datt am ganze Minibus iwwerall déi nämmlecht Temperatur geregelt gëtt. Zousätzlech gëtt et hannen eng 360-Grad-Kamera an doduercher huet de Chauffer ee kompletten Iwwerbléck beim hannerzech fueren.

No der Allerhellegevakanz wäert dëse moderne Minibus, dee ronn 53.000 Euro kascht huet, an den Asaz kommen.

Nationale Gedenkdag zu Beefort

Nationale Gedenkdag zu Beefort

Den nationale Gedenkdag erënnert all Joer un d’Resistenz vum Lëtzebuerger Vollek während der Occupatioun an der schwéierer Zäit vun 1940 bis 1945. Den Ursprung vun der “Journée de commémoration nationale” geet op den 10. Oktober 1941 zréck. De Chef vun der Zivilverwaltung Gustav Simon huet deemools eng “Personenbestandsaufnahme” am vun Nazidäitschland besate Lëtzebuerg organiséiert.

Ënnert den eelef Froen hunn der dräi besonnesch erausgestach. No den éischten typesche Froen iwwert ënner anerem dem Numm a Gebuertsdatum war déi fënneft Fro mat engem gewëssenen Hannergedanke verbonnen: “Jetzige Staatsangehörigkeit”. Bei der siwenter Fro huet ee misse seng “Muttersprache” schreiwen. An der Erklärung ënnendrënner gouf drop higewisen, datt d’“Dialekte (Mundarten) ewéi zum Beispill lëtzebuergesch oder plattdäitsch nët als Mammesprooch gëllen. Ëm d’”Volkszugehörigkeit” goung et bei der aachter Fro. Hei gouf Folgendes an der Erklärung ënnerstrach: “… Es soll auch nicht die Stammeszugehörigkeit (wie z.B. luxemburgisch, bayrisch, sächsisch) eingetragen werden. Ein Bekenntnis zu zwei Völkern ist nicht möglich. …”.

Eng grouss Majoritéit vun de Lëtzebuerger huet op dëse Froe mat “Lëtzebuergesch” geäntwert. Den 11. Oktober gouf déi ganz Aktioun kuerzerhand annuléiert éier dat offiziellt Resultat verkënnegt gouf. D’”Personenbestandsaufnahme” war vun de Lëtzebuerger an eng Zort Referendum fir hir Eegestännegkeet a géint d’Besatzung ëmgewandelt ginn.

Agefouert gouf den nationale Gedenkdag am Joer 1946 an dobäi erënnert sech Lëtzebuerg u seng Awunner, déi während der Nazibesatzung an der Resistenz aktiv waren, a Prisongen oder Aarbechts- a Konzentratiounslager verschleeft goufen, ëmgesidelt an/oder an d’Wehrmachtsuniform gezwonge goufen. D’Haaptfeierlechkeete ginn an der Stad ofgehalen an dëst Joer gouf a Präsenz vum Grand-Duc Henri eng Plack op der Stater Gare enthüllt a si erënnert un d’Leed vun de Fraen zu där Zäit. 3.614 Meedercher a jonk Frae sinn an de “Reichsarbeitsdienst” gezwonge ginn an 58 vun hinnen hunn hir Heemecht nët méi erëmgesinn.

Zu Beefort gouf sech wéinst den aktuelle Sécherheetsregelen an Hygiènemesuren an engem klenge Kader erënnert. An der Gedenkmass ass d’Pastoralassistentin Josiane Mirkes ass op déi schwéier Zäit vun deemools agaangen an huet Vergläicher mat der heiteger Zäit gezunn. Uschléissend huet de Schäfferot eng Gerbe beim Monument aux Morts nieft der Kierch néiergeluecht a musikalesch gouf d’Gedenkfeier vun de Chorale Sainte Cécile Beefort a Sang mat Waldbëlleg/Haler encadréiert.  

Gold fir Beefort

Gold fir Beefort

Nodeems d’Gemeng Beefort d’lescht Joer am Kader vum siwente Klimapakt-Dag zu Esch-Uelzecht mat Selwer ausgezeechent gouf an dat mam héchste Wäert an där Kategorie mat 80,3 Prozentpunkten, koum haut d’Nouvelle, datt Beefort als éischt Gemeng aus dem Natur- a Geopark mat Gold certifiéiert gouf. Dës Kéier konnt ee sech seguer steigeren an et konnt ee 85,9 Prozentpunkten erreechen.

De Beeforter Gemengerot huet den 30. September 2015 eestëmmeg beschloss, dem Klimapakt-Vertrag vum 9. Dezember 2013 tëschen dem Lëtzebuerger Staat, der Interessegemeinschaft “MyEnergy” an der Gemeng Beefort zouzestëmmen. Weider Detailer an Erklärungen zum Klimapakt stinn op dëser Internetsäit an der Rubrik “Klimapakt” an déi goufen och an der Nummer 65 vum “De Beeforter” virgestallt.

Nom formidabele Succès gouf sech als nächst Ziel “Gold” gesat. Am Géigesaz zum Sëlwer-Audit war dës Kéier de Leonard Meyer aus Berlin als Vertrieder vum “European Energy Award” present an als national Auditorin Nathalie Moreau, technesch Direktesch bei LuxControl. Den Audit fir Gold war dëst Joer de 7. Juli zu Beefort a Präsenz vum Klimaberoder Thomas Schlicher, dem komplette Service vun der Gemeng, dem Buergermeeschter Camille Hoffmann an dem Schäffen Emile Wies.

Wéinst der aktueller Situatioun ass de Klimapakt virtuell iwwert d’Bühn gaangen an d’Spannung war riseg wéi géif d’Resultat ausfalen. Et hat ee gutt Gefill an dat gouf och bestätegt. 85,9 Prozentpunkte konnt Beefort erreechen. Beim dësjähregen Audit fir Gold hu sech nieft Beefort nach Mäerzeg (78 Prozent) an Useldéng (76,6 Prozent) engagéiert. Déi aner Gemengen haten hiren Audit/Re-Audit d’lescht Joer an dowéinst sti se nët op der Lëscht « European Energy Award Gold 2020 ».

D’Situatioun war fir jidderee wéinst den Ëmstänn nët einfach. Freed war nët nëmme grouss fir et a sou kuerzer Zäit gepakt ze hunn, als éischt Gemeng aus dem Natur- a Geopark ausgezeechent ze ginn, dat bescht Resultat vum Gold-Audit 2020 zu Lëtzebuerg erreecht ze hunn mee och um europäeschen Niveau ganz vir ze sinn an zwar op der éischter Plaz. 34 Gemengen aus Éisträich, Frankräich, Italien, Schwäiz a Lëtzebuerg hu sech engem Gold-Audit gestallt. Nieft Beefort hu sech nach 18 Gemenge fir déi éischte Kéier fir Gold préiwe gelooss a 15 Gemengen haten een “Re-Award”. Interessant ass et och ze wëssen, datt Beefort an der globaler internationaler Lëscht virleefeg op déi aachte Plaz kënnt.

Zum Ofschloss d’Lëscht vum « European Energy Award Gold 2020 » mat weider Resultater a Fotoe vun haut:

Ee Spullwon fir d’Veräiner

Ee Spullwon fir d’Veräiner

D’Gemeng Beefort huet Vertrieder vun de Veräiner an de berodende Kommissiounen op d’Äispiste invitéiert fir den neie Spullwon mam Material an och de Killwon, de schonns d’lescht Joer ugeschaf gouf, virzestellen.

De Spullwon ass eng weider Etapp an der Offallvermeidung an der Gemeng Beefort. Et gesäit ee regelméisseg no de Fester eng Abberzuel vun Tute voll mat dënne Plastiksbecheren an Telleren aus Karton. Ee Spullwon mat recycléierbarem Material (Becheren an Telleren) ass ee Mëttel fir Offall ze vermeiden an eis Ëmwelt ze belaaschten, sou de Buergermeeschter Camille Hoffmann.

Energie verbëtzen ass och eng Belaaschtung fir d’Ëmwelt an op déi Problematik ass de uschléissend de Klimaberoder Thomas Schlicher agaangen. Unhand vu Grafiken huet hien den Energieverbrauch an de verschidde Gebaier gewisen an och Léisunge virgeschloen. Virun net grad zwee Joer hunn eng Rei Veräiner d’Energie-, Klima- an Ëmweltcharta ënnerschriwwen a weider Veräiner a berodend Kommissiounen hu sech am Laf vum Owend dëser Charta ugeschloss.

 Éier de Spullwon virgestallt gouf, huet d’Véronique Linden, Ëmweltberoderin am Oekozenter Pafendall, de Projet “Green Events”, deen op Initiative vum Ministère fir d’Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung entstanen ass, erkläert. “Green Events” gouf entwéckelt fir den ökologesche Foussofdrock vun enger Manifestatioun zu Lëtzebuerg ze reduzéieren an doduercher ee Fest ëmweltcompatibel a méi ëmweltbewosst ze gestalten. Dobäi ginn d’Organisateure vum Oekozenter Pafendall an der SuperDrecksKëscht informéiert, sensibiliséiert a begleet. Ee “Green Event” ass eng Manifestatioun, déi versicht déi negativ Auswierkungen op d’Ëmwelt, Awunner a Klima ze reduzéieren. Weider Informatiounen dozou ginn et um Internetsite www.greenevents.lu an hei ass de Link zu der Presentatioun vum Owend.

   

Erënnere mer drun, datt beim Audit fir d’Sëlwermedail vun der Aktioun “Klimapakt, meng Gemeng engagéiert sech” am Oktober 2018 d’Gemeng Beefort direkt op den éischte Coup 80,3 Punkten erreecht huet. Dëse Wäert motivéiert fir beim nächsten Audit d’Goldmedail kënnen ze kréien.

Ofgeschloss gouf den Owend mat engem Pättchen an enger klenger Agape.

Label priméiert

Label priméiert

Am Juni gouf d’Gemeng Beefort direkt véier Mol mam Qualitéitslabel “SuperDrecksKëscht” ausgezeechent. Nieft dem Gemengegebai kruten nach de Service technique vun der Gemeng, de Schoulkomplex an de Précoce de Certificat.

D’Critèrë vun dësem Label si Motivatioun vun all deenen, déi matmaachen; déi richteg Moossnamen huele fir den Offall ze vermeiden; Sammelplazen, déi gutt zougänglech sinn; e sécheren an ëmweltgerechten Dépôt; eng streng zortéiert Sammlung; eng héichwäerteg an transparent Offallsgestioun an –entsuergung; eng ëmweltbewossten Direktioun.

De Label ass certifiéiert no der internationaler Norm ISO 14024:2000. Dës Certifizéierung enthält ënner anerem d’Kontrollprozedur an d’Ufuerderungen un d’Kontrolleuren. D’Offallwirtschaft an den Entreprisen, déi mam Label priméiert sinn, entsprécht deemno integral den Ufuerderungen an der Norm ISO 14024.

D’Anhale vun deene Critèrë gëtt all Joer am Betrib a bei Institutiounen iwwerpréift. Déi Kandidaten, déi de Label scho véier Joer ouni Ënnerbriechung hunn, kréien nach en extraen Diplom. Vun dann un gëtt de Betrib nëmmen all zwee Joer méi iwwerpréift.

Weider Informatioune ginn et um Site vun der SuperDrecksKëscht

****

En juin la commune de Beaufort a reçu quatre fois le label de qualité « SuperDrecksKëscht » : la maison communale, le service technique de la commune, le complexe scolaire ainsi que le précoce.

Ce label de qualité est une marque de qualité reconnue décernée par l’Administration de l’Environnement, la Chambre de Commerce et la Chambre des Métiers aux entreprises et aux institutions qui gèrent leurs déchets dans le respect de l’environnement. Seules les entreprises qui mettent en pratique le schéma détaillé de gestion des déchets mis au point à leur intention se voient attribuer le label de qualité et sont ainsi « Label priméiert ».

Les critères pour l’obtention du label de qualité sont: un engagement de tous les acteurs, une mise en oeuvre de mesures de prévention des déchets, une création d’une station de collecte bien visible et accessible à tous les salariés, un stockage fiable et respectueux de l’environnement, une collecte sélective des déchets, une politique de recyclage et d’élimination des déchets transparente et de qualité et une gestion respectueuse de l’environnement

Le label est certifié selon la norme internationale ISO 14024:2000. Cette certification comprend entre autres la procédure de contrôle et les exigences auxquelles doivent satisfaire les contrôleurs. La gestion des déchets dans les entreprises labellisées répond ainsi intégralement aux exigences figurant dans la norme ISO 14024.

Le respect des critères est contrôlé une fois par an dans les entreprises et les institutions. Les candidats qui détiennent le label de qualité depuis cinq ans sans interruption, sont récompensés par un diplôme. Les lauréats ne sont plus contrôlés que tous les deux ans.

Plus d’informations sur le site de la « SuperDrecksKëscht »

De Beeforter an den Offallkalenner

De Beeforter an den Offallkalenner

Zanter gëschter Owend gëtt den neien “De Beeforter” an der Gemeng verdeelt. Nieft der Chronik vum Januar bis de Mäerz ginn op 104 Säiten nach folgend Theme behandelt: Covid-19, ee Bléck an déi Spillschoul a Maison Relais, Modernisatioun vum Waassernetz, ee sportleche Réckbléck bei den “Knights” an dem Judoclub an zum Schluss ee Spezial zum Klimapakt.

Des Weidere läit den neie Offallkalenner fir dat zweet Semester bäi.

Wéi gewinnt kann een och alles eroflueden:

“De Beeforter” 65

Offallkalenner Juli – Dezember 2020

Nei Vëlosstänner a keng Clôturen

Nei Vëlosstänner a keng Clôturen

 

Am Kader vun der doucer Mobilitéit, déi ëmmer méi ënnerstëtzt gëtt, huet d’Gemeng Beefort op sechs Plazen nei Vëlosstänner opgestallt. Zesumme mat der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) gëtt schonns eng Zäitchen un engem Gesamtkonzept fir d’Gemeng Beefort an Uschloss un dat nationaalt Vëlosnetz geschafft.

 

Op Recommandatioun vun der LVI sinn déi nei Vëlosstänner aus Edelstol sougenannt “Anlehnbügel mit Knieholm”. Op den éischte Bléck gesi se net grad aus ewéi déi klassesch a bekannt Vëlosstänner, déi an der Tëschenzäit ee ganz groussen Nodeel hunn an doduercher och “Felgenkiller” genannt ginn. Hautesdaags sinn d’Vëloe vill méi grouss a bestinn aus méi empfindlechem Material ewéi Carbon zum Beispill. Duerch de verlagerte Schwéierpunkt kënnt et vir, datt d’Vëloen ëmfalen an dobäi d’Felge beschiedegen. Op engem Bigel kann op all Säit ee Vëlo ofgestallt an ugestréckt ginn. Déi zwee Vëloen op de Fotoe sinn iwweregens E-Bike, déi d’Gemeng d’lescht Joer kaaft huet. Et sinn also nei Vëlosstänner installéiert ginn a keng Clôturen oder Barrièren fir eppes ze spären oder ofzetrennen.

****

Dans le cadre de la mobilité douce, qui est de plus en plus promue, la commune de Beaufort a installé sur six différents places des parkings à vélos. Depuis un certain temps les responsables de la commune élaborent ensemble avec la « Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ » (LVI) un concept vélo communal ainsi qu’une liaison au réseau cyclable national.

C’est sur recommandation de la LVI que la commune a mis en place ces parkings à vélo à l’acier inoxydable. A première vue ces arceaux avec barre n’ont rien avec les parkings à vélo classiques qui entretemps ont un très grand désavantage. Certains parlent même d’un « tueur de jantes ». De nos jours les vélos sont plus grands et se composent d’un matériel sensible comme par exemple le carbone. A cause du centre de gravité déplacé ça arrive régulièrement que les vélos tombent et endommagent les jantes. Les nouveaux parkings de vélos permettent de poser doucement les vélos sur les deux côtés des arceaux. Les vélos sur les photos sont d’ailleurs des e-bike, que la commune a acheté l’année dernière. Les nouvelles installations sont par conséquent des parkings à vélo et non des barrières ou clôtures pour barrer ou séparer quelque chose.

Tëschen der Gemeng an der Kierch / Entre la maison communale et l’église

Beim Bushaischen an der Härewiss / L’arrêt de bus dans la Härewiss

Bei der Entrée vun der Maison du Parc (Theishaus) / A l’entrée de la Maison du Parc (maison Theis)

Bei der Entrée vun der Maison du Parc (Theishaus) / A l’entrée de la Maison du Parc (maison Theis)

An der Géigend vun der Apdikt beim Foussgängeriwwergank / Près de la pharmacie et le passage à piétons

Tëschen dem Bäcker an dem Kiosk / Entre la boulangerie et le kiosque

 

Europadag mat zouene Grenzen

Europadag mat zouene Grenzen

Um Europadag den 9. Mee hunn eng Rei Lëtzebuerger Stied a Gemengen, zesumme mat hire jeeweilegen Nopeschgemengen aus Däitschland, der Belsch a Frankräich, den europäesche Fändel eropgezunn, fir sech fir d’Ouverture vun de Grenzen anzesetzen. Si hu mat dësem symbolesche Geste e staarke Message vu Solidaritéit un all d’Memberstaate vun der Europäescher Unioun geschéckt.

De Beeforter Gemengerot huet sech och un dëser symbolescher Aktioun bedeelegt. Op der Sauerbréck zu Déiljen gouf den Europafändel, deen op Hallefmast stoung, pénktlech ëm 11 Auer ënnert de Kläng vun der Europahymn “Ode an die Freude” héich gezunn. Vu que, datt zu dem Zäitpunkt d’Land an der éischter Phase vun der Lockerung vun den Ausganksbeschränkunge wor, gouf keen allgemengen Opruff gemeet fir sech un dëser Aktioun ze bedeelegen.

Erënnere mer drun, datt eigentlech deen Dag ee gréissert Fest zu Beefort geplangt wor. Nieft dem traditionelle Blummemaart vum Syndicat d’initiative et du tourisme hat d’Integratiounskommissioun eng éischt Editioun vum Europafest mat engem Vide-grenier virgesinn.

Deklaratioun fir den 9. Mee 2020 (L)
Déclaration du 9 mai 2020 (F)

De Video op der Facebook-Säit vun der Gemeng Beefort

 

De Beeforter 64

De Beeforter 64

Online-Ausgab Nummer 64

mat ënner anerem:

  • Gemengerotssëtzungen
  • Reglement finanziell Ënnersëtzungen
  • Label « Sécher Spillplaz »
  • Nationalen Dag vum Bam zu Beefort
  • Réckbléck Generatiounsgaart
  • Chronik Juli – Dezember 2019

HardBall IV
Rock’N’Classics
Journée 55+
Adventsfënsteren

Réorganisation collecte publique

Réorganisation collecte publique

Réorganisation collecte publique

22.06.2020

Die neuen Regelungen sowie das neue Verrechnungssystem treten ab dem 1. Oktober in Kraft und nicht wie ursprünglich geplant am 1. Juli obwohl die Mülltonnen bereits ausgetauscht wurden. Des Weiteren wird bei der nächsten Abrechnung der Monat September hinzugefügt und diese Rechnung wird dann fünf statt üblicherweise vier Monate umfassen.

La nouvelle organisation de la collecte publique ainsi que le nouveau mode de facturation entreront en vigueur le 1er octobre et pas le 1er juillet comme initialement prévu, même si les nouvelles poubelles sont échangées. A savoir également que sur le prochain décompte le mois de septembre figure également sur la facture qui contiendra alors cinq au lieu de quatre mois.

Abfallkalender Juli-Dezember 2020 / Calendrier des déches juillet-octobre 2020

Version française en bas

 

Die öffentliche Müllsammlung

Die Gemeinde Befort ist Mitglied im interkommunalen Syndikat – Sidec – welches im Interesse seiner Mitgliedsgemeinden die nachfolgend beschriebene öffentliche Müllsammlung der Haushaltsabfälle sicherstellt:

 

 Haus-zu-Haus-Sammlung von gemischten Abfällen

Als gemischte Restabfälle wird eine Mischung verschiedener Abfallfraktionen bezeichnet, die einer Behandlung unterzogen werden zur Rückgewinnung von Wertstoffen oder im Hinblick auf deren Entsorgung.

Die gemischten Restabfälle werden alle zwei (2) Wochen gemäß einem vorab von der Gemeinde veröffentlichten Kalender mittels zweirädrigen Mülltonnen, die den Einwohnern in 6 verschiedenen Größen zur Verfügung gestellt werden, eingesammelt. Gelegentlich anfallende überschüssige Abfallmengen können mittels 80-Liter-Müllsäcken entsorgt werden, welche die Gemeinde bereithält. Die graue Mülltonne und deren Nutzung sind vorgeschrieben und eine Befreiung von dieser Verpflichtung kann nur durch den Schöffenrat nach begründeter Anfrage erteilt werden.

Die Entsorgung von Abfallfraktionen über die Restmülltonne, welche separat eingesammelt werden, wie z.B. Bioabfälle, Hohlglas, Altpapier und Kartonagen, PMC, Sondermüll, Elektroschrott, Inertabfälle sowie für alle anderen Abfälle, deren Art oder Volumen eine gesonderte Behandlung erfordert, ist nicht zulässig.

Jede Mülltonne ist mit einem Transponder (« Chip ») ausgestattet, dessen individueller, dem Mülltonnenhalter zugewiesener Code ermöglicht, die Anzahl der im Laufe des Jahres durchgeführten Entleerungen zu erfassen.

Die an den Mülltonnenhalter verrechneten Gebühren beinhalten eine fixe Gebühr, welche die allgemeinen Kosten der Abfallbewirtschaftung abdeckt, sowie eine variable Gebühr für jede durchgeführte Entleerung der grauen Restmülltonne. Die fixe und die variable Gebühr sind abhängig vom Volumen der Restmülltonne. Nur die tatsächlich ausgeführten Mülltonnenentleerungen werden verrechnet.

 

Zusätzlich zu den Gebühren für die öffentliche Müllabfuhr, wird eine Pauschalgebühr für sonstige für die Gemeinde anfallende Kosten zur Bewirtschaftung von Abfällen erhoben.

 

 Haus-zu-Haus-Sammlung von Bioabfällen

Der Nutzer der öffentlichen Abfallsammlung hat Anspruch, ohne zusätzliche Zahlungen, sofern er dies wünscht, auf eine Mülltonne mit braunem Deckel für die Getrenntsammlung von Bioabfällen (Essensreste, Küchen-und Gartenabfälle). Aufgrund der Tatsache, dass die Mülltonne vorrangig für die getrennte Erfassung organischer Abfälle vorgesehen ist, die bisher in der grauen Mülltonne landeten, beläuft sich ihr Volumen auf 60 Liter. Gartenabfälle sollten daher weiterhin über Eigenkompostierung oder über die bestehenden Sammelstellen entsorgt werden. Auch diese Mülltonne ist mit einem Transponder ausgestattet um die Entleerungen einzeln zu erfassen. Sie werden von Mai bis Oktober wöchentlich entleert und den Rest des Jahres alle zwei Wochen.

Auf Anfrage kann ein größeres Mülltonnenvolumen beantragt werden. Zusätzliches Mülltonnenvolumen, welches 60 Liter überschreitet, wird einmalig mit einer Gebühr von 0,25 € pro zusätzlichen Liter und mit 0,038 € pro zusätzlich geleerten Liter pro Sammlung in Rechnung gestellt.

 

Haus-zu-Haus-Sammlung von Hohlglas

Der Nutzer der öffentlichen Abfallsammlung hat Anspruch, ohne zusätzliche Zahlungen, sofern er dies wünscht, auf eine 120-Liter-Mülltonne mit grünem Deckel für die Getrenntsammlung von Hohlglas. Die Mülltonne wird alle 6 Wochen entleert.

Falls ein Halter darüber hinaus zusätzliches Volumen benötigt, so wird dies mit einer einmaligen Gebühr von 0,25 € pro Liter in Rechnung gestellt. Die jährliche Entleerungsgebühr beträgt 0,142 € pro Liter zusätzlich bereitgestelltes Volumen.

 

Haus-zu-Haus-Sammlung von Altpapier/Kartonagen

Der Nutzer der öffentlichen Abfallsammlung hat Anspruch, ohne zusätzliche Zahlungen, sofern er dies wünscht, wahlweise auf eine Mülltonne mit blauem Deckel von 120 oder 240 Litern für die Getrenntsammlung von Altpapier. Die Mülltonne wird monatlich entleert.

Falls ein Halter darüber hinaus zusätzliches Volumen benötigt, so wird dies mit einer einmaligen Gebühr von 0,25 € pro Liter in Rechnung gestellt. Die jährliche Entleerungsgebühr beträgt 0,10 € pro Liter zusätzlich bereitgestelltes Volumen.

 

Allgemeine Regeln in Bezug auf die Haus-zu-Haus-Sammlungen

Am Tag der Entleerung sind die Mülltonnen ab 7.00 Uhr morgens entlang der öffentlichen Straße bereitzustellen und anschließend wieder schnellstmöglich hereinzuholen. Mülltonnen, deren Deckel nicht vollständig schließt, werden von der Abfuhr ausgeschlossen. Die Mülltonnen sind Eigentum der Gemeinde beziehungsweise des Sidec und sind in einem sauberen Zustand zu halten.

 

 Sammlung auf Abruf von Sperrmüll

Sperrmüll (zum Beispiel Möbel, Teppiche, Matratzen) wird viermal (4) jährlich vor der Haustür abgefahren. Die Anfrage hierzu muss spätestens 48 Stunden vor dem veröffentlichten Sammeltermin an die Gemeindeverwaltung gerichtet werden. Sperrmüll wird mit 0,35 € pro kg in Rechnung gestellt.

 

Sammlung von PMC-Verpackungen in Valorlux-Säcken

PMC-Verpackungen (Plastikflaschen, Metallverpackungen, Getränkekartons, Plastikfolien und -tüten, Plastiktöpfe, -becher und -schalen) werden über eine Haus-zu-Haus-Sammlung durch Valorlux zweimal (2) im Monat eingesammelt. Schwarze Kunststoffverpackungen sind nicht zugelassen. Die Säcke zur Sammlung sind bei der Gemeindeverwaltung erhältlich.

 

Bring-Sammlung von Haushaltsabfällen

Alle Haushaltsabfälle, die nicht über eine separate Haus-zu-Haus-Sammlung erfasst werden und die einer Verwertung oder spezifischen Behandlung unterzogen werden müssen, wie zum Beispiel Sondermüll, Elektronik- oder Elektroschrott, können über die Containerparks des Sidec entsorgt werden.

Die Öffnungszeiten der Containerparks finden sie auf der Homepage des Sidec. Weitere Auskünfte erteilt die Gemeinde oder das Sidec (www.sidec.lu ; Tel. 80 89 83)

****

 

La collecte publique des déchets

La commune de Beaufort est membre du syndicat intercommunal – Sidec – qui assure dans l’intérêt de ses communes membres la collecte publique des déchets ménagers précisée ci-après :

 Collectes à domicile des déchets ménagers résiduels en mélange

Par déchets ménagers résiduels en mélange, on entend un mélange de différentes fractions de déchets à soumettre à un traitement afin d’y récupérer des déchets valorisables ou bien en vue de leur élimination.

Les déchets ménagers résiduels en mélange sont collectés à domicile toutes les deux (2) semaines suivant un calendrier rendu public par la commune moyennant des poubelles à deux roues mises à la disposition des usagers par la commune en 6 volumes différents. Pour l’évacuation occasionnelle de sur-quantités en déchets, la commune tient à la disposition des usagers des sacs à un volume de 80 litres. Il est obligatoire de disposer et de se servir d’une poubelle grise et une dispense ne peut être accordée que sur une demande motivée à soumettre au collège échevinal.

La poubelle grise est interdite aux fractions de déchets qui sont enlevés séparément à la source, comme par exemple les biodéchets, les verres creux, les papiers et cartons, les PMC, les déchets problématiques, les déchets électroniques, les déchets inertes ainsi que tout autre déchet qui par sa nature ou son volume ne peut pas être traité avec les autres déchets ménagers résiduels.

Chaque poubelle est munie d’un transpondeur (« chip ») pourvue d’un code individuel associé directement au détenteur de la poubelle et permettant ainsi de constater le nombre de vidanges de poubelles réalisées en cours d’année.

Il est facturé une taxe fixe comprenant les frais généraux de la collecte publique et une taxe de vidange redevable pour chaque vidange de poubelle grise réalisée. La taxe fixe et la taxe de vidange varient en fonction du volume de la poubelle. Seules les vidanges effectivement réalisés sont facturés.

 

Outre les taxes pour la collecte publique, il est prélevé une taxe forfaitaire pour couvrir les autres frais encourus par la commune en matière de gestion des déchets.

 Collectes à domicile de biodéchets

L’usager de la collecte publique a droit sans paiement, s’il le souhaite, à une poubelle à couvercle brun destinée à la collecte séparée des déchets biodégradables (déchets biodégradables de déchets alimentaires, de cuisine ou de jardin). Du fait que la poubelle soit destinée prioritairement à l’évacuation des déchets biodégradables contenus jusqu’ici dans la poubelle grise, son volume s’élève à 60 litres. Les déchets de jardinage devraient en ce sens continuer à être compostés à domicile ou bien à être évacués vers les entrepôts de collecte existants. Les poubelles sont équipées elles-aussi d’un transpondeur pour identifier individuellement les vidanges réalisées. Elles sont vidangées hebdomadairement de mai à octobre et toutes les deux semaines le reste de l’année.

L’usager peut recevoir, sur sa demande, un volume de poubelle plus grand. Les volumes dépassant les 60 litres font l’objet d’un paiement unique de 0,25 € par litre supplémentaire fourni et sont facturés 0,038 € par litre supplémentaire vidangé par collecte.

 

Collectes à domicile de verres creux

L’usager de la collecte publique a droit sans paiement supplémentaire, s’il le souhaite, à une poubelle à couvercle vert d’un volume de 120 litres pour évacuer son verre creux. La poubelle est vidangée toutes les 6 semaines.

Pour les usagers désireux de recevoir un volume supplémentaire dépassant celui offert, un paiement unique de 0,25 € par litre. La taxe de vidange annuelle est de 0,142 € par litre supplémentaire fourni.

 

 Collectes à domicile de vieux papiers / cartons

L’usager de la collecte publique a droit sans paiement supplémentaire, s’il le souhaite, à une poubelle à couvercle bleu d’un volume de 120 ou 240 litres pour évacuer ses vieux papiers. La poubelle est vidangée mensuellement.

Pour les usagers désireux de recevoir un volume de poubelle dépassant celui offert, un paiement unique de 0,25 € par litre est dû. La taxe de vidange annuelle est de 0,10 € par litre supplémentaire fourni.

 

Règles générales relatives aux collectes à domicile

Pour leur vidange, les poubelles sont à placer, avec couvercles fermés, le jour de la collecte le long de la voie publique à partir de 7.00 heures le matin et à rentrer le jour même le plus rapidement possible. Les poubelles dont les couvercles ne ferment pas complètement sont écartées de la collecte et ne sont pas vidées. Les poubelles restent la propriété de la commune respectivement du Sidec et sont à maintenir dans un état propre par l’usager.

 

 Collectes en vrac sur commande de déchets encombrants

Les déchets encombrants (par exemple meubles, tapis, matelas) sont enlevés à domicile quatre (4) fois par an. La demande d’enlèvement des déchets encombrants doit être signalée à la commune au plus tard 48 heures avant la date d’enlèvement rendu public par la commune. La collecte des encombrants est facturée à raison de 0,35 € par kg.

 

 Collectes en sacs des emballages en PMC par Valorlux

Les emballages en PMC (bouteilles plastiques, emballages métalliques, cartons à boissons, films et sacs en plastique, pots, gobelets et barquettes en plastique) sont enlevés à domicile par Valorlux deux (2) fois par mois. Tous les plastiques noirs ne sont pas admis. Les sacs de collecte sont disponibles à l’administration communale.

 

 Collectes par apport volontairede déchets ménagers

Tous les déchets d’origine domestique ne faisant pas l’objet d’une collecte à domicile et plus particulièrement les déchets susceptibles à être soumis à une valorisation ou bien à un traitement approprié comme les déchets problématiques, électroniques ou électriques peuvent être évacués par apport volontaire aux divers parcs à conteneurs du Sidec.

Les heures d’ouverture des parcs à conteneurs du Sidec peuvent être consultées sur la homepage du Sidec.

De plus amples renseignements sont fournis par la commune ou le Sidec (www.sidec.lu ; téléphone 80 89 83)

Gutt ze wëssen / Bien à savoir

Gutt ze wëssen / Bien à savoir

www.covid19.lu

Administration communale

Am Kader vun der zweeter Phase vun der Lockerung vun den Ausganksbeschränkungen funktionéieren ab e Méindeg, den 11. Mee, nees sämtlech Gemengeservicer zu de bekannten Ëffnungszäite mat der Nocturne mëttwochs bis 20 Auer. Jidderee mat engem Rendezvous huet Prioritéit an dowéinst gëtt geroden am Virfeld telefonesch ee Rendezvous ze huelen. Et gëtt drun erënnert, datt déi meescht Certificaten, Attestatiounen oder aner Dokumenter op telefonescher Nofro weiderhi mat der Post oder E-Mail kënne verschéckt ginn an esou een net muss op d’Gemeng kommen. Des Weidere sinn all Cartes d’identité, déi nom 1. Mäerz oflafen oder ofgelaf sinn, während dem nationalen Noutstand hei am Land weiderhi gülteg. Bei weidere Froen oder fir ee Rendezvous festzeleeë soll een d’Telefonsnummer 83 60 45 1 wielen. Op der Gemeng selwer gëllt Maskenpflicht, d’Hänn ginn direkt an der Entrée desinfizéiert an et gëtt nëmmen eng Persoun zerwéiert. De Sécherheetsofstand muss respektéiert ginn a geneesou wéi déi op der Plaz getraffe Moossnamen.

Dans le cadre de la deuxième phase du déconfinement tous les services communaux sont accessibles à partir du lundi 11 mai et ceci aux heures d’ouverture habituelles y compris la nocturne les mercredis jusqu’à 20 heures. Cependant il est fortement conseillé de prendre un rendez-vous qui seront traités en priorité. Il est rappelé que la plupart des certificats, attestations et autres documents peut être envoyée soit par courrier ou e-mail sur simple demande téléphonique. Un déplacement à la maison communale n’est pas forcément nécessaire. A noter que les cartes d’identités avec échéance après le 1er mars restent valables au Luxembourg pendant la durée de l’état de crise. En cas de questions ou pour prendre un rendez-vous nous vous prions de nous contacter au 83 60 45 1 pendant les heures de bureaux. Lors de la visite à la maison communale le port de masque est obligatoire ainsi que la désinfection des mains à l’entrée du bâtiment. Seulement une personne sera accueillie et servi. Chacun est prié de respecter les distances et les mesures prises sur place.

 

Aktuelle Hilfemaßnahmen für Unternehmen Mesures d’aide pour les entreprises (27.07.2020)20200727

 

Matdeelungen un d’Awunner aus der Gemeng Beefort

 

 

Informations aux habitants de la commune de Beaufort

 

Cabinet médical

 

D’Leit si gebieden nëmme moies tëschen 8.30 an 12 Auer unzeruffe wann d’Sekretärin do ass fir ee Rendezvous ze huelen oder medizinesch Renseignementer ze kréien. Den Dokter am Cabinet wäert da sou séier wéi et geet zréckruffen. Des Weidere soll een am Nomëtteg nëmmen am Fall vun enger Urgence uruffen. Den Dokter ass zwar am Cabinet présent mais et muss ee wëssen, datt hien d’Urgencen behandelt an och d’Patienten urifft, déi moies ee Rendezvous um Telefon geholl hunn.

Les gens sont priés de téléphoner uniquement les matins entre 8:30 et 12:00 heures (présence de la secrétaire) pour prendre rendez-vous et/ou demander des renseignements médicaux. Le médecin présent au cabinet va rappeler dans les meilleurs délais. De plus les appels téléphoniques pendant l’après-midi sont à limiter uniquement en cas d’urgence. Le médecin présent au cabinet est alors disponible mais il faut savoir qu’il doit aussi gérer les rendez-vous urgents et continuer à rappeler les patients ayant pris un rendez-vous téléphonique le matin.

 

Bluttanalyse / Prise de sang

 

Bluttanalyse gi rëm zu de gewinnten Auerzäiten (vu 7 bis 10 Auer) geholl an et muss ee sech u verschidde Regelen halen. Fir d’éischt gëtt geschellt an d’Leit si gebieden dobausse virun der Dir ze waarden. Op kee Fall soll ee eragoen. Eng Infirmière kënnt d’Persoun sichen. Nodeems Blutt geholl gouf gëtt rëm alles desinfizéiert an doduercher dauert et méi laang bis een un d’Rei kënnt. D’Droe vun der Mask ass selbstverständlech.

La prise de sang est de nouveau possible pendant les heures habituelles. Cependant il faut respecter certaines règles sur place. Après avoir sonné, les gens sont priés d’attendre devant la porte d’entrée jusqu’à ce qu’une infirmière les prendra en charge. Après la prise de sang tout sera désinfecté et de cette raison il faut attendre plus longtemps que d’habitude. Le port du masque est obligatoire.

 

Pharmacie de Beaufort

 

D’Gemeng Beefort organiséiert fir Leit, déi sech net däerfe bis an d’Apdikt déplacéieren, ee Liwwerdéngscht fir dës Artikelen ze besuergen. Allerdéngs nëmmen an Noutfäll a mat enger Ordonnance médicale. Déi betraffe Leit solle sech um Telefon 83 60 45 20 während de Büroszäite mellen. Et sief drop higewisen, datt d’Gemeng mëttlerweil zou ass an datt ee Service réduit funktionéiert.

La commune de Beaufort organise pour les gens, qui ne peuvent pas se déplacer à la pharmacie, un service de livraison et uniquement en cas d’urgence et avec ordonnance médicale. Les personnes concernées sont priées de d’appeler le 83 60 45 20 pendant les heures de bureau. A noter que l’administration est maintenant fermée et qu’elle fonctionne avec un service réduit.

 

Kinésithérapie & Ostéopathie de Beaufort

 

Den Cabinet 1 (90, Grand Rue) ass ab e Méindeg, de 4. Mee, rëm fir all Patient op. D’Zuel vun de Rendezvousen pro Dag ass awer nach limitéiert. All Virsiichtsmoossnamen gi getraff. Wichteg fir Patienten: All Patient muss eng Mask un hunn a Patiente mat Krankheetssymptomer (Houscht, Schnapp, Halswéi, etc) si gebieden hire Rendezvous am Viraus ofzesoen. Den Cabinet 2 (Résidence Petite Suisse) bleift weider zou.

A partir du lundi 4 mai le cabinet 1 (90, Grand Rue) est ouvert pour chaque patient. Le nombre des rendez-vous par jour est limité et toutes les mesures de précaution sont prises. Chaque patient doit porter un masque et les patients avec signes de maladie (toux, rhume, mal de gorge, etc.) sont priés d’annuler leur rendez-vous à l’avance. Le cabinet 2 (Résidence Petite Suisse) reste fermé.

 

Offall / Gestion des déchets

 

Déi nei Poubelle goufen an der Tëschenzäit geliwwert an déi al gro Poubellen och ofgeholl. Den neie System fänkt den 1. Oktober un a bis dohinner leeft et sou weider ewéi bis elo.

Entre-temps les nouvelles poubelles ont été livrées et les anciennes poubelles reprises. Le nouveau système de collecte débutera le 1er octobre.

Offallkalenner Juli-Dezember 2020 / Calendrier des déches juillet-octobre 2020

Reorganisatioun vum Offal / Réorganisation de la collecte publique

 

Proxy Delhaize

 

An Zesummenaarbecht mat der Gemeng gëtt ee Service « Livraisons à domicile » ugebueden an zwar nëmme fir déi Leit, déi zu der Risikogrupp vum Coronavirus gehéieren an dowéinst net méi akafe kënne oder si hu kee fir dat an hirer Plaz ka maachen. Telefon: 28 80 32 83 (Delhaize).

En collaboration avec la commune de Beaufort un service livraisons à domicile est installé uniquement pour les personnes vulnérables qui ne peuvent plus faire leurs courses et n’ont personne pour les faire à leur place. Téléphone: 28 80 32 83 (Delhaize).

Restauranten a Geschäfter aus der Gemeng Beefort op Facebook
Les restaurants et commerces de la commune de Beaufort sur facebook


sms2citzen

 

“sms2citizen” ass e Noriichtendéngscht de vun der Gemeng Beefort an Zesummenaarbecht mam Gemengesyndikat Sigi gratis offréiert gëtt. Dëse Service erméiglecht et dem Bierger, wichteg an aktuell Informatiounen iwwert seng Gemeng ze erhalen. D’Umellung an de Service si gratis. https://www.sms2citizen.lu/Subscribe.aspx

« sms2citizen » est un service de messagerie gratuit, mis à disposition par la commune de Beaufort en collaboration avec le syndicat intercommunal Sigi. Ce service permet aux citoyens d’être tenu au courant des événements communaux ou autres informations générales. L’inscription et le service sont gratuits. https://www.sms2citizen.lu/Subscribe.aspx

Office social régional

 

 

De Bicherbus

 

Suite au caractère exceptionnel de la situation actuelle, et dans un souci de limiter la propagation du virus dans le cadre de la lutte contre le Covid-19, le service Bicherbus est dans l’obligation d’annuler toutes les tournées prévues jusqu’au 1er août 2020 inclus. La reprise des tournées est envisagée pour le 15 septembre 2020.

L’espace réduit de l’habitacle du Bicherbus ne permet pas d’assurer un service respectant les mesures sanitaires et les gestes barrières recommandés par le Gouvernement luxembourgeois.

La date d’échéance de tous les prêts en cours a été prolongée jusqu’au 15 septembre 2020. Le service des réservations de documents reste suspendu jusqu’à la reprise des tournées.

Toutefois, le service Bicherbus offre aux lecteurs la possibilité de retourner les documents actuellement empruntés :

  • lors d’un passage de collecte dans les toutes les localités desservies entre le 6 juillet et le 25 juillet 2020 selon les horaires et aux arrêts habituels,
  • par voie postale à l’adresse ci-dessous.

Ainsi, le service Bicherbus sera en mesure d’offrir un maximum de documents immédiatement disponibles à ses lecteurs lors de la reprise des tournées.

Au cours de cette période de fermeture, l’ensemble des fonds du service Bicherbus sera équipé avec des puces électroniques afin d’offrir aux lecteurs une amélioration de la gestion des prêts à la reprise.

Nous vous tiendrons évidemment au courant de tout développement dans les meilleurs délais et nous vous remercions d’avance pour votre précieuse collaboration et votre compréhension.

Adresse postale :

Bibliothèque nationale du Luxembourg
Service Bicherbus
37D, av. John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg

Attention

Attention

Obwuel d’Lingettes (Feuchttücher) biologesch ofbaubar si gehéiere se nët an d’Toilette. Wéi laang et dauert bis se ofgebaut sinn, dat weess en nët. Allerdéngs dauert et nëmmen e puer Minutte bis se an d’Kläranlage kommen an do verfänke sech an de Pompelen. D’Reparaturen an déi zousätzlech Aarbechten dreiwen d’Onkäschten an d’Luucht. D’Käschte ginn zum Schluss iwwert de Waasserpräis erageholl.

Weider Erklärunge mat Fotoe ginn et um Site vum interkommunale Ofwaassersyndikat Sidest.

****

Même si les lingettes humides se laissent dégrader biologiquement avec le temps on ne les jette pas dans l’égout car on ne connaît pas la durée de phase de biodégradation. Par contre il ne dure que quelques minutes pour qu’elles arrivent à la prochaine station de pompage où elles posent des problèmes. Les réparations et le surcroit des travaux entraînent une hausse des coûts qui à la fin seront récupérées par le prix d’eau.

Plus d’explications avec des photos se trouvent sur le site du syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires de l’est Sidest.

Roadshow « RGTR » mam Minister François Bausch

Roadshow « RGTR » mam Minister François Bausch

Roadshow « RGTR » mam Minister François Bausch

Eng Regionalversammlung vum Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte gëtt fir d’Bierger, Gemengepolitiker an all concernéiert Akteuren, iwwert d’Reorganisatioun vun de regionale Buslinnen an de verschidde Regiounen ofgehalen. Um Programm stinn d’Virstellung vun der kompletter Reorganisatioun vun den ëffentleche Linne vum RGTR, een Ausbléck an der jeeweileger Regioun an zum Schluss eng oppen Diskussioun. Den Entrée ass fräi an.

An der Versammlung vun en Dënschdeg, den 3. Mäerz, um 19 Auer am Festsall vun der Primärschoul zu Iechternach geet et ëm d’Gemenge Beefort, Iechternach, Reisduerf, Waldbëlleg, Baërdref, Konsdrëf, Bech a Rouspert-Mompech.

Informatiounshalwer ass hei de kompletten Terminkalenner:

Donneschdes, 6. Februar, am Sall « Aula », zu Réiden op der Attert;
Méindes, 10. Februar, am Centre culturel, zu Gréiwemaacher;
Méindes, 24. Februar, am Cube 521, zu Maarnech;
Mëttwochs, 26. Februar, am Centre Roudemer, zu Stengefort;
Dënschdes, 3. Mäerz, am Festsall vun der « école fondamentale », zu Iechternach;
Donneschdes, 5. Mäerz, am Sall Nic Welter, zu Miersch;
Méindes, 9. Mäerz, an der Hall des Poches, um Belval;
Méindes, 16. Mäerz, an der « Däichhal », zu Ettelbréck;
Méindes, 23. Mäerz, an der Salle culturelle vum Schlass, Woltz;
Donneschdes, 26. Mäerz, am Centre scolaire et sportif « Gewännchen », zu Réimech;
Méindes, 30. Mäerz, am Sall “CELO”, zu Hesper.

****

Roadshow « RGTR » avec le ministre François Bausch

Le ministre de la Mobilité et des Travaux publics invite le public intéressé, les responsables communaux et les acteurs concernés à des conférences régionales sur la réorganisation complète des lignes d’autobus régionales. Au programme figurent la présentation de la réorganisation des lignes d’autobus régionales du RGTR, un aperçu spécifique de la région concernée ainsi qu’un échange de vues. L’entrée est libre.

Dans la réunion du mardi 3 mars à 19 heures dans la salle des fêtes de l’école primaire à Echternach l’accent est mis sur les communes Beaufort, Echternach, Reisdorf, Waldbillig, Berdorf, Consdorf, Bech et Rosport-Mompach.

A toute fin utile voici le calendrier complet des réunions :

Jeudi, le 6 février dans la salle « Aula » à Redange/Attert ;
Lundi, le 10 février au centre culturel à Grevenmacher ;
Lundi, le 24 février au Cube 521 à Marnach ;
Mercredi, le 26 février au Centre Roudemer à Steinfort ;
Mardi, le 3 mars dans la salle des fêtes de l’école fondamentale d’Echternach ;
Jeudi, le 5 mars dans la salle Nic Welter à Mersch ;
Lundi, le 9 mars dans la halle des Poches à Belval ;
Lundi, le 16 mars dans la « Däichhal », salle 2 à Ettelbruck ;
Lundi, le 23 mars dans la salle culturelle au château de Wiltz ;
Jeudi, le 26 mars au Centre scolaire et sportif « Gewännchen » à Remich ;
Lundi, le 30 mars dans la salle « CELO » à Hesperange.

Nei Fahrpläng vum RGTR / Nouveaux horaires RGTR

Nei Fahrpläng vum RGTR / Nouveaux horaires RGTR

Nei Fahrpläng vum RGTR / Nouveaux horaires RGTR

 

Vun e Sonndeg, den 2. Februar, gëtt de Busfahrplang vum RGTR un d’“horaires ferroviaires européens 2020” ugepasst. Een Iwwerbléck vun den eenzelne Linnen:

A partir du dimanche 2 février les horaires de lignes RGTR seront adaptées aux « horaires ferroviaires européens 2020 ». Un bref aperçu des lignes:

Beefort / Beaufort

107 (Luxembourg – Junglinster – Beaufort)

keng Ännerung

pas de changements

414 (Larochette – Beaufort – Echternach)

keng Ännerung

pas de changements

417 (Echternach – Berdorf – Mersch via Beaufort)

Neiorganisatioun vun den Quaie op der Mierscher Gare. Neien Départ ass lo um Quai 8.

Réorganisation des quais à la gare de Mersch, la ligne aura son nouveau départ au quai 8.

424 (Beaufort – Heffingen – Junglinster)

keng Ännerung

pas de changements

502 (Ettelbruck – Diekirch – Beaufort)

Neien Départ zu Ettelbréck op der Gare ass lo um Quai 1. Vu Beefort op Ettelbréck fueren d’Busser eng Minutt méi spéit fort ewéi bis elo.

Adaptation en direction de Beaufort, l’arrêt Ettelbruck, Gare quai_2 est remplacé par Ettelbruck, Gare quai_1. Adaptations de l’horaire suite retardement d’une minute des courses en direction d’Ettelbruck.

503 (Ettelbruck – Beaufort – Echternach)

keng Ännerung

pas de changements

505 (Diekirch – Medernach – Beaufort)

keng Ännerung

pas de changements

848 (Echternach – Colmar/Usines via Beaufort)

keng Ännerung

pas de changements

 

Déiljen a Grondhaff / Dillingen et Grundhof

500 (Ettelbruck – Diekirch – Echternach)

Den Départ Richtung Iechternach ass zu Ettelbréck op der Gare um Quai 1.

Adapation en direction d’Echternach. L’arrêt Ettelbruck, Gare quai_3 est remplacé par Ettelbruck, Gare quai_1.

501 (Ettelbruck – Diekirch – Echternach)

D’Arrivée zu Ettelbréck ass um Quai 2 vun der Gare. Des Weidere gëtt eng offiziell Korrespondenz agefouert an dat tëschen der Course 6430 mat de Course 6401 a 6403 vun der Linn 944 aus Richtung Waarken, Annexe vum LTEtt. Ugepasst gëtt och d’Course 3604 mat Départ um 7.14 Auer, déi elo d’Course 3581 mat Départ um 7.10 Auer gëtt.

Adaptation en direction d’Ettelbruck, l’arrêt Ettelbruck, Gare quai_1 est remplacé par Ettelbruck, Gare quai_2; introduction d’une correspondance officielle entre la course 6430 avec les courses 6401 et 6403 de la ligne 944 en provenance de Warken, L.T.Ett(Annexe); adaptation de la course 3604 départ 07:14 heures devient 3581 départ 07:10 heures.

Weider Informatioune ginn ët op / Des amples informations sur
www.mobiliteit.lu

Aller au contenu principal