Optakt vum Open-Air-Kino op der Äispist

Optakt vum Open-Air-Kino op der Äispist

Den Erotikdrama “Babygirl” huet gëschter Owend den Optakt gemeet vum éischten Open-Air-Kino op der Äispist zu Beefort. No engem kuerze Film géint 22 Auer huet den ernimmte Film gewisen. Den Open-Air-Kino am “Ice Park” leeft iwwer véier Deeg a gëtt vun Sport-, Jugend- a Fräizäitkommissioun an Zesummenaarbecht mam “Ciné Sura” organiséiert, déi ënner anerem vun de lokale Veräiner an dem “Leader Mëllerdall” ënnerstëtzt ginn.

Um Programm stinn den Owend “Paddington in Peru”, muer Samschdeg “Die 3 ??? und der Karpatenhund” an zum Ofschloss e Sonndeg “Final Destination”. Den Entrée ass fräi an d’Diere ginn um 20 Auer op. Jee no Luucht an Donkelheet fänken d’Virstellungen tëschen 21.30 an 22 Auer un.

Wéi an engem Kinossall däerf hei och net de Popcorn net feelen a gëschter Owend wor d’Nofro grouss op dës Schneekegkeet.

Update 16.07.2025: Artikel um Site vum “Leader Mëllerdall”: Open-Air-Kino in Beaufort – Filmgenuss in einem einzigartigen Ambiente | LEADER 

 

“Bronze” fir Beefort

“Bronze” fir Beefort

E Freideg, de 27. Juni, war zu Maarnech déi drëtt Editioun vum Dag vum Naturpakt. Bei dëser Geleeënheet gouf d’Gemeng Beefort an der Kategorie 1 mat Bronze zertifizéiert. An dëser Kategorie gëtt een ausgezeechent, wann een tësche 50 a 60 Prozent vun de Moossnamen erfëllt huet a Beefort huet 55,58 Prozent erreecht. D’Gemeng Beefort ass de 17. November 2021 offiziell dem Naturpakt bäigetratt.

Weider Informatiounen zum Dag vum Naturpakt ginn et ënnert dem follgende Link: https://www.pactenature.lu/de/engagierter-akteur/news/remise-de-49-nouvelles-certifications-lors-de-la-journee-pacte-nature-2025

Fotoen: Klima-Agence

Nationalfeierdag 2025

Nationalfeierdag 2025

D’Feierlechkeeten um Virowend vum Nationalfeierdag hu mat engem Te Deum ugefaangen, déi vun der Pastoralassistentin Josiane Mirkes gestalt a musikalesch vun de Choralle Sainte Cécile vu Beefort a “Sang mat” Waldbëlleg/Haler gesonge gouf.

D’Aktualitéit aus de leschte Stonnen, Deeg, Wochen a Méint gëtt zum gréissten Deel vu verschidde Kriseregiounen uechter d’Welt dominéiert a verschidden Entwécklungen an den Nopeschlänner loosse sech mat verschidden Evenementer aus dem leschten Joerhonnert vergläichen an et si gewëss Parallellen ze erkennen.

Ofgeschloss gouf den Te Deum mat der véierter Strof vun onser Nationalhymn an den offiziellen Deeg gouf am Generatiounsgaart virugefouert. Wéinst engem weideren Optrëtt zu Waldbëlleg hunn d’Choralle mat der éischter Strof vun “Ons Heemecht” den zweeten Deel agelaut. “Mir hunn eis hei zu Beefort versammelt, fir eist Land, seng Onofhängegkeet a seng eenzegaarteg Identitéit ze feieren. Et ass eng Zäit fir Zesummenhalt, fir d’Erënnerung un eis gemeinsam Wäerter – an och fir e Bléck no vir” esou de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch am Ufank vu senger Ried an huet drun erënnert, ewéi eist “klengt” Lëtzebuerg” a senger Geschicht ëmmer erëm gewisen huet, wéi staark et ka si wann et zesummenhält.

Des Weidere sinn et 40 Joer hir, datt d’Schengener Ofkommes ënnerschriwwe gouf an déi Oppenheet, déi mir als selbstverständlech ugesinn haten, gëtt ëmmer méi a Fro gestallt, och vun eisen Nopeschlänner. Lëtzebuerg huet och als ee klengt Land seng Roll an der Nato an dréit Verantwortung. Zur Erënnerung: De 4. Abrëll 1949 huet Lëtzebuerg zesumme mat eelef anere Länner den Nato-Vertrag zu Washington ënnerschriwwen an den deemolegen Ausseminister Joseph Bech, gebierteg vu Beefort, huet Lëtzebuerg vertrueden.

Zur Zäit stécht d’Welt an engem technologesche Wandel an d’kënschtlech Intelligenz an d’Digitaliséierung stellen eis virun nei Erausfuerderungen a bidde gläichzäiteg nei Chance fir Lëtzebuerg. De Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch ass fest dovunner iwwerzeegt, wa mir zu Lëtzebuerg a besonnesch hei zu Beefort weider zesummeschaffen (Gemeng, Bierger a Betriber) da bleiwe mer um gudde Wee. Déi politesch Verantwortlech versichen hire Beitrag dozou ze leeschten: mat Investissementer an d’Infrastruktur mat der Ënnerstëtzung vun de Veräiner zu engem liewenswäerte Mateneen.

Dëst Feier war och eng Geleeënheet fir d’groussherzoglech Koppel ze éieren. Zanter 25 Joer si si um Troun an den 3. Oktober wäert de Lieutenant-Representant Prënz Guillaume, zesumme mat senger Fra d’Prinzessin Stéphanie, d’Successioun iwwerhuelen. Dës Zeremonie fält iwwregens zesumme mat der Beeforter Kiermes an esou kann een de lokale Festdag mat engem neie Kapitel an der Geschicht vu Lëtzebuerg a senger Monarchie verbannen.

Virum Éierepatt goufen nach verdéngschtvoll Matbierger fir hir Leeschtunge geéiert: Pompjeeën: Jérôme Vazzoler (Médaille du mérite de la sécurité civile en bronze fir zéng Joer Déngscht); Sëlwer am Wëssenstest: Kevin Gaspar Gomes, Sean Matagne, Jonathan Mersch; Bronze am Wëssenstest: Dana Dichter Hobes, Lena Dichter Hobes a Jayson Hor Vrolijk; Emgie Grognard (Functional Fitness, éischt Plaz an der Kategorie Masters 50 – 54); Olaf Guzdziol (Schach, Lëtzebuerger Vize-Champion bei den U10; sechst Plaz an der Kategorie U10 bei der Europameeschterschaft an Éisträich); Ronaldo Machado Pereira (Foussball, Mérite Special fir säi Sprong an de Profi-Foussball);Anetta Mosr (Judo, Klassebescht vun der Sessioun 201 an der Arméi; Cadre promotion COSL); Beaufort Knights Girls (Mérite spécial fir d’Entwécklung vum Dammen-Äishockey zu Lëtzebuerg; éischt Saison am belschen Dammen-Championnat). Des Weidere goufen nach follgend Judokae fir hir ausgezeechent Resultater bei de Spiller vun de klenge Länner Enn Mee am Andorra geéiert: Anetta Mosr (Gold an der Klass -63 kg), Carla Tavares (Sëlwer -52 kg) a Lena Schmit (Bronze -52 kg).

Uschléissend goung et mat engem Fakelzuch op d’Place des Nations, wou ee Volleksfest ofgehale gouf. Dobäi hunn eng Rei Beeforter Veräiner fir d’Iessen a Gedrénks gesuergt wärend d’Grupp “CC Riders” fir musikalesch Ënnerhalung gesuergt huet.

Unesco-Evaluateuren zu Beefort

Unesco-Evaluateuren zu Beefort

Zanter Abrëll 2022 gehéiert den Natur- a Geopark Mëllerdall offiziell zum Netzwierk vum “Unesco Global Geopark” an zu dësem Netzwierk zielen aktuell weltwäit 229 “Unesco Global Geoparks” a 50 Länner. “Unesco Global Geoparks” si Regioune mat Plazen a Landschafte vun international unerkanntener Bedeitung, déi duerch ee Gesamtkonzept erliewbar sinn an d’Beräicher Bildung, Schutz an nohalteg Entwécklung ëmfaassen.

De Certificat “Unesco Global Geopark” ass véier Joer laang gülteg a bei all Verlängerung gëtt den entspriechende Geopark am Virfeld evaluéiert. Dat war dëser Deeg bei eisem Natur- a Geopark Mëllerdall (NGPM) de Fall. Zwee Unesco-Evaluateuren, Sara Gentilini aus Dänemark an de Goran Pavic aus Kroatien, hunn den Natur- a Geopark Mëllerdall an der Zäit tëschen dem 11. a 15. Juni ënnert d’Lupp geholl.

Hei zu Beefort hu se fir d’éischt de Sëtz vum NGPM besicht an och de Chantier vum neie Centre d’accueil, deen an dräi Joer soll fäerdeg ginn. Déi nächst Etapp war d’Ausstellung an der fréierer Jugendherberge a beim “Wall of Geoparks” war de Goran Pavic begeeschtert ee Steen aus sengem “Unesco Global Geopark” Papuk a Kroatien erëmzegesinn. No engem Pick-Nick mat regionale Produiten aus der Regioun am Generatiounsgaart goung et weider op eng geféiert Wanderung op de Geosite Haupeschbaach an Halerbaach.

Et wäert wuel bis Abrëll d’nächst Joer dauere bis een d’Resultat vum Rapport vun den zwee Evaluateure gewuer gëtt. Bis dohinner ass nach ee wäiten administrative Wee an de Bericht muss och nach an enger Unesco-Versammlung ugeholl ginn.

Déck Bulle beim Schwéngchen

Déck Bulle beim Schwéngchen

Déi grouss Plaz bei der Äispist entwéckelt sech ëmmer méi zu engem aktiven Treff fir all Alter a gëtt all Joer ëm eng Attraktioun méi räich. 2022 huet d’Gemeng an Zesummenaarbecht mat den hauseegene Physiotherapeute vun der “Seniorenresidenz Petite Suisse” ee speziellen Outdoor-Fitness fir Senioren opgeriicht  an 2023 ass dëse Site mat weidere Outdoor-Fitness-Geräter erweidert ginn. D’lescht Joer goufen nach zwee Outdoor-Dëschtennisdëscher installéiert.

Erweidert gouf lo de Site mat zwou Petanque-Pisten. Dës Erweiderung gouf d’lescht Joer decidéiert an an dëse Projet goufe knapps 10.000 Euro investéiert. Lo beim gudde Wieder gesäit een ëmmer méi Leit, déi hei spillen an dat nëmme vu Beefort. De “Club Aktiv Plus An der Loupescht”, ee Partner vun der Gemeng Beefort, kënnt reegelméissegen Ofstänn dënschdesmoies mat senge Memberen op Beefort spillen. Umeldungen a weider Informatioune ginn ënnert der Telefonsnummer 27 55 33 95.

D’Reegele si relativ einfach a gespillt gëtt entweder eenzel (Individuell / Tête-à-tête) oder an Ekippe mat all Kéiers zwee Leit (Doublettes) oder dräi Leit (Triplettes). Individuell oder an Doubletten huet all Spiller dräi Bullen a bei Tripletten jeeweils zwou Bullen. D’Zil ass et souvill wéi méiglech eege Bulle bei d’Schwéngchen ze placéieren. Schwéngchen oder Cochonnet heescht déi kleng a meeschtens faarweg Bull, déi vun enger Ekipp aus engem Krees op d’Pist geheit gëtt an tësche sechs an zéng Meter leie muss. Déi Ekipp, déi ugefaangen huet, spillt déi éischt Bull an déi aner Ekipp muss versichen hir Bullle méi no bei d’Schwéngchen ze geheien. Soubal dat geschitt ass, da kënnt déi nächst Ekipp un d’Rei a sou weider. Eng Partie geet soulaang bis all Bulle gespillt sinn.

Gewonnen huet déi Ekipp, déi déi meescht Bullen am nooste beim Schwéngchen huet. All Bull zielt als ee Punkt an de Gewënner fänkt déi nächst Partie un. Ee Mätsch geet bis 13 Punkten, mat allerdéngs zwee Punkten Ënnerscheed. Dat komplett Reglement fënnt een um Site vun der “Fédération Luxembourgeoise de Boules et de Pétanque” (www.flbp.lu)

D’Aarbechte vun der nächster Attraktioun op dësem Site wäerten deemnächst ufänken: een Terrain fir Beachvolleyball an net nëmmen dat …

Buergermeeschterdag zu Munneref

Buergermeeschterdag zu Munneref

De Buergermeeschterdag zu Munneref stoung dëst Joer ganz am Zeeche vu Klima an Ëmwelt. Ronn 700 Vertrieder aus dem Gemengesecteur goufe vum Munnerefer Buergermeeschter Steve Reckel begréisst, deen a senger kuerzer Usprooch un den éischte Buergermeeschterdag erënnert huet. Viru 70 Joer, méi genee den 8. Mee 1955 gouf et déi éischt Editioun vum mëttlerweilen traditionelle Rendez-vous. Net manner ewéi 65 Gemenge waren dëst Joer präsent, dorënner och eng Delegatioun aus Beefort.

D’Upassungsstrategië fir d’Gemenge goufe vun de Vertrieder aus dem Ëmweltministère virgestallt, dorënner vum Ëmweltminister Serge Wilmes, Bruno Alves (Klimaupassungsstrategie), Nora Elvinger (Naturpakt) a Gilles Biver (Méi Natur an eise Stied an Dierfer).

A sengen Ausféieren ass den Emile Eicher, President vum Syvicol, ënner anerem op d’Roll vum Syvicol a seng Relatioun mat der Regierung agaangen an huet u seng laangjäreg Revendicatioun no enger obligatorescher Consultatioun bei all Gesetzestext, deen de Gemengesecteur betrëfft, erënnert. Den Inneminister Léon Gloden huet d’Wichtegkeet vum Dialog mat de Gemenge betount an huet sengersäits verschidde Projete virgestallt. Dozou zielen ënner anerem d’Moderniséierung vum Statut vum Élu local, méi finanziell Moyene fir d’Gemengen, Simplification administrative (méi a méi séier bauen), Digitalisatioun fir méi einfach Prozeduren, méi Sécherheet an e bessert Sécherheetsgefill duerch méi Police-Präsenz um Terrain a resilient Gemengen.

Rappell: offres d’emploi

Rappell: offres d’emploi

Dans le cadre du renforcement de son équipe, l’administration communale de Beaufort lance deux appels à candidatures pour les postes suivants :

  • Coordinateur sportif communal (employé communal, carrière B1, sous-groupe administratif, m/f)

🔗 Appel à candidatures – Coordinateur sportif communal
🔗 Aide-mémoire – Coordinateur sportif communal

  • Rédacteur pour le service technique (fonctionnaire communal, groupe de traitement B1, sous-groupe administratif, m/f)

🔗Appel à candidatures – Rédacteur B1 – Service technique
🔗 Aide-mémoire – Rédacteur B1 – Service technique

Les deux postes sont proposés à tâche complète (100 %) et à durée indéterminée.

Les personnes intéressées sont invitées à consulter attentivement l’annonce officielle ainsi que l’aide-mémoire correspondant à chaque poste, disponibles en annexe ci-dessus. Ces documents contiennent toutes les informations relatives aux conditions d’admission, aux pièces à joindre à la candidature ainsi qu’aux missions et compétences attendues.

Les dossiers de candidature complets sont à adresser à l’administration communale de Beaufort, 9 rue de l’Église, L-6315 Beaufort, pour le vendredi 18 juillet 2025 à 16h30 au plus tard.
Les candidatures incomplètes ou tardives ne seront pas prises en considération.

Gratis Poubellesbotz / Nettoyage gratuit des poubelles

Gratis Poubellesbotz / Nettoyage gratuit des poubelles

Neie Service fir vun der Gemeng Beefort an Zesummenaarbecht mat “Ady’s Hygiene”: gratis Poubellesbotz. Loosst d’Dreckskëschten nodeems se eidel gemaach goufen einfach dobausse stoen a si ginn den Dag drop gebotzt.

Fir dëst Joer gëlle follgend Terminer:

Bio-Kiwwelen (brong): 4. Juni an 13. August (mëttwochs)
Hausmüll-Kiwwelen (gro): 16. September (dënschdes)
Glas-Kiwwelen (gréng): 3. Oktober (freides)

****

Nouveau service de la commune de Beaufort en collaboration avec « Ady’s Hygiene » : nettoyage gratuit des poubelles. Laissez les poubelles à l’extérieur après le passage du camion poubelle et le lendemain elles seront nettoyées.

Les dates pour cette année :

Déchets organiques (brune) : 4 juin et 13 août (mercredis)
Déchets ménagers (grise) : 16 septembre (mardi)
Déchets verre creux (verte) :  3 octobre (vendredi)

Europadag 2025

Europadag 2025

Viru fënnef Joer hätt eigentlech den éischten Europadag zu Beefort stattfanne sollen an d’Pandemie huet deemools ee Stréch duerch d’Rechnung gemeet. Iwwreg bliwwen ass eng Erënnerung, datt deen Dag d’Grenze säitens der däitscher Regierung zou waren a keng Fester erlaabt waren.

Trotz dem verlängerte Weekend hu sech vill Leit net huele gelooss fir op der Place des Nations entweder e puer flott Momenter oder e puer gemittlech Stonnen ze verbréngen. D’Wieder huet glécklecherweis matgespillt an et gouf eng vilfälteg Animatioun fir Grouss a Kleng offréiert. Nei war dëst Joer den Europaquiz, bei dem net nëmmen d’Wësse gepréift gouf mee och d’Schnellegkeet. De Schlusspunkt vum Europadag war am gutt besichten “The Flying Dutchman”.

Iwwregens sinn am Laf vum 9. Mee d’Vëlosrandonnée “D’Echappée” duerch Beefort passéiert an och d’”Tulpenrallye” mat Depart zu Nice an Arrivée zu Bréissel. Organiséiert gouf den Europadag vun der Gemeng Beefort an Zesummenaarbecht mat de Beeforter Veräiner, déi de ganzen Dag fir Iessen an Drénke gesuergt hunn.

De Beeforter 80 online

De Beeforter 80 online

D’Nummer 80 vum Gemengebuet “De Beeforter” ass lo och online. D’Informatiounsblat vun der Gemeng gouf schonns un d’Stéit verdeelt a presentéiert sech an engem neie Layout, dee vun der Kommunikatiounsagence “brain&more” ausgeschafft gouf. Ee grousse Merci un d’Veräiner, déi matgeschafft hunn a lo aktiv hire Contenu bäidroen. Hei ass de Link zum neie “De Beeforter”: https://beaufort.lu/?p=30339

Déi nächst Nummer ass fir Juli 2025 virgesinn an déi viregt Nummere kënnen ënnert dësem Link opgeruff ginn: https://beaufort.lu/media-centre/publications/?tx_media_category=de-beeforter . Eng entspriechend Rubrik ass och op der Startsäit vun dësem Internetsite opgefouert.

Holzstee ofgesot / Vente aux enchères de bois de chauffage annulée

Holzstee ofgesot / Vente aux enchères de bois de chauffage annulée

D’Holzstee ass dëst Joer aus organisatoresche Grënn ofgesot. De Schäffen- a Gemengerot schaffen zesumme mat der Ekipp vun der Natur- a Forstverwaltung un enger Léisung fir hire Bierger dëst Joer Brennholz ubidden ze kënnen. Weider Informatioune kommen nach no.

 ****

Vente aux enchères de bois de chauffage annulée

En raison de contraintes organisationnelles, la vente aux enchères de bois de chauffage est annulée cette année. Le collège des bourgmestre et échevins ainsi que le conseil communal collaborent activement avec l’Administration de la nature et des forêts afin de trouver une solution permettant de proposer du bois de chauffage aux citoyens cette année. Des informations complémentaires seront communiquées ultérieurement.

 

“Beeforter App” beim Dag vun der politescher Bildung

“Beeforter App” beim Dag vun der politescher Bildung

No 2022 huet d’Fondatioun Zentrum fir politesch Bildung (ZPB) an der Abtei Neimënster den 11. an 12. Mäerz een Dag vun der politescher Bildung organiséiert, dës Kéier mam thematesche Schwéierpunkt “Digitalitéit & Demokratie”. D’Zil vun der Manifestatioun war et d’Wiesselwierkungen tëschen de Beräicher Digitales an Demokratie ze weisen an d’Relevanz vun der digitaler Mediebildung ze ënnersträichen. D’Participanten haten d’Méiglechkeet sech weiderzebilden, nei Kontakter knëppen a sech iwwert d’Chancen an Erausfuerderungen neier Technologien auszetauschen.

D’Fondatioun fërdert d’biergerschaftlech Engagement andeems si zu engem bessere Verständnes vu Politik an Demokratie souwéi dem aktuelle gesellschaftlechen Erausfuerderunge bäidroen. Et gi virun allem jonk Mënschen gestäerkt an ermontert fir sech um politesche Liewen an am ëffentlechen Discours ze bedeelegen. Des Weideren ass den ZPB eng onofhängeg Stëftung an ass weder u Parteien, Ideologien oder aner Organisatioune gebonnen.

Am Kader vum Dag vun der politescher Bildung goufen et eng Rei Virträg a Workshops fir verschidden Zilgruppen organiséiert an ee moderéierten Austausch tëschen den Akteuren hat d’Thema “Update Bürgerbeteiligung in der Gemeinde: Alles digital?” ënnert der Leedung vum Philippe Ternes. Als Panelisten hunn do matgemeet: Laura Gaul (Nidderaanwen), Carmen Weisgerber (Schrondweiler), Josip Nerancic (Beefort), Félix Bonne (Diddeleng), Gary Diderich (Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen) a Steve Glangé (Conseil à la simplification, www.zesumme-vereinfachen.lu).

Dobäi hunn d’Akteuren hir verschidde Kommunikatiounsmoduller zu der Biergerbedeelegung virgestallt ewéi zum Beispill eng “WhatsApp”-Grupp, een Tool fir Ëmfroen, partizipative Budget, de Gemengepakt, d’Simplification administrative an och d’”Beeforter App”. Wéi huet dann d’”Beeforter App” an dës Diskussiounsronn gepackt? Et ginn ëmmer méi Gemengen, déi eng App hu mee d’”Beeforter App” huet mat den anere gängegen Apps net vill gemeinsam. Fir d’éischt gouf d’App op Besoine vun der Gemeng entwéckelt an doduerch huet si ënner anerem vill méi Informatiounen a Funktiounen an och vill aktuell Biller, wat se esou vill méi lieweg an attraktiv mécht. Insgesamt ginn et op de Stand vum 12. Mäerz 4.980 Notzer a ronn 750 aktiv Notzer pro Mount bei 3.120 Awunner an der Gemeng. Dergéint zielt d’Facebook-Säit vun der Gemeng 1.407 Likes an 1.898 Follower.

No der Panel-Diskussioun gouf sech mat den jeeweilege Kommunikatiounsmoduler an eenzelnen a separaten Aarbechtsgruppe méi intensiv ausgetosch an uschléissend huet all Atelier säi Bilan mat de Virdeeler an Nodeeler de Participante virgestallt. Op jidde Fall kann d’Gemeng Beefort houfreg sinn op “seng” App, déi vun den anere Participanten an der Diskussiounsronn gelueft gouf. Nom offiziellen Deel gouf sech nach méi intensiv iwwert d’”Beeforter App” ausgetosch.

Verschidden Aarbechten um Kierchegebai

Verschidden Aarbechten um Kierchegebai

An de leschte Woche goufe verschidden Aarbechten an der Kierch an un der Kierch ënnerholl a fir et direkt ewechzehuele sief gesot, datt et zu kengem Moment ee Sécherheetsrisiko fir d’Leit gouf. Pénktlech fir Ouschtere sinn d’Aarbechte fäerdeg an esou kënnen déi verschidde Massen an dem Kader ouni Weideres gehale ginn an och d’Kommunioun, déi traditionell den zweete Sonndeg no Ouschteren ass.

Am Juli 2023 si wärend enger Hëtzeperiod déi éischt kleng Stécker vum Verbotz um Plaffong an der Kierch erofgefall a wéinst der Keelt nach eng Kéier am Februar 2025. De “Plaffong” an der Kierch ass ee gotescht Gewölbe an do ass et keng Seltenheet, datt sech d’Konstruktioun den Temperaturen upasst an och schafft. De “Plaffong” hält nämlech d’Gerüst an d’Laascht vum Daach uewendriwwer zesummen. Aus der Literatur ass et bekannt, datt d’Temperaturännerungen bei Gewölbe Verformunge verursaache kënnen, déi dann zu Abplatzunge vum Verbotz féiere kënnen.

Am Kader vun den éischten Aarbechte goufen zwou Mesuren ausgefouert. Tëschen de sougenannte Gratrippe goufe Vernadelungen aus Metall agesat fir ze verhënneren, datt weider Stécker géifen eroffalen an d’Struktur vum Daach gouf verstäerkt fir de säitlechen Drock op dem Gewölbe ze reduzéieren. Bei dëser Geleeënheet goufen och nach verschidde Fléckaarbechten um Daach erleedegt.

An der Gemengerotssëtzung de 17. Dezember 2024 gouf iwwregens eestëmmeg eng Grondsazentscheedung ugeholl, den Daach vun der Kierch nei ze gestalten an och eng Photovoltaikanlag ze installéieren. Dëse Projet soll Waasserdichtegkeet an d’Sécherheet vum Daach garantéieren a gläichzäiteg eng nohalteg Energiewenn fërderen.

Ofschléissend bleift nach ze bemierken, datt no der Trennung vu Kierch a Staat d’Kierch der Gemeng gehéiert an doduerch sämtlech Käschte vun der Gemeng gedroe ginn.

Zwee nei Bushaisercher

Zwee nei Bushaisercher

D’Gemeng Beefort huet zwee nei Bushaisercher opgeriicht. Dat éischt Haische befënnt sech beim neie Waasserbaseng op der ieweschter Heed an huet eng Breet vu véier Meter. Dat anert Haischen ass an der Halerstrooss an ass mat 2,75 Meter ee bëssi méi schmuel ewéi dat anert. Wärend et op der Heed dat éischt Bushaischen op der Plaz ass, ersetzt dat neit Bushaischen an der Halerstrooss dat duerch Vandalismus zerstéiert alt Bushaischen. D’Déift beleeft sech all Kéiers op 1,8 Meter.

An de béide Bushaisercher stinn dräi Sëtzplazen aus Drotgitter mat jeeweils enger Sëtzfläch vu 40 op 35 Zentimeter zur Verfügung. Dëse Modell vu Sëtz bitt fir all Geleeënheet eng optimal Sëtzméiglechkeet an ass ee villsäitege Klassiker fir all Asaz.

Bei den neie Bushaisercher gouf den ekologeschen Aspekt net vernoléissegt. Um Daach befënnt sech nämlech eng Dachbegrünung. Doduerch gi Liewensraim fir Insekten a Klengdéiere geschafen an dozou ziele besonnesch d’Beien, Kiewerleken a Päiperleken. Ausserdeem gëtt d’Loft duerch d’Planze gerengegt, andeem se Stepps an ëmweltschiedlech Stoffer aus der Loft erausfilteren, Sauerstoff produzéiert a Loftfiichtegkeet regléiert. Mat Planze bedeckten Diecher hunn am Wanter eng isoléiernd an am Summer eng killend Funktioun.

D’Investitioun an dës zwee nei Bushaisercher beleeft sech op ronn 40.000 Euro.

Häerzstéck vum zweete Waasserreseau ageweit

Häerzstéck vum zweete Waasserreseau ageweit

Zanter 1993 gëtt all Joer op dem 22. Mäerz de Weltwaasserdag gefeiert an zanter 2003 gëtt dësen Dag vun “UN-Water” organiséiert, enger Ënnerorganisatioun vun de Vereenten Natiounen. Am Virfeld vum Weltwaasserdag gouf e Freideg, den 21. Mäerz, de Waasserbaseng “op der Heed” a Präsenz vum Inneminister Léon Gloden an Ëmweltminister Serge Wilmes feierlech ageweit.

Ee kuerze Bléck an d’Geschicht vun der Waasserversuergung an der Gemeng Beefort erkläert firwat dëse Waasserbaseng eng besonnesch Bedeitung huet. All Uertschaft aus der Gemeng hat säin eegene Waasserreseau mat eegene Quellen, déi net matenee verbonne waren. De 27. Februar 1975 gouf eng Konventioun mat der Gemeng Waldbëlleg ënnerschriwwe fir Quellen aus dem Mëllerdall unzezapen an iwwert d’Vugelsmillen op Beefort ze pompelen. Esou gouf een zweet Standbeen opgebaut. Mat der Zäit huet d’Waasserqualitéit vun de Beeforter Quellen net méi den Normen entsprach an d’Waasser aus dem Mëllerdall gouf geholl fir et mam Beeforter Waasser ze vermëschen. Déi Prozedur ass herno och net méi duergaangen an et ass näischt méi iwwereg bliwwe fir ausschliisslech Waasser aus dem Mëllerdall zu Beefort ze verdeelen.

De 27. Abrëll 2016 huet de Gemengerot de Projet vum Waasserbaseng “op der Heed” mat enger gréisserer Autonomie fir d’Beeforter Waasserversuergung gestëmmt. Änlech ewéi viru 40 Joer gouf decidéiert een zweet Standbeen opzebauen. Gutt zwee Joer méi spéit, den 1. Juni 2018, hunn d’Iwwerschwemmungen am Mëllerdall bal fir eng grouss Katastroph gesuergt. Glécklecherweis huet de Bulli d’Pompelstatioun op der Vugelsmille gerett. Duerch den ugesammelte Buedem virun der Dier huet d’Waasser manner Drock ausgeüübt an d’Dier konnt der grousser Belaaschtung standhalen. Am anere Fall hätt Beefort fir eng onbestëmmten Zäit keen Drénkwaasser gehat.

De Waasserbaseng “op der Heed” ass d’Häerzstéck vum neie Waasserreseau, deen an nächster Zukunft wäert funktionéieren. Um Hondsbierg zu Déiljen steet mëttlerweil ee Waasserbaseng an eng Pompelstatioun. D’Waasser aus deem Anzuchsgebitt geet duerch eng Drénkwaasseropbereedungsanlag um Cloosbierg op den Hondsbierg bruecht fir vun do aus op Déiljen a Grondhaff verdeelt ze ginn, awer och op Beefort an den neie Waasserbaseng eropzepompelen. Hei kënnt schonns d’Waasser aus dem Mëllerdall un a gëtt zu Beefort verdeelt. Wann den neie Reseau a Betrib ass, da ka souguer am Noutfall Waasser vu Beefort op d’Statioun Hondsbierg geliwwert gi fir zu Déiljen a Grondhaff d’Waasserversuergung ze sécheren.

De Waasserbaseng “op der Heed” ass zudeem een interkommunale Projet, deen ausgeluecht ass fir eng interregional Roll ze iwwerhuelen. Zwou Cuve vu 400 Kubikmeter si fir d’Gemeng Beefort bestëmmt an eng drëtt identesch Cuve fir Reisdorf a vläicht nach aner Gemengen. Bei Iwwerschwemmunge vun der Sauer kann d’Qualitéit vum Drénkwaasser zu Reisduerf net garantéiert ginn an esou déngt de Beeforter Waasserbaseng als Sécherheet, op deen een am Noutfall zeréckgräife kann.    

Gebaut gouf de Waasserbaseng tëschen 2019 an 2023 an duerch d’Pandemie sinn d’Käschte reegelrecht explodéiert an zäitgläich a Verzuch geroden. Dank de Subside vum Inneministère an dem Ëmweltministère belafe sech d’Käschte fir d’Gemeng Beefort aktuell op 3.813.114,57 Euro. Dobäi kommen nach weider Investitiounen an de kompletten neien an op de leschte Standpunkt vun der Technik Waasserreseau. 

Neien a frësche Som am Generatiounsgaart

Neien a frësche Som am Generatiounsgaart

D’Geschicht vum Beeforter Generatiounsgaart huet am Joer 2018 ugefaangen an dëse Projet vun der Gemeng Beefort gouf an Zesummenaarbecht mat verschidde Partner ewéi zum Beispill dem Cell (Centre for Ecological Learning Luxemburg), dem Cigr Mëllerdall (Centre d’initiative et de gestion regional) an dem Natur- a Geopark Mëllerdall realiséiert.

De Generatiounsgaart leeft no den Ethike vun der Permakulturdéi duerch verschidde Prinzippien am Uleeë vum Gaart an a sengen Aktivitéiten ugewend ginn. D’Permakultur staamt of vun de Wieder „Permanent Agrikultur“. Hei geet et em eng naturno an nohalteg Approche déi et erméiglecht dat natierlecht Gläichgewiicht vun der Natur ze observéieren, ze erfuerschten an ze imitéiere fir esou an Harmonie mat der Natur ze schaffen an nimools géint si. Am Gaart ginn dowéinst weder Pestiziden nach chemesch Dünger oder soss artifiziell Produite benotzt mee et gëtt gehollef datt d’Natur hiren natierleche Rhythmus erëm selwer kann hierstellen. All Handlungen, déi am Gaart geholl ginn, sollen et erméiglechen, datt et eiser Äerd a senge Leit gutt geet an, datt ee  mateneen an engem fairen Ekiliber liewe kann.

Lo am Wanter koum et zu enger Zort “Ëmdëppen” am Generatiounsgaart. Nodeems Kontrakter mat verschidde Partner ausgelaf sinn an net verlängert goufen, huet d’Gemeng d’Koordinatioun an de Planning vu sengem eegene Gaart (vun der éischter Stonn un) rëm iwwerholl. Nom “Ëmdëppen” huet d’Gemeng neien a frësche Som geséit. Dowéinst muss ee bëssi gedëlleg si fir d’Resultat ze gesinn a wärend dëser Zäit bleift de Gaart selbstverständlech weiderhi fir jiddereen op. Aktivitéiten a Manifestatioune gi weiderhin am Generatiounsgaart organiséiert an d’Gemeng ass den eenzegen Uspriechpartner dofir: commune@beaufort.lu . Neiegkeeten, Manifestatiounen an Aktivitéiten ginn um Internetsite vun der Gemeng (www.beaufort.lu), op der Facebook-Säit vun der Gemeng (www.facebook.com/GemengBeefort) an an der “Beeforter App” matgedeelt. Eng speziell Facebook-Säit vum Generatiounsgaart gëtt et net méi.

Eng vun den traditionelle Manifestatiounen am Genratiounsgaart fënnt zum Beispill dëse Samschdeg, den 22. Mäerz, vun 11 bis 17 Auer de Somefestival am Generatiounsgaart statt a weider Informatioune ginn et am Flyer hei ënnendrënner.

Gemeinsamkeeten entdecken a genéissen

Gemeinsamkeeten entdecken a genéissen

D’Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen huet de leschte Samschdeg de “Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté” an der Luxexpo um Kierchbierg besicht. An dësem Kader huet och de “Salon du livre et des cultures” an “Artsmanif” stattfonnt. Wéi an der Vergaangenheet gouf och dëst 42. Editioun vum “Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté” vum “CLAE” organsiséiert. “CLAE” steet fir “Comité de liaison des associations issues de l’immigration”.

Iwwer 400 Stänn waren iwwert de Weekend vertrueden an um Programm stoungen ënner anerem Virträg, Liesunge vun net-lëtzebuerger Autoren, Coursen, Ausstellungen, Danz a Musek. Ee besonnesche Succès haten déi Stänn, déi Spezialitéiten aus hirem jeeweilege Land ugebueden haten. Esou konnt ee bannen enger kuerzer Zäit eng kulinaresch Weltrees ënnerhuelen. Vill Associatiounen hu vun der Geleeënheet profitéiert fir hiert Land vun der beschter Säit ze presentéiere wärend anerer op verschidde Situatiounen higewisen hunn, déi eng méi dezent ewéi anerer.

De “Beeforter Grupp” ass mam Bus an d’Stad gefuer a bei der traditioneller Gruppefoto virun der Entrée war och de Kulturminister Eric Thill dobäi. Un der offizieller Ouverture samschdes hunn ënner anerem d’groussherzoglech Koppel, de Premierminister Luc Frieden, de Chamberspresident Claude Wiseler, den Inneminister Léon Gloden, de Familljeminister Max Hahn an de Kulturminister Eric Thill deelgeholl.

Receptioun fir nei Awunner aus der Gemeng

Receptioun fir nei Awunner aus der Gemeng

Am Kader vum interkulturelle Festival “Bis am Bus” goufen de leschte Samschdeg nei Awunner aus der Gemeng op eng kleng Receptioun op der “Place des Nations” (Kiosk) agelueden. Invitéiert goufen déi Leit a Familljen, déi tëschen dem 1. Januar 2024 an dem 14. Februar 2025 an d’Gemeng Beefort geplënnert sinn.

Op den 1. Januar 2024 huet d’Gemeng Beefort 3.037 Awunner an 1.115 Stéit gezielt. 14 Méint waren et 3.117 Awunner an 1.142 Stéit. Duerch Ofmeldungen an Umeldunge kënnt een op een Total vun 189 Familljen, déi eng Invitatioun kritt hunn. De gréissten Deel vun den Awunner lieft zu Beefort (2.802; 89,89 Prozent) virun Déiljen (284; 9,11 Prozent) a Grondhaff (31; 0,99 Prozent). 58,64 Prozent vun den Awunner hunn déi Lëtzebuerger Nationalitéit an an der Gemeng wunnen am Ganze 75 verschidden Nationalitéiten. D’Statistike vun der Zesummesetzung vun den Awunner an der Gemeng gi reegelméisseg an den éischten Deeg vum Mount aktualiséiert a sinn ënnert dem folgende Link ze fannen: https://beaufort.lu/administration/presentation/beaufort-en-chiffres/

Bei guddem Wieder huet de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch den neien Awunner d’Gemeng Beefort a verschidde Sprooche virgestallt an eng Rei praktesch Erklärungen zum Duerfliewe ginn. Gemeng Beefort bitt d’ganz Joer duerch eng Rei Attraktiounen an net wéineg Touriste kommen op Beefort Vakanz maachen. Et wunnt een an enger Gemeng, wou aner Leit vun no a vu wäit hei Vakanz maache kommen. Bei dëser Geleeënheet huet hien de Biergerguide presentéiert, deen a véier Sprooche verfaasst ass, et och an digitaler Form gëtt an ënnert follgendem Link kann erofgeluede ginn: https://beaufort.lu/documents/2024/12/guide-du-citoyen-beaufort-2024.pdf/

No enger gemeinsamer Gruppefoto stoung nach vill Zäit zur Verfügung fir sech nach besser kennenzeléieren a sech an enger klenger Ronn nach méi iwwert d’Gemengeliewen ze informéieren. De Judo-Club huet eng kleng Stäerkung an de “Club Hippique” een Dessert ugebueden. Eng Receptioun fir nei Awunner aus der Gemeng wäert an Zukunft reegelméisseg organiséiert ginn.

Familljeminister Max Hahn besicht den interkulturelle Festival

Familljeminister Max Hahn besicht den interkulturelle Festival

Bekanntlech leeft dës Woch den interkulturelle Festival “Bis am Bus”, bei dem zanter e Méindeg all Dag eng Manifestatioun an dem Kader stattfënnt. Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil huet sech gëschter op Beefort deplacéiert fir sech iwwert dëse Festival ze informéieren.

Kuerz viru 15 Auer wor hien op der “Place des Nations”, wou de “Bustro” stationéiert ass a wou och ënner anerem déi verschidde Manifestatiounen ugebuede ginn. Bei dëser Geleeënheet huet de Serge Tonnar, President vun der Associatioun “Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen”, déi hannert dem interkulturelle Festival “Bis am Bus” stécht, d’Aktivitéite presentéiert an d’Iddi vum Projet virgestallt.

No der Visite vun der Ausstellung mat Erklärunge vum Fotograf Christian Kieffer an dem Schäffe Bruno Grilo konnt de Minister Max Hahn sech vum Zesummeliewe beim Atelier vum “Schleefhäffchen” iwwerzeegen.

Optakt vum interkulturelle Festival “Bis am Bus”

Optakt vum interkulturelle Festival “Bis am Bus”

Vum 3. bis den 9. Mäerz gëtt mam interkulturelle Festival “Bis am Bus” déi kulturell Diversitéit an d’Zesummeliewen an der Gemeng Beefort gefeiert. Den Optakt vun dësem Festival war bei Geleeënheet vum Wantermaart den 30. November 2024 an organiséiert gëtt de Festival an Zesummenaarbecht vun der Kommissioun vum Zesummeliewen an der Associatioun “Mir wëllen iech ons Heemecht weisen” mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng.

An de Méint a Wochen nom Startschoss goufen et an deem Kader eng Rei Aktivitéiten an den Héichpunkt vum interkulturelle Festival ass dës ganz Woch. All Dag fënnt eng aner Manifestatioun statt a gëschter Owend war de Vernissage vun der Ausstellung “Beau et Fort – Belle et Forte” am “Bustro” op der “Place des Nations”. Ënnert der Leedung vum Christian Kieffer goufe Workshops zum Thema Fotografie organiséiert an d’Participante krute souwuel een theoreteschen a prakteschen Abléck zu dësem Thema. De Schwéierpunkt loung dobäi op der Portraitsfotografie a fotograféiert gouf ënner anerem am Kummelsbau, dem Beeforter Schlass an och am Hotel Binsfeld.

Haut den Owend ass ëm 19.30 Auer ee Concert mam Serge Tonnar op der “Place des Nations” an ee kompletten Iwwerbléck vum Programm an Andréck vum Vernissage ginn et hei ënnendrënner. Sämtlech Manifestatioune vun der Woch sinn iwwregens och am Agenda vun der Beeforter App vermierkt.

Ministesch Yuriko Backes bei den “Knights Girls”

Ministesch Yuriko Backes bei den “Knights Girls”

Haut de Moie koum d’Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, Yuriko Backes, op d’Visite bei d’”Knights Girls”, de Meedercher vun de “Beaufort Knights”. Déi béid Team-Manager Thierry Hild a Patrick Marmann hunn der Ministesch bei engem Rondgang d’Entwécklung vum Fraesport beim Beeforter Äishockeyclub virgestallt an erkläert. Bei dëser Geleeënheet krut si eng kuerz Uweisung an den Äishockeysport a si konnt selwer probéieren de Puck an de Gol ze schéissen. Zwar net um Äis mee um Dréchenen an dat ass hir méi wéi eng Kéier gelongen.

An de Vestiaire huet d’Yuriko Backes zesumme mam Trainer Karol Fako d’Opstellung virgelies an als Merci fir hir Visite krut d’Ministesch een Trikot mat hirem Numm an den Ënnerschrëfte vun den “Knights Girls” iwwerreecht. Virum Mätsch vun den “Knights Girls” géint d’Ekipp vun de “Sharks” aus Mechelen huet d’Yuriko Backes d’Roll vum “Puck Dropper” iwwerholl.

Aus Zäitgrënn war et hir leider net méiglech de ganze Mätsch ze verfollege mee dat éischt Drëttel huet d’Ministesch d’Beeforter Meedercher mat vill Begeeschterung ënnerstëtzt. Bei der Visite war och de Beeforter Schäfferot mam Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch an de Schäffe Bruno Grilo a Lynn Mossong present.

Héchst Auszeechnung fir de Jos Funk

Héchst Auszeechnung fir de Jos Funk

Déi héchst Auszeechnung am Pompjeeswiesen ass d’”Croix de Mérite en or avec couronne” an déi gouf gëschter Moien zu Beefort am Kader vun enger klenger Feier un de Jos Funk iwwerreecht. Am “Centre d’incendie et de secours” (CIS) wéi et haut heescht oder am Volleksmond nach ëmmer Pompjeesbau genannt, ass d’Zeremonie iwwert d’Bün gaangen an dës Auszeechnung huet de “Josy” fir seng 60jähreg Memberschaft bei de Beeforter Pompjeeën, respektiv “Corps grand-ducal d’incendie et de secours” (CGDIS).

An de Riede vum Zenterchef vum Beeforter “CIS” Alain Breuskin, Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch, fréiere Kommandant vun de Beeforter Pompjeeën Alex Pereira, dem President vun der “Amicale Pompjeeën Beefort” Christian Kröger an dem Vizepresident vum Pompjeesverband a gläichzäiteg dem President vum Regionalverband Osten Constant Schwartz koum d’Geschicht aus de leschten Joerzéngte vun de Beeforter Pompjeeën, déi iwwregens 1881 gegrënnt goufen, rëm zum Virschäin. All Riedner hat seng perséinlech a privat Anekdoten a “kleng Geschichten” mam Jubilar Jos Funk virgedroen an et huet een op eng Kéier gemierkt, wéi séier d’Zäit vun de sechs Joerzéngte vergaangen ass. Méi wéi eng Kéier ass et engem waarm ëm d’Häerz ginn.

De Jos Funk, oder wéi déi meescht Leit hien einfach “Josy” nennen, koum den 28. September 1944 zu Waldbëlleg op d’Welt an offiziell gouf de Josy den 28. Dezember 1964 an d’Pompjeesfederatioun opgeholl, wou hien nach Waldbëlleg an de Pompjeeë war. Nodeems hien ëm 1965 seng Fra Georgette kennegeléiert an 1969 bestuet huet, ass hien op Beefort wunne komm an dann och an d’Pompjeeën agetrueden. Seng dräi Kanner aus dem Bestietnis, d’Michèle, de Jean-Marie an d’Martine, ware bei der Feier vertrueden a konnten d’Geschicht vun hirem Papp nach eng Kéier aus enger anerer Perspektiv héieren a gläichzäiteg seng Wäertschätzung vu senge Pompjeeskomeroden erliewen. Als Pompjee, Comitésmember an duerno Sektiounschef huet hie bis den 22. Januar 2009 aktiv matgeschafft an ass mat 65 Joer a seng wuelverdéngte Pompjeespensioun gaangen.

Hie gehéiert zu de wéinege Beeforter Pompjeeën, déi déi véier verschidde Pompjeeskasäre vun de Beeforter Pompjeeën erlieft huet: am Hiirdenhaus, am fréiere Judossall, beim Gemengenatelier an dem aktuelle “CIS”. Nieft sengem éierenamtlechen Asaz fir d’Allgemengheet huet a senger Fräizäit d’Pompel aus dem Joer 1900, déi zu den eelsten Exemplairen hei zu Lëtzebuerg zielt, wärend onzielege Stonne restauréiert an esouguer betribsfäheg gemeet.

Stellvertriedend an zesummefaassend fir déi sämtlech Riedner e puer Wuert aus der Ried vum Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch: 60 Joer Asaz, Engagement an Hëllefsbereetschaft mat Häerz a Séil fir seng Matmënschen ass eng impressionant Zäit. Et ass net just eng Zuel, et ass ee Liewenswierk, op déi ee wierklech houfreg ka sinn. D’Leit aus der Gemeng Beefort an och aus der Regioun konnten ëmmer op de Josy zielen, egal op am Stuerm, am Reen oder an den häertsten Nouten. Hie wor ëmmer do an dat huet Courage, Disziplin a virun allem ee grousst Häerz verlaangt. De “Josy” oder “Funke Jos” huet op jiddefall Spueren hannerlooss a mat sengem Asaz a senger Kollegialitéit vill Jonker motivéiert.

Bus « Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté »

Bus « Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté »

D’Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewe fiert e Samschdeg, de 15. Mäerz, op de “Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté” an d’Luxexpo. An dësem Kader fënnt och de “Salon du livre et des cultures” an “Artsmanif” statt.

Den Depart vum Bus ass um 13 Auer “op der Gare” beim Kiosk an de Retour ass fir 18.15 Auer geplangt. Depart um Kierchbierg ëm 17.30 Auer.

D’Umeldunge fir de Bus gi beim Andreza Sanguessuga um Tel. 691 620 112 oder per E-Mail andreza.meester@beaufort.lu ugeholl bis de Bus komplett beluecht ass.

Link: https://festivaldesmigrations.lu/

****

La commission du vivre-ensemble interculturel visitera le festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté le samedi 15 mars à Luxexpo. Dans ce cadre se déroule également le salon du livre et des cultures et « Artsmanif ».

Le départ du bus est à 13 heures « op der Gare » près du kiosque et le retour est prévu pour 18:15 heures. Départ au Kirchberg à 17:30 heures.

Les inscriptions pour le bus sont à faire chez Andreza Sanguessuga au téléphone 691 620 112 ou courriel andreza.meester@beaufort.lu jusqu’à le bus est complet.

Link: https://festivaldesmigrations.lu/

Ee “Walking Dinner” als Merci

Ee “Walking Dinner” als Merci

De Beeforter Schäfferot huet de leschte Samschdegowend mat enger Neijooschreceptioun mat “Walking Dinner” de verschidden Trägere vun der Gemeng Merci gesot. Nieft den Trägere waren och de Gemengerot an déi verschidde Servicer vun der Gemeng op déi kleng Feier an der Schoul invitéiert. Bei dëser Geleeënheet huet de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch jidderengem villmools Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht mat der Gemeng am vergaangene Joer a sou eng gutt Zesummenaarbecht wënscht hie sech och fir dëst Joer. Uschléissend goufen e puer flott a gemittlech Stonne verbruecht.

Verdéngschtvoll Schüler a Studenten ausgezeechent

Verdéngschtvoll Schüler a Studenten ausgezeechent

De Beeforter Schäfferot huet de leschte Samschdeg verdéngschtvoll Schüler a Studenten op eng Receptioun an de Gemengesall agelueden. Virun der Pandemie huet déi Receptioun zum feste Bestanddeel vum Agenda gehéiert a bei där Geleeënheet kruten d’Schüler a Studenten eng Enveloppe iwwerreecht. Elo gouf de fréieren traditionelle Rendez-vous rëm an d’Liewe geruff a wäert och an Zukunft bestoe bleiwen.

A senger kuerzer Ried huet de Buergermeeschter de jonke Mënsche fir hir schoulesch Meeschterleeschtung felicitéiert an encouragéiert den ageschloene Wee fortzesetzen. Anerer dergéint hunn hir Schoulen ofgeschloss a si schonns am Beruffsliewen.

Den Total vun de Primmen, déi un 92 Schüler a Studenten iwwerwise gouf, beleeft sech am Ganzen op 11.425 Euro. Et gëtt verschidde Kategorie vun de Primmen an deementspriechend ännert och de Montant vun der jeeweileger Primm.

Ofgeschloss gouf déi kleng Feier mat engem vun der Gemeng offréierte Patt an enger klenger Stäerkung.

Solar Challenge

Solar Challenge

Im Rahmen des Klimapakt-Programms lädt Klima-Agence die luxemburgischen Gemeinden dazu ein, am Solar Challenge-Wettbewerb teilzunehmen. Ziel dieser Initiative ist es, den Ausbau der Photovoltaik-Infrastruktur auf kommunaler Ebene voranzutreiben. 88 Gemeinden haben sich für diese nationale Aktion angemeldet, darunter auch die Gemeinde Befort.

Weitere Informationen auf https://solarchallenge.lu/de/

Dans le cadre du programme Pacte Climat, Klima-Agence a invité les communes luxembourgeoises à participer au concours Solar Challenge pour encourager le développement des infrastructures solaires sur leur territoire. 88 communes se sont inscrites pour prendre part à cet élan national, dont également la commune de Beaufort.

Plus d’informations sous https://solarchallenge.lu

 

Éierunge fir 18 Joer Gemengepolitik

Éierunge fir 18 Joer Gemengepolitik

Am Kader vum Neijoerschiesse vun der Gemeng, déi dës Kéier am Restaurant “Al Trotto” stattfonnt huet, goufen zwee Leit geéiert: d’Andreza Sanguessuga Nene an den Emile Wies. Alle béid kruten d’Médaille de vermeil fir 18 Joer politesch Aktivitéiten an der Gemeng iwwerreecht.

Virun der Éierung huet de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch ee kuerze Réckbléck an een Ausbléck virgestallt. 2024 war keen einfacht Joer. De politeschen Ëmbroch huet jidderee virun Erausfuerderunge gestallt, déi awer zesumme gemeeschtert goufen. Mat elo iwwer 3.100 Awunner ass scho laang keng kleng Gemeng méi an d’Aarbecht, déi vum Gemengepersonal verlaangt gëtt, ass immens vill a wäertvoll. Si krute vum Buergermeeschter am Numm vum Schäffen- a Gemengerot ee grousse Merci gesot.

Am Réckbléck huet de Jean-Luc Nosbusch nëmmen déi wichtegst Initiativen ervirgehuewen, déi ëmgesat goufen ewéi zum Beispill am Beräich vun den Infrastrukturen an Innovatioun. De Projet “Centre d’accueil” vum Natur- a Geopark Mëllerdall gouf virgestallt a weist spannend Zukunftsperspektiven. D’Aarbechte vun der Vergréisserung vum Schoulgebai fir de Cycle 1 ass fir d’Rentrée 2025/2026 geplangt. Den Outdoor-Fitnessberäich fir Senioren a Sportler gouf mat engem Outdoor-Dëschtennis an zwou Pétanquesbunnen erweidert. An Zukunft ass hei och een Terrain fir Beach-Volleyball virgesinn. Am Juli gouf zu Beefort den zweete Geopad ageweit an de Projet “Duerfkär” huet eng wichteg Entwécklung, déi d’Zukunft vun eiser Gemeng definéiert. An dem Zesummenhang sief gesot, datt de Projet vun de soziale Wunnengen am Duerfkär eng Virbildfunktioun huet an am Kader vun de Energiewoche virgestallt gouf. Gutt viru kommen och d’Aarbechten an der aler Brennerei. Mat den zwou Hondsspillwisen hunn d’Déierefrënn a Besëtzer vu Muppen nei Plazen an der Gemeng. D’Mauer vun der Buerg ass zwar fäerdeg mee hannendru ginn nach weider grouss Aarbechte weider.

 

De Service um Bierger gouf mat verschidde Projeten an Initiativen ausgebaut. Konventioune wéi den “Night Rider” verbesseren d’Mobilitéit, mam “Guide du Citoyen” verfüügt d’Gemeng ee praktesche Guide, den neie Logo ass ee wichtege Schrëtt no vir fir d’Identitéit an d’Kommunikatioun vun der Gemeng ze verbesseren a verschidden Evenementer ënnert enger neier Form goufe vun de Bierger positiv opgeholl.

Fir all dës Projeten an Initiativen ze geréiere gouf mat den neie Mataarbechter Christophe Bastos a Lis Brepsom d’Gemengepersonal erweidert. An Zukunft wäert d’Ekipp weider ausgebaut gi well ënner anerem geplangt ass eng nei Gemeng opzebauen a mat engem optiméierten Accueil de Service um Bierger nach méi effizient ze leeschten.

Ofschléissend koumen ewéi schonns uganks erwäänt d’Andreza Sanguessuga Nene an den Emile Wies zu Éieren. Zanter hirer éischter Wiel an de Gemengerot den 9. Oktober 2005 mat 256 Stëmmen huet d’Andreza Sanguessuga Nene sech onermiddlech fir d’Wuel vun eiser Gemeinschaft agesat. Den nämmlechten Dag gouf den Emile Wies mat 383 Stëmme gewielt. Vum 21. Dezember 2005 an de 26. Oktober 2011 war hie Conseiller, vum 26. Oktober 2011 bis den 8. Oktober 2023 Schäffen an duerno rëm Conseiller. Ee Merci gesot krut och de José Albertino Da Costa Peixoto, deen éischter als “De Berti” bekannt ass. Hien huet an der Ekipp vum Fieschter Marc Hoffmann geschafft an 31. Dezember 2024 war do säi leschte Schaffdag.

No dësem offiziellen Deel goufen nach e puer gemittlech Stonne verbruecht, dëst a musikalescher Begleedung vum “Robert”.

Zwou Hondsspillwisen zu Beefort / Deux parcs pour chiens à Beaufort

Zwou Hondsspillwisen zu Beefort / Deux parcs pour chiens à Beaufort

Zu Beefort ginn et zanter e puer Deeg offiziell zwou Spillwise fir d’Hënn. Déi éischt Hondsspillwiss ass nieft dem Waasserbaseng Fléibierg nieft der Hausnummer 110 un der Grand-Rue an déi zweet Hondsspillwiss befënnt sech un der Halerstrooss op der anerer Säit vun den Hausnummeren 10 an 12.

D’Wiss ass komplett agezäunt an d’Hënn kënne fräi op der Wiss lafe gelooss ginn. Al Hondsbesëtzer ass responsabel fir säin Hond an d’Benotzung ass op eege Gefor. Wichteg ass, datt d’Hondsbesëtzer hiren Hondsdreck mussen oprafen an d’Leit si gebieden d’Dier zouzemaache soubal si eran oder eraus ginn. Ee Schëld an der Entrée weist op d’Reegelen an Notzung vun der Hondsspillwiss hin an an der Entrée stinn och Tuten an eng Poubelle fir den Hondsdreck.

****

Depuis quelques jours, il existe officiellement deux parcs pour chiens à Beaufort. Le premier parc pour chiens se trouve à côté du réservoir d’eau Fléibierg, à côté du numéro 110 de la Grand-Rue, et le deuxième parc pour chiens se trouve à la route de Haller, en face des numéros 10 et 12.

L’aire est entièrement clôturée et les chiens peuvent courir librement sans laisse. Les propriétaires sont responsables de leurs chiens et l’utilisation se fait à leurs propres risques. A noter que les propriétaires doivent enlever les crottes de leurs chiens et chaque visiteur est prié de fermer la porte en entrant et sortant le parc pour chiens. Un signe à l’entrée renseigne sur les règles et l’utilisation et à l’entrée figurent également une poubelle et des sachets pour les crottes de chiens.

Offallkalenner 2025 / Calendrier des déchets 2025

Offallkalenner 2025 / Calendrier des déchets 2025

D’Datumer vum Offallkalenner 2025 sinn an der “Beeforter App” agedroen an ënnendrënner ass een Iwwerbléck dovunner. Den Offallkalenner kann och als pdf erofgeluede ginn an de Kalenner selwer gëtt deemnächst mat verschidden anere wichtegen Informatiounen un all Haushalt verdeelt.

****

Les collectes du calendrier des déchets 2025 sont désormais intégrées dans l’application « Beeforter App » et en dessous se trouve le lien d’une version en ligne du calendrier qui peut être également téléchargée sous forme de pdf. Le calendrier sera distribué prochainement avec des autres formulaires et informations importantes.

Remise officielle du « Guide du Citoyen » à Niederanven

Remise officielle du « Guide du Citoyen » à Niederanven

La 13e édition du « Forum fir d’Zesummeliewen an eise Gemengen » (ancien GRESIL) s’est tenue mercredi 27 novembre au Centre Polyvalent « A Schommesch » à Niederanven. L’édition a rassemblé quelques 200 participants, y compris des responsables politiques, des représentants et agents communaux et des membres des commissions consultatives communales du vivre-ensemble interculturel d’une bonne soixantaine de communes et d’associations œuvrant en faveur du vivre-ensemble interculturel.

La séance a été ouverte par Fréd Ternes, bourgmestre de la commune de Niederanven, suivi par un mot de bienvenue du ministre de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil, Max Hahn. Lors de la première partie de l’événement, les communes de Bertrange et d’Esch-sur-Alzette ont signé le « Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen » avec le ministre Max Hahn, en présence du président du SYVICOL, Emile Eicher. Par la suite, le ministre a remis aux communes de Beaufort, Erpeldange-sur-Sûre, Esch-sur-Sûre, Fischbach et Goesdorf (excusé) leur « Guide du citoyen » personnalisé.

Cela signifie que 35 communes ont signé le « Gemengepakt » et 33 communes ont reçu leur « Guide du citoyen » personnalisé jusqu’à présent. A noter que l’élaboration du guide s’est faite par ordre alphabétique et par manifestation d’intérêt.

La deuxième partie du forum a été consacré au thème « Nous sommes toutes expertes du vivre-ensemble ! Pistes pour un bon fonctionnement de la commission du vivre-ensemble (CCVEI) et une collaboration efficace avec les responsables politiques ». Dans son discours-programme, le ministre a souligné le rôle important des commissions communales consultatives du vivre-ensemble interculturel (CCVEI) dans la promotion du vivre-ensemble interculturel au niveau local. Le président du SYVICOL Emile Eicher, à son tour, a évoqué les manières dont les responsables politiques peuvent agir comme force motrice d’une bonne collaboration entre les acteurs du vivre-ensemble au niveau local.

Par la suite, les participants ont eu l’occasion de s’échanger dans le cadre d’ateliers pratiques sur les missions de la commission du vivre-ensemble (CCVEI), permettant ainsi d’identifier ensemble des pistes pour un bon fonctionnement de cet organe ainsi qu’une collaboration efficace avec les responsables politiques au niveau local.

L’ASTI, le SYVICOL, le CEFIS, la commune de Niederanven et le ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil, co-organisateurs de cet évènement, souhaitent remercier toutes les personnes présentes pour leur participation active à cette plateforme d’échange et de rencontre. Rappelons en outre dans ce contexte que le « Forum fir d’Zesummeliewen an eise Gemengen » offre aux communes une plateforme de rassemblement, d’échange, de création de synergies, d’information, de formation et de soutien autour des thèmes du vivre-ensemble interculturel au niveau local.

La prochaine séance est prévue pour printemps 2025. La documentation de cette édition du forum sera d’ailleurs disponible sous peu sous le lien suivant : www.gemengen.zesummeliewen.lu/forum-fir-dzesummeliewen/

Communiqué par le ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil, la commune de Niederanven, l’Association de soutien aux travailleurs immigrés (ASTI), le Centre d’étude et de formation interculturelles et sociales (CEFIS) et le Syndicat des villes et communes luxembourgeoises (SYVICOL). Photos : © Gemeng Nidderaanwen

Klimaforum 2024 zu Beefort

Klimaforum 2024 zu Beefort

D’Gemenge Beefort, Hiefenech a Waldbëlleg hu gëschter Owend am Kummelsbau gemeinsam de Klimaforum 2024 organiséiert. Dësen Informatiounsowend mat Biergerbedeelegung war an zwee grouss Kapitelen ënnerdeelt.

Am éischten Deel hunn déi zwee Klimaberoder Thomas Schlicher (Gemenge Beefort an Hiefenech) an de Bernhard Jaeckel (Gemeng Waldbëlleg) de Klimapakt 2.0 virgestallt. D’Participante vum Klimaforum goufen dobäi vum aktuelle Stand, den Aktivitéiten, de Konzepter an iwwert d’Auditen an hire jeeweilege Gemengen informéiert. Bekanntlech gouf d’Gemeng Beefort d’lescht Joer zu Lörrach am Dräilänner-Eck Däitschland, Schwäiz a Frankräich mat 90,7 Prozentpunkten als bescht Gemeng an Europa am Joer 2023 ausgezeechent. An der globaler Ranglëscht an no weideren Auditen a Re-Audite vu verschidde Gemengen am Kader vum Klimapakt 2.0 läit d’Gemeng Beefort aktuell op der zweeter Plaz an Europa.

Méi interessant war den zweeten Deel vum Owend am Beräich vum lokale Klimaschutz a Klimawandel mam Thema “Photovoltaik fir Privatleit a Betriber”. Betriber waren net vertruede mee dat huet net dru gehënnert fir dem Martin Schmitt vun der Klima-Agence opmierksam nozelauschteren. Virgestallt goufen ënner anerem d’Méiglechkeeten, d’Demarche a Subside fir souwuel Eefamilljenhaiser a Residencen. Interessant ware weider Sujeten ewéi zum Beispill Rentabilitéitssteigerungen duerch Batterien, Eegeverbrauch, Stroumdeelen, Kombinatioun mat Wäermepompelen an och Subsiden.

Zum Schluss goufe perséinlech Froe beäntwert a verschidde Leit aus dem Publikum hunn hire Bléckwénkel zum Thema an Erfarungen aus dem Bekanntekrees matgedeelt. Ofgeschloss gouf de Klimaforum mat engem vun der Gemeng Beefort offréierten Éierepatt, zu dem d’Schäffin Lynn Mossong invitéiert huet, déi iwwregens d’Leit uganks zum Klimaforum begréisst huet.   

Ëffentlech Toiletten all Dag op

Ëffentlech Toiletten all Dag op

Déi meeschte Leit, déi schonns op engem Fest op der “Place des Nations” (Kiosk) waren, wësse wou d’Toilette sinn: am neie Gebai vum Cycle 1. Nei ass, datt dës Toiletten elo all Dag vu 7 Auer moies bis owes 20 Auer op sinn.

Beim Vitessepanneau weist ee klengt Schëld op d’ëffentlech Toiletten hin an op der Mauer vum Gebai stinn d’Auerzäiten drop. D’Toilette gi reegelméisseg propper gemeet an d’Benotzer si gebieden d’Toilette propper ze halen.

Och wann et a verschidde Fäll “dréngend” ass ginn d’Leit, déi mam Auto ënnerwee si kuerz drun erënnert, d’Vitesslimitatioun op dëser Plaz anzehalen. Net nëmmen de “Smiley” um Panneau seet Merci.

Chrëschtbam opgeriicht

Chrëschtbam opgeriicht

Am Laf vum Moie gouf de Chrëschtbam nieft der Kierch opgeriicht. A manner wéi enger Stonn stoung de Bam a bei de leschten Handlunge vum Opriichten huet et ugefaange riicht eran ze reenen. Glécklecherweis sinn ze vill naass ginn an de Chrëschtbam ass prett fir den éischten Advent, deen dëse Sonndeg ass.

E puer Andréck vun haut de Moien:

Gutt Stëmmung bei der Journée 55+

Gutt Stëmmung bei der Journée 55+

Déi traditionell “Journée 55+”, organiséiert vun der Gemeng Beefort an Zesummenaarbecht mat der berodender Kommissioun vum Drëtten Alter an de Beeforter Senioren, stoung gëschter am Kummelsbau ganz am Zeeche vun der Gemeinschaft, der Freed un der Beweegung an dem generatiounsiwwergräifenden Austausch esou de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch an der Aleedung vu senger Ried viru ronn 120 Gäscht.

D’Gemeng wier staark dorunner interesséiert Aktivitéiten unzebidden, déi all Alter uschwätzen. Sou zum Beispill sinn den Outdoor-Fitnessberäich fir Senioren a méi sportlech Leit ee flotte Beweis dofir. Dëse Summer koum mam Outdoor-Dëschtennis eng nei Attraktioun bäi an et ginn nach weider Pläng fir d’Zukunft: Eng Petanque-Piste an Terrain fir Beach-Volleyball, a mat der Spillplaz niewendru gëtt dëse Site ëmmer méi een Treffpunkt, wou sech Generatioune begéinen, gesinn an austausche kënnen.

Des Weidere gouf dëst Joer den interaktive Geo-Pad “Haupeschbaach an Halerbaach” ageweit, deen et erlaabt op eng modern a lieweg Manéier d’Regioun a Geschicht ze entdecke wärend d’Ausstellung vum Natur- a Geopark Mëllerdall d’Kultur an d’Geschicht besonnesch ervirhieft. Ugeschwat goufen och nach de Projet vum neie “Centre d’accueil” vum Natur- a Geopark an déi al Brennerei, déi an Zukunft eng charmant Plaz ass fir nom Ausfluch bei Kaffi, Kuch a Vue op d’Schlass mat der Famill a Frënn ze verbréngen.

Am fréieren Duerfkär ass och déi zukünfteg nei Gemeng geplangt, déi da fir jidderee besser zougänglech ass, besonnesch fir Leit mat beschränkter Mobilitéit. Et wier op engem gudde Wee d’Gemeng weiderzebréngen an den neie Logo vun der Gemeng verkierpert eng modern Identitéit. No der “Journée 55+” krut nach jiddereen ee Prabbeli mam neie Logo geschenkt. Erwäänt huet de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch, datt mam nei gegrënnte CML (Centre des Monuments du Grand-Duché de Luxembourg) an der Zesummenaarbecht mat de Schlassfrënn nieft der Restauratioun vun der Schlassmauer nach weider Aarbechte lafen an nom Ofschloss dat kulturellt an touristesch Bild vu Beefort wäerte stäerken.

Fir d’Ënnerhalung hu gëschter d’Lisa Mariotto an “Country LinedanceLënster” gesuergt wärend de Beeforter Schäfferot mat de Membere vun der berodender Kommissioun vum Drëtten Alter, de Beeforter Senioren a “Club Aktiv Plus a Loupescht” de Service assuréiert hunn.

Nationalen Dag vum Bam zu Beefort

Nationalen Dag vum Bam zu Beefort

Haut am Nomëtteg war de Rendez-vous fir d’Planzaktioun beim Waasserbaseng fir den Nationalen Dag vum Bam ze feieren. Den Nationalen Dag vum Bam gouf 1992 vun der Stëftung “Hëllef fir d’Natur” fir déi éischte Kéier organiséiert an zanter 32 Joer ass dësen Dag zum feste Bestanddeel vun der Gesellschaft ginn. Zanter 1997, fënnef Joer no der éischter Editioun, genéisst den Nationalen Dag vum Bam den héiche Patronage vum Grand-Duc Jean an de Ministère vun der Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural, du Développement durable et des Infrastructures, de l’Education nationale et de la Formation professionnelle, de la Famille et de l’Intégration, de la Coopération et de l’Action humanitaire.

All Joer steet ee spezielle Bam am Mëttelpunkt vun der nationaler Aktioun. Dëst Joer ass et d’Molbier (Sorbus aria). Haut goufen allerdéngs keng Molbiere geplanzt mee Hecken an Uebstbeem, déi sech op dëser Plaz besser wuel fillen ewéi d’Molbieren. De Fierschter Marc Hoffmann huet dozou weider Informatioune ginn a geplanzt goufen Äppelbeem vun de Zorten Boskoop a Renette, Bierebeem (Gellerts a Williams), rout a schwaarz Kréischelen, Kiischtebeem, Spierebeem a Quetschebeem.

Des Weidere gouf op dësem Dag nach symbolesch de Wiessel vun der Gemeng Beefort vu Majorz- op Proporzgemeng markéiert. Virun dräi Joer, de 4. November 2021, gouf fir déi éischte Kéier déi magesch Grenz vun den 3.000 Awunner iwwerschratt. Op der Plaquette stinn d’Nimm vum éischte Gemengerot nom Proporzsystem an d’Reiefolleg vun de Gemengeréit gouf nom Tableau de Préséance festgeluecht.

An de leschte Joren ass d’Traditioun vum Nationalen Dag vum Bam zu Beefort ee bësse verluer gaangen an den Nationalen Dag vum Bam soll rëm ee feste Rendez-vous am Agenda vun  der Gemeng Beefort ginn.

Un dëser Planzaktioun hu sech nieft dem Gemengen- a Schäfferot vun der Gemeng Beefort, dem Gemengepersonal, dem Service technique, dem Fierschter mat senger Ekipp och d’Schoulkanner aus dem Cycle 4.1 mat hirem Léierpersonal bedeelegt.

ps: eng Foto aus dem Album ass ee klengt Rätsel 😉

Zwou Info-Versammlungen am “Fly”

Zwou Info-Versammlungen am “Fly”

Op enger méi ongewinnte Plaz huet de Schäfferot de leschte Mëttwoch op zwou Versammlungen agelueden: an de “Flying Dutchman”. Et ass eng Plaz, wou verschidde Leit nach virun e puer Deeg flott Stonne verbruecht hunn an anerer schonns eng Zäitchen net méi. An der éischter Versammlung goufen d’Beeforter Veräiner iwwer verschidden aktuell Themen an zukünfteg Pläng zum Veräinsliewen informéiert an der zweeter Versammlung, déi sech nieft de Veräiner och un déi berodend Kommissioun a Bierger geriicht huet, gouf de Projet “Bis am Bus” virgestallt.

A senger Begréissung huet de Schäffe Bruno Grilo fir d’éischt de Veräiner Merci gesot fir hir Bedeelegung un den Aktivitéiten a Manifestatiounen an der Gemeng ewéi zum Beispill den Europadag den 9. Mee oder kierzlech bei der Beeforter Kiermes. Den éischte Punkt war net grad eng Neiegkeet mee et krut een zousätzlech Informatiounen aus éischter Hand. Beim Open-Air-Spektakel “The Wall” de Weekend virdru ware se déi éischter Kéier am Asaz: déi nei Bechere vun der Gemeng mam neie Gemenge-Logo. Op de Bechere gëtt Pfand opgehuewen allerdéngs nëmmen op déi feelend Becheren no enger Manifestatioun.

Des Weidere war d’Nouvelle, datt un engem neie Subsidreglement geschafft gëtt an deem eng Rei Krittäre berücksichtegt ginn ewéi zum Beispill Ofhale vu “Green Events”, Bedeelegung a Präsenzen u verschidde Manifestatiounen an och d’Zesummenaarbecht fir de Gemengebuet. “De Beeforter” kritt eng nei Struktur mat verschidde Schwéierpunkter an Informatiounen, déi obligatoresch sinn a bis elo ze kuerz komm sinn. D’Veräinsliewen am Buet soll op kee Fall benodeelegt ginn an an deem Sënn goufen d’Veräiner opgeruff fir an Zukunft sech aktiv ze bedeelegen.

Zum Schluss vum éischten Deel goufen d’Veräiner un déi verschidde Schrëtt an Ofleef bei der Organisatioun vun enger Manifestatioun erënnert, déi net eriwwer ass wann d’Musek opgehalen huet mat spillen an de leschte Patt gedronk gouf. De Gemengesekretär Christophe Bastos an den Andy Wagner vum Service technique hunn deen Owend zousätzlech Informatiounen a Beispiller virgedroen.

Uschléissend hunn d’Vania Laranjeira Amaral a Claudia Schleret den interkulturelle Festival “Bis am Bus” virgestallt. Dëse Projet an Zesummenaarbecht vun der Gemeng mat der Kommissioun vum Zesummeliewen an “Ons Heemecht” gesäit eng Rei Aktivitéiten tëschen Enn November bis an de Mäerz 2025 vir, dee mat engem Festival ofgeschloss gëtt. Den éischte “Bis am Bus”-Festival gouf Enn Juni dëst Joer zu Néngsen ofgehalen. “Ons Heemecht” gëtt ënnerstëtzt vun der Europäescher Unioun, dem Kulturministère an dem Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil. Zu de Partneren zielen d’Rout Kräiz, d’Fondatioun Caritas Lëtzebuerg, Stad Lëtzebuerg an den Office national de l’accueil.

Fotogalerie “The Wall”

Fotogalerie “The Wall”

Ee klenge Réckbléck a Fotoen op de leschte Weekend vum Open-Air-Spektakel “The Wall”, projezéiert op der neier a restauréierter Mauer vun der Buerg. “The Wall” war Musek live, Video-Mapping an eng Lightshow mat de SIXO, Lëtzebuerger Rapper; André Mergenthaler, Cello; All Reitz Reserved aka Chris Reitz, elektresch Violine; Sun Glitters aka Victor Ferreira, Music Producer; Melting Pol, aka Paul Schumacher, Video Mapping; THE WALL – Video produced by Echoes, a Tribute to Pink Floyd.

18.10.2024

19.10.2024

Kompensatiounsmoossname vun der ANF op “Kosselt”

Kompensatiounsmoossname vun der ANF op “Kosselt”

Haut de Moie goufen dem Beeforter Schäffen- a Gemengerot déi verschidde Kompensatiounsmoossnamen op “Kosselt” säitens der Natur- a Forstverwaltung virgestallt. No enger kuerzer Aleedung duerch de Mike Molling, Direkter-Adjoint vun der ANF (Administration de la nature et des forêts) ass de Gilles Biver als Vertrieder vum Ëmweltministère op d’Entsteeung vun de Kompensatiounsmoossnamen agaangen. Mat der Zäit huet sech erausgestallt, datt déi gutt gemengte Mesure Lacunnen haten ewéi zum Beispill de Suivi vun de jeeweilege Projeten an esou goufe Verbesserunge virgeholl.

Catherine Gonner a Maurice Probst vum Service compensation vun der ANF hunn déi verschidde Kompensatiounsmoossnamen erkläert, déi an noer Zukunft wäerte fäerdeg sinn a mam Rhythmus vun der Natur wäerte sech nach an den nächste Joren a Joerzéngte weider entwéckelen. “Kosselt” läit iwwregens ausganks Beefort Richtung Grondhaff, op der lénker Säit éier een an de Bësch erafiert. Ënnendrënner ass eng Kaart vu Geoportail, grad esou ee Pressecommuniqué op däitsch an eng Fotosgalerie vun der Visite op der Plaz selwer.

Um den Verlust der Biodiversität durch Bauprojekte auszugleichen, schreibt das Naturschutzgesetz von 2018 vor, verlorene Biotope, wie zum Beispiel Hecken und Bäume, wiederherzustellen. Diese sogenannten Kompensationsmaßnahmen finden im ganzen Land auf Staatsflächen statt.

Vor einigen Jahren hat der luxemburgische Staat deshalb bei Befort auf dem Flur „Kosselt“ etwa 45 Hektar Wiesen und Weiden erworben. In den kommenden Monaten wird die Natur- und Forstverwaltung hier ein solches Projekt zur Wiederherstellung von Natur durchführen.

Die Grünland-Flächen sind frei von Gehölzen wie zum Beispiel Hecken und Bäume und bieten daher ein besonders hohes Potential an ökologischen Aufwertungsmaßnahmen. Um mehr Biodiversität in das momentan eintönige Grünland zu bringen, werden hier Stillgewässer angelegt, Hecken und Bäume gepflanzt und Stein- und Totholzhaufen errichtet. Die Maßnahmen schaffen neue Lebensräume für diverse Tier- und Pflanzenarten.

Die Neuanlage von Stillgewässern gehört zu den wichtigsten Aufgaben des Naturschutzes in Luxemburg, da in den letzten 70 Jahren etwa 80 Prozent der Feuchtgebiete verschwunden sind. Diese Entwicklung gefährdet das Überleben wasserabhängiger Tier- und Pflanzenarten. Um diesem Trend entgegenzuwirken, werden hier sogenannte „Himmelweiher“ angelegt, welche ausschließlich vom Regen gespeist werden. Die sonnenexponierten Stillgewässer bieten seltene Lebensräume für spezialisierte Arten, wie zum Beispiel der Kammmolch oder den europäischen Laubfrosch. Gleichzeitig speichern sie Regenwasser, entlasten somit das Abwassersystem und geben in Trockenperioden Wasser an die Umgebung zurück. Die Himmelweiher werden die Landschaft maßgeblich verändern und zu Hotspots der Biodiversität werden.

Neupflanzungen von Obst- und Laubbäumen sowie Hecken schaffen neue Lebensräume und Nahrungsquellen für Insekten, Vögel und Fledermäuse. Gepflanzt werden insbesondere lokale Sorten, wie zum Beispiel den „Luxemburger Triumph“ oder die „Nélchesbir“. Sie werden später nicht nur schön blühende Streuobstwiesen („Bongert“) bilden, sondern auch frisches Obst liefern. Durch die Pflanzung von seltenen Baumarten, wie der Mehlbeere, Elsbeere, Speierling oder Feldulme leistet das Projekt zudem einen Beitrag zum Erhalt dieser alten Arten. 

Eine biodiversitätsreiche Kulturlandschaft ist auf eine landwirtschaftliche Nutzung angewiesen. Zäune ermöglichen die Aufteilung der Fläche in verschiedene Nutzungen und schaffen so ein Mosaik aus Mähwiesen und Weiden. Brachestreifen, die nur alle paar Jahr gemäht werden, schaffen Rückzugsräume für Tierarten, wie den Feldhasen oder die Igel. Ein Verzicht an Düngemitteln und Pestiziden fördert diverse Kräuterarten, was insbesondere einer Vielzahl von Bestäubern und Käfern zugutekommt.

Weitere Fragen oder Anregungen können gerne über die Mail-Adresse ecopoints@anf.etat.lu oder telefonisch (247-56657) eingereicht werden. 

Beefort gedenkt den Affer aus dem Zweete Weltkrich

Beefort gedenkt den Affer aus dem Zweete Weltkrich

Gëschter gouf am Kader vun der “Journée de commémoration nationale” am ganze Land un d’Affer aus dem Zweete Weltkrich geduecht. Den Datum vum nationale Gedenkdag geet op den 10. Oktober 1941 zeréck, wa sech d’Awunner vu Lëtzebuerg bei der Volkszälung eendeiteg zu hirem Land bekannt hunn an net zum Nazi-Okkupant. Freed war grouss ewéi Lëtzebuerg viru genau 80 Joer, den 9. an den 10. September 1944, vun den éischten amerikaneschen Truppe befreit gouf. Allerdéngs huet dës Freed nëmmen dräi Méint gedauert. De 16. Dezember 1944 koum mat der Ardennenoffensiv de Krich rëm zeréck op Lëtzebuerg a war méi mäerderesch a bluddeg ewéi déi véier Joer virdrun.

An enger Gedenkmass ass d’Pastoralassistentin Josiane Mirkes op déi schwéier Zäit vun 1940 bis 1945 agaangen, aus där et ëmmer manner Zäitzeie gëtt. Doduerch ginn och Erënnerunge vergiess a verluer. Hautdesdaags fält et engem ëmmer méi schwéier déi deemoleg Situatioun ze verstoen. Déi meescht Leit liewe praktesch nëmmen a Fridden a Kricher kennt ee vun “héiere soen” a si wäit ewech. Allerdéngs vermëttelen d’Kricher an der Ukrain a Gaza een anert Bild a ginn eng Anung an Iddi, wéi et deemools konnt gewiescht sinn. Wärend der Pandemie hate vill Leit séier Flemm an den aktuelle Klimawandel, deen net vun der Hand ze weisen ass, mécht de Leit Suergen a stellt si virun enger Rëtsch Erausfuerderungen. Et soll een aus de Krichszäite léieren: Warnung a Manung.

Nodeems d’Choralle Sainte Cécile vu Beefort a “Sang mat” Waldbëlleg/Haler an der Kierch déi véiert Stroph vun “Ons Heemecht” gesongen hunn, goung d’Gedenkfeier nieft der Kierch virum “Monuments aux Morts” weider. No enger kuerzer Begréissung  huet de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch follgend Ried gehalen:

“Haut ass e wichtegen Dag fir Beefort, fir eis Gemeinschaft an eis Geschicht. Mir sinn hei versammelt, fir eis un déi ze erënneren, déi virun eis waren – déi, déi fir hir Fräiheet gekämpft hunn, déi hir Liewen op d’Spill gesat hunn, fir datt mir haut an engem fräie Land liewen dierfen. Haut ass e Commemoratiounsdag, eng Zäit vu Reflexioun an Erënnerung, awer och eng Zäit, fir eis Wäerter ze feieren an d’Bedeitung vun eiser fräier Gemeinschaft ze verstäerken.

Déi traureg Realitéit vun all Konflikt ass de Präis, deen duerch d’Liewe vu Leit bezuelt gëtt. Mir erënneren eis un d’Zaldoten an d’Zivilisten, déi wärend de Kricher gelidden hunn, an déi hiren Asaz an hir Opferung mat hirem Liewe bezuelt hunn.

Mir droen eis Häerzer a Gedanke bei hire Famillen a Frënn, déi hire Verloscht nach ëmmer spieren. Et ass eis Pflicht, hir Geschichte weiderzeféieren, fir datt déi kommend Generatiounen net vergiessen, wat op d’Spill gesat gouf.

Léif Matbiergerinnen a Matbierger, mir sinn Deel vun enger grousser Geschicht, enger Geschicht vu Widderstand, Fräiheet an Hoffnung.

Haut, wéi mir un déi erënneren, déi net méi bei eis sinn, solle mir eis engagéieren, déi Wäerter vun Zesummenhalt a Fräiheet weider ze droen.

Jidderee vun eis huet eng Roll ze spillen – duerch kleng Akte vu Frëndlechkeet, duerch den Zesummenhalt an d’Bereetschaft, fir eist Liewen op dësem gemeinsame Fundament ze bauen.

Loosst eis zesummen d’Fundament vun enger besserer, méi friddlecher Welt leeën.

Merci”

Uschléissend huet d’Pastoralassistentin Josiane Mirkes ee klengt Gebiet virgedroen an nom Seenen huet de Schäfferot mam Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch an de Schäffe Bruno Grilo a Lynn Mossong eng Gerbe virum “Monument aux Morts”. Ofgeschloss gouf d’Feier mam Sange vun der “Heemecht”.

Visite vum Chantier op 10, Montée du Château

Visite vum Chantier op 10, Montée du Château

Nach bis haut Donneschdeg lafen d’Energiewochen, déi vum Oekozenter Pafendall an dem Mouvement Écologique organiséiert ginn an ënnert dem Patronage vum Ministère du Logement et de l’Aménagement du Territoire, du Ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité et du Ministère de l’Économie stinn. Um Programm figuréieren eng Konferenz a véier Visitten zum Thema “Klimaneutralität im Gebäudesektor bis 2050: Auf dem Bestand aufbauen”.

An dësem Kader gouf et gëschter Owend eng Visite vum Chantier op Nummer 10, Montée du Château zu Beefort. Op dëser Plaz am historeschen Duerfkär gëtt een denkmalprotegéiert Gebai sanéiert an hei entstinn dräi sozial Wunnengen, déi sech op déi dräi Stäck vum Gebai verdeelen. An der Gemengerotssëtzung vum 31. Januar 2022 gouf eestëmmeg den “Avant Projet detaillé” an Héicht vun 1.445.724,71 Euro gestëmmt an de Fonds du Logement subventionéiert dëse Projet mat 75 Prozent.


(Grafik: mn architectes)

No enger kuerzer Aleedung vum Thécla Kirsch (Bauberoderin, Oekozenter Pafendall) an e puer Erklärunge vum Marc Rodesch, Responsabele vum Service technique vun der Gemeng, huet den Architekt Uwe Kramer vun “MN Architectes” dëse Projet virgestallt an ass op déi verschidde Contrainte vun de Virgaben agaangen. Eng Rei Anekdoten aus senger Beruffs- a Liewenserfarung, déi hien de Leit op eng humorvoll Art a Weis erzielt huet, hunn eng praktesch Virstellung vun dësen Aarbechte vermëttelt. Déi offiziell Beschreiwung aus der Broschüre:

Vorgabe war die Sanierung und energetische Ertüchtigung bzw. Nachbesserung des bestehenden Gebäudes zur Schaffung von bezahlbarem Wohnraum. Aufgrund der Positionierung im historischen Dorfkern von Befort und den damit verbundenen engen Straßenverhältnissen um das Gebäude herum sind besondere Maßnahmen nötig. Das Gebäude sollte auch in seinem äußeren Erscheinungsbild so authentisch wie möglich bleiben und sich, wie bisher auch, nahtlos in das Dorfbild einfügen.

Die engen Straßenverhältnisse und auch die Forderung des Denkmalschutzes, das Volumen nicht zu erweitern, verbieten eine Ausdehnung des bestehenden Gebäudevolumens und erfordern somit besondere Konstruktions- und Detaillösungen, sowie eine sensible Herangehensweise bei der Planung und während der Ausführung. Gleichwohl sind selbstverständlich alle gesetzlichen Vorgaben, wie z.B. der Wärmeschutz einzuhalten.

Ziel war es daher, die bestehende Bausubstanz weitestgehend zu erhalten und mit gezielten Maßnahmen zu ergänzen um eine möglichst ressourcenschonende und ökologische Sanierung mit nachhaltigen Baustoffen zu gewährleisten. Die Außenwände werden auf der Rauminnenseite mittels einer Holzfaserdämmplatte energetisch ertüchtigt, die eine rigide Trägerplatte zur Aufnahme von Glattvlies und Anstrich aufweist. Die bestehenden Fassaden werden auf der Außenseite mit einem neuen mineralischen Fassadenputz versehen und die Sandsteinleibungen aufgearbeitet.

Das Steildach wird mit einer Wärmedämmung aus Holzfaserdämmplatten und einer traditionellen und regional typischen Eindeckung aus Naturschiefer ausgeführt. Fallrohre und Rinnen sind aus langlebigem Kupferblech, deren Lebensdauer Zink bei weitem übersteigt. Alle vorgenannten Konstruktionen werden diffusionsoffen ausgeführt, um Feuchteschäden zu vermeiden und die Langlebigkeit des Gebäudes zu gewährleisten.

Die Holz-Alu-Fenster mit dreifach Isolierverglasung und Absturzsicherungen aus Glas bieten Schall- und Wärmeschutz einerseits und sind andererseits in Form und Aussehen den bestehenden Fenstern nachempfunden. Die bestehende, stark in Mitleidenschaft gezogene Haustür wird durch eine neue aus massivem Eichenholz ersetzt und orientiert sich im Stil an der bestehenden Haustür.

Die Verwendung von Beton wurde auf das statisch notwendige Maß beschränkt. Beheizt wird das Gebäude durch den Anschluss an das bestehende Fernwärmenetz der Gemeinde Beaufort, welches mit Hackschnitzeln befeuert wird. Durch eine Lüftungsanlage mit einem Enthalpietauscher wird bis zu 78% der Wärme und bis zu 65% der Feuchtigkeit wiedergewonnen, was Energie und Kosten gleichermaßen spart und gleichzeitig für ein komfortables Innenraumklima sorgt.

E puer Fotoe vum Owend:

Offallkalenner 2025 / Calendrier des déchets 2025

Abfallwirtschaft in Befort / Gestion des déchets à Beaufort

Liebe Mitbürgerinnen und Mitbürger,

Die Abfalltrennung ist ein wichtiger Beitrag zum Umweltschutz und kann auch zu Hause leicht umgesetzt werden. Ab 1. September 2024 wird die Gebühr für die graue Tonne erhöht, während die anderen Tonnen sowie Valorlux-Säcke kostenlos bleiben. Diese Anpassung erfolgt auf Anweisung vom SIDEC um die gestiegenen Kosten aus den vergangenen Jahren zu decken.

Durch Vermeidung, Trennung und Wiederverwertung kann der Haushaltsmüll reduziert werden, wodurch in der grauen Tonne wenig übrigbleibt. Dies spart Kosten und schützt die Umwelt. In diesem Informationsblatt finden Sie ausführliche Erklärungen und praktische Tipps zum Sparen.

Der Schöffenrat hofft auf Ihre Mithilfe für eine gesündere Umwelt für uns und kommende Generationen.

Villmools Merci!

 

Jean-Luc Nosbusch
Bürgermeister

Bruno Grilo
Schöffe

Lynn Mossong
Schöffin

****

Chères concitoyennes, chers concitoyens,

Le tri des déchets est une contribution importante à la protection de l’environnement et peut être facilement mis en oeuvre à domicile. À partir du 1er septembre 2024, la taxe pour la poubelle grise sera augmentée, tandis que les autres poubelles ainsi que les sacs Valorlux resteront gratuits. Cette adaptation intervient sur instruction du SIDEC pour couvrir l’augmentation des coûts des années précédentes.

En évitant, triant et recyclant, les déchets ménagers peuvent être réduits, ce qui laissera peu de déchets dans la poubelle grise. Cela permet d’économiser des coûts et de protéger l’environnement. Dans ce bulletin d’information, vous trouverez des explications détaillées et des conseils pratiques pour économiser.

Le collège des bourgmestre et échevins compte sur votre aide pour un environnement plus sain pour nous et les générations futures.

Villmools Merci!

 

Jean-Luc Nosbusch
Bourgmestre

Bruno Grilo
Échevin

Lynn Mossong
Échevine

Eng nei Form vun der Beeforter Kiermes

Eng nei Form vun der Beeforter Kiermes

Gëschter war Kiermes zu Beefort an deen Datum riicht sech nom Méchelsdag (Saint Michel), deen op den 29. September fält. An der Reegel ass d’Kiermes den éischte Sonndeg nom Méchelsdag a well de Méchelsdag dëst Joer op engem Sonndeg läit, gouf also op de genauen Dag Kiermes gefeiert.

Laang Zäit gouf et keng richteg Kiermes zu Beefort an et war 2018, wéi déi deemoleg Integratiounskommissioun freidesowes eng symbolesch Ouverture mat engem Hämmelsmarsch organiséiert huet. Sonndes war e klenge Kiermesmaart mat Musek, Iessen, Gedrénks a Ponyreiden, dee vum Syndicat d’initiative zesumme mat den Duerfveräiner organiséiert gouf. Des Weidere konnten een um Kannerfloumaart vun der Elterevereenegung haaptsächlech Spillsaache kafen. Mat der Zäit ass de Programm vum Sonndeg ewechgefall esou, datt nëmmen eng symbolesch Ouverture mat Danzmusek iwwreg bliwwen ass.

Dëst Joer huet d’Gemeng an Zesummenaarbecht mat de Veräiner Amicale Beeforter Pompjeeën, Beeforter Duerffrënn, Beaufort Knights, Club Hippique, Judo-Club an Theaterfrënn Beefort eng richteg Kiermes mat Buden a Karussell organiséiert. De Programm huet moies mat enger Kiermesmass ugefaangen, déi vun de Choralle Sainte Cécile vu Beefort a “Sang mat” Waldbëlleg/Haler encadréiert gouf. An der Kiermesmass huet de Paschtouer Carlo Morbach den Ursprong erkläert an drop higewisen, datt de Patréiner vun der Beeforter Kierch de Saint Michel ass.

No der Mass goung et am Cortège op d’Place des Nations. Zwee Hämmel hunn de Hämmelsmarsch ugefouert a fir déi richteg Musek huet d’Harmonie vu Bäerdref gesuergt. Bei der Arrivée beim Kiosk huet de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch d’Bändchen duerchgeschnidden an a senger kuerzer Ried ass hien uschléissend op d’Symbolik vum Hämmelsmarsch agaangen. Mat Kiermeskuch, Kiermesham, Kiermespatt a Kiermesdrëpp gouf d’Kiermes offiziell opgemeet.

Net nëmmen d’Kanner hu sech op de verschidde Spiller ameséiert. Sou zum Beispill huet de Schäfferot beim Rodeo-Reide versicht sou laang wéi méiglech standhaft ze bleiwen a Membere vum Gemengerot hu gemeinsam Inte gefëscht. De Clown Alfonso huet d’Visiteuren zum Laache bruecht a fir déi musikalesch Ënnerhalung huet den “DJ Backy” gesuergt. Dat gutt Wieder a Sonn hunn hiren Deel zum Erfolleg vun dëser neier Form vun der Beeforter Kiermes bäigedroen.

« Club Aktiv Plus – An der Loupescht »: Programm September – Dezember

« Club Aktiv Plus – An der Loupescht »: Programm September – Dezember

Déi nei Hierschtbroschüre vum “Club Aktiv Plus – An der Loupescht” fir d’Méint September bis Dezember ass online a kann ënnert dem Link ënnendrënner erofgeluede ginn.

 

La nouvelle brochure du « Club Aktiv Plus – An der Loupescht » pour les mois du septembre au décembre est en ligne et peut également être téléchargée sous le lien en-dessous.

 

Programm September – Dezember 2024

 

 

Aktioun “Gielt Band”: Hei ass plécken erlaabt

Aktioun “Gielt Band”: Hei ass plécken erlaabt

All Joer gëtt kiloweis zeidegt Uebst, dat an de Bongerten, de Gäert an op ëffentleche Plazen ënnert de Beem fault, verbëtzt. An dobäi wier et esou einfach: Et geet duer, déi Äppel, Bieren, Prommen asw. ze plécken an doraus Kompott oder Gebees ze kachen, de Jus auszepressen oder domat eng Taart ze baken.

D’Saach huet awer een Hoken: Plécken, ouni d’Erlabnes vum Proprietär ze hunn, ass verbueden. D’Léisung? D’Aktioun “Gielt Band” vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau. D’Gemengen, Privatleit, Associatiounen an Entreprise kënnen – mat engem giele Band – déi Uebstbeem zeechnen, déi hinne gehéieren an deenen hir Friichte vun der Ëffentlechkeet gepléckt däerfe ginn. De Landwirtschaftsministère bedeelegt sech mat deene Beem, déi ënnert senger Opsiicht stinn, och un der Aktioun.

Wann d’Uebst zeideg ass fir gepléckt ze ginn, da ginn déi betraffe Beem mat engem giele Band (aus Kotteng, also recycléierbar) markéiert, an duerno ka jiddwereen, ouni de Proprietär virdrun ze froen, dës Friichte gratis fir säi private Gebrauch plécken – woubäi e sech u verschidde Verhalensreegelen hale muss. Domat bekämpft een net nëmmen aktiv d’Verschwendung vu Liewensmëttel, mee et léiert een och, dës Liewensmëttel wäertzeschätzen. Ausserdeem ass d’Verschaffen an d’Konservéiere vum Uebst eng gutt Manéier, eis Traditiounen an eisen Knowhow um Liewen ze erhalen.

Wien un der Aktioun deelhuele wëll, mee d’Uebstbeem hannert dem Haus stinn oder de Bongert ofgeleeë läit, de ka sech ee Schëld “Hei dierft Dir plécken!” per E-Mail un antigaspi@ma.etat.lu bestellen. Domat kann een de Leit de Wee weisen, wou se d’Uebst kënne rafen.

Wa Gemengekommissiounen, Veräiner oder Privatleit Evenementer ronderëm dës Aktioun organiséiere wëllen (zum Beispill en Duerffest oder d’Hierstellung vu Viz), da kënne si dem Landwirtschaftsministère dat entweeder per E-Mail (antigaspi@ma.etat.lu) oder iwwer Telefon (247-73516) matdeelen.

Aller au contenu principal